Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Juin 2012 > Jean Asselborn au sujet de la divergence de vue entre le Luxembourg et la Commission européenne en ce qui concerne la recommandation sur l’index dans le cadre du semestre européen

Interview
Jean Asselborn au sujet de la divergence de vue entre le Luxembourg et la Commission européenne en ce qui concerne la recommandation sur l’index dans le cadre du semestre européen
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 26-06-2012

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Et kënnt net all ze dacks vir, datt Lëtzebuerg e fundamentale Problem mat Positiounen vun der Europäescher Kommissioun huet. Den Ament ass dat awer de Fall. Et geet ëm déi, déi d’Kommissioun vrun e puer Wochen am Kader vum "semestre européen" gemaach huet. Dany Rasqué:

Dany Rasqué: Bei enger vun deene 5 Recommandatiounen déi d’Kommissioun dem Grand-Duché gemaach huet, goung et ëm den Index. Erëm eng kéier. D’lescht Joer goung et nämlech och schonn bei enger vun de Recommandatiounen ëm den Index. Dorops hin huet d’Regierung hier Responsabilitéit geholl an duerchgesat, datt bis 2014 just nach eng Tranche d’Joer ausbezuelt gëtt. Dëst Joer mengt d’Kommissioun wier et gutt, wann Lëtzebuerg elo scho géif déi néideg Schrëtt ënnerhuelen, fir déi Mesure ze verlängeren. Domat ass d’Regierung net d’accord. Dat huet de Jean Asselborn och de Mëtteg um Conseil vun den Europäeschen Europaministeren ënnerstrach.

Jean Asselborn (O-Toun): Mir mengen als Regierung, datt dat eng konjunkturell Décisioun ass, an datt eng nei Regierung, déi 2014 gewielt gëtt – et kann och éischter sinn, mee normalerweis 2014 gewielt gëtt – datt déi sech ze positionéieren huet. Déi huet dann déi Décisioun ze huelen, déi doranner eben ze treffen ass. An dës Regierung wëll net an enger Fro – wat eng äusserst sensibel sozialpolitesch Fro ass, déi konjunkturell och bedéngt ass – déi nächst Regierung festleeën.

Dany Rasqué: De Jean Asselborn huet d’Positioun vun der lëtzebuerger Regierung an enger offizieller Déclaratioun kloer duergeluecht an hofft domat en Zeechen kënnen ze setzen.

Jean Asselborn (O-Toun): D’Kommissioun muss bedenken, datt een an esou kapitale Froen, déi essentiell Punkte sinn vun der Sozialpolitik, déi mir bis 2014 maachen – an ech sinn och iwwerzeecht: och doriwwer eraus – déi bréngen Europa net a Gefor. An och hei ass et erëm eng Kéier esou, datt et mat esou engem klenge Geste wéi mir en elo gemaacht hunn, awer kéint zu engem Ëmdenke kommen, nämlech datt een trotz allen Theorien, déi opgestallt ginn, awer muss kucken wéi d’Sozialpolitik an engem Land funktionéiert. Wann een dat ignoréiert, da kommen esou Recommendatiounen wéi déi do zustanen.

Dany Rasqué: Um Conseil vun den Staats- a Regierungscheffen gëtt elo festgestallt, datt Lëtzebuerg net mat der Kommissioun d’accord ass. Entweder et bleift dann bei där Feststellung oder et gëtt eng Debatt. Dat hänkt e bëssen dovunner of ob och nach aner Länner e Problem um Punkt vun de Recommendatiounen hunn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact