Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Juin 2012 > Jean Asselborn au sujet de la situation en Syrie

Interview
Jean Asselborn au sujet de la situation en Syrie
"Radio 100,7" du 26-06-2012

Vers le niveau supérieur

Michel Delage: D'EU-Ausseministeren hu gëschter um Kierchbierg eng 16. Serie vu Sanctiounen bannent engem gudde Joer décidéiert. Dës Kéier géint zousätzlech syresch Entreprisen, respektiv Ministèren. Sou laang d'Répressioun net ophéiert géif ee Sanctiounen ergräifen, esou d'EU-Chef-Diplomatin Catherine Ashton. D'Europäesch Unioun setzt de Moment also nach op diplomateschen Drock. Eng Militärinterventioun soll verhënnert ginn. D'Situatioun dierft sech zougespëtzt hunn wéi Syrien leschte Freideg en tierkesche Militärfliger virun der syrescher Küst erof geschoss huet. Ankara behaapt, datt de Fliger während engem Exercice ouni Virwarnung am internationale Loftraum ugeschoss gouf. Syrien ass dogéint der Meenung, datt de Fliger onerlaabte syresche Loftraum an domat d'Souveränitéit vum Land verletzt hätt. Den tierkeschen F4 Düsenjäger hätt wahrscheinlech de syreschen Ofwiersystem wéilten testen a genee Positiounen eraus fannen. Déi russesch Experten vun der Agence RIA Novosti ginn zitéiert. Russland ass en Alliéierte vu Syrien. D’EU-Ministeren hunn de Virfall als, Zitat: "inakzeptabel" bezeechent. Ankara wëll dësen Tëschefall haut am NATO Rot zu Bréissel thématiséieren. Dozou de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn:

Jean Asselborn (O-Toun): Ech fannen, datt d'Türkei moderat reagéiert huet. Si hunn eis gefrot fir hei eng Déclaratioun ze maachen. Déi hu mir gemaach. An ech mengen net, datt d'Türkei an enger Verfassung ass fir direkt militäresch doropper wëllen ze äntweren. Selbstverständlech ass jo och gesot ginn, et gëtt eng Analys dovunner gemaach an da gëtt gekuckt wat fir Conclusiounen datt een zitt.

Michel Delage: Dem lëtzebuerger Ausseminister no, misst d'europäesch Unioun weiderhin op Diplomatie setzen. Eng Geleeënheet dozou wier den 30. Juni zu Genève wou d'Veto-Muechten vum Weltsécherheetsrot, d'arabesch Liga a wichteg Länner aus der Regioun un engem Dësch sëtzen.

Jean Asselborn (O-Toun): Dir wësst, datt d'Russen insistéieren, datt den Iran soll dobäi sinn. Méng Astellung ass, datt wann d'Russen dat froen, een dann net däerf de Feeler maachen a soen, déi Konferenz fënnt net statt. Et muss een dann och dee Schrëtt maachen an d'Iraner och virun hir Responsabilitéit setzen. Wann d'Iraner wëllen een Deel vun der Léisung sinn – an net een Deel vum Problem – da mussen se ophale dem Assad-Regime Waffen ze liwweren.

Michel Delage: A wat ass mat Waffeliwwerungen un d'Rebellen?

Jean Asselborn (O-Toun): Mat Waffeliwwerunge léise mir de Konflikt net a Syrien, weder op der enger Säit nach op der anerer Säit. A wa kee méi géif Waffe liwweren, da wier et jo séier gedoe. Mä leider ass dat net de Fall.

Michel Delage: An der internationaler Press gëtt spekuléiert, datt Saudi-Arabien an de Katar via Türkei Waffen un d'Oppositiounskräften a Syrien liwweren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact