|
Roy Grotz: Background am Gespréich em genee 4 Minutten op Mëtteg. Haut also mam Aarbechts- an Immigratiounsminister Nicolas Schmit. Gudde Mëtteg Här Schmit.
Nicolas Schmit: Gudde Mëtteg.
Roy Grotz: Här Schmit, fänke mir - iert mir op Är Regierungsportefeuillë kommen - emol u mat engem Thema, dat eis déi leschte Woch beschäftegt huet, den Ëmgang vun der Regierung mat de Projetë Wickreng/Léiweng. Eng Partie Froe sinn nach op, an d’Oppositioun suergt dofir, datt d’Dossieren och net esou séier wäerten zougemaach ginn. Et geet och em Froe vu Glafwierdegkeet vun der Regierung, an natierlech och em d’Integritéit vum Rechtsstaat. Zu der Aarbecht vu Ministeren a Regierung, hutt Dir virun engem Joer dat hei op dëser Antenn gesot:
Nicolas Schmit (O-Toun): Ech menge mir mussen eis konzentréieren op eis Aarbecht. Mir mussen de Leit och eng Visioun développéieren. Ech hu virun e puer Deeg e schéine Saz geliest, dee seet: "La marche du monde a cessé d’être pensée par la classe politique", et ass den Edgar Morin, dee schwätzt vum "Degré zéro de la pensée politique", an dat ass en Défi, dat ass eng Erausfuerderung.
Roy Grotz: Wéi gesot, eng Ausso vu virun engem Joer.
Deen Défi, Här Schmit, deen Dir do uschwätzt, hu sech deen déi eenzel implizéiert Ministere bei de Projetë Léiweng/Wickreng ëmmer gestallt, mengt Dir?
Nicolas Schmit: Dat weess ech net genee. Ech mengen ech war ni an deem Dossier implizéiert, ech kennen also net all Detailer an deem Dossier.
Ech fannen awer, datt, wat ech da virun engem Joer gesot hunn, dat huet absolut nach seng Wourecht. Ech mengen, d’Politik ass erausgefuerdert fir de Leit kloer Äntwerten ze ginn. Si ass och erausgefuerdert fir Richtung ze ginn. A si ass erausgefuerdert fir effektiv en héijen Niveau, en absoluten Niveau vun Integritéit ze weisen. An dat stellt natierlech Problemer vu Proximitéit vu Politik a Wirtschaft, mä awer och vun Éierlechkeet.
Ech mengen, et kann net drëm goe fir Skandaler artificiellement héich ze spillen, an dann d’Beweiser schëlleg ze bleiwen. Ech mengen, dat ass e politescht Spill, wat ganz geféierlech ass. An dat muss och eng Oppositioun wëssen, si musse sech deene Gefore bewosst sinn.
Roy Grotz: Ass net awer verwonnerlech an deem hei Fall, datt e Minister fir e Privatmann, de Promoteur Rollinger, einfach bei der Spuerkeess kann iwwer en Zënstaux eppes nofroen?
Nicolas Schmit: Ech mengen deen, ech kennen net genee wat do gefrot ginn ass, ech weess dat net. Beweiser si bis elo nach net ganz kloer erbruecht ginn.
Sécher ass d’Zesummespill zwësche Politik a Wirtschaft, zwësche Politik a Promoteuren eppes ganz Delikates. Ech ginn dat op jiddwerfall mat extremer Prudenz un, an ech mengen, d’Politik muss à tout moment seng Indépendance, seng Onofhängegkeet hunn. An all Soupçon, datt een do op eemol net méi genee weess wiem seng Intérêten do am Spill sinn, dat ass e ganz geféierlecht Spill.
Roy Grotz: Et schwätz een jo och da ganz séier vu Conflits d’intérêts dee géife spillen.
Nicolas Schmit: Zum Beispill. Mä ech mengen dat muss gekläert ginn. Ech mengen d’Justiz muss dat do opklären, alles muss op den Dësch, Voll Transparenz muss gemaach ginn, an ech ginn Iech och d’Garantie, datt d’Regierung wëll déi voll Transparenz maachen.
Roy Grotz: Och de Staatsminister huet sech awer hannert d’Démarchë ronderëm déi Projetë gestallt. D’Iwwerzeegung pro Projet Becca, also contra Projet Rollinger schéngt deen Ament jo awer grouss gewiescht ze sinn?
Nicolas Schmit: Nach eng Kéier, ech sinn, dat war besonnesch och zu deem Moment absolut net mäin Dossier, ech kennen net all Detailer vun deem Dossier. Ech wëll mech also do op de Contenu net fixéieren.
Ech soen, et sinn eng Rei Prinzipien, déi musse präservéiert ginn. Elo gëllt et voll alles op den Dësch ze leeën, a voller Transparenz, mä awer och mat der Sécherheet elo net hei e politescht Spillchen doraus ze maachen.
Ech mengen, do ass awer och d’Responsabilitéit vu jiddwerengem gefuerdert.
Roy Grotz: Inklusiv de Medien, wäert Dir elo soen, në?
Nicolas Schmit: Och, jo, och de Medien.
Roy Grotz: Jo, voilà.
Mir hunn de Jean-Claude Juncker ugeschwat. Ech wéilt kuerz bei him bleiwen. Et décidéiert sech jo iwwermuer, ob den Här Juncker op d’mannst nach fir 6 Méint un der Spëtzt vum Eurogrupp bleift. War et Ärer Meenung no awer net e wéineg gewot fir senge Kollegen an dem Gremium ze soen, datt hie säi Weidermaachen un déi Konditioun knäppt, nämlech déi, datt den Yves Mersch an den Directoire vun EZB kënnt?
Nicolas Schmit: Neen, ech mengen, den Här Juncker huet do seng perséinlech Positioun geholl. Hien ass gefrot gi fir weider ze maachen, aus verschiddene Grënn.
An ech mengen, et ass fair, datt hien net wëll engem anere Lëtzebuerger do am Wee stoen, vu datt hie jo net Demandeur ass fir weider ze maachen, mä datt aner hie froe fir weider ze maachen, fannen ech et ganz normal, datt hien net dem Här Mersch do wëllt am Wee stoen. An ech muss och dobäi soen, et wier net inutile, datt e Lëtzebuerger an där Banque Centrale, besonnesch an dësem Moment, wou mir vill vun Union bancaire schwätzen, wier.
Ech mengen dat sinn héich Interessen - och wann déi Leit absolut indépendant musse sinn - héich Interessen, déi do gespillt ginn an der Banque Centrale, och besonnesch wat de Contrôle iwwer de Secteur financier ubelaangt wier et also schonn net onwiesentlech och do e Lëtzebuerger ze hunn.
Roy Grotz: Dat heescht, rechent Dir domat, datt dat och an déi do Richtung geet, wéi den Här Juncker se a sech wëllt?
Nicolas Schmit: Dat kann ech elo net soen, wéi elo seng Kollegen dodrop reagéieren, dat muss een an deene nächste Woche gesinn.
Roy Grotz: Net nëmmen em d’Zukunft vum Jean-Claude Juncker goung jo déi lescht Woche Rieds, och e bëssen iwwer Är eegen. Et gëtt gesot, Dir wiert interesséiert an d’Ambassade zu Paräis ze plënneren, dat kéint vum 1. September un de Fall sinn, ass deem esou?
Nicolas Schmit: Also, ech mengen, éischtens déi ganz Spekulatiounen iwwer d’Posten, oder iwwer d’Changementer vun deem engen an deem aneren, dat ass net eigentlech d’Politik. D’Politik geet em Sachfroen. D’Politik geet em déi grouss Erausfuerderungen, déi mir an dësem Land mussen ugoen, déi extrem urgent sinn. Nun ass et net onwichteg fir ze wëssen, wat fir e Personnel politique do concernéiert ass.
Ech mengen, ech hu gewisen an deene leschte Wochen, datt ech absolut keng, wéi een dat esou schéi seet, "Amtsmüdigkeit" hunn. Ech mengen, ech hunn eng Rei schwéier Décisiounë geholl, an ech wäert där och an där nächster Zäit nach huelen.
Nun muss ech awer och soen, datt ech net mat der Politik bestuet sinn, mä esouguer wann ee bestuet ass, kann een divorcéieren. An datt ee sech heiansdo Froe stellt, besonnesch an engem gewëssenen Alter - ech kréien elo 59 Joer - ob ee seng Carrière, seng professionell Carrière an der Politik bis zu Enn wëllt goen, oder ob een och nach kann eppes aneschtes maachen. Déi Froe stellen ech mir. Ech hunn nach keng definitiv Äntwert. Sollt ech déi definitiv Äntwert hunn, da wier Dir doudsécher ee vun deenen, déi relativ schnell wäerten informéiert ginn.
Roy Grotz: Ech froen awer nach eng Kéier konkret. Bleift eis de Nicolas Schmit bis un d’Enn vun dëser Legislaturperiod als Minister erhalen?
Nicolas Schmit: Déi Äntwert kann ech net an aller Kloerheet ginn, well kee weess wat bis 2014 ka geschéien. Ech weess net wéi meng Gesondheet évoluéiert. Ech hat ganz schéi Momenter an der Politik, ech hunn och wierklech, och wann ech schwéier Dossieren hunn, Spaass mat deenen Dossieren, fir do ze probéieren déi beschtméiglech Léisungen ze fannen. Ech hat awer och Momenter, déi manner agréabel waren, dat muss ech ganz kloer soen, wou d’Politik sech vun där net esou schéiner Säit fir mech gewisen huet. Ech kann Iech dat net soen, ech maache meng Aarbecht op jiddwerfall voll. A wann dat eemol sollt änneren, da wäert ech Iech en temps utile dovun informéieren.
Roy Grotz: Dir sidd eis schonn eng Kéier erhale bliwwen. Dir gouft gefrot, ouni Demandeur ze sinn, fir den Adjoint vum OECD-Generalssekretär, dee Poste goung am Dezember un den Yves Leterme. Hätt dat Iech gereizt?
Nicolas Schmit: Natierlech hätt dat mech gereizt. Den Här Leterme, de belsche Premier ass du geholl ginn.
Déi lëtzebuerger Politiker hunn eben hir Problemer esou mat deene belsche Premieren. Ech mengen, dat hu mir jo och mam Här Juncker erlieft. Dat huet mech gereizt, ech hat do keng definitiv Décisioun, mä ech war gefrot ginn. Ech weess och net wéi ech am Enn do décidéiert hätt. Mä ech soen awer ganz éierlech, datt deen Job, wéi ech do kontaktéiert gi sinn, mech gereizt hätt.
Roy Grotz: Dir sidd eis also nach erhale bliwwen.
Och keen Intérêt, et gouf nämlech nach eng aner Diskussioun, hätt Dir gehat, an dat ass eng Fro, nom Départ vum Jeannot Krecké de Wirtschaftsministère ze iwwerhuelen, dat wier jo dann esouzesoen hätt et kéinte ginn, e Superministère, Ekonomie, Aarbecht, Beschäftegung, e Ministère deen och vläicht Sënn gemaach hätt?
Nicolas Schmit: Sécher hätt dee Sënn gemaach. Mä ech mengen, mir hunn do en neie Wirtschaftsminister, deen seng Saach gutt mécht, an deen Dossier ass definitiv zou.
Roy Grotz: Wéi ass d’Interaktioun dann, dee Flux tëscht Iech an dem Här Schneider, dem Ekonomieminister?
Nicolas Schmit: Perséinlech gutt, mä och op den Dossiere gutt.
Roy Grotz: Misst et do net méi Schnëttstelle ginn zwëschent deenen do, mir kommen herno wahrscheinlech nach op d’Schnëttstellen tëscht Iech an der Educatioun. Mä och grad mam Wirschaftsministère, wann et Demande ginn no Leit déi nei Plazen a Betriber fannen, misste jo genee Är zwee Ministeren, Ministèren a Kontakt trieden?
Nicolas Schmit: Bein, ech menge mir mussen eis generell an der Politik hei zu Lëtzebuerg gewinne méi horizontal, méi integréiert ze denken. Dat ass ganz kloer.
Den Aarbechtsminister kann net all Problemer vum Aarbechtsmaart alleng léisen, e brauch dofir eng ganz Rei aner Kollegen. A mir mussen also nach méi wéi an der Vergaangenheet zesummeschaffen, och eis - besonnesch d’Ministeren, dat ass jo net de Problem, well déi schaffe gewéinlech gutt zesummen - mä et ass, et sinn d’Administratiounen, déi méi mussen integréiert ginn, zesummeschaffen, an och géif ech soen, op eng gewëssen Aart a Weis denken, datt se musse mat hire Kollegen an anere Servicer, oder Ministèren zesummen d’Saachen ugoen.
Roy Grotz: Ebe just, da wiere mir beim Themekreess Aarbecht, Beschäftegung, e Feld dat enorm vaste ass. Loosse mir eis op d’Haaptenjeuë fokusséieren. Entretemps sichen eng 14.000 Leit, déi bei der ADEM ageschriwwe sinn, no enger Plaz, en Taux vu 6,1%.
Besonnesch Suerge maachen natierlech déi 1.700 Jonker ënnert 25 Joer, an och d’Laangzäitchômeuren. Mir ziele ronn eng 3.600 Leit, déi scho méi laang wéi zwee Joer op der Sich no enger Schaff sinn.
Wéi wëllt Dir verhënneren, Här Minister, datt mir weider op déi Barre vu méiglecherweis den 20.000 Chômeuren zousteieren?
Nicolas Schmit: Bein, éischtens muss ech soen, ass et wichteg, datt d’Wirtschaft selwer dréint. Well ech mengen ouni eng Wirtschaft, déi Aarbechtsplaze crééiert, dat ass awer momentan nach de Fall, brénge mir et net fäerdeg de Chômage erofzedrécken, respektiv seng Progressioun ze bremsen. Dat ass also dee wirtschaftlechen Aspekt. Mir kënne vläicht herno dodrop zeréckkommen.
Dat zweet ass natierlech eng offensiv Aarbechtsmaartpolitik hunn. Dat heescht ënnert anerem d’Offensiv op eisem Aarbechtsmaart erëmgewannen. An déi kann een erëmgewannen iwwer verschidde Saachen, iwwer verschidde Weeër.
Ee vun de Weeën, dat ass natierlech, déi Instrumenter déi mir hunn, gezilt, efficace asetzen. Dozou gehéiert zum Beispill d’ADEM.
Dat zweet ass d’Formatioun. Mir hunn déi paradoxal Situatioun, datt mir vum Mee 2011 op Mee 2012 grosso modo 7.000 méi Aarbechtsplazen hei am Land hunn, an trotz allem hu mir 1.500 Chômeure méi. D’Ursaache si multiple. Déi eng ass, well mir dauernd méi Leit an d’Land kréien. Déi aner ass, well effektiv eng ganz Rei Leit net forméiert si fir déi Aarbechtsplazen ze iwwerhuelen, déi an där leschter Zäit ëmmer méi crééiert ginn. An dofir ass d’Formatioun, d’Ausbildung, d’Zesummeschaffe mat der Schoul en extrem wichtege Punkt.
Roy Grotz: Domat schwätzt Dir a sech de Jungendchômage un. Hei am Land gëtt et quasi awer och eng Kultur vu Leit, déi nëmme nach wëlle mat engem CDI agestallt ginn, a soss mat kengem anere Kontrakt. Dozou och dës Stëmm vun engem jonke Mann, deen ënnert d’Kategorie vum Jugendchômage fält.
Chômeur(O-Toun): Ech sinn 28 Joer al, dat ass meng éischt Aarbecht hei a Lëtzebuerg am Fong geholl, well ech war 8 Joer erëm zeréck op meng Grousselteren oppassen.
Ech hunn e Kontrakt fir 12 Méint hei, mä ech gesinn net herno meng Zukunft, well ech muss mech heiansdo op d’ADEM presentéieren. An ech gesinn net do, datt ech virukommen.
Ech schwätze 5 Sproochen, ech kréien zum Beispill fir eng Restauratioun, oder esou, an ech gesi mech net do als Serveur, oder. Ech gesi mech léiwer als Ouvrier.
Roy Grotz: Voilà, do si mir, mengen ech, scho bei enger vun de Problematiken. Offer, an Demande, a Besoinen, a Qualifikatioun, dat ass e Wiesselspill, dat geet net ëmmer iwwereneen.
Nicolas Schmit: Neen, ech mengen, de Punkt ass, ech weess jo elo net genee déi Situatioun vun deem jonke Mann, dee jo schéngt eng gewëssen Ausbildung ze hunn, dee jo och en Immigratiounsbackground schéngt ze hunn...[gëtt ënnerbrach]
Roy Grotz: Mir hunn en op der Schläifmille begéint.
Nicolas Schmit:... deen natierlech op där anerer Säit e Contrat à durée déterminée huet vun engem Joer, dat huet den Uschäi vun enger Mesure. Wichteg ass natierlech, datt dee jonke Mann elo zesumme mat der ADEM, mä awer och op seng eegen Initiativ probéiert en Job ze fannen, deen him natierlech correspondéiert.
Ech soen, et ass ganz kloer, eng Aarbecht an engem Liewen ass eppes extrem Wichteges. Mir kënnen also net Leit obligéieren Aarbechten ze maachen, déi se absolut net wëllen.
Op där anerer Säit muss jiddwereen awer och e bësse capabel si, Waasser a säi Wäin ze schëdden. Et ass also do dee richtegen Équiliber ze fannen zwëschent der Formatioun, dat wat ee wëllt maachen, an dat wat méiglech ass, dat wat den Aarbechtsmaart dee Moment hiergëtt. Do brauche mir eng gewësse Souplesse vu jiddwerengem. An op déi musse mir schaffen.
An do huet d’ADEM natierlech e wichtege Rôle fir de Leit déi richteg Berodung ze ginn, déi richteg Orientierung ze ginn, Beruffsorientierung ass e ganz wichtege Punkt, mä awer och vun de Leit eng gewësse Responsabilitéit anzefuerderen. Et kritt een Hëllef, mä et muss een awer och bereet sinn, sech selwer ze hëllefen.
Roy Grotz: Déi Garantie jeunes, spillt déi schonn, bannent 4 Méint, datt een eng Offer kritt?
Nicolas Schmit: Jo, déi ass amgaangen en place gesat ze ginn. An ech wäert ganz kuerzfristeg de Point maache wéi wäit mir capabel momentan sinn, fir dat schonn ze respektéieren. Wichteg ass, deenen Jonke schnell eng Perspektiv ze ginn.
Dat schlëmmst fir e Jonken ass, datt d’Aarbechtslosegkeet sech vu Mount ze Mount verlängert, an datt d’Perspektiven op eng Aarbecht ëmmer méi kleng ginn. An do musse mir deene Jonken e positivt Signal ginn.
Mä och do sinn déi Jonk gefuerdert. Dat ass eng Propositioun déi se kréien. Si soll mat deene Jonken ausgeschafft ginn, déi Propositioun, si soll net imposéiert ginn. Mä si muss awer och realistesch sinn, net all Jonke kann all Job akzeptéieren, well en net nécessairement dofir ausgebilt ass. Wann en en Job wëllt, an d’Méiglechkeet besteet eng Ausbildung dofir ze kréien, da muss hie bereet sinn och déi Ausbildung ze akzeptéieren. Dat ass also eng Saach e bësse vun donnant-donnant.
An ech mengen dat ass och dat, wat ech där neier Direktioun vun der ADEM mat op de Wee ginn, datt se déi Kultur vum Förderen, a vum Forderen als Regel an der ADEM installéieren, an datt d’Leit solle respektvoll behandelt ginn, esouwuel déi Leit déi do schaffen vun deenen déi do e Service siche kommen, mä natierlech och déi, déi dee Service do siche kommen.
Respekt, dat ass eng vun deene Valeuren, ee vun deene Wäerter, déi an der Zukunft d’Aarbechsweis vun der ADEM soll déterminéieren.
Roy Grotz: Do spillt natierlech och vill d’Elterenhaus mat vun deenen eenzelne Jonken, awer och hiren Hannergrond. Vill komme mat Immigratiounshannergrond, kennen d’Sproochen net, déi usuell wieren. U Sproochecoursë bei der ADEM wier also och ze denken?
Nicolas Schmit: Mir sinn amgaangen an der ADEM selwer d’Offer vu Sproochecoursë staark eropzesetzen, ze développéieren. Dat ass eng Offer, déi och der Populatioun adaptéiert ass.
Ech mengen, et kann een net dee nämmlechten Sproochecours, op dat elo franséisch oder lëtzebuergesch ass, oder eventuell däitsch - mä ech mengen gewéinlech ass franséisch, an eventuell lëtzebuergesch gefuerdert - dee muss natierlech och där Populatioun ugepasst sinn. Dat si mir amgaangen ze maachen. Mir mussen déi Offer eropsetzen.
Mä och do mussen d’Leit kloer gesot kréien, datt dat eng Offer ass, déi ee wierklech gebieden ass ze akzeptéieren. Dat ass net e Choix, deen een eventuell offréiert kritt, an da seet, och et geet och ouni, firwat soll ech mech elo hei an e Sproochecours investéieren.
Wann een an der ADEM ageschriwwen ass, wann een eventuell och nach indemniséiert gëtt, da muss een eng Géigeleeschtung bréngen. Zum Beispill kann déi Géigeleeschtung d’Sproochecoursë sinn.
De Chômage soll net eng Period si wou näischt geschitt mat engem. Et soll eng Period sinn, wou ee gehollef kritt sech nei opzestellen, fir eben seng Chancen um Aarbechtsmaart ze verbesseren.
Roy Grotz: Wat maacht Dir da mat deenen, déi déi Offer do net huelen?
Nicolas Schmit: Bon, ech wëll net soen, déi musse sanktionéiert ginn, obwuel och do d’Sanctiounen net komplett sollen ausgeschloss ginn. Mä et kann een net dauernd erëmkommen, an ëmmer nei Ufuerderungen hunn, a gläichzäiteg eigentlech op näischt positiv reagéieren. Ech wëll soen, dat ass net generell de Fall. Mä et ass awer a ville Fäll de Fall.
Mir hunn elo e neie Projet lancéiert fir Jonker bis 25 Joer, déi ganz schwaach ausgebilt sinn. 200 Jonker sinn ugeschriwwe ginn, sinn an Atelieren invitéiert ginn. Et ass, kréien eng Offer, kréien esouguer e klengt Täschegeld, kréien esouguer den Transport bezuelt, an trotz allem ass eppes méi wéi en Drëttel bereet emol direkt an esou e Programm eranzeklammen. D’Enn vun deem Programm soll eigentlech eng Aarbecht sinn, zumindest e Stage an enger Entreprise.
Et kann also net sinn, datt jonk Leit einfach dat ewechdrécken, a soen, firwat soll ech do zwee oder dräi Méint higoen, mech forméiere loossen, gewise kréie wéi ech en CV schreiwen, wéi ech en Interview maachen, wéi ech och eng gewëssen Disziplin op der Aarbechtsplaz muss respektéieren, well soss klappt et net, soss huet ee wéineg Chancen eng Aarbecht ze kréien, a besonnesch eng ze halen.
Roy Grotz: Mir hunn eng Stëmm héieren. Mir hunn awer och dobaussen nogefrot, wéi d’Leit d’Aarbechtsmaartpolitik gesinn, a wat d’Enjeuen dovunner sinn. D’Sophie Boris war mam RTL-Mikro ënnerwee.
Verschidden Interviewter (O-Téin): Ech géif mengen, datt do nach muss vill geschéie wat d’Jugend ugeet, déi ganz Aarbechtslosegkeet vun der Jugend. An dann dee ganzen Drock dee mir kréie vum Ausland muss och iergendwéi geregelt ginn. Jo, et kommen nach genuch Problemer op eis duer.
Ech weess och net, ob elo mat der neier Organisatioun vun der ADEM, elo ass jo en aneren Direkter komm, ob dat da besser geet. Et ass wahrscheinlech och net esou einfach d’Leit ze placéieren, stellen ech mir emol vir. Si musse jo emol déi richteg Posten hu fir déi richteg Qualifikatiounen. Si mussen d’Leit och hu fir déi Posten. Ech hoffe fir déi Jonk, well ech mengen, déi nächst Generatioun kritt et méi schwéier wéi mir et momentan nach hate fir eng Aarbecht ze fannen.
Ech fannen et gëtt net genuch gemaach fir deene Leit ze hëllefen. Well mäi Mann deen ass och an de Chômage geroden, an jo, et misst vill méi gemaach gi fir déi Leit, zëmools fir déi, déi hiert Liewe laang geschafft hunn, do missten déi hinnen emol vill méi entgéint kommen.
Ech mengen, et ass nach ëmmer eng Saach vu wëlle schaffen, et fënnt ee schonn Aarbecht wann ee sicht, a bereet ass och ze schaffen.
Roy Grotz: Ech mengen, dat wat dee leschten Här seet, dat soe ganz vill Leit am Land. Et fënnt ee schonn eng Aarbecht wann ee wëllt, wann ee sicht. Ass et effektiv nach esou einfach, Här Schmit?
Nicolas Schmit: Ech mengen net, datt et ëmmer esou einfach ass. Ech mengen, et seet eng Dame, wann ee laang geschafft huet, an et verléiert ee seng Aarbecht, dat heescht, wann een e bësse méi al ass, an et huet een an engem Beruff geschafft, deen et eventuell net méi gëtt, oder net méi esou gëtt, an et huet een - wann ech soen, al, dann ass dat vill méi jonk wéi ech selwer sinn, Enn 40 ufanks 50 - da kann een eventuell et vill méi schwéier hunn. An dofir ass et natierlech wichteg, mir schwätzen vill iwwer d’Jugendaarbechtslosegkeet, déi ass och e wichtegt Thema, mä fir mech ass awer grad esou e wichtegt Thema déi Leit, déi mat Enn 40, oder ufanks 50 hir Aarbechtsplaz verléieren, sech ëmstelle mussen, an dann et wierklech ganz schwéier kréien. Mir sinn amgaange hei wierklech e Plan seniors opzestellen, well mir op där enger Säit jo de Leit soen, si missten e bësse méi laang schaffen, dat ass d’Rentereform, dat ass mäi Kolleg de Mars Di Bartolomeo. Op där anerer Säit awer natierlech de Punkt ass, datt d’Leit ganz oft, wa se e bësse méi al sinn, keen Job méi fannen, oder esouguer heiansdo aus dem Betrib erausgedréckt ginn. An dat kann et net sinn. Do musse mir wierklech agéieren, do musse mir mat de Sozialpartner, mir haten och do utile Gespréicher, positiv Gespréicher mat de Sozialpartner, dofir brauche mir do e Kader, e gesetzleche Kader fir och deen do Problem besser kënnen unzegoen.
Sécher, déi Generatioun vun haut, déi vu muer, déi kritt et vläicht e bësse méi schwéier, well d’Wirtschaft natierlech amgaangen ass sech komplett ze wandelen. An dat ass natierlech och fir Lëtzebuerg eng grouss Erausfuerderung.
Mir mussen eis Wirtschaft embauen, mir kënnen eigentlech net méi op deenen Nischen, wou mir laang gelieft hunn, déi e bësse Souveränitéitsnische waren, e bësse Steieren hei, e bëssen Avantagen do, alleng liewen. Déi gi méi enk, déi gi méi kleng, déi verschwannen. Mir mussen also op d’Kompetenz setzen, mir mussen op Innovatioun setzen, mir mussen op Talenter setzen. Also komme mir erëm bei Bildung. Mir kommen also och bei den Engagement vun deene Jonken, mir mussen also eise Jonken eng Chance gi gutt am Liewen ze démarréieren. An dat ass natierlech d’Schoul.
Deen Débat iwwer d’Schoul, ech hoffen datt dee sech dréint. Ech hunn dee suivéiert, deen ass heiansdo net ganz encourageant gewiescht. Hei gëtt probéiert d’Schoul ze reforméieren, mir brauchen eng Reform am Schoulwiesen. Ech gesinn elo, datt déi nei franséisch Regierung aus der Schoul hir Prioritéit mécht. An dat ass och normal, besonnesch fir d’Sozialisten, aus der Schoul eng Prioritéit ze maachen. An da mierkt een op eemol, datt esouguer progressiv Kräfte méi korporatistesch si wéi innovativ, eigentlech méi op déi Kaart setze vum Korporatismus, wéi op d’Verännerung, déi noutwenneg Verännerung par rapport zur Gesellschaft, par rapport zu technologeschen, wëssentschaftlechen, gesellschaftleche Changementer.
An ech hu virun e puer Deeg, enfin ech menge gëschter, e Proff hei héieren, deen e Commentaire gemaach huet. An dat huet mech optimistesch gemaach, datt et Leit gëtt, déi hire Beruff gären hunn am Enseignement, déi och verstanen hunn, datt mir mussen déi Schoul ëmbauen, net andeem mir den Niveau vun der Schoul erofsetzen, mä andeem mir méi Kanner d’Méiglechkeet ginn en héijen Niveau ze erreechen, a mat engem Diplôme aus där Schoul do ze kommen. Dat ass d’sozial Gerechtegkeet, wat fir mech e wiesentleche Punkt ass, net nëmmen an der Schoul, mä och an der Gesellschaft.
Roy Grotz: Dat ass eng Saach d’Schoul. Déi aner Säit muss een natierlech agestallt ginn. Ech komme ganz zum Schluss vun eiser éischter halwer Stonn gären nach just op dee grousse Patron Arcelor-Mittal ze schwätzen, wou mir dës Woch héieren hunn, datt méiglecherweis 25% vun de Plazen an den administrative Servicer kéinten ofbauen. Dovu wier natierlech Lëtzebuerg betraff. Dir hutt Iech dës Woch mat Memberen aus dem Direktiounscomité gesinn. Wéi ass dat ze qualifizéieren, Här Minister?
Nicolas Schmit: Bon, à priori - ech soen, à priori, well ech, wa mir iwwer d’Siderurgie schwätzen, ëmmer mussen eng gewësse Virsiicht walte loossen - huet dat elo keng weider Incidencen op Lëtzebuerg, wéi déi, déi souwisou scho virgesi waren.
Dofir ass et natierlech wichteg mat Arcelor-Mittal, a besonnesch mat den Dirigenten vun Arcelor-Mittal am Gespréich ze bleiwen, an och dofir ze suergen, datt déi Siten, déi elo do sinn, nodeem wat och Dramatesches trotz allem zu Rodange an zu Schëffleng geschitt ass, datt déi Siten déi bleiwen, ausgebaut ginn, moderniséiert ginn, erhale bleiwen, um Top vun der technologescher Entwécklung stinn, mä datt natierlech och de Siège, d’Administratioun, déi hei zu Lëtzebuerg jo ass, datt déi och weider hei zu Lëtzebuerg bleift, an och esou op deem Niveau bleift wou se elo ass.
Roy Grotz: An deen Ofbau an den administrative Servicer, konkret?
Nicolas Schmit: Bon, si hunn eis dat erkläert, dat hätt eigentlech op Lëtzebuerg keng gréisser Incidencen. Ech ginn emol dovun aus, mä mat grousser Virsiicht.
Roy Grotz: Et ass e grousse Betrib Arcelor-Mittal, a Lëtzebuerg e klengt Land.
Nicolas Schmit: Et ass e Weltbetrib, et ass e globale Betrib, deen eng global Strategie huet, dee seng Choixë mécht, wou eigentlech op déi eenzel Wierker, a Länner wéineg gekuckt gëtt. Dat gesi mir och esouguer wann et sech em gréisser Länner, wéi Frankräich, handelt, wou och sech Konflikter mat der franséischer Regierung eventuell ubannen.
Mir gesinn also, datt et och wichteg ass hei, datt et gutt Kontakter, gutt Zesummenaarbechten zwëschent de Regierunge gëtt.
Roy Grotz: Voilà, an enger Minutt ass et halwer, esouwäit also fir den éischten Deel vun der Émissioun Background. Direkt nom Journal komme mir natierlech op déi nei Direktioun vun der ADEM ze schwätzen, a wéi et dozou komm, a wéi déi Choixen opgeholl goufen. All dat, de Sujet elo gläich.
[Noriichten]
Mir hu scho vill iwwer d’ADEM geschwat, Här Schmit. Relativ séier, a fir eng Partie Leit dach onerwaart, hutt Dir d’Direktioun vun der ADEM, d’Directrice, oder ronderëm si, der Mariette Scholtus ersetzt. De Géry Meyers iwwerhëlt vum 1. September un, mat Isabelle Schlesser a Gaby Wagner.
Firwat iwwerhaapt dee Changement, a firwat net och ee vun den dräi Leit un d’Spëtzt vun der ADEM setzen, déi niewent der Madame Scholtus d’Aarbechtsamt bis ewell geleet hunn?
Nicolas Schmit: Ma ech wëll emol drun erënneren, datt ee vun de groussen Objektive war, déi ADEM ze reforméieren. Mir hunn dat ugefaangen direkt, mir hunn nei Agencë crééiert, mir hu Leit agestallt, mir hunn e Gesetz stëmme gelooss.
Ech erënneren och drun, datt an der Chamber 2009 vill iwwer d’Direktioun diskutéiert ginn ass, datt d’Deputéierte vun alle Parteien e Changement vun der Direktioun gefrot hunn. Dat ass scho relativ laang hier, dat war 2009, mir sinn elo 2012. Dofir kann een net soen, firwat esou brüsk oder esou séier.
Ech hu mir also Zäit gelooss, ech hunn also gekuckt wéi d’Saachen evoluéiert hunn. Ech hu mech och berode gelooss. Mir hunn e Consultant elo säit iwwer engem Joer an der ADEM.
An ech sinn zur Conclusioun komm, datt ee misst eng nei Équipe vu baussen do an d’ADEM erëm erabréngen, fir mat deene Leit, déi an der ADEM wäerte bleiwen, déi och do wichteg Fonctioune wäerten exerzéieren, net all, mä eng Rei, fir do dee Changement ze provozéieren, dee vläicht e bëssen e Ruck deen do gebraucht gëtt fir d’ADEM esou wierksam, esou modern, esou e gudde Service public ze maachen, deen eigentlech d’Leit, déi eng Aarbecht sichen, mä awer och d’Entreprisen, besonnesch déi ee sichen, brauchen.
An dofir mengen ech, sinn ech nëmmen deem gerecht gi wat am Débat public, wat an der Chamber op alle Parteibänke gefuerdert ginn ass. An ech ginn där neier Équipe do eng grouss Chance, datt si dat reusséieren.
Roy Grotz: Dir sidd e Mann vun der Dot, géif een an deem hei Dossier soen. D’Manéier, mengen ech, fir virzegoen, déi hutt Dir jo och dës Woch nach eng Kéier an der Chamberkommissioun erkläert, an duergeluegt, datt déi 4 Persounen, ausser eng, hutt Dir gesot, vun Iech informéiert gi wieren iwwer d’Nominatiounen. Ware se dann d’accord, erstaunt, oder hutt Dir se virdru schonn eng Kéier iwwer dat do an d’Bild gesat gehat?
Nicolas Schmit: Ech mengen, dat ass net d’Fro. Deen d’accord ass oder net d’accord ass. Déi Leit sinn informéiert ginn, déi hunn och eng alternativ Propositioun gemaach kritt. Duerno ass et un de Ministeren d’Décisiounen ze huelen.
An ech mengen, mir mussen et och an der Politik eemol fäerdegbréngen, wa sech Décisiounen imposéieren, da musse se geholl ginn, och wa se heiansdo vläicht e bësse brüskéieren. Dobäi kënnt, datt deene Leit jo absolut näischt geschitt. An ech erkennen och d’Mérite vun deene Leit un. Mä elo ass de Moment do vun engem déifgräifende Changement. Deene Leit geschitt näischt, déi kréien aner Affektatiounen, entweder an der ADEM, oder ausserhalb vun der ADEM. Si behalen all hir Rechter, si behalen all hir Graden, do ass also net, wéi vläicht heiansdo am Privatsecteur, do ass also absolut näischt geschitt. An ech mengen, dat muss een och emol eemol kloer soen.
Roy Grotz: Iwwer 60 Leit awer hu sech deem Solidaritéitsmail do ugeschloss, stinn hannert der Madame Scholtus, an domat och hirer Aarbecht.
Nicolas Schmit: Neen, dat ass e bësse méi komplizéiert. Well ech mengen, déi 60 Leit - ech hu mat ville vun deene geschwat, wéi mir der 180 am Alvisse-Hotel zesummen haten - déi hu gesot, si wiere schockéiert gewiescht, datt se dat vun RTL héieren hätten, an net vu mir direkt. Dir sidd eben ze gutt, Dir maacht Är Aarbecht ze séier, ze gutt [gëtt ënnerbrach]
Roy Grotz: D’nächste Kéier kommt Dir bei eis dann.
Nicolas Schmit: Dir informéiert ze schnell. Dir hutt mir keng Chance ginn, wat ech eigentlech gewollt hätt, d’Leit fir d’éischt ze informéieren. Si sinn dat dann iwwer de Radio gewuer ginn, well Dir ebe gutt Sources d’informations schéngt ze hunn.
Roy Grotz: Äre Wonschkandidat wier deen éischter aus dem Private komm?
Nicolas Schmit: Deen hätt kënnen och aus dem Private kommen. Do huet sech net eng Léisung direkt, déi fir mech am Endeffekt crédibel war, ugebueden.
Ech hunn den Här Meyers observéiert während engem Joer an deenen Tâchen, déi ech him ginn hunn, an ech sinn zur Conclusioun komm, datt den Här Meyers déi do Tâche absolut ka maachen, an ech maachen him grouss Vertrauen, an ech sinn iwwerzeegt, datt mir, wa mir an engem Joer iwwer d’ADEM schwätzen, vun enger aner ADEM wäerten nach kënne schwätzen.
Roy Grotz: Wat schafft d’Madame Scholtus an Zukunft dann, déi dräi Leit bei hir?
Nicolas Schmit: Ech mengen d’Madame Scholtus ass eng exzellent, eminent, géif ech scho bal soen, Juristin. Mir brauchen eng Équipe vu gudde Juristen, well mir mussen och an eisem Droit du travail gewësse Saache vläicht ajustéieren.
Mir hunn dës Woch, oder d’nächst Woch eng wichteg Réunioun, wou mir d’Gesetz iwwer den Dialogue social an den Entreprise wäerten änneren. Et ass also wichteg do och Leit ze hunn, déi mat un esou Projetë kënne schaffen.
Duerno, wat d’Madame Scholtus fir eng Affektatioun kritt, ech mengen, do bidde sech wahrscheinlech Méiglechkeeten un, mä dat ass Spekulatioun, op dat wëll ech elo net agoen.
Roy Grotz: Dir hutt den Dialogue social an de Betriber ugeschwat. Déi Réunioun also mat Patronen a Gewerkschaften. Vläicht eng Prélude erëm zu enger Relance vun enger Tripartite, dat hei ass jo eng kleng?
Nicolas Schmit: Bein, ech gleewe jo un den Dialogue social, ech gleewen drun, och hei zu Lëtzebuerg. Ech gleewen un den Dialogue social an de Betriber, ech gleewen, datt d’Betriber musse méi en demokratesche Fonctionnement hunn. Mir sinn an enger moderner Wirtschaft. Mir hu virdru gesot, mir brauche Kompetenz an der Wirtschaft, da brauche mir natierlech och d’Méiglechkeet vun de Leit matzebestëmmen, matzebestëmmen. Mir brauchen och Gewerkschaften, déi integréiert sinn an de Betriber, déi mathëllefen eis Wirtschaft ze moderniséieren, ze innovéieren, mä awer och sozial ze gestalten. Ech mengen, déi dräi Saachen sinn net kontradiktoresch, déi ginn zesummen, an dofir musse mir deen Dialogue social an de Betriber moderniséieren, un d’Realtéiten upassen, un den ekonomesch Realitéiten upassen. Dat viséiere mir mat deem Gesetz.
Ech mengen, dat ass eng vun deenen anere grousse Reforme vun dëser Legislatur. An ech muss soen, wann ech esou kucken, de Bilan vun dëser Regierung bis ewell ass net esou schlecht, wat d’Reformen ubelaangt. Et ass Schued, datt deen e bëssen ënnergeet an anere polemeschen Diskussiounen. Hei ass e wichtegen Thema. Ech mierken d’ailleurs, datt a ville Betriber deen Dialogue social gutt fonctionnéiert. A besonnesch do wou e gutt fonctionnéiert, do bréngt een et fäerdeg Saachen ze maachen, déi der Kompetitivitéit, awer och dem Emploi, besonnesch dem Emploi zegutt kommen. An dofir setzen ech op déi Kaart vum Dialogue social.
Roy Grotz: Wat soll dann nach am Hierscht geschéien, d’Zukunftsdësch war jo ugeschwat ginn, de Minister Frieden huet eppes proposéiert, den Här Juncker wëllt sech eenzel mat deenen eenzelne Säite beienee setzen. Wat ass an Ären Aen dann dee sozialen Dialogmodell dee kéint spillen?
Nicolas Schmit: Also, ech mengen, mir mussen, ob dat elo Zukunftsdësch, oder wéi dat och ëmmer heescht, mir mussen eis iwwer d’Zukunft vu Lëtzebuerg ënnerhalen. A mir mussen och kucken, wéi mir déi Zukunft gestalten, a mir mussen déi Zukunft och zesumme gestalten. Dat heescht, wirtschaftlech, dat heescht awer och sozial, dat heescht och global, d’Orientierung wou eist Land soll higoen. Dozou gehéiert d’Ëmwelt, dozou gehéiert de Sozialsystem, dee mir mussen ofsécheren, dozou gehéiert och d’Gerechtegkeet. An dat ass fir mech e ganz wichtege Punkt.
Gerechtegkeet an eiser Gesellschaft. Dozou gehéiert d’Fiskalpolitik. Mir schwätzen net iwwer d’Fiskalpolitik. Ech mengen net, datt eist Steiersystem adaptéiert ass. Mir verbrénge Stonnen driwwer ze diskutéieren, ob et selektiv, sozialselektiv gerecht ass, ob een dee 5.000 Euro kritt eng Stonn an enger Maison de relais soll bezuelt kréien, gratis kréien oder net.
Wéini schwätze mir iwwer d’Fiskaliséierung, d’Besteierung vum Patrimoine par rapport zu deem vun der Aarbecht? Mir setzen alles op d’Fiskaliséierung vun der Aarbecht, an de Patrimoine geet relativ ongeschueren ewech.
Mir brauchen also eng sérieux Diskussioun an dësem Land iwwer eng gerecht Steierpolitik. Mir hunn nach ëmmer e Steiersystem, deen d’Fraen eigentlech - ech soen d’Fraen, well oft d’Fraen direkt concernéiert sinn, et sinn awer net ëmmer d’Fraen, wann an engem Stot zwee Leit schaffen - eigentlech découragéiere schaffen ze goen. Mir brauchen awer de Savoir faire, mir brauchen d’Kompetenz vu jiddwerengem. Mir mussen also och dodriwwer nei nodenken, iwwer eng besser Individualbesteierung. Alles dat sinn Themen, wou hei zu Lëtzebuerg muss diskutéiert ginn. Dat musse mir zesumme maachen.
Ech bedaueren, datt de soziale Rot dat net méi esou mécht, wéi an der Vergaangenheet. Ech war emol Member do, do hate mir esou Diskussiounen.
Mir brauchen also e Sozialdialog iwwer eng breetgefächert Panopli vun Themen, déi d’Zukunft vum Land uginn. An ech soen, d’Zukunft vum Land ass muer. Mir hunn net 10 Joer, mir hunn net 20 Joer, mir hu 5 Joer wou mir mussen déi richteg Weiche stellen.
Roy Grotz: Ass et net awer och e Problem, datt vill Acteuren do matspillen, aner Ministeren, aner Ministèren, d’Steierverwaltung an deem hei Punkt?
Nicolas Schmit: Jo, mä ech mengen, vill Acteuren heescht net, datt een dofir net dierf zu Resultater kommen. Et musse Pilote ginn, et mussen Orientierung ginn, et muss am Endeffekt operationell Conclusioune geholl ginn.
Dialog ass gutt, mä den Dialog muss och herno zu Conclusiounë féieren. An dat ass dat, wat eigentlech, fir op den Ufank vun eiser Émissioun zeréckzekommen, vun der Politik haut gefuerdert gëtt.
Roy Grotz: Dir hutt vu sozialer Gerechtegkeet, Équitéit geschwat. D’Beschäftegungsinitiative kënne mir betruechten als en Deel vun Économie sociale et solidaire, awer net bei Iech am Ministère, mä ënnert der Responsabilitéit vun engem anere Minister, dem Minister Schneider a sech. Ass dat eng Logik? Wier et dann net méi ubruecht gewiescht et ënnert Äre Kompetenzberäich?
Nicolas Schmit: Ech mengen net, d’Économie sociale et solidaire ass Ekonomie. Ech maache Beschäftegung, ech schaffe mat de Beschäftegungsinitiativen, déi en Deel kënnen och vun der Économie solidaire, oder Économie sociale sinn. Souwisou och do gëllt et mat mengem Kolleg zesummenzeschaffen, wat mir och ganz gutt maachen.
Roy Grotz: Nach e Wuert iwwer e Gesetz dat Iech um Häerz läit, awer och dem Mars Di Bartolomeo, de Reclassement interne, respektiv externe. Et geet jo och em de Seuil vun Travailleurs handicapés, déi an de Betriber agestallt ginn. Wou ass déi Reform drun?
Nicolas Schmit: Ma éischtens wëll ech am Hierscht e groussen Débat iwwer d’Aarbecht vun den Handicapéierte maachen. Mir vergiessen déi Leit. Dat ass e wichtege Punkt an eiser Gesellschaft, dat ass och en Element vun enger solidarescher Gesellschaft sech em déi Leit ze bekëmmeren, hinnen och eng Chance um Aarbechtsmaart ze ginn.
En Aarbechtsmaart, deen heiansdo brutal ass, dee Leit ausschléisst, a besonnesch dann och déi Leit ausschléisst, déi vläicht e bësse méi schwaach sinn, oder eng Rei Problemer kënnten eventuell hunn. Dat ass dat éischt.
Dat zweet ass de Reklassement. Dat ass eng Dynamik, déi mir musse bremsen. Mir hunn elo 61% vun de Laangzäitaarbechtslosen, dat si Leit déi reklasséiert sinn. Iwwer 2000 Leit, bal 2.200 Leit. Dat ass enorm. Mir mussen also kucken, wéi mir dee Reklassement nei agencéieren, nei opstellen, well do ass e soziale Coût, do ass e finanzielle Coût, deen net einfach méi esou weider ze schreiwen ass.
Roy Grotz: Mir steieren op eng Auer zou. Mir wollten awer och nach kuerz, leider nëmmen, nach op de Volet Integratioun ze schwätze kommen. Wéi gesinn d’Leit dobaussen t’Komme vun Demandeurs d’asile? Wiere se bereet se an hire Gemengen opzehuelen? Froen déi sech gestallt hunn. Hei e puer Meenungen.
Verschidden Interviewten (O-Téin): Et muss een ëmmer kucken ënnert wéi enge Konditioune se liewen. Dat ass natierlech kloer. Wann ech misst an en anert Land goen, wier ech natierlech frou, wann ech géing opgeholl ginn ënnert gudde Konditiounen. Natierlech muss een och kucke, wien dat ass, wien Asil ufreet. Bon, et kann een och soen, et si Leit, déi awer sech net ëmmer grad fügen.
Am Moment ass immens vill Problemer och mat der Aarbecht hei, selwer am Land. A wann der dann aus dem Ausland kommen, a mir kënnen net garantéieren, datt mir hinnen och Aarbecht ginn, dann ass do, et ass ganz komplex, gell.
Ech weess net, ob dat wierklech politesch Refugéierter sinn, déi elo am Moment heihinner kommen. Et sinn der och ganz vill, déi heihinner kommen, well et hinnen hei gutt geet, a well se et ganz genee wëssen.
Vun eiser Gemeng, jo, bon esou laang se mech a Rou loossen, jo.
Ech fanne se kéinten do e bësse méi streng sinn. Well ech fanne mir hunn e bësse vill Roma hei.
Mir kënnen net all Mënsch huelen.
Mä dat gëtt, dat muss iergendwéi trotzdem esou vu Mond zu Mond goen.
Ech fannen, dat hänkt dovun of, ob d’Leit sech géifen integréieren oder net.
Et ass eng schlecht Zäit de Moment. An da sinn der vill net qualifizéiert, mä ech fannen awer, fir d’éischt misste mir awer kucken, datt mir d’Lëtzebuerger ënnerdach kréien, iert mir géingen d’Auslänner huelen.
Si sollen emol méi fir hir Landsleit maachen, net ëmmer nëmme fir d’Auslänner. Ech si kee Rassist näischt, awer ech fannen, si missten emol méi fir hir Landsleit hei maachen, amplaz fir déi aner.
Roy Grotz: Här Schmit, wonneren Iech dës Aussoen, huet Lëtzebuerg als dach oppent Land d’Accueilcapacitéiten erreecht?
Nicolas Schmit: Bon, ech menge mir hu gewësse Limiten erreecht. Dat ass alles net esou einfach. Ech mengen, ech hat d’lescht Woch 56 Leit, déi hei Asil gefrot hunn, dovun 52 aus dem Balkan. Dat weist also, datt mir nach ëmmer e grousse Problem um Balkan hunn. An do ass de Problem vun de Wirtschaftsflüchtlinge méi grouss wéi deen vun de politesche Flüchtlingen. Och wann déi Leit hei Asil probéieren, soen ech ganz kloer, datt hir Chance Asil hei ze kréien, relativ kleng ass. Nun musse mir awer d’Gesetzer applizéieren, dat si lëtzebuerger Gesetzer, dat sinn europäesch Gesetzer. Mä wann d’Leit déboutéiert ginn, da gi se heemgefouert. Dat soen ech a ganzer Kloerheet, ausser et stelle sech spezifesch Froen.
Déi Leit, déi hei Asil brauchen, mir hate Leit aus dem Sudan, mir haten der aus Tunesien, weess ech och net, do stellt sech, do gëtt natierlech ëmmer gekuckt, ob d’Leit déi Protectioun brauchen, déi mir hinne solle ginn, a musse ginn, wann dat de Fall ass
Roy Grotz: Merci also fir d’Explikatiounen a vill ze kuerzer Zäit, Är Domainer sinn einfach ze breet gefächert, géif ee mengen. Mir huelen eis dann nach eng Kéier Zäit.
Dir konnt Iech natierlech och e Lidd wënschen. Mir spillen et kuerz un. Queen war et d’lescht Joer, dëst Joer, wat hutt Dir Iech gesicht, Här Schmit?
Nicolas Schmit: A beautiful life, oder a wonderful life vun Hearts.
Roy Grotz: Här Schmit, ass Ärt Liewen esou wonderful wéi do gesonge gëtt?
Nicolas Schmit: Neen, mä ech mengen et soll een och e bëssen Optimismus, besonnesch deene jonke Leit ginn. A meng Kanner hunn dat Lidd immens gären, dat ass och fir si.
Roy Grotz: Merci, datt Dir haut eisen Invité wart, Iech eng gutt an erhuelsam Vakanz, ech hoffen et op d’mannst.
|