Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Juillet 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet de la présidence de l’Eurogroupe

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de la présidence de l’Eurogroupe
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 10-07-2012

Vers le niveau supérieur

Mariette Zenners: Lëtzebuerg gëtt also nees gutt vertrueden an Europa mat gläich zwee wichtege Posten, déi vum Grand-Duché besat ginn.

No laangem Hin an Hier ass d’Décisioun also hënt gefall, de Jean-Claude Juncker bleift fir weider 6 Méint un der Spëtzt vum Eurogrupp, an d’Konditioun déi hien dofir gesat hat, datt den Yves Mersch op Frankfurt bei d’EZB wiesselt, gouf och erfëllt.

Mir sinn elo verbonne mam lëtzebuerger Premier am Staatsministère. Gudden Owend Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Mariette Zenners: Et verwonnert jo schonn e wéineg, datt Dir elo awer nach eng Zäit laang de Mister Euro bleift. A mir hunn eis erlaabt, e puer vun den Aussoen, déi Dir an der Lescht zu dësem Thema gemaach hutt, zesummenzeschneiden:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): ...de President vum Eurogrupp een Zäitopwand mat sech bréngt, deen ech mir net méi wëll zoumudden. Ech hätt einfach gäre méi Rou

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hu keng Loscht méi all Dag bis 10 Auer, a Samschdes a Sonndes ze schaffen. Ech géif och gären ootmen.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech wëll nëmme méi 12 Stonnen den Dag schaffen, dat geet jo duer.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): D’Leit doheem hunn näischt dovun, et ass just fir mech, ganz alleng fir mech.

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hu meng Mëllech ginn.

Mariette Zenners: Bon, fir elo emol bei Ärer méi salopper Ausdrocksweis ze bleiwen. Dir hutt Är Mëllech ginn, Dir musst awer nach weider Mëllech ginn. Sinn dann nach Reserven do?

Jean-Claude Juncker: Enfin, ech weess et net, dat muss déi Zäit, déi elo kënnt, déi nächst 6, 7 Méint weisen. Mä ech hunn dacks däitlech gemaach, datt ech aus Zäitgrënn, an och aus, wéi ech muss zouginn, egoistesche Grënn dat Mandat vum Eurogruppechef net wëllt, wat ee ganz ustrengend ass.

D’Kollegen, esouwuel bei de Staats- a Regierungschefen, wéi bei de Finanzministere waren awer der Meenung, si géifen net dee Richtege fannen, fir meng Successioun unzetrieden.

A vu datt d’Situatioun den Ament extrem schwiereg ass, Spuenien, Italien, Portugal, Griicheland, Irland souwisou, däitsch-franséisch Schwieregkeeten, déi ee brauchen dee Brécke ka schloen tëscht deenen zwee, ass den Drock grouss ginn, datt ech dat nach eng Zäit laang soll virumaachen.

Ech war net d’accord dat nach eng Kéier zwee an en halleft Joer ze maachen, mä nach just e puer Méint, bis alleguer déi Problemer sech do an eng Bunn agewisen hunn, déi erahnen léisst wéi endgülteg Léisunge kënnen ausgesinn. An dofir hunn ech dat akzeptéiert, net himmelhochjauchzend, mä "c’est un service à rendre".

Mariette Zenners: Elo hutt Dir jo awer ëmmer gesot, déi zwee Posten, dee vum Regierungschef an dee vum Chef vum Eurogrupp, wieren net méi compatibel, datt de Poste vum Chef vum Eurogrupp scho praktesch e fulltime Job ass. Hutt Dir da Wëlles vläicht verschidde Responsabilitéiten zu Lëtzebuerg e wéineg ofzegi fir déi Méint?

Jean-Claude Juncker: Neen, ech muss virufuere 17 Stonnen den Dag ze schaffen, dat ass mäi Problem, net Ären.

Mariette Zenners: Wéi geet et dann awer no 2013 virun? Ass et da sécher, datt dat elo just fir 6 Méint ass, oder loosst Dir Iech nach eng Kéier iwwerrieden?

Jean-Claude Juncker: Also, ech géif wierklech hoffen, datt elo alleguer déi grouss Geeschter vun dëser Welt, d’Madame Merkel, den Här Hollande, den Här Van Rompuy, den Här Barroso hir konzentréiert Energien drop verwenne fir dann elo wierklech eng Léisung ze fannen, déi et méiglech mécht, datt ech déi Aufgab net méi muss maachen.

Ech hu gëschter Owend gesot, wéi ech nach eng Kéier désignéiert gi sinn, aus juristesche Grënn, fir zwee an en halleft Joer, an nodeem ech gesot hat, ech géif dat awer fir méi eng kuerz Zäit maachen, wëll ech wierklech hoffen, datt se elo eng Léisung fannen. Ech kënnt jo gebauchpinselt sinn, datt se keen anere fannen, mä vu Bauchpinselei kënne mir zu Lëtzebuerg net liewen.

Mariette Zenners: Är Konditioun war jo och, datt den Yves Mersch kéint op Frankfurt an d’EZB wiesselen. Wat bedeit dat iwwerhaapt fir Lëtzebuerg an dësem Gremium vertrueden ze sinn?

Jean-Claude Juncker: D’Europäesch Zentralbank ass eng onofhängeg Institutioun, déi ënnerläit kenger Regierungsweisung, och kengem aneren, weder déi Europäesch Zentralbank nach déi Lëtzebuergesch Zentralbank.

Mä fir mech ass et wichteg, datt an dem Haaptgremium vun der europäescher Geldpolitik ee Lëtzebuerger vertrueden ass. Den Här Mersch dee bréngt all Bedéngungen, Konditiounen a Qualitéite mat sech fir déi europäesch Geldpolitik ze beaflossen. Déi europäesch Geldpolitik gëtt vun der Zentralbank gemaach, net vun der Eurogrupp. Dofir ass d’Positioun, déi den Här Mersch an der Europäescher Zentralbank anhëlt, esou wichteg wéi déi vum Eurogruppe Chef, an dofir hunn ech och déi zwou Saachen mateneen an Zesummenhang bruecht.

Meng Angscht war e bëssen, well ech d’Kollege jo kennen, datt se mir elo géife schéi schwätzen, fir datt ech dat nach eng Kéier zwee an en halleft Joer maachen, a wann ech da jo gesot hätt, da géife se soen, esou, elo ass dat klengt Lëtzebuerg awer staark vertrueden an den europäeschen Décisiounsmechanismen. A wann s du Juncker President vun der Eurozon bass, da kann den Yves Mersch net an den Direktorium vun der Europäescher Zentralbank virstoussen.

An dofir hunn ech déi zwou Saache mateneen a Verbindung bruecht. Dat maachen déi aner dauernd. Ech maachen et eng Kéier, an et ass och opgaangen.

Mariette Zenners: Do schénge jo esou verschidden esou Kouhändel ze lafen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Dat si keng Kouhändel, Dir hutt eng Ausdrocksweis déi net zu deem passt, wat do geschitt. Ech hunn net mat Kéi geschwat, ech hu mat europäesche Presidenten a Regierungschefe geschwat, dat si keng Kéi.

Mariette Zenners: Dat seet ee jo esou an der, loosse mir soen, an dem saloppe Lëtzebuergeschen.

Jean-Claude Juncker: Jo, Dir sot dat nawell ganz gären op Ärer Statioun, dat ass awer e falschen Ausdrock.

Mariette Zenners: Dat vun der Mëllech hat Dir jo awer gesot.

Jean-Claude Juncker: Dat huet eppes mat Kéi ze dinn, [inaudible]

Mariette Zenners: Spuenien hat jo awer am Fong um leschte Sommet dës Décisioun vun de Personalfroen och blockéiert, well si och e Poste bei der EZB wollten. War dat dann elo awer esou e bëssen eng Zort Handel gëschter, datt Spuenien méi séier an direkt Hëllef zougesot krut, an dofir op de Poste vun der EZB verzicht huet?

Jean-Claude Juncker: Nee, nee, nee. Fir d’Prozeduren an d’Mechanismen ze verstoen, muss ee sech informéieren.

Mir hunn ofgestëmmt gëscht tëscht dem spueneschen, dem sloweneschen an dem lëtzebuergesche Kandidat, an an där Ofstëmmung huet den Här Mersch eng sougenannte qualifizéiert Majoritéit kritt, nodeem mir eis intensiv bei anere Regierungen dofir agesat haten, datt den Här Mersch géif gestëmmt ginn.

Et ass net esou, wéi et an eenzelne lëtzebuergeschen Zeitungen - déi informéiere sech jo net ëmmer mat där leschter Grëndlechkeet - steet, datt d’Spuenier verzicht hätten. Neen, mir hunn eng Ofstëmmung gemaach tëscht dem Här Mersch, engem sloweneschen, an engem spuenesche Kandidat. Dat war also en demokratesche Prozess, een, wéi Dir géift soen, deen net hannert verschlossenen Diere stattfonnt huet, mä a voller Transparenz.

Mariette Zenners: Eng lescht Fro nach, wat d’Nofolleg vum Här Mersch hei zu Lëtzebuerg ugeet. Den Här Frieden sot de Mëtteg, hie kéint sech de Gaston Reinesch, Administrateur-délégué am Finanzministère gutt op dësem Poste virstellen. Deelt Dir dës Meenung?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dat ze décidéieren, an dat wäert an deenen nächsten Deeg geschéien. An all Mënsch weess, datt ech zënter laange Joere schonn een enkt Aarbechtsverhältnis mam Här Reinesch hunn, dat ee vun deenen dichtegste Staatsbeamten ass, dee mir hunn, an ee vun deenen intelligentesten, brillantesten, am meeschte gebilten Lëtzebuerger déi ech kennen. Mä et ass eng Décisioun, déi mir eréischt brauchen am Hierscht ze huelen. Mä dat wat den Här Frieden, falls hien dat gemaach huet, suggéréiert huet, geet op eng Impressioun zeréck, déi ech jiddwerengem an der Regierung schonn zënter Méint matgedeelt hunn.

Mariette Zenners: Merci fir dës Explikatiounen Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact