|
Frank Kuffer: D’Éducatiounsministerin Mady Delvaux ass haut also eis Invitée. Kuerz virum grousse Congé gëtt erëm nach eng Kéier ganz vill iwwer d’Schoul geschwat, mat de Resultater vun den Ofschlossexamen, dem Passage Primaire-Post-primaire, Statistiken an esou weider.
Déi lescht Woche war awer nach eng Schoul besonnesch an der Kritik, de Lycée Ermesinde zu Miersch, dee fréieren Neie Lycée. Wat ass do lass? Ech héieren d’Gewerkschaften, déi vun enger Professesch schwätzen déi harceléiert gouf. Et goung Rieds vu Mobbing, Terror, Ënnerdréckung. Ech war dës Woch beim LEM-Direkter Jeannot Medinger, deen erzielt mir vun enger Biosproff, also enger Proff, déi sech komplett donieft beholl hätt. Wien huet d’Recht? D’Leit stelle sech och hir Froen, wéi dëse Mann.
Nolauschterer: Eist Meedchen, dat soll an de Lycée Ermesinde goen, mä ech sinn amgaange mir dat ganz staark ze iwwerleeën. Well wann d’Direktioun emol net mat de Proffen eens gëtt, da schléit dat sech am Endeffekt jo och op d’Schüler néier. An do wier et awer emol gutt, wann een eppes Konkretes géing gewuer gi wat wouer ass.
Frank Kuffer: Majo, wat ass dann elo wouer, Madame Delvaux? Hei war eng Stëmm, et hu ganz vill Leit zu deem Sujet ugeruff.
Mady Delvaux-Stehres: Ech fannen et ganz bedauerlech, datt mir doriwwer musse schwätzen. Ech hu mech eigentlech gefreet, datt de Lycée Ermesinde elo, e kënnt jo elo an d’8. Joer, mat groussem Erfolleg. D’Schüler vum Premières-Examen hu gutt réusséiert. Dëst Joer hate sech 472 Schüler fir 7ème gemellt, si konnten der nëmmen 153 huelen. Dat weist jo awer, datt déi Schoul gutt fonctionnéiert.
Et ass effektiv e Problem gewiescht mat enger Enseignante, enger Proff, an ech fannen et ass och net um Radio fir iwwer ee Fall ze schwätzen. Ech denken, datt dee Problem sech léist fir d’nächst Joer.
An eng Bemierkung wollt ech eigentlech dozou soen. An de Projet piloten, ech hu jo eng kleng Erfahrung doranner, do fanne sech ëmmer Persounen erëm mat ganz staarke Perséinlechkeeten, déi ganz engagéiert sinn. A jiddwereen huet eng ganz präzis Vue wéi en déi Schoul wëll organiséieren. An da gi Konflikter, Meenungsënnerscheeder, déi gi vläicht méi vehement ausgedroen, well Konflikter ginn et iwwerall wou Leit zesumme sinn. Ech kennen eigentlech keng Schoul, an och kee Betrib, wou et net Streidereie gëtt. Ech sinn awer ganz zouversiichtlech, datt dat gutt geléist gëtt.
Frank Kuffer: Jo, Dir hutt et och gesot, hei geet et elo ëm eng Persoun, et geet elo och net drëm onbedéngt fir hei elo iwwer déi eng Persoun hierzefalen. Mä ginn et Leit, déi awer och net gemaach si fir Schoul ze halen? Ob dat elo bei där hei Persoun de Fall ass, dat wëll ech elo net soen, mä?
Mady Delvaux-Stehres: Dat hei ass eng Persoun, déi eng ganz laang Erfahrung huet, also dat ass net eng déi elo eréischt entdeckt wéi ee Schoul hält.
Ech mengen, datt et am Allgemenge Leit ginn, déi wierklech mierken, datt se net fir dee Beruff gemaach sinn. Villes kann ee léieren, mä et muss een natierlech och eng Astellung matbréngen.
A mir wësse jo, datt den Enseignant immens wichteg ass, also d’Persoun ass ganz wichteg, well Schoulhalen ass jo e schwéiere Beruff. Net nëmme muss ee vill wëssen, et muss ee Kompetenzen hunn, et muss ee sech weiderbilden, mä et hält ee Schoul mat senger ganzer Perséinlechkeet. Et ass een déi ganz Stonn, dee ganzen Dag ass een exposéiert dem Bléck vu senge Schüler. Et kann een net eng Kéier d’Schong ausdoen, oder d’Féiss op d’Bänk leeën, wéi dat vläicht op anere Plazen de Fall ass, an et huet ee mat Mënschen ze dinn, dat heescht, et geet engem eigentlech vill méi no, an do muss eng Interaktioun sinn tëscht de Schüler an den Enseignanten. Dofir ass et e schwéiere Beruff, an et ass sécher net jiddweree gemaach dofir.
Frank Kuffer: Fir dee Fall LEM dann ofzeschléissen, elo emol hei, hutt Dir awer een Dossier do leien? Fir d’Leit e bëssen ze berouegen, wat geschitt dann elo do?
Mady Delvaux-Stehres: Mir sinn amgaangen en Dossier zesummenzestellen. An ech wëll awer och soen, datt déi Enseignante gefrot huet fir an eng aner Schoul ze goen.
Frank Kuffer: Dat heescht, dee Problem ass geregelt do, a vun anere, gréissere Problemer wësst Dir elo net do an der Schoul?
Mady Delvaux-Stehres: Also, ech kennen [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Just wéi Dir sot, datt et eben ëmmer Diskussioune ginn.
Mady Delvaux-Stehres: Et ginn ëmmer Diskussiounen, well et och eng Schoul ass déi sech sicht, wéi all Schoul déi nei ufänkt, wou am Ufank e bësse méi Duercherneen ass, an och ganz grouss Meenungsënnerscheeder sinn. D’Leit si sech am Prinzip eens, awer am Ausféiere gëtt dann erëm vill diskutéiert.
Elo kënnt dobäi, datt déi Schoul geplënnert ass, si war an enger ganz klenger Infrastruktur, a Containeren, si ass elo an eng wonnerbar Schoul gaangen, déi méi grouss ass. Dat heescht, all déi Ëmstellungen hu sécher dozou bäigedroen, datt d’Nervositéit méi grouss ass.
Mä wann ech awer gesinn d’Zefriddenheet vun de Schüler a vun den Elteren, da mengen ech, datt et gutt fonctionnéiert.
Ech wëll awer dobäi soen, datt ech der Meenung sinn, datt net all Schoul fir all Schüler a fir all Enseignant gemaach gëtt. Dofir wëlle mir jo de Schoule méi Autonomie ginn, datt een och eng Wiel huet, datt ee sech kann an eng Schoul, déi eng si méi strukturéiert, déi aner hu méi Aktivitéiten, déi eng si méi traditionell, déi aner méi innovativ. An ech mengen, datt dat zu enger Schoullandschaft gehéiert.
Frank Kuffer: Jo, gëtt et net e bëssen ze vill? Fënnt deen Eenzelnen dann nach seng Schoul?
Mady Delvaux-Stehres: Dat ass natierlech och eng Schwieregkeet, dofir musse mir jo och d’Orientatioun verbesseren, d’Informatioun och.
An op där anerer Säit ass eng grouss Suerg, mir mussen och dofir suergen, datt d’Qualitéit vun der Schoul awer, ob een an där enger Schoul oder an där anerer ass, datt déi garantéiert ass, datt een awer iwwerall dat selwecht léiert. Mä d’Methoden, a wat een de Schüler alles offréiert, dat hänkt natierlech vum Grad vun den Enseignanten, vun der Direktioun of. An dofir gëtt et jo och e Conseil d’éducation, wou d’Eltere mat implizéiert sinn. Also ech denken, datt dat sécher nach wäert zouhuelen an der Zukunft.
Mä meng Suerg, dem Ministère seng Suerg ass fir ze garantéieren, datt iwwerall den Inhalt stëmmt, an datt een zur Qualifikatioun kënnt, an datt och geléiert gëtt an der Schoul, also ech mengen, dat ass jo awer elo d’Haaptsaach.
Frank Kuffer: Dir hat et elo e bëssen ugedeit schonn, gitt Dir mir Recht, wann ech soen, datt de Succès vun de Kanner an der Schoul och, an heiansdo ganz vill, vum Léierpersonal ofhänkt?
Mady Delvaux-Stehres: A all d’Étuden déi et ginn iwwer "Wat ass Schoulqualitéit?", do ginn da ganz vill Critèren opgestallt, et ginn Étuden an der ganzer Welt dobäi gemaach, an da komme se ëmmer erëm zum Schluss, zur Conclusioun, datt dat wat ausschlaggebend ass, dat ass den Enseignant, oder d’Équipe vun den Enseignanten.
Dat ass jo och d’Ursaach firwat mir soen, et ka jo emol sinn, datt en Enseignant während enger Zäit manner gutt fonctionnéiert, oder et ka sinn datt et eng Antipathie gëtt tëscht engem Schüler an engem Enseignant, ech mengen, dat ass jo alles méiglech. An dofir ass et jo och wichteg, datt mir Équipen opstellen, fir datt éischtens d’Leit opzefänken, déi Enseignanten déi emol en Duerchhänger hunn, mä awer och datt d’Schüler sech kënnen och eng Bezugspersoun kënnen eraussichen.
D’Qualitéit vun den Enseignanten ass ausschlaggebend fir d’Qualitéit vun der Schoul.
Frank Kuffer: Mä ech hunn da Pech, wa mäi Kand grad bei engem an der Schoul ass deen en Duerchhänger huet?
Mady Delvaux-Stehres: Mä dofir wëlle mir e besseren Encadrement, an en Team. An da wëll ech awer soen, et hänkt jo elo net nëmmen um Enseignant. Also et kann een e Päerd bis bei d’Waasser bréngen, mä et muss selwer drénken. An d’Kanner musse selwer léieren. An do ass et da wichteg, datt eng Atmosphär ass, eng Aarbechtsatmosphär, an eng Motivatioun, datt mir d’Schüler dozou kréien ze schaffen. Well et geet jo net duer, datt d’Enseignante schaffen, d’Schüler musse schaffen an der Schoul.
Frank Kuffer: Mä op d’mannst emol fir ze gesinn, ob d’Kanner iwwerall d’selwecht schaffen. Dorëm geet et jo, datt d’Kanner op deem selwechten Niveau awer sinn, op d’mannst déi selwecht Chancen hunn.
Firwat gitt Dir net hin a maacht eemol pro Trimester am Franséischen, Däitschen, an der Mathé am ganze Land déi selwecht Prüfungen, Test, Épreuves communes, egal wéi een et nennt? Dat wier dach eng gutt Kontroll fir eis Schüler, an och fir ze kucken ob d’Léierpersonal seng Tâche iwwerall d’selwecht sérieux hëlt.
Mady Delvaux-Stehres: Also, mir gi jo op dee Wee do, net all Trimester, mä mir ginn op de Wee fir all Joer Épreuves communes ze maachen. Dat ass also dann eng gemeinsam Prüfung. Doniewent ginn et nach Épreuves standardisées, also ech erspueren Iech elo den Ënnerscheed tëscht deem engen an deem aneren, ebe just fir Standarden ze setzen, fir datt d’Enseignanten an d’Schüler wëssen, hei dat do ass wat verlaangt gëtt op deem do Niveau.
Firwat ass dat esou schwiereg? Majo, well dat ass immens vill Aarbecht fir esou Prüfungen auszeschaffen, déi dann am ganze Land kënne gemaach ginn, well dofir muss een, da kommen ech op mäi Lieblingsthema, dofir muss ee jo dann d’Kompetenzen definéieren déi een erwaart. Well et gi jo Variatiounen am Programm; deen ee mécht deen een Text, deen aneren deen aneren Text. Dat heescht, et muss ee Prüfunge maachen déi elo net direkt un déi Woch, un de Programm vun där Woch gebonne sinn.
An dat verlaangt natierlech och, datt dat akzeptéiert gëtt vun den Enseignanten, well déi Leit, déi déi Épreuvë maachen, déi sinn natierlech grousse Kritiken ausgesat, well jo da gesot gëtt, majo dat do war net gutt an der Épreuve. Mä mir maachen dat an der Grondschoul, an an de Lycéeë bis op 5ème, also wou Épreuves communes gemaach ginn.
Frank Kuffer: A wéini, leeft dat schonn?
Mady Delvaux-Stehres: Dat leeft, dat leeft net all Joer, de Moment maache mir et op de 5èmen, op den 9èmen, mir maachen et am 6. Schouljoer, mir maachen et am 3. Schouljoer, also am 3.1, a mir wëllen dat weider ausbauen.
Mä wéi gesot, et ass ganz aarbechtsintensiv. An da muss een och d’Distributioun maachen, et muss ee sécherstellen, datt net eng Schoul den Text, d’Prüfung schonn deen Dag virdrun huet, an da muss eng gemeinsam Plage fonnt ginn an de Schoulen, datt et dee selwechten Dag ofleeft, well soss gëtt jo erëm gesot, hei déi do waren extra drop virbereet. Also, et ganz opwenneg.
Frank Kuffer: Mä et géif awer wahrscheinlech eppes bréngen?
Mady Delvaux-Stehres: Jo, mä mir sinn amgaangen dat ëmmer méi auszebauen. Ech perséinlech mengen, datt dat immens wichteg ass, well doduerch datt d’Examen ofgeschaaft gi sinn hu mir jo am Fong am ganze Land iwwer d’Joeren, ginn d’Standarden e bëssen anescht gesat, deemno a wéi enger Regioun datt et ass.
An d’Examen, ech sinn net fir d’Examen erëm anzeféieren, mä déi haten awer deen Avantage, datt ee wosst wou een d’Lat hileet. An dofir wëlle mir dat duerch d’Épreuves standardisées an d’Épreuves communes e bëssen opfänken.
Frank Kuffer: D’Reform dann, Madame, Delvaux, d’Reformen, besser gesot. Fir d’éischt emol déi an der Grondschoul, ech sinn iwweregens frou, datt Dir och nach vum 3. a vum 6. Schouljoer schwätzt, dat ass also net verbueden. Also, wann Dir nach eng Kéier vu vir misst ufänken, wat géift Dir anescht maachen? Et ass jo wéi an der Schoul, et léiert een ëmmer bäi?
Mady Delvaux-Stehres: Jo, et léiert een ëmmer bäi. Ech muss soen, mir sinn amgaange jo de Bilan ze maachen, wat leeft gutt, wat musse mir verbesseren. Wann Dir mech elo haut frot, da weess ech nach ëmmer net, wat ech hätt sollen anescht maachen.
Et wier sécher gutt gewiescht, wa mir méi mat den Enseignanten am Detail den Alldag diskutéiert hätten. Ech muss awer soen, datt dat och schwéier ass. Et ginn der éischtens immens vill, an zweetens hunn ech och festgestallt, datt esoulaang wéi eppes am Stadium vun engem Projet ass den Intérêt net esou grouss ass. Si soen ëmmer, da waarde mir emol bis dat Gesetz gestëmmt ass, an da geet et op eemol ganz schnell, an dann ass ee konfrontéiert mat Saachen. A wa vill Neies ass, da muss ee vill ëmstellen, an dat gëtt natierlech grouss Opreegung.
Ech wëll awer hei och soen, datt dat immens vill verlaangt vun de Leit. Vill Leit hu mir gesot, et wier besser gewiescht, emol fir d’éischt méi mat de Strukturen, Teambuilding ze maachen an de Schoulen, datt d’Équipë sech géingen zesummefannen, an dat Pädagogescht e bëssen hannendrun ze setzen. Ech sinn nach ëmmer net iwwerzeegt, datt dat e bessere Wee gewiescht wier.
Frank Kuffer: Dir hutt virdru selwer awer gesot, datt déi Examen Iech e bësse feelen, oder net direkt feelen, e bëssen, mä datt dat awer net esou schlecht war. Mä firwat, Dir hutt awer dann d’Prüfungen zum Deel ofgeschaaft, wat jo awer richteg Tester sinn?
Mady Delvaux-Stehres: Also, do wëll ech elo mat aller Energie hei protestéieren. Mir hunn d’Prüfungen net ofgeschaaft [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et ginn awer keng méi.
Mady Delvaux-Stehres: Dat ass net richteg. De Message deen duerch d’Schoule gaangen ass, all eis Instruktiounen, a mir hu Säite voll geschriwwen un d’Schoulen, do steet ëmmer dran, datt et keng Schoul gëtt, wou een net muss léieren, an datt een och muss Prüfunge maachen.
Wann Dir elo erlaabt, muss ech e bësse méi wäit aushuelen [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Net ze vill wäit.
Mady Delvaux-Stehres: Et ass e komplizéierte Sujet [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et ginn iwwerall Tester gemaach, mä dat sinn haut, dat sinn Tester vun 10 Punkten, oder esou. Ass dat awer am Sënn?
Mady Delvaux-Stehres: Majo, d’Iddi ass éischtens, datt d’Kanner musse léieren. Dat heescht, si mussen hir Vokabele léieren, si musse Regele léieren, si mussen d’Einmaleins léieren, an dann ass et absolut wichteg, datt dann och an der Schoul gepréift gëtt, ob se dat geléiert hunn. Dat kann een elo Prüfung nennen, oder et kann een et Test nennen. Mir ass dat eigentlech elo, ech weess net, dat mécht kee groussen Ënnerscheed. Mä dat ass dann e punktuellt Wësse fir ze kucken, hu se dat geléiert.
An da geet jo drëm, datt se dat wat se geléiert hunn och kënnen uwennen. An da muss ee méi komplex Aufgaben, wéi mir dat dann nennen, maache fir ze soen, hei dat wat s du geléiert hues, kanns de dat och ëmsetzen. An dat sinn da méi grouss Prüfungen. An déi zwou Saache mussen an de Schoule gemaach ginn.
Frank Kuffer: Mä wa mir scho bei deene Prüfunge sinn. Also ech hunn der do gesinn, do steet dann drop, also fréier hate mir jo eng Note dann drop stoe bis 60. Ech hunn eng Prüfung gesinn, do steet drop, A, A+, C, D. Kënnt Dir mir elo soen ob dat Kand elo gutt ass oder net.
Mady Delvaux-Stehres: Dat mécht mech e bësse verdrësserlech, muss ech soen, op där anerer Säit weist et vun der Kreativitéit vun de Schoulen. Well mir hu jo – elo muss ech erëm e bësse méi laang aushuelen – d’Gesetz gesäit vir, datt e Kand évaluéiert gëtt en Fonctioun vun deem Zil wat et soll erreechen. Dat sinn d’Sockelen.
Dat heescht, mir hu fir all Cycle gesot, am Enn vum 2. Schouljoer, vum 4. a vum 6. muss d’Kand dat do erreechen. An dotëscht gëtt et jo évaluéiert, an da gëtt gesot, wéi wäit ass dat Kand nach ewech vun deem Zil, wat et um Enn vum Cycle muss erreechen. Dat kënnt an de Bilanen eraus.
Wann een elo Prüfunge mécht, wou d’Kand eppes geléiert huet, wou et d’Einmaleins geléiert huet, dat seet elo näischt aus, wéi wäit et nach vu sengem Zil ewech ass. An dat mécht d’Schwieregkeet fir d’Enseignanten, wéi ginn ech den Elteren e Feedback ob d’Kand geléiert huet a seng Aufgabe gemaach huet? A wéi certifiéieren ech wéi wäit et, oder wéi no et bei sengem Zil ass? An do si mir amgaange mat de Schoulen, mat den Inspekteren, mat den Instituteurs-Ressources ze kucken, datt mir dat kanaliséieren. Dat ass keen [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Dat heescht, Dir sidd och net begeeschtert vun esou Bewäertungen, esou rout, gréng, giel Luten an esou?
Mady Delvaux-Stehres: Ech hätt léiwer, mir hätten dat harmoniséiert iwwer d’Land. Ech loosse mir awer soe vun de Spezialisten um Terrain, datt dat e Wee ass deen all Schoul geet. An dofir, well mir jo wossten, datt dat och schwiereg wier, dofir si jo och vill méi Elteregespréicher virgesinn.
Et ass jo net fir näischt, wou mir gesot hunn, datt mir gären hätten, datt d’Elteren d’Zensur an d’Schoul siche ginn, datt dann e Gespréich ass mam Enseignant, datt se dotëscht och kënnen dohinner goen, ebe just fir datt d’Elteren informéiert ginn, wou steet mäi Kand, huet et Progrèse gemaach par rapport zu deene Joere virdrun?
Ech wëll dann och nach ënnersträichen, datt ech dat immens wichteg fannen, besonnesch bei deene klenge Kanner, wou jo awer de Léierprozess amgaangen ass ze entstoen, et weess ee jo, all Kanner sinn net d’selwecht, an d’Prüfungen, déi traditionell, wou een all Kand déi selwecht Aufgab gëtt an där selwechter Zäit an dann Nummeren drop setzt, dat seet jo am Fong just aus, wéi placéiert mäi Kand sech an der Klass, ass et gutt an der Klass, oder ass et schlecht an der Klass.
Frank Kuffer: Mä d’Eltere wossten awer och e bësse wou ass mäi Kand drun elo grad, an dësem Moment.
Mady Delvaux-Stehres: Si wësse wéi et ass par rapport zu där Klass, si wëssen awer net, wat ass da gefrot ginn. Si [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Jo, wann ech awer gesinn hu virdrun, mäi Kand hat 55, da wosst ech, dat ass gutt elo am Rechnen, a wann ech wosst, mat 35, da musse mir schaffen.
Mady Delvaux-Stehres: Ech mengen, datt een dat och elo nach op de Bilane gesäit.
Mä ech wëll Iech soen, ech kréien all Joer, wann de Passage Primaire-Post-primaire ass, da kréien ech Bréiwer vun Elteren déi soen, wisou gëtt mäi Kand elo an den Technique oder an de Modulaire orientéiert, an en hat ëmmer an déi 40 an de Prüfungen.
Dat heescht, déi Punkte soe just eppes aus, ob d’Kand an der Klass, wann et elo an enger staarker Klass ass, an et huet do eng relativ schlecht Nummer, dann ass et awer vläicht besser wéi e Kand wat an enger schwaacher Klass ass, an do ganz gutt Nummeren huet. Also, et gëtt keen Evaluatiounssystem dee perfekt ass.
Ech weess awer och, datt dat hei fir d’Enseignanten, fir d’Schoulmeeschteren, d’Léierinnen, fir d’Elteren eng grouss Ëmstellung ass. Si brauchen nach Zäit.
Frank Kuffer: Esou wéi et keen Evaluatiounssystem gëtt dee perfekt, gëtt et wahrscheinlech och keng Reform déi iwwerall gutt ukënnt. An der Schoul sinn immens vill Akteure betraff, an d’Reaktiounen dann och ënnerschiddlech. Hei zwou Aussoe vun eisen Auditeuren.
Nolauschterer: Déi meeschte Schüler, haaptsächlech aus dem Primaire kréien déi iwwerméisseg Matière net verdaut a bewältegt ouni Hëllef doheem, an huele vill Lacunë mat an de Secondaire. Weniger wäre mehr! Une tête bien faite au lieu d’une tête bien remplie.
Nolauschterer: Duerch de Bilan, dee guer net transparent ass, kommen d’Kanner virun ouni grouss Efforten. Et ass d’Léierpersonal deen décidéiert wat mat de Kanner geschitt. D’Kanner gi guer net méi gefuerdert, hu keng richteg Prüfunge méi wourop si sech musse virbereeden, a si gi guer net méi virbereet op dee Stress, deen d’Prüfungszäit mat sech bréngt. Do entsteet och eng Zort Konkurrenzkampf, deen awer wichteg ass.
E Kand muss léieren ëmmer besser wëllen ze sinn, an et wéi elo relax duerch d’Schoulzäit ze kommen. Wéi iwwerstinn déi herno déi schwéier Unien, oder déi konkurrenzvoll Aarbechtswelt?
An ech hunn nach eng zweet Fro. Ech hu momentan e Problem, datt mäi Kand ënnerfuerdert ass, well d’Léierpersonal keng richteg Zäit huet fir mäi Kand ze encadréieren. Et si vill ze vill schwaach Kanner am Fong an de Klassen. An déi Staark déi bleiwen op der Streck. Wat muss ech da maachen, fir datt mäi Kand gefuerdert gëtt? Soll ech et an eng Privatschoul stiechen, fir datt eppes aus him gëtt, oder wat geschitt?
Frank Kuffer: Tjo Madame Delvaux, déi eng Madame schwätzt vun iwwerfuerdert, déi aner seet, d’Kanner wieren ënnerfuerdert. Wou läit d’Wourecht?
Mady Delvaux-Stehres: Wahrscheinlech – ech huele jo un, datt déi zwou Mammen déi geschwat hunn, datt dat esou ass. Also ech denken, datt et an de Schoule Kanner ginn déi ënnerfuerdert ginn, an anerer iwwerfuerdert. An dofir hu mir jo just d’Reform gemaach, fir ze soen, datt een d’Kanner soll net par rapport zur Moyenne situéieren, mä datt een all Kand soll förderen um Maximum. Déi Gutt fir datt se besser ginn, an déi Schwaach, datt se awer matkommen.
An dofir ass och den Evaluatiounssystem geännert. Ech weess och, datt dat net iwwerall esou fonctionnéiert wéi ech mir dat virstellen, mä dat ass d’Iddi vun der Differenzéierung, fir eben ze soen, mir definéieren eng Minimumlat, mä mir definéieren awer och méi en héijen Niveau. An et ass eben dann d’Konscht vum Schoulhale fir all Kand esou ze förderen, datt et déi Ziler erreecht.
An deenen zwou Damme géif ech roden, mat den Enseignanten a mam Inspekter ze schwätzen, fir ze kucke wat do méiglech ass. Ech mengen, datt et dat awer a ganz ville Schoulen esou geschitt.
Mir mussen eis och domat offannen, datt eis Schoulpopulatioun ëmmer méi, wat mir nennen, heterogen gëtt, dat heescht, mir hu Kanner vun alle Milieuen, vun alle Kulturen, vun alle Sproochen. An dofir komme mir net laanscht en differenzéierten Unterrecht, fir e bësse méi op d’eenzelt Kand zouzeschneiden, well et si Kanner déi si méi schnell, et sinn der déi si méi lues. A mir wëssen och an der Tëschenzäit wéi d’Gehir fonctionnéiert, wéi de Lernprozess ass. D’Kanner léieren net all d’selwecht, déi eng hu méi e visuellt Gedächtnis, déi aner méi e mathematescht, e schrëftlecht. Also do muss een op d’Kanner agoen, an dat verlaangt och vun de Schoulmeeschteren a vun de Léierinne méi e grousst Ëmstellen.
Mä ech mengen, dat ass de Präis dee mir musse ginn, fir datt mir de Succès an de Schoule kréien. Well mir hätte jo gär, datt eis Schoule besser ginn, an datt mir déi gutt Schüler förderen an déi Schwaach net verléieren dobäi.
Frank Kuffer: Ginn et dann nach Ännerungen un der Reform an der Grondschoul, oder ass déi elo gutt esou wéi se ass?
Mady Delvaux-Stehres: Ma mir maachen e Bilan, mir sinn amgaangen deen opzestellen, mat Questionnairen, esouwuel fir d’Elteren wéi fir d’Enseignanten. Een Deel mécht d’Uni Lëtzebuerg, da maache mir awer och en Deel mat eise Statistiken. An da musse mir kucken ob, a wéi, a wat nach muss geännert ginn.
Mä dat Wichtegst ass ëmmer nach wat sech am Klassesall ofspillt. An et gi ronn 4.000 Schoulmeeschter a Léierinnen, et ginn 1.800 Chargéen, déi am Fondamental sinn. Do ginn et natierlech och Ënnerscheeder. An da muss ech soen, et ginn och Klassen, a Schoulen, wou et méi einfach Schoulhalen ass, an et ginn der wou et méi komplizéiert ass. Also et kann een elo net iwwer ee Leescht déi ganz Schoule vun der Grondschoul zéien.
Frank Kuffer: Ënner anerem Äre Koalitiounspartner, dee fuerdert och nach ëmmer de Schouldirekter an der Primärschoul.
Mady Delvaux-Stehres: Jo, also ech mengen dat ass sécher ëmmer eng Diskussioun, dat ass jo och ee Sujet, deen da mat erakënnt.
Mir hunn 156 Grondschoulen zu Lëtzebuerg, do sinn der dobäi déi si grouss, et sinn der déi si kleng. Also ech denken, datt ee sécher muss sech iwwerleeën, wat ass dee beschte Modell?
Mir wäerten dann och Aussoe kréien iwwer wéi fonctionnéieren d’Comitéen? Ech huelen un, datt do och erauskënnt, datt et op deenen enge Plaze gutt fonctionnéiert, an op deenen anere manner gutt, esou wéi och mat engem Direkter, méi oder manner gutt.
Ech denken, dee gréisste Problem vun de Comitéen a vun de Presidenten a vun de Schoulen ass, datt se mat relativ vill administrativ Aarbecht iwwerlaascht sinn, well mir jo an de Grondschoule kee Sekretariat hunn. Dat heescht, do gëtt am Fong eng duebel Belaaschtung. Mä et muss een awer och gesinn, ech weess net wou mir esou einfach Führungspersonal erauskréien aus eise Schoulen, dat ass jo och e Prozess deen amgaangen ass ze geschéien.
An ech héieren awer och ganz positiv Echoen iwwer d’Comitéen, well d’Leit sech do mat implizéieren, a well, mir hätte jo gär, datt Équipen an de Schoule sinn. Een alleng bréngt déi grouss Erausfuerderung net fäerdeg, dat heescht, et muss schonn en Équipëgeescht an de Schoule bestoen.
Frank Kuffer: Ier mir an d’Paus ginn, an duerno an de Secondaire, kucke mir vläicht nach eng Kéier op déi ganz Grouss aus der Grondschoul, an déi ganz Kleng. All Joer op en Neits kënnt et zu Diskussiounen iwwer de Passage vum Primär an de Post-primär. Heizou dës Fro vun engem Nolauschterer.
Nolauschterer: D’Verfassungsgeriicht huet gesot, datt den Avis d’orientation nom 6. Schouljoer miss motivéiert sinn. Or et stellt sech eraus, datt d’Avis d’orientation déi dëst Joer erausgaange sinn, just eng standard Formule hu wat d’Motivatioun ubelaangt, datt net do steet wien an där Kommissioun war, déi deen Avis geholl huet, an datt och net do steet, wéi d’Geriicht dat gär hätt, datt ervirgeet wien dofir a wien dogéint gestëmmt huet.
Frank Kuffer: Effektiv hunn ech och elo Eltere begéint, déi erstaunt waren, datt hiert Kand an den Technique geschéckt ginn ass mat gudde Punkten awer am Joer. Wat Dir virdrun och schonn ugedeit hutt, gutt Punkten an da gëtt d’Kand awer an den Technique geschéckt.
Mady Delvaux-Stehres: Mir hu jo eng Procédure d’orientation, wou eng Kommissioun zesummekënnt. Dëst Joer ass nach déi al Prozedur gelaf, vum nächste Joer u kréie mir jo eng nei Prozedur, déi am grousse Ganzen därselwechter entsprécht, et ass ëmmer nach eng Kommissioun déi eng Décisioun hëlt.
Mir hunn och, effektiv seet d’Geriicht, datt all Avis muss motivéiert sinn [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Firwat ass dat net gemaach ginn hei?
Mady Delvaux-Stehres: Mir hunn eng Motivatioun drop geschriwwen, dat ass natierlech eng standard Motivatioun. Vum nächste Joer u wäert dat dann anescht ausgesinn. An dat ass genee de Problem vun de Punkten, well soss misste mir jo soen, dir gitt an den EST orientéiert well dir eng Moyenne hutt vun esou vill. Dat ass awer ganz ënnerschiddlech nom Land.
A vum nächste Joer u kënne mir jo soen, dir hutt de Sockel erreecht, da kanns de, an du hues de Socle avancé, da gëtt et ES, an de Socle gëtt EST. Dat heescht déi Motivatioun, déi wäert da méi kloer si vum nächste Joer un. Mir mussen eis do och conforméieren.
Och fir d’Schoul ass dat schwéier. Mir sinn dat jo eigentlech net gewinnt an der Schoul. Fir ze soen, mir gi Punkten, a da soe mir, dat ass esou. Mä wann et iwwer d’Schoul erausgeet, da muss ee jo Standarden hunn, déi vun hinnen alleguer gedeelt sinn, an dofir ass et scho wichteg, datt mir déi nei Prozedur vum nächste Joer ulafe loossen.
Frank Kuffer: Kënnt dann d’nächst Joer och dropstoen, wie wat gestëmmt huet am Comité?
Mady Delvaux-Stehres: Ech muss soen, déi do Fro hunn ech mir nach net iwwerluecht, well mir war net esou kloer, datt dat, datt do muss dropstoe kommen, wie wat gestëmmt huet. Dat muss ech nach préiwen.
Frank Kuffer: Well do si jo da Kanner, déi an deen Examen recours ginn, dee jo net einfach ass. Déi Kanner déi dee packen, ass dat e bëssen een Désavoeu fir d’Léierpersonal? Déi si jo da falsch orientéiert ginn.
Mady Delvaux-Stehres: Also, mir haten dëst Joer 142 Recoursen op 5.290. Bon, fir déi Kanner ass et wichteg, dat sinn der awer elo net esou vill, déi d’Décisioun contestéieren.
Frank Kuffer: Mä déi 26, oder wéi vill hunn der e gepackt.
Mady Delvaux-Stehres: Jo, an et sinn der 18,3% vun deenen hunn et gepackt. Gutt dat [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Do loung d’Léierpersonal dann doniewent?
Mady Delvaux-Stehres: Bein, et ass net nëmmen d’Léierpersonal. Do an där Kommissioun ass jo den Inspekter, et ass den Enseignant vum Fondamental, an et si Proffen aus dem Secondaire an aus dem Secondaire technique dobäi, an e Psycholog. Do komme jo ganz vill Elementer zesummen.
Ech denken, datt esou Saache kënne virkommen. Ech fannen et bedauerlech, mä dat ass esou. Et deet mir och Leed fir déi Kanner, déi hu missen de Stress vun deem Exame maachen, well dofir sinn d’Exame jo ofgeschaaft ginn, datt een net op de Stress, an d’Photo vun engem Dag esou eng Décisioun hëlt.
Frank Kuffer: Madame Delvaux, villmools Merci fir dësen éischten Deel. Déi ganz Kleng, op déi komme mir och nach ze schwätzen, déi aus dem Précoce. Mir maachen awer elo eng ganz kuerz Paus, an dann de Journal.
[Noriichteniwwerbléck vum Pierre Reyland]
Frank Kuffer: Gudde Mëtteg am zweeten Deel vun eiser Émissioun "Background – am Gespréich". Eis Invitée ass haut d’Schoulministerin Mady Delvaux. Gudde Mëtteg nach eng Kéier.
Mady Delvaux-Stehres: Nach eng Kéier gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Ier mir elo bei déi Grouss kommen, d’Reform am Secondaire, nach eng Kéier bei déi ganz Kleng, déi hate mir virdrun net méi duerchkritt am éischten Deel.
Am Précoce, emol net d’Halschent vun de Kanner, mengen ech, ginn an de Précoce. Wat haalt Dir dovunner?
Mady Delvaux-Stehres: Et wier besser, mir kéinte méi Précoce offréieren, dat hänkt awer deelweis och, also et si Gemengen do kann all Kand, wat den Alter huet, dohinner goen, aner Gemenge mussen nach vill Infrastrukture bauen, fir datt dee Précoce méiglech ass.
An dann, mengen ech, musse mir eis och iwwerleeën, wéi d’Zesummenaarbecht mat de Structures d’accueil ass. Well vill Elteren iwwerleeë sech e Kand an de Précoce ze ginn, wann et nëmmen kann e puer Stonnen am Dag dohinner goen. Dat heescht, do brauche mir nach e groussen Effort vun Ausbau.
Frank Kuffer: Et soll jo och keng Crèche ginn, mä soll et awer eng Kéier obligatoresch ginn de Précoce? Well et bréngt jo awer bestëmmt vill, och fir d’Integratioun vun auslännesche Kanner?
Mady Delvaux-Stehres: Also, et muss ee sech och ganz gutt iwwerleeën, wat offréiere mir deene Kanner, wat maache mir mat deene Kanner? Dat soll jo net schoulesch sinn, mä mir wëssen awer, datt an deem do Alter d’Stimulatioun vum Gehir, an d’Curiositéit vun de Kanner ganz grouss ass. Et ass also wichteg do Aktivitéiten ze offréieren, déi och d’Kanner weiderbréngen. Et ass net einfach eng Garderie.
Och an de Crèchen, dat informellt Léieren, dat ass immens wichteg, besonnesch an deem do Alter, fir d’Kanner weiderzebréngen.
Jo, mir hätte gär, also ech hätt ganz gär, wa mir méi Offer kéinte maachen. D’Gemenge sinn och amgaangen ze bauen. Et kascht och ganz vill Suen, et ass [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Mä un obligatoresch denkt Dir awer nach net?
Mady Delvaux-Stehres: Ech hat dru geduecht, mä et ass de Moment nach net méiglech.
Frank Kuffer: D’Reform am Primär déi leeft also, fir déi eng besser fir wéi déi aner. Hei emol eng Ausso nach vun engem Mann vum Terrain.
Nolauschterer: Ma ech si Schoulmeeschter, an ech wéilt just bemierken, wann d’Schoulreform am Lycée, wann déi net virugefouert gëtt, da war ganz villes fir d’Kaz, wat mir schonn elo am Fondamental ugefaangen hunn. Virun allem well guer net méi esou vill Wäert op d’Rechtschreiwung geluecht gëtt. Wann dat net virugeet am Lycée, datt déi verschidde Kompetenzen alleguer gekuckt ginn, da gëtt dat fir vill Kanner eng Katastrof.
Frank Kuffer: Fannt Dir dat och esou? Sti mir dann elo scho virun enger Katastrof? Schliisslech kommen elo déi éischt Reformkanner an d’6. Schouljoer, Cycle 4.2, an déi fänken d’nächst Joer awer am ale System op 7ème un?
Mady Delvaux-Stehres: An de Lycéeën huet sech jo och vill geännert. Et ass net méi esou, datt d’Lycéeën esou fonctionnéiere wéi se virun 20 Joer fonctionnéiert hunn, dat wëll ech emol fir d’éischt soen.
Zweetens si mir jo amgaangen och e Vademecum ze maachen, wann déi éischt Reform, wéi Dir se nennt, d’Kanner op 7ème kommen, wéi den Accueil do ass, fir datt se sech winnen. Et ass souwisou e grousse Schock, géif ech soen, fir all Kand wat aus enger Primärschoulklass kënnt, wou normalerweis an der Moyenne 16 Kanner an der Klass sinn, an da kënnt et an de Lycée, am Classique, wou bis zu 30, 25, 28 Kanner sinn, dat ass e risegen Ënnerscheed fir d’Kanner. Virdrun hate se een oder zwee Enseignanten, an elo op eemol hu se der 13 op 7ème. Also, dat ass ëmmer schonn eng grouss Ëmstellung gewiescht.
Mä ech menge schonn, datt mir musse weiderfuere mat de Reformen, fir eben, an ech ginn net midd dat ze widderhuelen, och der Vilfalt vun de Kanner Rechnung ze droen. Mir hunn de Moment, am Cycle 1 sinn nach 38% vun de Kanner déi Lëtzebuergesch als éischt Sprooch hunn. An 8 Joer kommen déi an de Lycée, an da musse mir wëssen, datt e Kand wat Däitsch a Franséisch vum Lëtzebuergeschen aus léiert, dat ass jo eisen traditionelle System, un dee mir gewinnt sinn, mä déi Kanner ginn anescht un d’Sproochen erun, wéi een deen et vum Portugiseschen oder vum Jugoslaweschen aus léiert. An dofir musse mir, besonnesch wat de Sproochenunterrecht ass, diversifiéieren. Jiddweree soll déi Sprooche léieren, mä et soll awer net vun jiddwerengem dee selwechten Niveau verlaangt ginn.
An den Här huet eppes ganz Interessantes gesot iwwer d’Rechtschreiwung [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Do wollt ech och nach drop kommen.
Mady Delvaux-Stehres: Ech sinn ee vun deenen, déi ganz grousse Wäert drop leeën, datt ee richteg schreift. Mä ech soe just, et muss ee progressiv de Kanner ëmmer méi schwéier Aufgabe ginn, fir datt se dat léieren. An och am Lycée muss grousse Wäert dorop geluecht ginn. Et sëtzt ee jo 7 Joer am Lycée, do muss da progressiv och dat verfeinert ginn.
Frank Kuffer: Et gëtt awer net méi esou vill Wäert op d’Rechtschreiwung geluecht.
Mady Delvaux-Stehres: Dat ass e Gesellschaftsphänomen. Ech kréie vun deenen erstaunlechste Leit Mailen a Bréiwer wou Feeler dra sinn. Dat ass esou wuel [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Mä et gëtt och an der Schoul net méi esou vill Wäert drop geluecht! Dat ass jo awer [gëtt ënnerbrach]
Mady Delvaux-Stehres: Mir soen, dat éischt ass bei deene Klengen, wa se ufänken ze léieren, datt se emol léieren d’Sprooch ze benotzen. Datt se net schonn, wa se dräi Feeler geschriwwen hunn, iwwerhaapt net méi wëlle schreiwen, a kee Risque méi agi fir Feeler ze schreiwen. Awer datt ee progressiv mat hinnen esou wäit kënnt, datt se richteg feelerfräi schreiwen, dat ass awer nach ëmmer d’Zil vun der Schoul.
Mä d’Sprooch, wëll ech awer soen, ass net nëmme schreiwen. D’Sprooch ass och verstoen, an dat ass onheemlech wichteg, besonnesch zu Lëtzebuerg an der Schoul, wou jo kee Kand praktesch a senger Mammesprooch léiert. Mir musse jo alleguer eng Sprooch verstoe fir Mathematik, Däitsch, Geschicht, Geographie alles ze léieren.
Dofir gëtt besonnesch am jonken Alter och grousse Wäert op déi Kompetenz geluecht. A wat een da méi héich an den Étudë kënnt, wat dann d’richteg Schreiwen ëmmer méi wichteg gëtt. An déi Gradatioun do fir d’Schüler matzehuelen, se ze encouragéieren, ze motivéieren, mä dann awer och den Tour ze kréien, datt se de Soin drop leeën, datt se dat wat mir gär vun hinnen hätten nach weider entwéckelen, dat muss progressiv opgebaut ginn.
Ech hat och eng Mamm déi gesot huet, wann d’Kanner, déi musse kleng dru gewinnt ginn, fir wéi schwéier d’Aarbechtswelt ass. Also ech mengen, et ass sécher datt ee muss d’Schüler dru gewinnen, datt d’Liewen net e lauter Freed ass, dat gëtt et jo net. Mä bei deene Klenge muss een haaptsächlech drop se motivéieren, datt se emol Loscht hunn ze léieren, an net scho blockéiere well se fäerten e Feeler ze schreiwen.
Frank Kuffer: Mä, nach eng Kéier, ass et awer e bëssen onglécklech, datt déi Reform elo am Secondaire nach net duerch ass, wou déi éischt Kanner dohinner kommen?
Mady Delvaux-Stehres: Also ech hätt léiwer si wier duerch, dat kënnt Dir Iech jo denken.
Frank Kuffer: Mä si ass awer net duerch bis dohinner. Sot eis emol, wou si mir dann elo drun? Virun e puer Deeg hutt Dir vun deenen 104 Avisen, déi Dir kritt hutt, geschwat. Wéini konkret kéint déi Reform da spillen?
Mady Delvaux-Stehres: Majo, mäin Timing ass, datt mir elo eis Zäit huelen, an ech mengen, datt dat och richteg ass, fir mat den Enseignanten nach weider ze diskutéieren, mat hinnen zesummen e Wee ze goe fir d’Analys an d’Propositiounen.
A mäin Timing ass fir am Abrëll e Projet de loi an d’Regierung ze ginn. Ech sinn dann esou optimistesch fir ze soen, wa mir mat den Enseignanten e Wee gemaach hunn, a wann d’Leit dat nach vill méi déif diskutéiert hunn, datt dann awer och déi legislativ Prozedur ka méi schnell goen.
Frank Kuffer: Et si jo virun allem d’Enseignanten awer déi dogéint sinn, kann een dat esou soen?
Mady Delvaux-Stehres: D’Enseignanten hu jo manifestéiert géint d’Reform. Also ech mengen net, datt ech hei ze vill soe wann ech soen, déi wieren dogéint.
Frank Kuffer: An déi aner Akteuren?
Mady Delvaux-Stehres: Ech wëll awer och soen, datt et ganz vill Enseignanten, a villen Avise vun de Konferenzen zwar soen, mir sinn am Prinzip dogéint, sech awer mat deenen eenzelne Mesuren auserneesetzen, an do emol Stëmmen haart ginn, déi soen, ma dat do ass awer en interessante Wee, mä net esou wéi Dir et proposéiert. Dofir sinn ech schonn zouversiichtlech, datt mir weider kommen.
Ech wëll trotzdem soen, d’Reform ass net, well d’Reform dat implizéiert jo déi ënnescht Klassen, e besseren Encadrement an eng besser Orientatioun. Och ouni Reform musse mir dat maachen. Mir mussen eis Schüler besser encadréieren, well soss packe mir net dee groussen Défi, deen doranner besteet, déi jonk Leit déi zu Lëtzebuerg an d’Schoul ginn – a mir hunn der ëmmer méi, gell, mir si jo e Land wat nach ëmmer méi Schüler kritt – an den Défi besteet doranner, deenen all d’Chance ze gi sech ze qualifizéieren. Net alleguer ginn herno op d’Uni, mä si mussen awer alleguer mat enger Qualifikatioun erauskommen, déi et hinnen erlaabt hiert Liewen ze maachen. Well soss weess ech net wou mir higinn an deem Land.
Frank Kuffer: Mä wat ass dann, Dir sot, si ginn net alleguer op d’Uni, mä eng Première hautdesdaags ass och net méi vill wäert, oder?
Mady Delvaux-Stehres: Also, mir gesi jo wat ronderëm an Europa geschitt. Iwwerall gëtt pousséiert, datt méiglechst vill jonk Leit en Héichschoulofschloss hunn, dat kann och eng Fachhéichschoul sinn. Mir brauchen allerdéngs, wëll ech och soen, ganz héichqualifizéiert Leit an der Formation professionnelle, wou ganz exigent Beruffer dobäi sinn.
An da soen ech mir, da komm, mir ginn hinnen awer d’Chance dat ze weisen, a mir maachen net schonn op 7ème, op 6ème, op 5ème, datt mir hinnen de Wee zoumaache fir sech weider ze bilden. Europa brauch qualifizéiert Leit, entweder mat Uni-Studien, oder mat enger héijer professionneller Ausbildung.
Soss weess ech net mat wat mir eis Liewensqualitéit nach kënnen, éischtens, bezuelen, an zweetens brauche mir dat jo awer och fir de soziale Fridden hei an deem Land.
An dofir soen ech, mir brauche méi ganz gutt Schüler, déi ganz héich kommen, a mir mussen déi méi schwaach Schüler esou stäipen, datt se eng Qualifikatioun kréien.
Frank Kuffer: Dann hutt och nach e Vertrieder aus engem Elterecomité eis ugeruff. Do kritt Dir, mengen ech, och Ënnerstëtzung.
Nolauschterer: An deene sëlleche Réunioune mat den Elteren, mam Léierpersonal, mat de Maisons relais a mam Ministère ass mir opgefall, datt haaptsächlech mir Erwuessener eis schwéierdi mat der Unterrechtsreform am Géigesaz zu de betraffene Kanner a Schüler. Dofir ass et wichteg dës Reform weider ze ënnerstëtzen.
Aufgab vum Unterrechtsministère ass et, dem Léierpersonal an den Elteren den néidegen Appui ze ginn, a sech net demotivéieren ze loossen.
Wa matten an enger Finanz-, Scholden- a Wirtschaftskris, wou Dausende vu Leit hir Aarbecht an hir Existenz verléieren, 70% vum Léierpersonal op d’Strooss ginn, well Reformen an e Bewäertungssystem fir si méi Aarbecht a Verantwortung bréngen, da froen ech mech, ob dat déi richteg Leit si fir eis Kanner op eng globaliséiert Welt virzebereeden.
Frank Kuffer: Madame Delvaux, sinn do Enseignanten drënner, déi d’Aarbecht fäerten, wéi et hei ausgedréckt gëtt?
Mady Delvaux-Stehres: Dat géif ech net esou soen. Neen, ech fannen, ech kann och ganz gutt verstoen, datt wa Changementer kommen, datt een do e bësse retizent ass a sech iwwerleet, ma wat heescht dat do dann. A wann do Reflexioune sinn, da fannen ech dat jo positiv.
Wat ech positiv fannen, dat ass, et ass an de Schoulen diskutéiert ginn, wat ass d’Roll vun der Schoul, wat ass eis Aarbecht, wat kënnt op eis zou an der Zukunft?
Mä et ass och richteg wat den Här gesot huet, datt d’Schüler nodeems se fir d’éischt emol grouss opgereegt waren, sech gutt organiséiert hunn, iwwer d’Aspekter vun der Reform diskutéiert hunn, an datt si eigentlech net alles gutt fannen an deem wat proposéiert ass, awer eng grondpositiv Haltung dozou hunn. An dat mécht mech och ganz optimistesch. Et geet jo och ëm déi Jonk, déi hei zu Lëtzebuerg liewen.
Frank Kuffer: Eppes wat an der Kritik steet, dat ass och herno, datt een, mengen ech, op 7ème net méi kann duerchfalen. Ech liesen hei och elo grad op eisem Internetsite – op RTL.lu ass eis Émissioun scho kommentéiert ginn, iert mir iwwerhaapt ugefaangen hunn. Do schreift och een iwwer d’Promotiounsreglement, datt dat net ka sinn, ech weess elo net ob dat esou stëmmt, ech soen Iech et elo emol, datt e Schüler vu 7ème ST op 8ème TE kënnt, wann en Franséisch 1 huet, Mathé 1, Däitsch 30, Geo 19, Geschicht 40, Konscht 19, Musek 19, Sport 50 a Moral 1. Also dräimol eng 1, also 01 Punkten. Ass dat méiglech, datt een dann an déi nächst Klass kënnt?
Mady Delvaux-Stehres: Mir hu proposéiert an der Reform, datt ee vu 7ème op 6ème géif automatesch weiderkommen, ausser Exceptioun, wa wierklech guer näischt méi geet. Dat do schéngt mir jo awer e Fall ze sinn, wou [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Dat hei ass eppes wat elo scho leeft, d’Promotiounsreglement vun 2005 schreift deen. Ass et net heiansdo awer [gëtt ënnerbrach]
Mady Delvaux-Stehres: Dat do ass elo eng ganz komplizéiert Fro. Well am ST [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: [ondäitlech]
Mady Delvaux-Stehres: Neen, mä do muss ee soen, dat eent ass redoubléieren. Redoubléieren ass wann een déi selwecht Klass nach eng Kéier mécht.
Am ST ass et jo awer esou, do ginn et jo Filièren déi méi eng héich Qualifikatioun hunn a méi eng niddereg. Dat heescht, wann een do a méi eng niddereg Qualifikatioun kënnt, dann ass dat net onbedéngt e Redoublement, mä et ass eng, wat falscherweis Réorientatioun genannt gëtt, dat heescht, e kann net an där Filière weiderfueren. Dat do schéngt mir elo awer wierklech en extreme Fall ze sinn.
Mä ech stellen am allgemenge fest, datt de Redoublement zu Lëtzebuerg ëmmer nach ugesi gëtt als eppes Positives, wat e gutt Mëttel wier fir de Schüler zum schaffen ze bréngen.
All d’Étudë weisen, datt et zwar Redoublement gëtt an anere Länner, mä datt dat ëmmer als déi schlechst Remédiatioun ugesi gëtt. Well u sech, wann e Schüler e Joer net gepackt huet, da kann et jo e puer Ursaache ginn. Entweder ass e liddereg, da mengen ech, dann hëlleft d’Redoublement eppes, da kann ee soen, elo kriss de emol e Fouss hannebäi, an da schaff elo emol eppes. An dofir wëlle mir jo an deem Fall och Konditioune setze fir ze soen, hei elo dierfs de redoubléieren, awer da kriss de elo d’Messer op d’Broscht gesat, an du muss och schaffen, du muss net waarde bis um Enn vum Joer bis et erëm ze spéit ass.
Mä et sinn awer och Schüler déi redoubléiere well se wierklech eng Lacune an engem Fach hunn, oder an zwee Fächer. An da muss een natierlech kucken, wat maache mir fir an deene Fächer d’Lacunen ze combléieren, fir hinnen ze hëllefen iwwer hir Schwieregkeeten ewechzekommen, fir datt se weider kommen.
Eist Promotiounsreglement dat muss iwwerschafft ginn. Mir hunn eng nei Propositioun gemaach, déi ass ze vill komplizéiert. Ech sinn och domat d’accord. Dat heescht, dat ass elo deen Dossier wou mir iwwer de Summer an am Hierscht am intensiivste mussen drugoen.
Frank Kuffer: Elo hu mir vill iwwer d’Schoul, aus der Schoul geschwat, mir kéinte mengen ech nach eng Stonn drunhänken. Bestëmmt sinn net all Froe beäntwert gi vun de Leit dobaussen. Madame Minister, hutt Dir bei deem ville Reforméieren nach Zäit fir e bëssen Hobbyen? Wat maacht Dir an der Fräizäit?
Mady Delvaux-Stehres: Ech hunn ëmmer manner Zäit. De Moment hunn ech net ganz vill Zäit fir Hobbyen.
Mä meng Lieblingsbeschäftegung bleift ëmmer nach liesen, dat ass och eppes wat ee ka maachen ouni sech weider ze déplacéieren, et kann een et op all Plaze maachen. Ech liese schrecklech gär a schrecklech vill, a fir de Rescht hunn ech immens vill Freed mat mengen Enkelkanner. Dat ass mäin zweetgréissten Hobby.
An da maachen ech net genuch Sport, an ech hunn es fréier vill méi gemaach, mä dofir geet d’Zäit net duer, ausser an der Vakanz, an déi kréien ech jo elo och geschwënn, an dat wäert ech dat do nohuelen.
Frank Kuffer: Dir hutt elo de Sport e bëssen ugeschwat, do hat och nach een eis erantelefonéiert, wéi et da mam Sport an der Schoul ausgesäit. Et wier net genuch Sport an der Schoul.
Mady Delvaux-Stehres: Ech sinn och domat d’accord. Idealerweis, wann d’Welt esou wier wéi ee sech se kéint virstellen, dann hätte mir eng Stonn Sport den Dag, besonnesch bei deene klenge Kanner, an ech géif soen, bis zu 16, 17 Joer. Well mir gesi jo och an de Studien do, déi gemaach ginn iwwer d’Gesondheet, datt besonnesch d’Meedercher sech net genuch bewegen, datt mir bal 40% vun de Meedercher hunn déi net eng Stonn Activité physique am Dag hunn, an dat ass net gutt fir hir Zukunft. Also [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Firwat ännert Dir dat net?
Mady Delvaux-Stehres: Majo, normalerweis hu mir Schoulwoche mat 30 bis 32 Stonnen, an all Fach streit fir méi Stonnen ze kréien. An ech weess net wou mir déi Stonnen hierhuele fir d’Schüler och net ze iwwerfuerderen. Well ech misst jo dann engem anere Fach se ewechhuelen, an et ass awer och wichteg, datt ee Franséisch mécht, an Däitsch, a Mathé, a Geographie, an Éducation à la citoyenneté, an Éducation à la santé, an net ze vergiessen d’Instruction civique, an ...
Dat ass eigentlech de Grondsträit dee mir ëmmer hunn, wat ass elo prioritär? A mir kréien eis do tëscht deenen eenzelne Gruppe vun Enseignanten, an och wann et nëmmen een, wéi an der Grondschoul, wou am Fong den Enseignant unique jo ass, ass déi Gewiichtung dee schwéiersten Exercice fir eis an der Schoul.
Frank Kuffer: An der Schoul do ginn déi verschidden Acteuren net ëmmer gutt mateneen eens. An enger Koalitioun ass dat och esou. Et héiert een déi lescht Deeg ëmmer erëm, esou datt awer, de Premier huet een héieren, et huet bal geklongen, wéi wann hie sech awer nach bis 2014 géif rette mat där Koalitioun do. Wéi ass d’Klima?
Mady Delvaux-Stehres: Also, wann Dir mech elo frot [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: De Premier sot, mir schaffe gutt zesummen, sot hien, a mir packen dat och. Mir packen dat bis 2014, dat ass esou, wéi wann ee sech awer misst e bësse forcéieren.
Mady Delvaux-Stehres: Mir hunn elo vill iwwer d’Schoul geschwat, an iwwer d’Problemer déi do sinn. Mä ech denken an Europa an an der Welt ginn et nach vill méi grav Problemer.
Ech muss soen, dat hei ass mäin 18. Joer an enger Regierung, an esou schwéier fir de Budget ze maachen, an esou weider, fir mat de Finanzen eens ze ginn, hunn ech dat nach net erlieft. A wa schwéier Problemer ustinn, ass et jo och normal, datt d’Leit nervös ginn.
Meenungsverschiddenheeten, dat ass jo och normal, et sinn zwou Parteien, et ass net eng Partei. An innerhalb vun de Parteie gëtt et jo och verschidde Positiounen. Ma ech fannen awer, datt mir eis ëmmer erëm gutt opstelle fir déi grouss Erausfuerderungen déi eisem Land bevirstinn, fir déi ze meeschteren. Also ech sinn zefridden an der Koalitioun.
Frank Kuffer: An Dir hutt gesot, Äert 18. Joer an enger Regierung. Kommen der nach dobäi, wann d’Leit dat wëllen? Gitt Dir 2014 erëm mat?
Mady Delvaux-Stehres: Wa se mech nach wëllen hunn. Mä ech weess net ob ech dann nach, vläicht esou vill Leit generft hunn, datt si mech net méi wëllen.
Frank Kuffer: Dir gitt awer nach eng Kéier mat 2014?
Mady Delvaux-Stehres: Also ech sinn nach net amtsmidd.
Frank Kuffer: Iech, Madame Delvaux, Merci datt Dir Iech de Froe gestallt hutt, an Iech och eng schéi Vakanz.
Mady Delvaux-Stehres: Ma an Iech och, Merci.
|