|
Jean Asselborn: Wann een un de Conseil de sécurité denkt, mengt ee jo am Prinzip, datt dat d’Instrument misst sinn, fir esou Evenementer wéi déi do, esou Brutalitéiten, ze ënnerbannen, mä et ass et net. An ech mengen, et muss een elo domat liewen.
Virun e puer Wochen waren zu Genève déi 5 Veto-Muechten zesumme mat arabesche Länner. Do ass, och vu Russland a China, d’Iddi vun enger Transitiounsregierung akzeptéiert ginn. Dat soll ee, mengen ech, net ignoréieren – grad wéi een och net soll ignoréieren, datt d’lescht Woch d’Russen och e Projet de résolution proposéiert haten, wou zum Beispill eng besser Zesummenaarbecht mat deene lokalen Autoritéiten, cas par cas, soll méiglech sinn.
Ech weess net wéi wäit datt a Russland an a China déi reng humanitär Approche zu deem Problem do eng Portée wäert hunn. Mee ech hoffen op jiddwer Fall, datt hei d’international Gemeinschaft sech déi Moyene gëtt – ob dat Russland ass, oder ob et Amerika ass, oder ob et Europa ass, oder ob et China ass – fir déi Brutalitéiten ze stoppen.
Ech mengen, dat ass et, wat mir hei zu Bréissel kënnen décidéieren, den Drock, de politeschen an diplomateschen Drock erhéijen, datt a Syrien geschwënn en neien Ufank méiglech ass.
|