|
Nico Graf: Och an der grousser Vakanz an der Provence an um Vëlo, geet de Jean Asselborn op den Telefon, an dementéiert kategoresch, hien hätt mam Michael Spindelegger iwwer en Euro-erauspuch-Mechanissem geschwat.
Jean Asselborn: Neen, et huet weder den Här Spindelegger, nach iergend een aneren mat mir doriwwer geschwat.
Am Prinzip, wéi och an der Substanz, ass et fir d’lëtzebuerger Regierung ganz kloer, dass mir d’Europäesch Unioun virun allem gesinn – och am Euro – eng, loosse mir soen, "Force d’intégration" fir d’Länner zesummenzekréien, fir zesummen déi Solidaritéit vun Europa novirzebréngen. Am Moment gesi mir net op ee mol de Contraire, nämlech datt d’Europäesch Unioun eng "Force d’exclusion" wier! An et ass och carrément géint all Prinzipien vum Geescht vun Europa, op dem d’Europäesch Unioun gegrënnt ginn ass. An ech géif nimools – an ech menge, och soss keen aus der lëtzebuerger Regierung, doutsécher – bei esou Moossnamen, esou Initiative kënne matmaachen! Well dat verstéisst géint all d’Prinzipie, wat mir ënnert der Europäescher Unioun verstinn.
Nico Graf: De Jean Asselborn gëtt ganz séier ganz prinzipiell wann et ëm Europa geet, wou jo grad déi méi konservativ Politiker an Däitschland, an an Éisterräich an der Lescht ëmmer fuederen, et misst ee Länner wéi Griicheland lassginn.
Jean Asselborn: A wësst Dir, Europa – wann een e wéineg duerch d’Welt kënnt – huet vläicht dräi, véier grouss unerkannte Charakteristiken. Dat éischt, dat ass natierlech de Fridden; dat zweet, dat ass Schengen an d’Fräizügegkeet, soudatt d’Leit kënnen fräi zirkuléieren; an dann dat drëtt ass den Euro. An dat ass eppes, wou mir wierklech net domat dierfe spillen! Well wa mir domat spillen, da spille mir mam Grondgedanke vun der Europäescher Unioun: als Wäertegemeinschaft, an och als Solidargemeinschaft. An dofir géif ech jiddwerengem roden, egal a wat fir enger Partei datt een ass, wierklech d’Staang riicht ze halen, wéi mir op lëtzebuergesch soen.
Nico Graf: Déi selwecht Klack laut de Jean Asselborn géint dat wat säi finneschen Homologue proposéiert huet, nämlech e Szenario ze plange fir wann d’Eurozon ausernee fiert. Op esou eppes soll ee keng Energie verschwenden, mä et soll ee besser seng Energie asetze fir déi aktuell Eurokris ze léisen, mengt hien.
|