|
Umoderatioun: E schéine gudden Owend am Journal, ugefangen mat enger ganz schwiereger Missioun fir de Chef vum Eurogrupp. De Jean-Claude Juncker ass nämlech deen éischten, dee Mar zu Athen de Bols an der aktueller Krisesituatioun fillt. An dat an enger ganz geluedener, Deels ganz populistescher Atmosphère, virun allem wat d’Bleiwe vun de Griichen am Euro ugeet. Nom Premier emfänken dann déi däitsch Kanzlerin an de franséische President de griichesche Regierungschef. Dobäi kënnt den Drock op de Premier Samaras. Net nëmmen aus Europa, mee och innepolitesch muss hien sech engem ganz schaarfe Géigewand stellen. Den Dan Hardy huet virum Départ mam Staatsminister geschwat.
Dan Hardy: Griicheland huet elo de Ball a sengem Camp. Fir dat héichverschëlden südeuropäescht Land ass et déi lescht Chance – Zitat: Jean-Claude Juncker.
O-Toun Jean-Claude Juncker: Eppes ass däitlech. Et muss een d’Griichen drop opmierksam maachen, datt hier Glafwierdegkeet staark gelidden huet, déi lescht zwee Joer. Datt se a Saachen Privatiséierung net dat gemaach hunn wat se versprach hunn. Datt se a Saachen Haushaltskonsolidéierung a Spueren e gutt Stéck viru komm sinn, mee net wäit genuch komm sinn. Datt Strukturreformen net bis op d’Enn gedriwwe gi sinn.
Dan Hardy: De Staatsminister huet et net gär wann een d’Griichen allgemeng als Lidderhanesse duerstellt, oder wéi wann se all Steieren géifen hannerzéien. Et géif där enger an där aner ginn. De Chef vum Eurogrupp gehéiert net zu deenen, déi Griicheland gären onbedéngt aus dem Euro eraus hätten. Am Géigendeel. Als éischten europäesche Spëtzepolitiker hat hien sech dofir staark gemaach, datt d’Griiche méi Zäit kréien fir Spueroplagen ze erfëllen. Op där aner Säit wëll hien och net méi ganz ausschléissen datt d’Land d’Eurozon eventuell geschwënn verléisst.
O-Toun Jean-Claude Juncker: Wa Griicheland sech an de Ligestull leet – well mer an der Vakanz nach sinn fir eenzelner – an näischt mécht, a Gottes Waasser iwwer Gottes Land lafe léist, dann ass et eng Décisioun vun de Griiche fir "jo" oder "nee" d’Fro ze beäntwerten ob se wëllen an der Eurozon bleiwen oder net. Ech hunn awer Ursaachen fir ze gleewen, datt d’Griiche sech elo endgülteg oprafen fir dat ze maachen wat verstännegerweis vun eis, vun aneren, vun hinne verlaangt gëtt.
Dan Hardy: Elo schonn ass sécher datt et mat der aktueller staatlecher Schold vun am ganzen 304 Milliarden Euro fir d’Griiche ganz schwéier wäert ginn fir nees op ee gréngen Zweig ze kommen. Esou datt schonn iwwer een drëtten Hëllefspak spekuléiert gëtt.
O-Toun Jean-Claude Juncker: Mir waarden jo op dee Bericht vun der Troika, vun deenen 3 Institutiounen, IWF, Kommissioun an EZB. A wa mer deen bis virleien hunn kënne mir dat décidéieren. Et fält souwisou keng Décisioun a Saachen Griicheland virum Mount Oktober.
Dan Hardy: Et bleift also spannend. Zemools och wann een drun denkt, datt déi griichesch Scholdekris egal wéi déifgräifend Auswierkungen op déi ganz Eurozon wäert hunn.
|