|
Frank Goetz: E schéine gudden Owend am Journal. Ugefaange mat där ganz wichteger Visite vum Chef vum Eurogrupp haut zu Athen.
Elo den Owend ass de Jean-Claude Juncker mam Premier Antonis Samaras zesummekomm. Et ass den éischte vun enger Rei Rendezvousen, déi de griichesche Regierungschef an de nächsten Deeg mat europäesche Spëtzepolitiker huet.
D’Atmosphär den Ament ass héich gelueden, wat dann och dem Samaras seng rezent, jo dramatesch Appellen erkläert. Hie warnt extrem däitlech virun engem Austrëtt aus der Eurozon. Dat wier fir Griicheland eng Katastroph, e wirtschaftleche Kollaps mat sozialen Onrouen, an enger Kris vun der Demokratie, wéi ee se a Griicheland nach ni gesinn hätt.
Dramatesch Wierder also vum griichesche Premier, deen domat natierlech versicht déi europäesch Partner ze iwwerzeegen, sech a sengem Land méi Zäit fir Reformen ze ginn.
A fir ganz aktuell ze sinn, schalte mir elo op Athen, wou wann alles klappt, mir mam Staatsminister an Eurochef verbonne sinn. Gudden Owend Här Juncker.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
Frank Goetz: Här Juncker, déi ganz Welt kuckt op Griicheland, an domat och op Europa, op d’Eurozon, an domat och op Iech. A wéi enger schwiereger Missioun sidd Dir dann do ënnerwee?
Jean-Claude Juncker: Ech héieren Iech net ganz gutt, mä ech verstinn Iech awer gutt.
Déi Missioun déi mir hei zu Athen ze absolvéieren hunn, ass effektiv eng schwiereg Missioun, well ech muss jo hei probéieren d’Standpunkter vun deenen engen a vun deenen aneren zesummenzebréngen.
Ech hu mengem griichesche Kolleg haut erkläert, datt Haushaltskonsolidéierung, Budgetskonsolidéierung no wéi vir extrem wichteg ass, datt crédibel iwwerpréifbar Engagementer vun der griichescher Regierung musse geholl ginn.
Ech hunn op d’Noutwennegkeet insistéiert fir weider Strukturreformen virzehuelen. Ech hunn och op d’Noutwennegkeet insistéiert fir de Privatiséierungsprozess an dësem Land virunzedreiwen, net fir d’griichescht Vollek ze enteegenen, mä fir der griichescher Ekonomie méi Kraaft, a méi Duerchsetzungsverméigen ze ginn.
Dat si schwiereg Gespréicher, mä et sinn awer noutwenneg Gespréicher. Ech kommen heihinner als Frënd vu Griicheland, mä ech hunn awer musse menge griichesche Frënn soen, wat Tatsaach ass. An Tatsaach ass, datt Griicheland net nëmmen kann Engagementer iwwerhuelen, mä och déi Engagementer muss an d’Realitéit iwwersetzen, woubäi ech weess, datt de Prozess vun der bugetärer Konsolidéierung a Griicheland grouss Fortschrëtter gemaach huet. De griicheschen Defizit ass erofbruecht ginn, d’griichesch Wettbewerbsfäegkeet huet zougeholl. Et ass net alles negativ wat an dësem Land passéiert.
Frank Goetz: Mä ass dat hei dann definitiv déi lescht Chance fir Griicheland?
Jean-Claude Juncker: Ech hu mengem griichesche Kolleg a Frënd gesot, de Ball géif elo ganz däitlech an der griichescher Halschent vum Terrain leien. Dat hei wier elo déi lescht Chance fir Griicheland fir ze weisen, datt Griicheland et eescht mengt mat der Rekonsolidéierung vu sengen ëffentleche Finanzen, mat der Staatsreform, mat der Aart a Weis wéi d’Steieren erhuewe ginn an dësem Land, mat dem Engagement dat Griicheland muss huelen d’Steierflucht ze bekämpfen. Alles dat ass hei net op daf Ouere gestouss.
Frank Goetz: De griichesche Premier freet jo méi Loft fir ze ootmen, also méi Zäit fir Reformen. Kritt hien da bei deem Punkt do d’Ënnerstëtzung vum Chef vum Eurogrupp?
Jean-Claude Juncker: Dat hänkt ganz wiesentlech of vun deene Feststellungen, déi d’Troika, déi sech aus dem Internationale Währungsfong, der europäescher Kommissioun, der Europäescher Zentralbank zesummesetzt, wäert treffen. Déi Conclusiounë vun der Troika déi kréie mir am Laf vum Hierscht, an do musse mir am Liicht vun deene Conclusiounë vun der Troika kucke wat ee mat Griicheland, an zesumme mat Griicheland kann ënnerhuelen.
Ech kann déi Fro no der Verlängerung vun dem Upassungspad vun der griichescher Haushaltskonsolidéierung aus der onkompletter Vue, déi ech haut iwwer déi Gesamtsituatioun hunn, net endgülteg beäntwerten.
Frank Goetz: Mä wat Dir genee haut elo gesinn an héieren hutt, wat haalt Dir dovunner, wat sot Dir dann och der Madame Merkel, an dem Här Hollande?
Jean-Claude Juncker: Ech hu mat der Madame Merkel a mam Här Hollande gëschter geschwat, an ech wäert muer de Moie vun Athen aus nach eng Kéier mat hinne schwätzen.
Frank Goetz: Dir hutt rezent an engem Interview och gesot, datt en Austrëtt vu Griicheland aus der Eurozon méiglech wier, bon den däitschen Terme war "gestaltbar". Wat misst dann iwwerhaapt geschéien, datt en Austrëtt net nëmme gestaltbar, mä eigentlech noutwenneg géif ginn?
Jean-Claude Juncker: Déi Ausso, déi ech do op der däitscher Televisioun gemaach hunn, déi ass jo vun interesséierter Säit bewosst feelinterpretéiert ginn.
Ech wollt soen, datt een Austrëtt vu Griicheland technesch machbar wier, méi liicht machbar wier wéi virun e puer Joer. Mä politesch a makro-ekonomesch ass dat natierlech e Schrëtt, deen absolut net wënschenswäert wier, well dat géif d’griichescht Vollek an eng déif Kris wäerfen, d’Rezessioun géif zouhuelen, d’Aarbechtslosegkeet géif zouhuelen, de Liewensniveau vun de Griiche géif ofhuelen, an et wier kee Problem vun der Eurozon geléist, wa Griicheland géif aus der Eurozon austrieden. Dofir ass dat net Deel vu mengen Aarbechtshypothesen.
Frank Goetz: Dir bleift awer optimistesch, datt d’Griichen et packen?
Jean-Claude Juncker: Ech sinn der Meenung datt de griichesche Premier, an déi griichesch Regierung, déi nei griichesch Regierung, alles wäerte maache fir Griicheland - doduerch datt se de Budget konsolidéieren, doduerch datt se Strukturreforme maachen, doduerch datt se de Bankesecteur stabiliséieren, doduerch datt se de Privatiséierungsprozess erëm uwäerfen - alles wäerte maache fir datt d’griichesch Situatioun sech verbessert.
Et bleift dobäi, datt Griicheland muss, wéi soll ech dat nennen, Virleeschtunge muss bréngen, "Deliverables" wéi mir et am englesche soen. Mä dat huet als Konsequenz datt déi aner europäesch Staate sech och musse solidaresch weisen. Et gëtt keng Solidaritéit ouni preliminär griichesch Soliditéit. Mä ech hätt och gären, datt am Rescht vun Europa gesi gëtt, datt d’Leit hei a Griicheland, besonnesch déi kleng Leit - an där ginn et hei ganz vill - an extremst schwieregste Situatioune liewen. A mir sollen och heiansdo de Liewensniveau vun deene Griichen, déi bal näischt méi hunn, vergläiche mat deem wat mir hunn, fir eis emol ze vergegenwäertegen, datt Solidaritéit, wa Soliditéit da kënnt, absolut noutwenneg ass. Mir gehéieren zesummen.
Frank Goetz: Här Staatsminister, villmools Merci fir den Interview.
Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci!
|