Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Août 2012 > Nicolas Schmit au sujet du recours de la directrice sortante de l’Agence pour le développement de l’emploi (Adem), Mariette Scholtus contre sa mutation au ministère du Travail

Interview
Nicolas Schmit au sujet du recours de la directrice sortante de l’Agence pour le développement de l’emploi (Adem), Mariette Scholtus contre sa mutation au ministère du Travail
"RTL Télé Lëtzebuerg" du 27-08-2012

Vers le niveau supérieur

Nicolas Schmit: D’Décisioun ass vum Regierungsrot – an ech betounen: vum Regierungsrot – geholl ginn, op Basis vun deem neie Gesetz dat jo eng aner Form vun Direktioun och virgesäit, d’Madame Scholtus ze ersetzen, a si als Premier Conseiller de Gouvernement ze nennen.

Ech hunn elo héieren, datt d’Madame Scholtus dogéint Recours mécht, wat hiert juristescht gutt Recht ass. Ech wëll deem och dann net virgräifen.

Ech mengen, mir wëssen alleguer firwat déi Décisioun vun der Regierung geholl ginn ass. Mir hunn eng Reform vun der Adem, déi scho laang erwaart ginn ass. Eng Reform, dat ass e Ganzt, dozou gehéiert natierlech och de Management vun enger Administratioun, oder vun enger neier Agence. A wann ee mengt, dee Management dee kéint een erneiere mat deenen, déi eigentlech während Joere laang vläicht net esou op der Héicht ware fir déi richteg Déngschtleeschtung an engem Beräich, dee mir jo elo brauchen, dat heescht dee vum Emploi, ze liwweren, da mengen ech ass d’Äntwert ganz kloer.

Ech mengen, juristesch ass eng Saach. Vill Leit hunn de Malaise an der Adem analyséiert säit Joeren. Ech mengen, ech hunn dem Regierungsrot deemools proposéiert hei e kloere Choix ze maachen, an och eng kloer Verännerung, eng nei Équipe, an dozou stinn ech.

Nico Graf: De Malaise, dee geet elo esou ze soen op engem aneren Niveau weider. Wéi kommentéiert Dir dat

Nicolas Schmit: Ech sinn do net besonnesch dovun impressionéiert, wann ech esou dierf soen. Jiddwereen huet e Recht géint eng Décisioun Recours ze maachen, da muss hien dat maachen. Mir musse schaffen, mir hu Chômagezuelen déi net gutt sinn, mir hunn elo 6,2% Chômage, mir brauchen eng Adem déi efficace ass, déi schnell nei Konzepter an d’Wee leet. Ech mengen, dat wat ee während 12 Joer vermësst huet, dat kann een net esou einfach nohuelen. An ech hat mir eigentlech e bësse méi Dezenz do erwaart, mä bon, dozou hunn ech da keng Commentairë méi.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact