|
Umoderatioun: D’Regierung fokaliséiert sech aktuell op zwou Méiglechkeete fir de nationale Foussballstadion ze bauen.
Plan "A" vun der Regierung bleift nach ëmmer de Projet vun engem Foussballstadion mat Akafszenter zu Léiweng, wou nach ëmmer op d’ofgespeckte Versioun vum Flavio Becca gewaart gëtt.
Wéi vum Premier Jean-Claude Juncker annoncéiert, wier awer de Stade Josy Barthel och eng gutt Optioun.
De Sportminister Romain Schneider huet sech dowéinst de Moie mam Stater Schäfferot getraff fir iwwer d’Méiglechkeete vun enger Moderniséierung, respektiv Réaménagement vum Stade Josy Barthel op der Areler Strooss ze diskutéieren.
Romain Schneider: Wann en elo um Josy Barthel géing gemaach ginn, ech mengen, do muss een elo eng ganz Rei Aarbechten nach realiséieren, fir ze kucke wéi dat machbar ass, ënnert wat fir enger Form. Dann ass et ouni deem eng gréisser Modernisatioun, déi muss gemaach ginn, et ass sécher kee ganz Neibau, well ech mengen, et gëtt ëmmer Elementer, déi ee mat Sécherheet nach ka gebrauchen. Alles dat muss een an deene nächste Méint kucken.
An et ass richteg, wéi Dir gesot hutt, datt 2013, 2014 keng Mëttel do sinn. Mä ech mengen, et muss een elo eben déi do Zäit notze fir Planung ze maachen, an da konkret ze soen, hei dat do an dat do kënnt op déi do Plaz, dat kascht dat do, a gëtt eben esou an esou finanzéiert.
François Aulner: Iwwer déi lescht 10 Joer hate schonn aner Ministeren no anere Standuerter gesicht. Ass am Moment just Plan "A" Léiweng a Josy Barthel am Gespréich, oder ginn et nach aner Alternativen erëm?
Romain Schneider: Neen, also ech mengen, ech hu mech op jiddwerfalls de Moment elo op déi hei zwee fokaliséiert. A virun allem mengen ech och, datt, wann ee gesäit wat fir eng Instrument de Stade Josy Barthel de Moment do ass, a wann ee mat, mengen ech, enger Rei vu relativ bescheidene Mëttel och ka kucken, virun allem och der Situatioun, och der finanzieller Situatioun vum Staat upasst, mengen ech, datt dat hei deen Invest da kéint sinn, wann de Plan "A" net géif goen, dee jo nach an enger anerer Phas, mengen ech, iert mir wëssen, wéi dee finanzéiert gëtt, da kënnt dat hei eng Méiglechkeet sinn, fir relativ séier da virunzekommen, an dann effektiv och an deene Joeren no 2014 och kënnt dann an deem Sënn realiséiert ginn.
François Aulner: Hutt Dir och dann iwwer d’Bedenke vun der Liichtathletikfederatioun, vum Club an der Stad geschwat kuerz, oder?
Romain Schneider: Jo, selbstverständlech. An ech hat, effektiv ass dat och eng grouss Suerg, déi ech hat fir engersäits och virun allem ze évitéieren, datt mir hei en Ausspillen zwëschent Foussball a Liichtathletik kréien, dat soll et net sinn. Ech menge mir brauchen, de Sportminister ass zoustänneg fir all Sportaarten, selbstverständlech fir de Foussball, a selbstverständlech och fir d’Liichtathletik. An dofir hat ech am Virfeld mech och gesi mat der Liichtathletikfederatioun, an och mat dem Club vun der Stad Lëtzebuerg, fir ze kucken ob, éischtens eng Méiglechkeet do wier, datt ee sech géing zesummesetze fir hei eng Alternativ dann ze proposéieren, wann d’Liichtathletik bis géing [inaudible] an dësem Stadion. Ech mengen dat war e ganzt positiivt Gespréich. An och do, mengen ech, setze mir eis zesumme fir ze kucken, ob mir Alternativen do kënnen, respektiv Projete kënne presentéieren.
François Aulner: Just nach eng Fro. Ass och vläicht iwwer Zomme geschwat ginn, oder mussen do nach Analyse gemaach ginn?
Romain Schneider: Ganz richteg, ech mengen Analyse musse gemaach ginn. Et muss een elo jo kucke wat engersäits d’Besoinë sinn, wat ee genee do brauch säitens vun der UEFA, säitens vun der FLF. An da muss een e konkrete Projet eng Kéier ausschaffe fir och hei konkret Zommen an de Raum ze geheien.
Ofmoderatioun: D’Méiglechkeete géingen elo intern zesumme mat der Foussballfederatioun, FLF, ausgeschafft ginn, esou de Romain Schneider um Mikro vum François Aulner. Dem Sportminister no wieren déi nächst Kontakter mat de verschiddenen Akteure sécherlech an den nächste Méint.
|