|
Frank Kuffer: Gëschter waren 10 EU-Ausseministeren zu Warschau beieneen fir an engem sougenannten Zukunftsgrupp ze kucken, wéi eng Léieren aus der Finanzkris ze zéie sinn. Do koume vill Ideeën op den Dësch, sot eis viru Minutten de lëtzebuerger Ausseminister, Jean Asselborn. Et misst een awer net mat allem d’accord sinn.
Jean Asselborn: Eng Idee, déi scho vill diskutéiert ginn ass an déi ëmmer erëm opkënnt, datt de Rotspresident an de Kommissiounspresident sollen eng Persoun sinn.
Dat gëtt natierlech een Débat. Wann een dat mécht, da schwächt een d’Kommissioun, well ee Rots- an Kommissiounspresident ass virun allem fir d’éischt Rotspresident! Dat heescht, et fördert een dat Intergouvernementaalt op Käschte vun der Kommissioun.
A mir mengen jo, als Lëtzebuerger – a mir hunn dat ëmmer gemengt, an och an der Zukunft – datt d’Kommissioun de wierkleche Motor vum europäeschen Integratiounsprozess ass, dank der Gemeinschaftsmethod, an datt een déi net nach weider dierf schwächen.
Frank Kuffer: Gutt wier awer zum Beispill d’Idee, datt fir d’Spëtzeposten all politesch Famill e Kandidat géing presentéieren. Och vun eventuell méi Referenden an der EU hält de Jean Asselborn net all zevill. Hien huet deenen 10 gëschter proposéiert, de Krees déi nächste kéier op déi 27 EU-Ausseminister ze erweideren, an datt ee sech dann Enn Oktober kéint zu Lëtzebuerg gesinn.
|