Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Octobre 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet de l’attribution à l’Union européenne du prix Nobel de la paix

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de l’attribution à l’Union européenne du prix Nobel de la paix
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 12-10-2012

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech net dorop agestallt gehat obschonn ech wosst datt déi Europäesch Unioun eng vun de Propositiounen war déi dem Nobelpräiskomitee virgeluecht si ginn. Et ass heiansdo gutt wa mier esou een Zouruff vu Baussen kréien. Esou aus der méi breeder Welt, déi eis drun erënnert firwat datt mer an der Welt als ee Modell fir anerer ugesi ginn. Well déi Europäesch Unioun ass zënter hiren Ufäng – an dat fänkt mat der CECA 1952 un – ee Friddensmécher an Europa gewiescht. An op dësem Europäeschen Kontinent, esou oft gebeetscht, esou oft zertrëppelt, esou oft gelidden, ass dat wat mir fäerdeg bruecht hunn fir eis mateneen esou ze verstoen, wéi mir eis verstinn - trotz Divergenzen, déi mer ëmmer hunn - eng Virgangsweis, déi Friddensschrëtt fir anerer méigeleg mécht. An dofir ass dat fir eis selwer an och fir déi déi eis an der Welt wëllen noäiferen eng ganz gutt Décisioun vum Nobelpräiskomitee.

Jean-Marc Sturm: Dat ass natierlech och an esou schwieregen ekonomeschen a finanziellen Zäiten och e bëssen Balsam fir d’Séil vun den Europäer.

Jean-Claude Juncker: Jo dat ass esou, obschonn ech mengen datt d’Europäer sech net mat deem Nobelpräis do wäerten tréischten, well déi erwaarden sech an all konkretem Moment vum europäeschen Sinn a Ginn, datt richteg Décisiounen geholl ginn. Mee dat do ass eng Auszeechnung, déi een historesche Prozess an senger Dauer, an och a sengen Perspektiven beschreift. Mir hunn et fäerdeg bruecht, virum Friddensnobelpräis, fir friddlech Verhältnisser op dësem Kontinent ze suergen, an et ass och eng perspektivesch Opfuerderung fir net nozeloossen an eisem Äifer fir ënnert eis selwer Fridden ze schafen a Fridden ze halen a fir déi Friddensbotschaft - dat ass eng Botschaft vun der Europäescher Unioun - an Deeler vun der Welt ze droen wou d’Asiicht an d’Noutwennegkeet vum enken Zesummeschaffen net esou staark ausgeprägt ass wéi an Europa.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact