|
Jean-Marc Sturm: De Jean Asselborn gesäit an dëser Décisioun virun allem dës 3 Messagen:
Jean Asselborn (O-Toun): Dat éischt dat ass, datt dëst ee Signal ass, datt d’Europäesch Unioun an der Weltgemeinschaft gebraucht gëtt, souwuel aussepolitesch selbstverständlech, mee och – an dat ass de Message – datt mir eis mussen an Europa zesummeräissen, datt mir aus der Eurokris mussen erauskommen, an datt mir eis Wäerter héichhalen mussen.
Dat Zweet dat ass, datt mir als Europäesch Unioun – mir si jo de gréissten Donateur an der Entwécklungshëllef op der Welt ugeet – datt mir wëssen, datt eis Responsabilitéit bei der Verwierklechung vun der Millennium Goals – dat heescht Ongerechtegkeeten op der Welt reduzéieren – datt mir do eng grouss, grouss Aufgab hunn. An 2015 ass net méi wäit ewech, do gëtt also op eis gehofft.
An dat Drëtt dat ass, a mengen Aen, datt d’Europäesch Unioun e Modell ass, datt et net alleng eng tëschestaatlech Entitéit ass, ma datt déi gemeinschaftlech Fonctioun ëmmer op dem Begrëff vun der Solidaritéit muss baséieren.
|