|
Etienne Schneider: Ech hunn, wéi gesot, probéiert dat iergendwéi hinzekréien, dat huet elo just geklappt. An ech hu mat de Patrone vu Guardian geschwat fir eben ze kucke wat d’Zukunft wier vum Site vu Luxguard zu Diddeleng. Hire Plang war jo prinzipiell dat zouzemaachen.
Mir hunn elo, muss ech soen, ganz positiv Diskussioune gehat. Et ginn e puer Parameteren un deene mir musse schaffen, mä wa mir dat fäerdegbréngen, datt jiddwereen do um selwechte Strang zitt, da kënne mir, géing ech soen, vun deenen 200, ronn 290 Plazen, déi um Spill stinn, kéinte mir der 240 retten, an och d’Continuitéit vun deem Wierk iwwer d’Zäit eraus garantéieren. An do wäerte mir elo an deenen nächste Woche ganz staark dru schaffen.
Guy Kaiser: Dir schwätzt do vu gewëssene Parameteren un deene muss geschafft ginn. Wat fir eng sinn dat dann, wann ech froen dierf?
Etienne Schneider: Majo, do sinn eng ganz Rei Saachen, déi musse gekläert ginn.
An enger éischter Phas géing et jo drop erauslafen, datt elo dee besteeënden Uewe misst gefléckt ginn. Wann dat de Fall ass, da muss deen natierlech eng Rei Méint ausgeschalt ginn, an dat sinn dräi bis 5 Méint wou da ronn 200 Leit net kënnen do schaffen, well ebe just dat technesch dann net méiglech ass.
Do misste mir da kucken iwwer de Chômage technique déi Leit weider kënnen ze beschäftegen, a se weider ze bezuelen. Dat heescht, da géing dann op de Fonds de l’emploi goen, do hunn ech och e ganzt gutt Gespréich gehat mam Nicolas Schmit, mam Aarbechtsminister fir do eng Léisung ze fannen.
Et ginn natierlech och Fuerderunge vis-à-vis vun de Mataarbechter wat d’Salairen ugeet, déi sinn awer bei wäitem net méi déi, déi mol am Gespréich ware vun deenen 30%, do si mir ganz wäit fort.
Mä och do ass e klengen Effort gefuerdert, fir datt mir eng Léisung fannen, fir eben net nëmmen elo provisoresch deen Uewen ze flécken, mä fir herno och zukünfteg kënnen dee Site weider ze bedreiwen.
Dat sinn awer elo Gespréicher, déi ech fir d’éischt wëll mat de Gewerkschafte féieren, fir ze kucke wéi wäit si do och bereet si matzegoen. Mä wéi gesot, mir mussen all un engem Strang zéien, da kënne mir ronn 240 Aarbechtsplazen do retten.
|