|
Max Theis: An an der Leitung ass och elo de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn. Gudde Moien.
Jean Asselborn: Gudde Moien Här Theis.
Max Theis: Här Asselborn, wéi schätzt Dir dann d’Victoire fir de President Obama an?
Jean Asselborn: Perséinlech sinn ech carrément frou datt de President Obama gewonnen huet. Hie representéiert een tolerant an een oppent Amerika – keen Amerika dat, wa sozialpolitesch Reformen ustinn, déi da vergleicht mat sterilem Kommunismus. An et ass och keen Teaparty Amerika.
Dir wësst, et war een haart erkämpfte Sieg, mä den Obama huet do gewonnen, wou hien erwaart ginn ass: Am Nordoste vun Amerika, an am Westen, a – wéi den Här Biever et gesot huet – huet den Obama effektiv dee wichtegste Staat Ohio gewonnen.
Max Theis: Seng eegen Ierfschaft ass keng einfach, och d’USA hu mat der Kris ze kämpfen. Wou muss de Barack Obama dann elo Ärer Meenung no den Hiewel usetzen?
Jean Asselborn: De Barack Obama hat zënter 2008 mat der Wirtschaftskris ze dinn. Dir wësst wéi schwéier datt dat an Europa ass; et ass grad esou schwéier an Amerika. Zitt d’Wirtschaft un, a mengen Aen – an dofir wäert hien alles maachen – da geet dat op seng Kap, an da kënnt hien e grousse President ginn, deen esou an d’Geschicht ageet.
Ech mengen awer wat wichteg ass, ass datt Gesondheetsreform legitiméiert ginn ass. Do gëtt et keen Zeréck méi. Dat ass gutt fir d’Sozialkultur an Amerika, an ech mengen och fir verschiddener an Europa.
Mä wichteg ass och elo d’Reguléierung vun de Finanzmäert. A wann Dir gesinn hutt, datt alleguer déi grouss Banken – déi villes provozéiert hu wat op der Welt schif leeft – op dem Här Romney senger Säit waren, da wënschen ech wierklech dem Här Obama datt hie sech duerchsetze kann, an dat maache ka wat hei och erwaart gëtt vun him.
Max Theis: Här Asselborn, Lëtzebuerg ass am UNO-Sécherheetsrot vertrueden, kuckt also och ganz gespaant op dat wat an der Aussepolitik an der Welt geschitt. Wat erwaart Dir dann aussepolitesch vum Här Obama?
Jean Asselborn: Mir mussen elo wëssen, datt de Senat eng Majoritéit huet vun Demokraten, mä d’Repräsentantehaus nach ëmmer eng Majoritéit huet vun de Republikaner. Et gëtt also en haarde Match.
Ech mengen, den Haaptfokus dee bleift op Asien an de Pazifik geriicht. Afghanistan, 2014 ginn d’ganz Truppen eraus. Waat den Iran ugeet, ass et berouegend, datt de President, dee mat diplomatesche Mëttele wëllt Drock verstäerken, an all Militäroptioune – vun den Amerikaner selwer, mä och vun anerer – refuséiert, rëm gewielt gin ass.
Ech sinn och iwwerzeegt, datt de President Obama sech u seng Ried vun 2009 zu Kairo iwwer de Moyen-Orient erënnert, an och u seng Ried virun de Vereenten Natiounen 2009 bei der UNO, wou e jo de Palästinenser e Staat versprach huet, an d’Palästinenser och wëllkomm ze heeschen an der UNO.
Mä an deem Kontext wëll ech och soen, datt et wichteg ass festzehalen, datt den Här Netanjahu, dee jo wierklech den aussepolitesche Erausfuerderer war vum President Obama, haut verluer huet.
Ech sinn iwwerzeegt, datt selbstverständlech och vun den Amerikaner méi Gewiicht op d’NATO geluegt gëtt, datt mir als Europäer eis musse méi do abréngen, dat ass esou.
Lëtzebuerg ass Deel vun der Europäescher Unioun, mä ech géif menge bilateral ass dat do gutt fir eis. Déi Relatiounen – um politesche, ekonomesche, a kulturelle Plang – wäerte mir weider kënne verstäerken.
Max Theis: Jean Asselborn, ech soen Iech Merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.
Jean Asselborn: Merci och.
|