Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Novembre 2012 > Jean Asselborn, au sujet de l’élection du président des États-Unis, Barack Obama

Interview
Jean Asselborn, au sujet de l’élection du président des États-Unis, Barack Obama
"Radio 100,7" du 07-11-2012

Vers le niveau supérieur

Michel Delage: Mir haten de Moien och schonn de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn um Telefon fir seng éischt Andréck.

Jean Asselborn: Fir d’alleréischt sinn ech carrément frou, datt de President Obama esou däitlech sech dach duerchgesat huet. Hien huet sech do duerchgesat wou en erwaart ginn ass, virun allem am Nordosten an am Westen, selbstverständlech och an de wichtege State wéi Ohio. Hien ass do erwaart ginn, an dat huet hie jo fäerdegbruecht.

Ech mengen, hie representéiert en Amerika wat vill méi tolerant ass, vill méi oppen ass wéi en Amerika vun de Republikaner, wou jo och festgehale gëtt, datt Sozialreforme, wéi zum Beispill d’Gesondheetsreform, datt dat sterile Kommunismus wier.

De President Obama huet zënter 2008 – praktesch vun un datt hie gewielt gouf – mat der Wirtschaftskris ze dinn an Amerika. A mir wësse jo an Europa wat dat heescht. Zitt d’Wirtschaft un an Amerika, da geet dat, a mengen Ae kann dat op seng Kap goen, an e kann als ganz grousse President an d’Geschicht agoen.

Ech hoffen och, datt déi Gesondheetsreform elo definitiv legitiméiert ass. Do gëtt et keen Zréck méi, dat ass wichteg.

Mä seng gréisst Erausfuerderung, innepolitesch, wäert d’Reguléierung vun de Finanzmäert sinn. Dir hutt jo gesinn, datt alleguer déi grouss Banken, déi grouss Kompanien – déi déi Kris hei mat provozéiert hunn – op der Säit vum Här Romney waren, also op där falscher Säit. Ech hoffen dann, datt wierklech de President Obama sech do duerchsetze kann.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact