Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Novembre 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet de l’élection du président des États-Unis, Barack Obama.

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de l’élection du président des États-Unis, Barack Obama.
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 07-11-2012

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Juncker: Ech si frou iwwer dat Resultat, well et och fir e lëtzebuerger Premier méi einfach ass mat engem amerikanesche President ze schaffen deen ee kennt, wéi datt een en neie muss kenne léieren.

Ech erwaarde mir och vun där zweeter Amtszäit vum President Obama d’Reproduktioun vun engem Phänomen, wat ech zënter méi laanger Zäit schonn observéieren, an dat ass dat datt an hirem zweete Mandat d’amerikanesch Presidente sech däitlech méi fir Europa interesséieren, wéi während hirem éischte Mandat.

Ech erkläre mir dat Resultat, wat den Här Obama erreecht huet duerch ee sech besser-aspiere-kënnen an d’Befindlechkeete vun Amerika an der Déift, sech net nëmme vu wirtschaftlechen a finanzorientéierte Kräften dreiwe léisst, mä och dat noutwennegt Gespier fir d’Noutwennegkeete vun de Leit erkannt ze hunn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact