|
Michel Delage: A mir kommen erëm zréck bei d’Wahlen an den USA, wou mir eng Reaktioun vum Premier Jean-Claude Juncker hunn, fir deen de Wahlgewënner Barack Obama de bessere Kandidat war.
Jean-Claude Juncker: Ech si frou an zefridden iwwer deen Ausgank vun de Wahlen an den USA. Den Här Obama ass e President dee mir kennen, relativ gutt kennen. Wann ee sech elo erëm hätt missten astellen op en neien amerikanesche President, dann hätt dat Zäitverloschter, a wahrscheinlech och Reiwungsverloschter mat sech bruecht.
Et ass, mengen ech, fir d’Vereenegt Staate vun Amerika gutt datt e Mann gewielt ginn ass, deen net nëmmen duerch retrograd Meenungsäusserungen opfält, mä deen e kloere Bléck fir d’Noutwennegkeete vun [ondäitlech] huet, während säi Konkurrent awer éischter e réckwaërts [ondäitlech] ze sinn.
|