|
Max Theis: Wat sot Dir dann zu den israeleschen Attacken an der Gaza-Sträif?
Jean Asselborn: Ech mengen dat Wichtegst ass – Dir hutt dat zum Schluss vun Ärer Interventioun gesot – datt de Schlëssel fir een direkte Waffestëllstand menger Meenung no zu Kairo läit. De President Mursi kann do awierken, well Egypten, an och déi ganz arabesch Welt, hu keen Intérêt drun datt dat do sech steigert. Egypten huet eng gewëssen Influenz op Hamas, an dofir ass et esou wichteg datt den israelesch-egyptesche Friddensvertrag oprecht erhale gëtt.
Dat zweet wat mir hei zu Bréissel och haut absolut musse versichen ze maachen, dat ass Israel warnen, an wierklech alles maachen, datt keng nei Buedemoffensiv a Gaza mécht.
Dir wësst wat Israel ugeet, et war e Krich mat Libanon 2006, 2008, 2009 den éischte Gaza Krich. Den Arwe Primo huet deemools gesot, Israel ka sech net all puer Joer e Krich leeschten.
A wat ass och no 2008, 2009 geschitt? Do huet sech näischt geännert a Gaza, ausser dem Leed an och dem Onversteesdemech fir d’israelesch Politik.
Selbstverständlech ass et e Krich tëscht Hamas an Israel. An dat ass eng permanent Provokatioun, déi geschitt selbstverständlech duerch déi Rakéitenofschëss. Mä ech mengen datt Israel wierklech d’Verhältnisméissegkeet muss anhalen, an datt ganz, ganz séier och um Fong vum Problem Israel muss ëmdenken.
Max Theis: Dir hutt elo de Conseil vun den Ausseministeren haut zu Bréissel ugeschwat. Ass dann do mat enger gemeinsamer Positioun iwwerhaapt ze rechnen?
Jean Asselborn: Also ech géif mir erhoffen, datt mir an d’Déift wierklech e Message kënne ginn un Israel. Gaza ass esou grouss wei 1/7 vum lëtzebuerger Territoire – esou grouss wéi de Kanton Klierf an de Kanton Veianen zesummen, an an deenen zwee Kantone wunnen 18.000 Leit. Hei wunnen 1,6 Millioune Leit. An dat ass eng Enclave vun Ernidderegung, vun Demütegung, vun Demotivatioun, och vun Aarmut a vu Chancëlosegkeet. Dat ass en Nährbuedem fir Haass, wann dat esou bleift. An do géif all Vollek – ob et dat däitscht wier, dat franséischt, dat hollännescht, dat amerikanescht, oder och mir alleguer wa mir do géife liewen – erstécken.
Et kann een ni Gewalt rechtfäerdegen, mä dat ass awer d’Ursaach wou d’Gewalt hierkënnt, an ech mengen, eng zwou Staateléisung, an eng Ëffnung vu Gaza, ass dat eenzegt wat nohalteg op jiddwerfalls géif Rou bréngen, an och Sécherheet fir Israel.
Max Theis: Här Asselborn, als fréiere Parteipresident an aktuelle Vize-Premier wollte mir och nach mat Iech iwwer d’LSAP schwätzen. D’lescht Woch gouf et d’Demissioun vum Vera Spautz, an et gouf Kritike vun e puer Säiten. Do huet et geheescht, d’Opfuerderung Är Partei sollt an d’Oppositioun goen. Wat sot Dir dann dozou?
Jean Asselborn: Jo, also d’Transitioun ass natierlech net einfach. Mir sinn elo an enger anerer Dimensioun. Also mir deet et Leed, datt d’Vera Spautz déi Décisioun geholl huet, mä ech akzeptéiere se, an ech appréciéieren wierklech datt et och zu engem Mandat erëmkënnt, an och deem, deen no kënnt bonne Chance gewënscht huet.
Ech mengen d’Vera huet iergendwéi an der Positioun déi mir als Partei hunn, gelidden. Et huet net verstane wéi eis Partei, wat fir eng Positiounen eis Partei geholl huet, mä ech mengen, d’Vera ass an der Partei, a mir wäerten do och den Dialog weider halen.
Dat zweet dat ass, mech wonnert et net datt vum Tageblatt gesot gëtt, mir sollen an d’Oppositioun goen, well d’Direktioun virun allem vum Tageblatt eng Astellung huet, déi heescht, wann näischt ze verdeele gëtt am Land, dann huet d’LSAP och näischt an der Regierung ze sichen.
Dat ass journalistesch vläicht och fundéiert, mä dat ass komplett onsozialistesch. Dat ass och an Oppositioun mat där 110 jäereger Geschicht vun eiser Partei. Mir si keng Schönwetterpartei, mä mir ginn ni op, dat war ni eis Tram, a mir klaken och keng Dier.
Ech menge wann een esou eppes seet, oder wann een esou eppes géif maachen, da géif ee jo de Respekt virum Wieler verléieren, och de Respekt viru sech selwer, an de Respekt och virum Land.
A wann een esou eng Fuerderung stellt, da muss ee jo eng Gebrauchsuweisung dobäi ginn. Ech weess net wat dat elo heescht? Heescht dat datt d’sozialistesch Partei 2014 soll an d’Wahle goen, a soen, wielt eis net, well mir wëllen an d’Oppositioun.(ënnerbrach)
Max Theis: Mä ass d’LSAP dann iwwerhaapt nach eng lénks Partei, mëttlerweil gëtt d’Lydie Polfer jo als Femme de gauche dohinner gestallt?
Jean Asselborn: Jo, also selbstverständlech si mir eng grouss lénks Vollekspartei.
Wann Dir kuckt, Här Theis, an Holland, an der Belsch si Sozialisten an der Regierung. A Frankräich ass en neie sozialistesche President. Mä déi hunn – grad wéi mir och als LSAP, an der Regierung, a grad wéi eis Regierung insgesamt –ze kämpfen an enger Zäit wou de Wuesstem tëschent -1% an 0%, a +1% läit, an net wéi fréier bis 6% alt, mat engersäits de Budgetséquiliberen, de Scholdereduzéierungen, op där aner Säit d’Wirtschaftsrelance an de Sozialstat héichhalen. An d’Leit hu fonnt an deene Länner datt d’sozialistesch Parteien do kënnten ee Plus bréngen.
An dofir ass et mir iwwerhaapt net baang fir 2014 eis och de Wahlen ze stellen.
Ech hu vill Respekt virun der Madame Polfer, mä wann déi op eemol duergestallt gëtt als Femme de gauche, da sinn ech en Taliban.
Et dierf ee se och net beleidegen, an vläicht d’Fro stelle, wou war dann d’demokratesch Partei wat den Avortement ugeet 1999-2004? Do war keng Wirtschaftskris, et war keng Finanzkris. Virun 10 Joer hätte mir scho kënnten déi Reforme maachen hei am Land, déi elo d’LSAP mat der CSV fäerdeg bréngt, nämlech eng Indikatiounsléisung ersetzen duerch eng Fristeléisung. Mannerjäreger déi net méi den Accord vun den Elteren brauchen. Do si Fortschrëtter déi gemaach gi sinn. D’DP huet just ofgeschriwwe wat d’Madame Lydie Err opgeschriwwen hat an hirer Proposition de loi.
A wou war d’DP – wa se sollen eng Partei vun der Gauche op eemol sinn – bei de gläichgeschlechtlech Mariagen? Näischt ass komm wéi d’DP an der Regierung war. An dofir ech géif mengen, et misst een e wéineg Fairness do behalen, an och net alles duerchernaner geheien.
Max Theis: Ganz kuerz nach Här Asselborn. Wéi grouss gesitt Dir dann de Risiko vun enger Spaltung an Ärer Partei?
Jean Asselborn: Also fir eng Spaltung, Här Theis, brauch ee Leit déi wëllen d’Partei spalten, an ech gesinn keng. Et brauch een och eng Ursaach, där gesinn ech och keng.
An ech géif vläicht, wann Dir mir ee Wuert erlaabt, eppes fir déi intern Kiche soen. E grousse Mann vun der lëtzebuerger sozialistescher Aarbechterpartei, de Robert Krieps – deen d’Liewe kannt huet, an en huet d’Partei kannt – huet ëmmer gesot, an dacks widderholl a senger Zäit, et huet een ni Recht géint seng Partei, mat der Betounung op "seng".
Dofir, mir si jo elo an enger Zäit vum Joer, wou d’Nuechte méi laang sinn, an d’Deeg méi kuerz. Et wier vläicht net falsch wa mir alleguer – a vläicht verschiddener méi wéi anerer – géife sech ee sozialistesche Gedenkdag, oder Einkehrdag aleeën, an emol driwwer nodenke wat de Robert Krieps deemools wollt soen, a wat dat elo haut heescht.
Max Theis: Jean Asselborn, ech soen Iech Merci datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.
Jean Asselborn: Merci.
|