|
Claude Zeimetz: Lëtzebuerg war, wéi gesot, genee wéi iwwer 70% vun de Staten, fir eng Unerkennung vu Palästina. Wat waren dann d’Argumenter fir de Grand-Duché?
Jean Asselborn: Fir d’alleréischt mengen ech emol, datt et eng logesch Suite ass, eng logesch Astellung och, par rapport zu Palästina. Ech mengen, datt dee Vote, dee mir ofginn hunn – esou wéi all europäesch Länner, an och wéi déi allermeescht vun deenen 138 Voten – net géint Israel geriicht ass, och net géint Amerika, mä datt een dat esou muss gesinn, datt et wierklech fir d’palästinensescht Vollek – an et huet dat verdéngt – eng international Unerkennung ass. An datt et och, fir dat emol diplomatesch ze soen, en Encouragement ass, datt Israel déi Verhandlungen erëm méiglech mécht.
Mir wëssen, datt Fridden, oder eng Zwee-State-Léisung, nëmme kann négociéiert ginn tëschent Israel an de Palästinenser.
Mä dat hei ass awer e wierklech staarken Encouragement, nach eng Kéier, fir datt Israel déi Sidlungspolitik ophéiert, an domat erëm d’Palästinenser un den Dësch bréngt, an datt ee ka sérieux verhandelen, a kucken datt een zu deem Resultat kënnt, wat jo schliisslech och fir Israel dat eenzegt ass – eng Zwee-State-Léisung – fir datt Israel an Zukunft kann a Fridde liewen.
Claude Zeimetz: Déi amerikanesch Ausseministerin Hillary Clinton huet d’Décisioun onglécklech a kontraproduktiv genannt. Däitschland fäert elo fir méiglech negativ Konsequenzen op de Friddensprozess. Wat äntwert Dir dann dorop?
Jean Asselborn: Neen, also ech mengen dat muss een net esou gesi wéi d’Madame Clinton dat gesäit. Et kann een et esou gesinn, mä et muss een et net esou gesinn.
Wann Dir haut kuckt, zum Beispill an der Press an Israel, d’grouss Zeitung Haaretz, oder och de fréiere Premier Olmert, aner wichteg Leit och, déi gesinn dat anescht, an déi gesinn och wierklech d’Portée vun deem Vote.
Ech mengen, datt d’Amerikaner dat och richteg wäerten aschätzen, a wierklech déi nei israelesch Regierung forcéieren – dorëms geet et jo – datt net nëmmen a Resolutiounen op der UNO, am Quartett, an der Europäescher Unioun, gesot gëtt datt Israel muss dee Schratt maache fir déi Sidlungspolitik opzehéieren. Mä datt do och, duerch dee Vote hei, wierklech international gewise gëtt, datt schonn eng ganz staark Force, oder staark Forcen do hannendru stinn, fir datt déi Mentalitéit an Israel changéiert.
Ech verstinn, datt d’Amerikaner op eng Manéier aus hirer Siicht, vläicht och an där Situatioun wou se sinn de Moment, wou se de Budget brauchen, wou se mussen erëm eng Relance économique maachen, datt do hir Prioritéit net op Israel an op Palästina geriicht ass. Mä si géifen e grousse Feeler maachen, a mengen Aen, wa se géifen ënnerschätze wat d’Drowäit och vun deem Vote hei ausmécht.
Claude Zeimetz: Europa war an der Fro gespléckt. Firwat war do keng eenheetlech Positioun méiglech?
Jean Asselborn: Mir hunn e grousse Fortschrëtt gemaach als Europäesch Unioun. Iwwer 50% vun de Länner vun der Europäescher Unioun hu "Jo" gesot – 14 Länner vun deene 27 – et hu sech der 12 enthalen, et war nëmmen een eenzegen dogéint.
Mir si virun e puer Woche fortgaangen, do ware mir 6 déi kloer gesot hunn datt se dofir wieren. Dat huet evoluéiert, bescheiden, mä trotzdem hunn ech och matgehollef, datt déi Zuel soll evoluéieren. An dat ass och richteg.
Wann een zum Beispill vergläicht mat enger gemeinsamer Positioun, déi jo vu verschiddene Säiten am Gespréich war, mat 27 Abstentiounen, ech mengen dat wier näischtsoend gewiescht. Dat hei ass eng Positioun wou eng staark Majoritéit "Jo" seet, a wou sech Länner enthalen. Dat ass eben d’Laascht vun der Geschicht.
Wann Dir kuckt, virun allem an Däitschland spillt dat natierlech eng grouss Roll. Däitschland, wat jo seet: D’Wuel vun Israel ass Staatsraison fir eis. Ech mengen, dat missten all 27 Länner an der Europäescher Unioun selbstverständlech kënne soen, mä da kënnt iewer en zweete Saz hannendrun, datt och d’Palästinenser, datt do och eng Selbstverständlechkeet besteet, datt déi kënnen an engem fräien, souveräne Land liewen, an a Fridde liewen. Dat ass iwweregens och versprach gi vun der UNO 1947, wéi Israel gegrënnt ginn ass. An ech mengen an där Logik kann dat hei vëlkerrechtlech gesinn, an och politesch gesinn, näischt Schlechtes an näischt Falsches sinn.
Claude Zeimetz: Jean Asselborn, da soen ech Merci fir Är éischt Reaktiounen de Moien.
Jean Asselborn: Merci!
|