Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Décembre 2012 > Marie-Josée Jacobs au sujet de la Journée internationale des personnes handicapées et au sujet de la nomination d’un nouveau comité de l’Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand (ORK)

Interview
Marie-Josée Jacobs au sujet de la Journée internationale des personnes handicapées et au sujet de la nomination d’un nouveau comité de l’Ombudscomité fir d’Rechter vum Kand (ORK)
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 03-12-2012

Vers le niveau supérieur

Roy Grotz: D’Barrièren an de Käpp ofbauen, e Liewen an Autonomie, Inklusioun mat de selwechte Rechter, zum Beispill am Transport, bei der Aarbecht an an der Schoul, dat sinn d’Enjeuxe wéi se d’Ministesch Marie-Josée Jacobs um Dag vun haut beschreiwt. Si hu mir de Moie live an der Leitung. Gudde Moien, Madame Jacobs.

Marie-Josée Jacobs: Gudde Moien.

Roy Grotz: Ech hunn et scho viraus gesot, en Aktiounsplang gëtt et also fir déi handikapéiert Leit, deen ass vu Mäerz, dee gëllt bis 2017. Dee soll d’Zeeche vun ëmdenke setzen, heescht et. Krut Dir dann ewell Retouren aus anere Ministèren, wat ëmgesat gouf?

Marie-Josée Jacobs: Also ech muss soen, dat ass jo e Plang deen op der enger Säit elo kuerzfristeg, mëttelfristeg a laangfristeg ass. Dat kritt een also net alles an 10 Méint fäerdeg.

Mä mir hunn eng Rei vun Äntwerte vun de Kollegen aus der Regierung kritt. An do hate mir d’Accessibilitéit am Transport ugeschwat, an do justement hu mir och dem Minister vum Transport oder vum Développement durable Richtlinen déi eraus ginn, fir eben och d’Accessibilitéit, zum Beispill op de Busarrêten, Zebrasträifen, wéi och Formatioune fir d’Leit déi op der Eisebunn an als Buschauffer schaffen. An ee wonnerbart Beispill wëll ech Iech just soen, dat ass datt vun der Gare Esch/Belval, wat net nëmmen architektonesch e schéint Gebai ass, mä och wierklech op all Handycap eng Äntwert huet, zum Beispill fir Leit déi blann sinn, do doduerch datt an de Grëffer, an de Lafgrëffer, Brailleschrëft dran ass, datt um Buedem och eng Sträif ass wou ee mat sengem Blannestaf sech erëmfënnt, mä och fir Leit déi net héieren, oder net gutt héiere Panneauxen déi beschrëfte wou ee muss hi goen, a selbstverständlech och eng total Accessibilitéit fir Leit déi am Rollstull sinn.

D’Eisebunn huet och an der Stad Lëtzebuerg grouss Efforte gemaach, mä de Problem deen Dir ënner deenen 2 Beispiller gesitt ass, datt et natierlech méi einfach ass wann Dir eppes nei baut, fir do kënnen all dem gerecht ze ginn, wéi wann Dir musst ëmbauen. An dofir géing ech och wëlle vun dëser Plaz och en Appell maache fir dorunner ze denken. Och am private Beräich ass et dacks vill méi einfach wann Dir eng Dir hutt déi e bësse breet ass, fir wann Dir mat ären Akeef heem kommt, et ass méi einfach fir an engem Haus eran ze komme wann Dir net héich Trapen dofir hutt, wann Dir mat engem Buggy kommt. Et ass also eppes wat wichteg ass fir Leit mat enger Behënnerung, mä jo awer och fir jiddwereen am Alldag.

An an deem Beräich, justement, si mir amgaang en neien Text ze maachen, fir eben alles accessibel ze maachen, fir d’Architekten, d’Ingenieuren an déi Leit déi am Bau schaffen.

Dann hu mir och vum Ministère vun der Fonction publique, déi wëllen datt de Service public méi accessibel gëtt. Awer net nëmmen an de Gebaier mä och am Kontakt mat de Leit.

An et gëllt dat selwecht fir den Innenminister, deen och do an de Bautreglementer verschidde Saache wëll änneren.

Dir gesitt also, datt eng Partie vun esou Saachen amgaange sinn ëmgesat ze ginn an anerer sinn ewell ëmgesat.

An dat wat natierlech awer ëmmer am Wichtegste bleift, dat ass eben déi Barrièren an de Käpp vun de Leit ofzebauen, an dofir géing ech mir och wierklech wënschen, datt net nëmmen haut, mä jiddweree sech all Dag engagéiert. Och op deene Plazen déi reservéiert si fir Behënnerter, déi och respektéiert, well och domat ganz vill Leit déi eben en Handycap hunn, da schlecht [ondäitlech].

An dat ass och eng Fro vun de Barrièren an de Käpp. An dofir mengen ech, datt jiddweree sech soll bewosst sinn, a vläicht och emol ech sech virstellen, wéi wier dat wann s du blann wiers, wéi wier dat wann s du net géings héieren, wéi wier dat wann s du an engem Rollstull géings sëtzen, oder wann s du geeschtech handicapéiert wiers? Ech mengen, da géinge mir éischter dozou kommen, fir datt déi Barrière géingen ofgebaut ginn, wéi esou.

Roy Grotz: Ech hunn all d’Ministèren ugeschwat, Dir hutt se och bal alleguerte genannt wou eppes geschitt ass. Dat war eng komplett Äntwert. Ech géif awer nach gär op eng aner Thematik kuerz de Moien ze schwätze kommen, déi jo och aner Aktualitéit war, Madame Jacobs. Enn des Mounts, Dir wësst, et leeft d’Mandat vun der Ombudsfra fir d’Rechter vum Kand, der Madame Rodesch, aus. D’Chamber huet eng Proposition de loi an deem Kontext ausgeschafft fir de Wiessel vum ORK bei d’Chamber eriwwer. Firwat elo e Revirement? Wéi geet et an deem Dossier weider?

Marie-Josée Jacobs: Éischtens muss ee jo kucken, datt dat eng Propositioun ass déi vun der Chamber gemaach gouf, virun e puer Méint, wou se gefrot hunn, ob ech domatter d’accord wier, a wou ech selbstverständlech domat d’accord sinn. Domatter war awer d’Gesetz nach net geännert ,an dofir si mir elo an der Situatioun, datt mat dem aktuelle Gesetz, nach deen neie Comité muss genannt ginn.

Ech wëll awer der Chamber, also dem Chamberspresident, déi Nimm era gi vun deene Kandidaturen déi ech hunn, an och froen datt si solle proposéiere wie soll do genannt ginn. Ech ginn domatter zwar eng vun menge Virrechter op, fir datt ech dat kéint maachen, mä ech denken am Interessi vun der Saach ass et wichteg, datt de Comité séier genannt gëtt, datt dat kann also viru goen, ouni datt do lang Zäit dotëschent läit, an datt mir dann och Leit hunn déi komme wëllen, an déi wëssen datt se fir déi nächst 5 Jor do sinn. An da kommen och schaffen, wéi gesot, am Interessi vun de Kanner a vun de Familljen.

An ech mengen et wier gutt, wa mir eis géifen erëm an der Zukunft mat all den anere Problemer déi mir am Land hunn, an déi net kleng sinn, éischter och doropper konzentréieren, wéi ze wëssen, wien dann elo eppes net gutt gemaach huet oder wien e Feeler gemaach huet. Ech mengen, da géife mir besser viru kommen.

Roy Grotz: Mä nominéiert Dir dann elo nach bannent dësem Mount, hunn ech dat esou verstanen, oder ass et dann d’Chamber déi am neie Joer muss heiriwwer tranchéieren? Ass et Äre Schratt, och an der Concertatioun mat Majoritéit, oder an de Parteien?

Marie-Josée Jacobs: Wéi gesot, ech proposéieren déi Lëscht, déi Nimm déi ech vun de Kandidatinnen a Kandidaten era kréien, respektiv hunn. Déi ginn ech der Chamber virun. An do soen ech hinnen, ech froe si ob si wëllen do déi Leit nennen, da wiere mir, wann Dir wëllt, op der enger Säit an deem ale Gesetz, a wa si mir da bis soen, ma et ass deen oder deen, dann nennen ech se, dat muss jo esou goen, dat heescht, ech ginn domat an de Conseil de gouvernement, an da gëtt do déi Nominatioun gemaach. An de Grand-Duc muss dat jo gutt halen.

Mä da sinn et awer déi Leit, déi am Fong – wann Dir wëllt, hu mir dat selwecht erreecht, datt déi Leit do si fir déi nächst 5 Jor do solle schaffen, ouni datt dann onbedéngt awer d’Gesetz do ass.

Roy Grotz: An Dir hutt och scho genuch Kandidature beienaner?

Marie-Josée Jacobs: Also, wann der nach do sinn déi sech wëlle mellen, déi kënnen dat nach gär maachen.

Roy Grotz: Den Appell ass da wahrscheinlech héieren. Ech soen Iech Merci fir d’Gespréich.

Marie-Josée Jacobs: Gär geschitt.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact