Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Décembre 2012 > Jean-Claude Juncker au sujet de ses 30 ans de présence au gouvernement

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de ses 30 ans de présence au gouvernement
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 20-12-2012

Vers le niveau supérieur

Frank Kuffer: Gudde Mëtteg aus dem Staatsministère, wou de Jubilar elo just ukomm ass. De Jean-Claude Juncker huet haut Besuch vum russesche Vize-Premier. E kënnt elo just vun enger Pressekonferenz, an hëlt sech dann awer e bëssen Zäit fir eis. Merci a gudde Mëtteg, Här Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg. Fir RTL maachen ech alles, well RTL mécht jo och alles fir mech.

Frank Kuffer: Super! Dat wollte mir héieren, am Fong geholl kéinte mir elo schonn ophalen. Virun 30 Joer hat Dir 28 Joer, zimlech jonk fir an d’Regierung. Hutt Dir net gefaart, Dir wiert ze jonk?

Jean-Claude Juncker: Also eigentlech ass dat jo eréischt den 21. Dezember, dat ass also muer. An ech hunn deemools scho fonnt, ënner anerem och well anerer mir dat gesot hunn, datt ech nach e bësse gréng hannert den Ouere wier fir Member vun der Regierung ze ginn.

An de Staatsminister Werner huet mir och gesot, wéi mir um Wee waren tëscht dem Ministère d’État an dem Palais wou ech vereedegt gi sinn, ech soll mir elo um Gottes biddes Wëllen näischt dorop abilden, dat wier eben elo esou, vläicht géif dat guer net laang daueren. A mat deem Gedanken hunn ech mech vereedege gelooss, well den Här Werner hat mir gesot, wanns de Moies dech raséiers, muss de wëssen, datt wanns de Owes erëm laanscht de Spigel gees, da bass de net méi Minister. Esou liewen ech.

Frank Kuffer: Et war och deemools e bësse Krisenzäiten, an et war annerhalleft Joer viru Wahlen, mengen ech, also et war net sécher, datt Dir annerhalleft Joer duerno nach dobäi wiert?

Jean-Claude Juncker: Also, mir ware matten an der Stolkris, mir haten enorm vill Problemer fir d’sozial Begleedung vun där Stolkris ze maachen, d’Préretraite, d’Noutstandsaarbechten, DAC, a Stéchwierder an där Zort. An et war 18 Méint virun de Wahlen an enger Krisesituatioun, fir annerhalleft Joer an d’Regierung ze kommen, déi déi net direkt gleewen, datt een et laang géif do aushalen.

Frank Kuffer: Firwat d’CSV? U sech sidd Dir jo Kommunist, hutt Dir emol dacks um Briefing zur allgemenger Belustigung gesot.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn dat net dacks gesot, an Dir rappeléiert zu Onrecht net de Kontext an deem ech dat gesot hunn, mä meng Relatioune mat där méi lénker Sensibilitéit an eiser Gesellschaft ass awer eng intensiv, well ech streckeweis a mengem Liewen och esou e Selbstverständnis hat, an heiansdo och nach hunn.

Mä d’CSV war déi Partei, déi mir eigentlech am beschte gefall huet, mat 18, 19 Joer, wéi ech Member gi si vun där Partei matten an der Oppositiounszäit vun där selwechter. Well an där Partei all Meenungen, all Iwwerzeegungen, all Stréimungen, all Befindlechkeeten, wéi eis däitsch Nopere géife soen, vun der lëtzebuerger Populatioun zesummekommen. A wann een an der CSV laang diskutéiert huet, et ass eng Partei déi vill diskutéiert, och wann dat dobaussen net ëmmer esou däitlech gëtt, dann huet een eigentlech e fäint Gefill fir dat wat d’Mëtt vum lëtzebuerger Vollek a vum lëtzebuerger Land ass.

Frank Kuffer: Wéi Dir an d’Regierung komm sidd, dat ass elo kee wichtegen Aspekt, mä Dir waart deemools nach ni geflunn, haut sidd Dir wahrscheinlech all Woch eng Kéier mam Fliger ënnerwee, oder relativ dacks op jiddwer Fall?

Jean-Claude Juncker: Also et gëtt der jo vill, déi kënnen et net ofwaarden, datt ech nach eng Kéier fléien.

Mä onofhängeg dovu war dat esou, jo. Ech hat 28 Joer wéi ech an d’Regierung komm sinn, ech hat nach ni e Fliger vu banne gesinn, dat huet sech entretemps geännert.

Frank Kuffer: Dir hat net onbedéngt Wëlles Politiker ze ginn, hutt Dir an e sëllechen Interviewen déi lescht Zäit gesot. Wat wollt Dir da ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech hu jo Droit studéiert, an eigentlech ouni grouss Begeeschterung, wéi ech muss zouginn. An ech si Jurist ginn nodeem ech et war. Ech hunn dat Jurist, d’Freed um Droit, d’Freed un der Normesetzung, d’Freed um Feilen un Texter, fir datt se esou präzis an esou kristallkloer wéi méiglech géife ginn, eréischt a mengem Job als Fraktiounssekretär fir d’éischt, an duerno als Staatssekretär a Minister geléiert.

Ech hunn och als Minister ëmmer grousse Wäert drop geluecht een Deel vun de Gesetzestexter, déi mir proposéiert hu selwer ze schreiwen, esou wéi ech och haut nach ëmmer grousse Wäert drop leeën esou vill Bréiwer wéi méiglech selwer ze redigéieren, fir datt een d’Aart a Weis wéi ee sech schrëftlech präzis ausdréckt, net vergësst. An dann hat ech ëmmer vill Freed mam Schreiwen. Ech schreiwe gären, dozou kommen ech séier vorübergehend [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: An der Pensioun, oder?

Jean-Claude Juncker: Jo, Dir kënnt se net erwaarden. Dozou kommen ech nach eng Kéier.

Ech hat ëmmer vill Freed, an hunn och dofir Respekt fir dee Beruff mam Journalismus, mat der schrëftlecher Explikatioun vun deem wat ass, mam Suggéréieren vun Iddien, vun deenen ee gären hätt, datt se vu méiglechst ville géife gedeelt ginn. Also ech wier eigentlech gären e Jurist ginn, dee vill geschriwwen hätt.

Frank Kuffer: Dir waart och ni an der Chamber. Ass dat eppes wat Iech awer feelt, sollt een dat net Step by Step maachen, ee Schrëtt nom aneren?

Jean-Claude Juncker: Dat weess ech net, mä dat huet d’Liewen a säin Op an Of esou erginn. Ech si jo öfters an d’Chamber awer gewielt ginn, mä vu datt meng Partei an der Regierung bliwwen ass fir eng relativ laang Zäit, huet déi Geleeënheet sech ni presentéiert.

Ech bedaueren eng Saach, an dat ass datt ech an engem normale Beruff net meng éischt Schrëtt konnt maachen, mä datt ech direkt an d’Regierungsamt, jo, et muss een dat jo esou soen, regelrecht katapultéiert gi sinn. Awer déi wäertvoll Erfahrung, fir am Privatsecteur oder op anere Plaze berufflech Erfahrunge mir konnten unzeeegenen, dat ass eppes wat mir feelt, dat hunn ech probéiert ze kompenséieren duerch vill Gespréicher mat villen, déi dee Wee gaange sinn.

An da feelt mir de kommunalen Deel vun der Politik. Dat hunn ech ni gemaach. Ech hunn och guer keen Talent dofir. Mä ech bewonneren déi Aarbecht, déi Kommunalpolitiker am Alldag maachen enorm, well ech weess wéi vill Contrainten datt dat fir si mat sech bréngt.

Frank Kuffer: Dir hutt am Aarbechtsministère ugefaangen. Deemools, hunn ech geliest, war de Jugendchômage e grousse Problem. Da si mir elo 30 Joer méi spéit nach net vill weider, oder nees do ukomm?

Jean-Claude Juncker: Neen, mir sinn net nees do ukomm. De Problem vun de jonke Leit, déi keng Aarbecht hunn, ass e Problem deen eis iwwer déi lescht 30 Joer en fait begleet. Deen ass haut méi héich, och prozentual, wéi en deemools war, wéi iwwerhaapt d’Aarbechtslosegkeet jo wiesentlech méi breet sech leider Gottes opstellt, wéi dat an deene 17 Joer war wou ech Aarbechtsminister war. Bal 2 Mol méi héich wéi zu deem Moment, wou ech den Aarbechtsministère verlooss hunn.

Mä dat war, ech kann net soen, déi glécklechst Zäit vu mengem politesche Liewen, mä awer déi, déi mech gefillsméisseg an ustrengungsméisseg am meeschten a Beschlag geholl huet.

Well wann een Aarbechtsminister ass, dann ass een zoustänneg fir deeglech Liewens- an Aarbechtsbedéngunge vun deene Leit, déi schaffe ginn. A besonnesch am Héichpunkt vun der Stolkris war dat eppes wat mech fir de Rescht vu mengem Wee gezeechent huet.

Frank Kuffer: Wéini ass Iech da bewosst ginn, datt Dir géift de Staatsminister vun deem Land hei ginn, dat huet sech jo awer och bestëmmt schonn eng Zäit ugedeit?

Jean-Claude Juncker: An der CSV organiséieren déi Saache sech normalerweis op eng natierlech Aart a Weis. Mä ech hunn awer do ni en Zäitpunkt an d’Ae gefaasst gehat. De Jacques Santer, ee vu menge Léiermeeschteren an der Politik, deen ass zum President vun der Europäescher Kommissioun beruff ginn, an du sinn ech Staatsminister ginn. Ech hunn dat net normal fonnt. Dat war eppes wat mech impressionéiert huet deen Dag, an iwweregens haut och nach.

Staatsminister sinn, dat ass nach e bëssen eppes anescht wéi Staatssekretär oder Minister ze sinn, well dat Wuert Staatsminister seet jo eppes, dat ass de Minister vum Staat. Esou gesinn ech meng Aufgaben.

Frank Kuffer: Dir hutt elo vill Politik hei am Land gemaach, ganz vill an Europa, elo geschwënn do e bësse manner. Mä wat faszinéiert Iech dann nach ëmmer dorunner?

Jean-Claude Juncker: Dat kann ech Iech esou net erklären. Wësst Dir, d’Politik, an den Engagement an der Politik dat ass wéi en déckt Seel mat dausend Fiedem. A wann een dat déckt Seel gräift, da gräift een dausend Fiedem, an da weess een emol guer net wéi vill Fiedem datt an deem Seel sinn.

Et huet eppes domat ze dinn, datt ech mech fir aner Mënschen interesséieren. Et huet eppes domat ze dinn, datt ech mech fir aner Iddien interesséieren, wéi déi déi ee sech selwer kann zougeluecht hunn.

Dat Spannend an der Politik, dat Beräichernd an der Politik ass den Ëmgang mat ville Leit, mat ville Meenungen, och de Versuch an engem dach awer klenge Land d’Saachen esou wäit wéi et geet zesummenzebréngen, an Europa ze verhënneren, datt se ausernee ginn.

Frank Kuffer: Dir kéint jo bestëmmt muer en Job hunn, wou Dir bedeitend méi verdéngt, manner generft gitt, ënnert anerem vu Journalisten, a méi Fräizäit hätt. Firwat mécht een dat do no 30 Joer nach ëmmer?

Jean-Claude Juncker: Ech hänken terribel un der RTL-Redaktioun.

Frank Kuffer: Jo, dat ass een Argument, do ginn et bestëmmt nach anerer.

Jean-Claude Juncker: Dat ass een Argument. Dir maacht zu Recht drop opmierksam datt een op anere Plaze kënnt méi verdéngen, mä ech wëll awer net méi verdéngen. Ech sinn zefridde mat där Pai, déi ech hunn.

Wéi ech ganz kleng war, hätt ech mir eigentlech ni kënne virstellen, datt een esou vill Sue kéint verdéngen, elo weess ech datt et X-dausende Leit hei am Land gëtt, déi méi verdéngen, an der Wirtschaft dobaussen, an och heiheem, och heiheem.

Frank Kuffer: Dir kéint virun allem och Weekender hunn a Vakanz.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, een dee staark Responsabilitéiten an der Ekonomie dréit, deen huet net vill méi Vakanz, an net vill méi Weekender wéi ech.

Mä ech maachen dat eigentlech gären, an et ass och awer ee sech der Flicht stellen, déi sech all Dag erneiert, obschonn dat elo e bëssen agebilt a pathetesch kléngt. An et huet och eppes domat ze dinn, datt ech mech ëmmer erëm begeeschtere ka fir dat Land a fir dee Kontinent an deem dat Land läit.

Frank Kuffer: An op d’mannst 3 Mol musst Dir jo nach kandidéieren, well Äre Sozialminister huet jo décidéiert, datt et mat 40 schaffen net duer geet.

Jean-Claude Juncker: Also ech kréien nach keng Pensioun, an dat ass awer net deen eenzege Grond firwat datt ech wëll virufueren.

Frank Kuffer: Wat huet Iech dann am meeschte markéiert, positiv wéi negativ, an Ärer Carrière, kann een dat esou soen?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat kann ee relativ kloer festmaachen. Mech huet am meeschte begeeschtert den Ëmgang mat ville Leit heiheem, a mat ville Leit an Europa, an am Rescht vun der Welt. Dat ëmmer erëm Anerer nei entdecken. Dat och erakucken an déi Hannergrënn, virun deene se grouss gesinn. Dat sech Verléiwen an individuell an och a regional an an national Biographien, dat ass eppes wat mech um ootmen hält, a wat mech all Dag, wou ech mat Leit schwätzen heiheem oder dobaussen, méi räich mécht.

Et besteet ee jo net nëmmen aus sech selwer, soss wier een net ganz vill. Jiddwereen huet eppes, an zesummen hu mir vill. An dat zielt net nëmme fir dat eegent Land, dat zielt och fir Europa, a fir de Rescht vun der Welt.

An dat sech, ouni d’Expressioun ze erotiséieren, sech verléiwen an anerer, an an aner Ëmstänn, an aner Zoustänn, dat mécht, wéi ech gesot hunn, räich, mä deen Ëmgang mat aneren ass natierlech och begleet vun Enttäuschungen. Mä dat ass an all Beruffsliewen, an all individuellem Parcours genee d’selwecht.

Frank Kuffer: Wie waren dann déi wichtegst Leit, deenen Dir begéint sidd, an op wien hätt Dir kéinte verzichten an deenen 30 Joer?

Jean-Claude Juncker: Wann ech dat heiheem kucken, da fale mir Nimm a wéi Pierre Werner, wéi Jacques Santer, wéi Jean Dupont, wéi Jean Spautz a vill anerer, och Kollegen aus anere Parteien. Ech mengen zum Beispill datt e Mann wéi de Robert Krieps, dee laang Joere sozialistesche Minister war, a sozialistesche Parteipresident war, schonn e ganz wiesentleche Afloss hat op d’Aart a Weis wéi ech Saache gesinn hunn.

An am Ausland gëtt et der e puer, den Helmut Kohl, meng Frëndschaft mat deem ass bekannt. Ech hat ganz enk Relatioune mam Jacques Chirac, mam Jacques Delors. Dat huet sech eigentlech och ni partisan organiséiert, meng Frëndschafte mat aneren. D’Parteie si wichteg, mä Mënsche si méi wichteg.

Frank Kuffer: An déi op déi Dir kéint verzichten, nennt Dir déi léiwer net?

Jean-Claude Juncker: Si géifen et wahrscheinlech erdroen, mä ech weess net ob et se interesséiert. Et gëtt der awer net vill.

Wësst Dir, ech hu mir am Liewe virgeholl, ganz jonk schonn, datt ech ni wëll iergend een haassen. Ech wollt am Liewen ni Feinden hunn. Mir fält och keen an, dee mäi Feind wier. Also deen ech zu engem Feind géif erklären. Ech fannen, dat si verluere Liewensdeeg fir sech mat Feindschaften a mat Haass ze beschäftegen. Ech si fräi vun deenen negative Gefiller.

Frank Kuffer: Dir hutt wahrscheinlech awer nach aner Frënn, wéi déi op deen ech elo da kommen. Dir hutt schonn op europäesch Carrièrë verzicht, fräiwëlleg. Dir hutt schonn europäesch Carrière gemaach, Chef vum Eurogrupp. Sidd Dir dem Här Sarkozy nach rosen, datt hien Iech deemools net als éischte President vum Conseil wollt, et war jo hien?

Jean-Claude Juncker: Esou wäit wéi ech dat weess, war hien dorunner u prominenter Plaz bedeelegt. Mä dat huet awer eigentlech, entgéint deem wat international an national Zeitungen an aner Medie gemellt hunn, awer d’Relatiounen déi ech mam Här Sarkozy hat net wiesentlech verännert.

Ech hunn ëmmer fonnt, datt wann ee Staatsminister zu Lëtzebuerg ass, datt ee sech selwer muss vergiesse wann et ëm d’Relatioune mat deenen anere Länner geet. Mir sinn existenziell op gutt Relatioune mat den Nopeschlänner ugewisen, an an déi Richtung hunn ech ëmmer geschafft.

Frank Kuffer: Europa an den Euro huet sech awer vläicht e bëssen anescht entwéckelt wéi Dir Iech dat erhofft hat.

Sidd Dir verdrësslech, wéi Dir heiansdo sot, datt d’Leit awer enttäuscht sinn zum Deel vun Europa?

Jean-Claude Juncker: Dat verstinn ech ganz gutt, datt d’Leit sech u sech net am deem erëmfanne wat mir amgaange sinn ze maachen. Wann ech duerch d’Stad ginn hale vill Leit mech un, a froen eigentlech, wat maacht Dir eigentlech do am Zesummenhang mat Euro, a mat Währung a mat Wirtschaft?

An d’Politik befënnt sech, dat muss ee gesinn, soss ass ee blann, an engem eklatanten Erklärungsnoutstand. Mir kréien net méi erkläert wat d’Ursaache vun der Kris sinn, an déi si villschichteg. Mir kréien och net genee erkläert wat mir maachen. An dofir verstinn ech scho munch Enttäuschung.

Obschonn ech muss soen, wann ech dat richteg gesinn hunn, ass den Euro gëschter op 1,32 par rapport zum Dollar gewiescht, a wéi en agefouert ginn ass, war en 1,17. En huet also seng Aussestabilitéit behalen, en huet och seng intern Kafkraaft behalen. D’Inflatioun ass net méi héich gi wéi an deenen 20, 30 Joer virun der Aféierung vum Euro.

Mir hunn eng Rei Décisiounen dëst Joer geholl, déi dann awer zilführend sinn, notamment wat Griicheland ubelaangt, a wat d’Rettungsschiermer ubelaangt. Also, ech wäerfen op déi Zäit net e Bléck vun Zefriddenheet zeréck, dat géif näischt heeschen, mä e gemëschte Bléck, wou awer dat Positiivt méi ausgeprägt ass wéi dat Negatiivt.

Frank Kuffer: Wéivill Poids verléiert Lëtzebuerg dann elo an Europa vum nächste Mount un, wann Dir ophaalt?

Jean-Claude Juncker: Dat muss ee gesinn.

Frank Kuffer: Dir sidd jo awer e Mann deen elo un der Spëtzt do steet vum Eurogrupp.

Jean-Claude Juncker: Vill Europäer hunn dat fir eng wichteg Aarbecht ëmfonnt. Wann ech d’Press elo dëser Deeg liesen, déi auslännesch wuel verstanen, da gëtt d’Presidentschaft vum Eurogrupp als eng vun deene wichtegsten Fonctioune beschriwwen, déi et an Europa gëtt.

Hei am Land waren d’Leit ni ganz frou, datt ech mech mat där Saach Euro beschäftegt hunn. Ech wëll awer just nach eng Kéier an Erënnerung ruffen, den Euro ass och eist Geld. A sech beschäftege mam Euro, ass sech beschäftege mat dem Geld vun eise Leit.

Frank Kuffer: Jo, d’Leit hunn Iech wahrscheinlech vermësst heiheem bei Ärer Aarbecht? Dir hutt selwer viru kuerzem gesot, datt elo och ufänkt Är Aarbecht awer drënner ze leiden heiheem.

Jean-Claude Juncker: Jo, et muss een dat an zwou Perioden, an zwou Episoden andeelen. Ech hunn dat joerelaang gemaach, och déi lescht 2 Joer nach, ouni datt dat op d’Käschte gaangen ass vun där Aarbecht heiheem. Ech konnt just heiheem net méi déi Visibilitéit assuréieren, déi een normalerweis als Premier kann assuréieren, doduerch datt ee regelméisseg nom Regierungsrot Pressekonferenzen hält. An dat konnt ech u sech net maachen, well Freides mëttes op de Finanzmäert eigentlech allerhand lass ass, an do muss een disponibel si fir vill Gespréicher.

Ech hat keen Noloosse vu mengen innepoliteschen Aktivitéite bei mir selwer festgestallt, mä awer en Noloosse vu Visibilitéit a vu siichtbarer Präsenz.

Mä déi lescht 2 Méint, muss ech soen, hunn d’Saache sech esou zougespëtzt, besonnesch am Ëmgang mat der Griicheland-Kris, datt ech wierklech et op Käschte vun der Aarbecht hu misse maachen, déi heiheem muss geleescht ginn. Mir haten an deene leschte 4 Woche 5 Sëtzunge vum Eurogrupp, mir haten zwou Telefonskonferenze vum Eurogrupp. Dat si 7 Sëtzungen, déi muss ee virbereeden, duerno muss een déi Leit tréischten déi sech net duerchgesat hunn. Dee Rhythmus vun deene leschten 2 Méint, dee war nu wierklech net méi compatibel mat der Aarbecht als Premier.

Mä ech hat jo schonn d’lescht Joer am Juli gesot, datt ech um Enn vum Joer géif ausscheeden, dofir wonneren ech mech iwwer alleguer déi Kommentaren, déi sech do ganz iwwerrascht ginn. Ech hat dat ugekënnegt, et hat just keen et gegleeft. Elo wësse si et.

Frank Kuffer: Dir sidd einfach net ze ersetze wahrscheinlech, an dofir hutt Dir och esou vill Präisser kritt, europäescher, där seriéiser an där och, där manner seriéiser?

Jean-Claude Juncker: Wat fir ee war da sérieux, a wat fir ee war dann net sérieux?

Frank Kuffer: Dir hutt der jo esou vill kritt, ech kann, et kann ee se net all opzielen.

Jean-Claude Juncker: Mä wat fir ee war dann net sérieux?

Frank Kuffer: Ech weess et net.

Jean-Claude Juncker: Jo, voilà, Dir wësst et net.

Frank Kuffer: Ech kann Iech se awer nosichen.

Jean-Claude Juncker: Jo.

Frank Kuffer: Mä wësst Dir wéivill et der sinn, a wat war dann dee Wichtegsten?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net wéivill datt et der sinn, do si klenger a grousser dobäi. A wann ech [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: D’Schlitzohr zum Beispill waart Dir, ass dat dann e Kompliment?

Jean-Claude Juncker: Jo, wann Dir kuckt wien d’Schlitzohr-Auszeechnung kritt huet, dorënner d’ailleurs ganz vill Journalisten, da misst Iech dee Präis extrem sympathesch maachen, da géift Dir gesinn, datt dat eng Unerkennung fir rhetoreschen Ëmgang mat Wouerechten a mat halwe Wouerechten ass. Mä dat ass net deen, deen ech am wichtegste fannen.

Frank Kuffer: Ma wat ech wollt soen, et kann ee jo awer net esou e Präis mam Karlspräis vergläichen oder esou?

Jean-Claude Juncker: Neen, neen, ech leene vill Präisser of, dat gëtt jo och kee gewuer, well ech ëmmer kucken, wien huet dee Präis scho kritt.

Well ech ëmmer wëll mech do an enger Serie ophalen, déi esou ass, datt ee sech net muss schumme fir an där Serie ze stoen. Ech weess, datt dat de Leit op de Wecker geet, mä ech ka jo awer net soen, ech leenen dee Präis of, well RTL doriwwer de Geck mécht. Dat geet jo net.

Frank Kuffer: Wou stinn déi Präisser, stinn déi iergendwou bei Iech doheem, oder?

Jean-Claude Juncker: Also, déi sinn net opgereit Daten no an der Wichtegkeet no, well eng Wichtegkeet gëtt et jo. De Karlspräis ass trotzdem awer dee wichtegste Präis deen ee kann an Europa kréien. Neen, dat steet esou doruechter, dat huet keng Regel. A wann een a mäi Büro kënnt, oder bei mech heem kënnt, an do géifen alleguer déi Präisser an der Rei stoen, dat géif ech zimlech bretzeg fannen. Et stinn der och vill um Späicher an am Keller.

Frank Kuffer: A sou. 30 Joer dat ass jo eng laang Zäit. Dofir hat Dir d’Chance d’Land duerch méi einfach Zäiten ekonomesch ze féieren. Elo sinn déi méi schwéier do.

Nervt et Iech, datt Dir vun der Oppositioun, jo och vun der Press alt emol virgehäit kritt, Dir hätt d’Situatioun elo net ëmmer am Grëff?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä wann een 30 Joer dobäi ass, da kann een d’Saache jo besser vläicht andeelen, och wann ee sech dobäi kann iere bei der Dimensionéierung vun de Problemer.

Mä ech sinn an d’Regierung komm, do stoung d’Land virum Ofgrond, well d’Siderurgie, d’Stolindustrie wierklech de Baach ofgaangen ass, a ganz vill aner Betriber matgerappt huet, a ganz vill aner Secteuren infizéiert huet. Ech si Minister ginn an enger Krisenzäit, a sinn dofir och krisenerprouft, wann ech dat kann esou soen.

An ech stelle fest, datt vill haut an der Politik, an der Sozialpartnerschaft elo fir d’éischt an hirem Liewe mat enger Krisesituatioun konfrontéiert sinn, op déi se sech ganz schlecht kënnen astellen. Ech halen déi Kris déi mir haut hu fir méi ausgeprägt, wéi dat wat mir an den 1980er Joeren haten. Mä ech si mat Krisenerfahrunge ministeriell grouss ginn. Fir mech ass dat näischt Neies.

Frank Kuffer: An Dir féiert eis och do eraus?

Jean-Claude Juncker: Ech si kee Mënsch deen alleng eppes fäerdeg bréngt.

Frank Kuffer: Dir hutt an engem Interview gesot, Dir hätt e geneet Bild am Kapp vun Ärem Successeur. Dreemt Dir alt vum Här Frieden?

Jean-Claude Juncker: Ech dreeme weder vum Här Frieden nach vun engem Successeur. Mä wann ech doriwwer géif nodenken, wat ech net maachen, well dofir besteet keen akuten Handlungsbedarf, da gesinn ech ee ganz gutt.

Frank Kuffer: Den Här Frieden?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn Iech gesot, et géif keen akuten Handlungsbedarf bestoen.

Frank Kuffer: Et gëtt an der Lescht awer ëmmer gesot, Dir sot mir elo wahrscheinlech datt dat nëmmen dommt Geschwätz ass, Juncker a Frieden kéinten net mateneen.

Jean-Claude Juncker: Dat ass, enfin dommt Geschwätz, ass en Ausdrock deen ech iwwer d’Aart a Weis wéi anerer matenee schwätzen net géif gebrauchen. Mä ech hu mam Luc Frieden eng grouss Iwwerteneestëmmung op wichtege Punkten, déi d’lëtzebuerger Zukunft betreffen, an eng Frëndschaft déi et duerchaus aushält, datt heiansdo esou iwwer se geschwat gëtt, wéi Dir dat elo am Ufank vun Ärer Fro formuléiert hutt. Dat betrëfft eis net.

Frank Kuffer: Et ginn awer och där Punkten, wou dir net mateneen d’accord sidd?

Jean-Claude Juncker: Ma ech sinn esouguer heiansdo mat mir selwer net d’accord, wéi wier et da méiglech datt ech mam Här Frieden, oder mat anere Ministeren, ëmmer d’accord wier? Dat ass jo net denkbar. An do wou mir net d’accord sinn, diskutéiere mir, wann et muss sinn, hefteg mateneen. Mä et gëtt net vill Frëndschaften an der Politik, déi esou onzerbriechlech si wéi déi vun där mir elo grad schwätzen.

Frank Kuffer: Och wann haut, oder muer Ären Jubiläum, neen, Dir sot, Joresdag ass.

Jean-Claude Juncker: Ech soe Joresdag. Jubiläum dat ass och bretzeg.

Frank Kuffer: A sou.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä et gëtt näischt ze feieren, et gëtt sech just erëm bewosstzemaachen, datt dat dann awer e laangen Dag war, fir vill Leit jo en ze vill laangen Dag, fir mech heiansdo och en ze vill laangen Dag.

Neen, ech kucken op déi 30 Joer éischter mat, jo mat Zefriddenheet kann ech net soen, mä mat Dankbarkeet zeréck, och wéinst ville Momenter wou d’Leit engem awer vill Vertrauen entgéint bruecht hunn. Vertrauen, wann een dës vill huet, mécht och Angscht, dat verflicht d’Saachen esou ze maachen, datt dat Vertrauen net verluer geet.

Frank Kuffer: Ech wollt am Fong soen, och wann elo de Joresdag ass, komme mir net dolaanscht awer d’Affär Geheimdéngscht kuerz unzeschwätzen. Kéint déi d’Enn vun Ärer Carrière bedeiten?

Den Dan Kersch, Dir sot mir elo vläicht, et ass net dee wichtegste Politiker zu Lëtzebuerg, huet déi lescht Woch am "Background" gesot, wann eppes Illegales geschitt wier, da misst Dir zerécktrieden. 71% vun de Leit soen an engem Sondage am Journal, Dir hätt déi politesch Verantwortung fir dat wat do geschitt ass. Sidd Dir sécher, datt Dir déi Affär do politesch iwwerlieft?

Jean-Claude Juncker: Also, datt 71% vun de Leit der Meenung sinn, datt een d’Verantwortung muss fir dat iwwerhuele wat a sengem Aarbechtszesummenhangsberäich geschitt, dat schéngt mir jo eng relativ normal Feststellung ze sinn. Dat ass fir all Minister wouer, a fir jiddwereen dee Responsabilitéit dréit.

De Chefredakter vun RTL muss och d’Verantwortung huele fir Kommentaren déi total doniewent sinn. Dann huet hie vill ze dinn, vill ze dinn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mir waren awer elo bei der Geheimdéngschtaffär.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech och, ech och. A jo, da muss een elo déi Aarbechten déi gemaach gi vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun, déi ech och wollt hunn, ofwaarden, an da muss een d’Fro vun der politescher Responsabilitéit, respektiv vun de politesche Responsabilitéite klären.

Frank Kuffer: Zu Lëtzebuerg gëtt et déi Kultur awer net – bei aneren Affären am Ausland trieden d’Ministeren zeréck. Also ech soen net, datt Dir elo direkt misst zerécktrieden. Mä mir hate jo awer och schonn aner Affären hei am Land. Ass dat zu Lëtzebuerg eng aner Kultur einfach?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt mir zu Lëtzebuerg méi buedemstänneg sinn, an datt d’Leit mat der Zäit, wa se bis all Erklärungen hunn, soufern wéi se der kënne kréien, well Geheimdéngscht ass geheim, dat Wuert ass jo do dran, maache wéi d’Fransouse soen, la part des choses.

Et kann een net Verantwortung huele fir all Feelverhale vun iergendengem Beamten, deen engem direkt oder indirekt ënnerstallt ass. Mä et muss ee sech froen, ob am System, deen ee gehollef huet opriichten, oder net zur richteger Zäit gehollef huet ëmbéien, Elementer dra waren déi zu esou Feelverhale kënnen Ulass ginn. Dat ass eng Fro déi ech mir stellen, an déi aner Leit sech och musse stellen.

Frank Kuffer: Dann nach eng Kéier kuerz zeréck zu Ärem Jubiläum [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Joresdag.

Frank Kuffer: Joresdag. Gëtt dann trotzdem awer muer gefeiert, huelt Dir e bësse Schampes mat an de Regierungsrot?

Jean-Claude Juncker: Also, wat am Regierungsrot ënner Form vu feiere stattfënnt, dat weess ech net. Mä ech hunn deen Dag als en normalen Aarbechtsdag geplangt. Ech wëll dat eigentlech net richteg feieren. Mä ech denken awer de ganzen Dag drun, datt et 30 Joer sinn.

Frank Kuffer: Här Juncker, RTL seet Iech dann och Merci fir déi 30 Joer, wou Dir dacks disponibel waart fir eis, meeschtens gutt gelaunt, heiansdo krute mir es och e bësse mat bei der Presseschelt, déi et dann emol Freides um Briefing gouf.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä dat entsprécht deem Ëmgangstoun, deen Dir mat mir heiansdo uschlot.

Frank Kuffer: Jo, mir vermëssen de Briefing och e bëssen.

Jean-Claude Juncker: Dat deet der Frëndschaft awer keen Ofbroch.

Frank Kuffer: Dir hutt eis méi Briefinge versprach, déi wäerte jo och da kommen. Op jiddwerfalls [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Déi Zäit wou ech der esou vill gehalen hutt, hutt Dir ëmmer op RTL gesot, ech géif d’Kommunikatiounspolitik vun der Regierung monopoliséieren. Elo vermësst Dir mech, dat deet mir richteg gutt.

Frank Kuffer: Op jiddwer Fall hunn ech Iech e klenge Cadeau matbruecht, eng RTL-Auer, well mir wëssen, datt Dir jo e Fan vun RTL sidd, an dat verspriechen ech Iech, et ass och kee Mikro dran.

Jean-Claude Juncker: Ech sinn e Fan vun RTL, mä net vun allen Aueren.

Frank Kuffer: Villmools Merci, Här Juncker, datt Dir Iech Zäit geholl hutt. Alles Guddes nach!

Jean-Claude Juncker: Merci, Merci.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact