Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Décembre 2012 > Le Premier ministre et président de l’Eurogroupe, Jean-Claude Juncker, au sujet de l’actualité politique de l’année 2012

Interview
Le Premier ministre et président de l’Eurogroupe, Jean-Claude Juncker, au sujet de l’actualité politique de l’année 2012
"Radio 100,7" du 22-12-2012

Vers le niveau supérieur

Jay Schiltz, Jean-Claude Franck: Zënter elo geschwë 4 Joer kënnege mir dësen Interview zum Joresenn als e Réckbléck op een turbulent an Ausbléck op en hoffentlech bessert Joer unn. Dat ass och leider Enn 2012 de Fall mat engem Ënnerscheed, d’Turbulenze schéngen och definitiv eist Land fir zerguttst erreecht ze hunn.

Gudde Mëtteg, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg.

Jean-Claude Franck: Iert mir iwwer déi allgemeng Turbulenze schwätzen, fänke mer vläicht mat deenen un, an déi Dir perséinlech eragerode sidd. E Gespréich vum Staatsminister gëtt opgeholl, heemlech vun Ärem Gespréichspartner, an dat ass keen anere wéi de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht.

Dir sidd virun 3 Joer dovunner gewuer ginn, datt den Direkter vum Geheimdéngscht Iech opgeholl hat. Hat Dir deemools gemengt dat kéint geheim bleiwen?

Jean-Claude Juncker: Dat hunn ech net onbedéngt gemengt. Mä ech hunn deenen, déi zoustänneg dofir ware fir dat musse gewuer ze ginn, déi Informatioun matgedeelt. Déi Informatioun déi ass och an deem Krees bliwwen, wou se higehéiert huet. An elo ass se gelungenerweis op eemol iwwer Nuecht, an en ëffentleche Raum geroden, ech froe mech wisou datt dat geschéie konnt. Mä et ass awer geschitt, an ech ka mech, sauf datt ech dat ëmmer nach en aussergewéinleche Virgang fannen, datt de Chef vum Geheimdéngscht mech ofgelauschtert huet, mech all deene Froe net entzéien, déi sech an der Folleg dovu gestallt hunn. Dat ass normal.

Jay Schiltz: Mä d’Tatsaach datt de Staatsminister, emol onofhängeg vun Ärer Persoun, à son insu opgeholl gëtt, dat war jo zu deem Zäitpunkt net manner ee Skandal wéi en et haut ass. Hätt Dir Iech gewënscht datt d’Chamberkontrollkommissioun där Saach eng aner Suite gëtt?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn net driwwer ze befanne wat fir Suiten datt d’Chamberkontrollkommissioun wollt, oder konnt där Affär ginn, well em eng Affär handelt et sech nu wierklech am eigentleche Sënn vum Wuert.

Ech mengen déi hu verstanen deemools an där Kommissioun datt et richteg wier datt ech mech vum Här Mille géif trennen. An déi hunn och, denken ech, verstane wat d’Grënn ware firwat datt ech keng Disziplinaraffär gemaach hunn.

Jay Schiltz: Hutt Dir Iech mat den Explikatiounen eigentlech deemools zefridde ginn, déi den Här Mille Iech ginn huet firwat hien Iech eigentlech opgeholl huet? Dir hat, op Ärer Pressekonferenz hat Dir dat uklénge gelooss.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn net uklénge gelooss, datt ech mech [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Neen, also wat hien als Erklärung ginn hat, hunn ech gemengt.

Jean-Claude Juncker: Ech hunn net uklénge gelooss, datt ech mech mat deenen Erklärungen zefridde ginn hunn. Ech hu gesot, wann ech mech vergiessen, a just de fréiere Geheimdéngschtchef kucken, datt et vu sengem Standpunkt aus, wéi d’Relatiounen déi e mat anere Mataarbechter am Geheimdéngscht hat, eng plausibel Erklärung war. Dat heescht jo net datt et eng ze justifizéierend Erklärung war.

Jean-Claude Franck: Gesitt Dir dann haut awer méi kloer, firwat datt iwwerhaapt deemools alles geschitt ass, firwat den Här Mille Iech opgeholl huet, an och firwat, wou déi Opnam do hierkomm ass, presüméiert Opnam, vun engem Gespréich tëscht Iech an dem Grand-Duc? Hutt Dir haut besser verstane wat deemools do geschitt ass?

Jean-Claude Juncker: Neen.

Jean-Claude Franck: Hutt Dir déi, do ass jo déi Opnam ass jo och geschéckt ginn an d’Ausland fir ënnersicht ze ginn ob se vläicht kann décryptéiert ginn. Ass dann do gewosst elo an Tëschenzäit wat do drop ass?

Jean-Claude Juncker: Ech hu vun Ufank un de Geheimdéngscht gebiede mat hiren auslännesche Kollegen ze probéieren, falls dann op där Kassett, oder ass et eng Kassett oder Diskett, eppes sollt drop sinn, dat ze décryptéieren. Dat ass amgaange gemaach ze gi mat der Hëllef vun engem auslänneschen Déngscht, an dodriwwer leie mir nach keng Informatioune vir. Et schéngt net einfach ze sinn.

Jay Schiltz: Op der Pressekonferenz viru 14 Deeg, hutt Dir vun engem extreme Vertrauensbroch geschwat, an datt och Är Rechter net respektéiert goufen, an och Dir Affer vun enger Operatioun vum Geheimdéngscht gouft.

Elo muss Dir Iech de Virworf gefale loossen, ëmmerhin den ieweschte Chef vun deem Service ze sinn. Wéi responsabel sidd Dir, och wat de Fonctionnement vum Geheimdéngscht ugeet?

Jean-Claude Juncker: Ech halen dat wat mir passéiert ass net fir eng typesch Bewegungsmethod vum Geheimdéngscht, mä ech sinn awer responsabel fir dat wat et u Fonctionnementsdefizienzen am Geheimdéngscht erkennbarerweis ginn ass. Ech ka mech där Responsabilitéit natierlech net entzéien.

Mir haten, och am Liicht vun deem wouriwwer mir hei schwätzen, an d’Regierungserklärung geschriwwen, mir géifen am Laf vun dëser Period, eng Legislaturperiod mengen ech, eng Reform vum Geheimdéngscht virhuelen. Ech hat och déi zoustänneg Iwwerwaachungskommissioun an der Chamber gebiede mir eng Appréciatioun aus hirer Siicht vun der Funktiounsweis vum Geheimdéngscht ze maachen. Déi hunn ech och am Juni 2011 kritt. A mir hunn déi Observatioune vun där Kommissioun, och wat hir eege Rechter ubelaangt, well déi mussen ausgebaut ginn, net nëmmen am Liicht vun dëser Affär, mä generell, dee Rapport hunn ech kritt, an déi Elementer hu mir agebaut an deen Avant-Projet de loi iwwer d’Reform vum Geheimdéngscht, soudatt déi Tatsaach datt ech d’Kommissioun gefrot hu emol e Bléck op d’Fonctionnementsweis vum Geheimdéngscht ze wäerfen, a meng Bereetschaft och fir aus där Étude, déi d’Geheimdéngschtkommissioun vun der Chamber gemaach huet, Schlussfolgerungen ze zéien, weist, datt mir jo mat der Aart a Weis wéi de Geheimdéngscht an Deelaspekter vu sengen Aktivitéite géif fonctionnéieren, net all eis Berouegungen haten. Insofern mengen ech schonn datt ech eng adäquat Reaktioun hat.

Dobäi kënnt, datt ech mat deem neien Direkter vum Geheimdéngscht ofgemaach hunn, datt dee méi präzis ënner Form vu Regelen, déi en ediktéiere géif bannen am Service, géif eenzel Aktivitéite vum Geheimdéngscht, a vun deenen eenzelnen Agenten, déi e jo net alleguer Dag fir Dag a Millimeter fir Millimeter, a Sekonn fir Sekonn am A huet, datt hie géif de Modus operandi vum Geheimdéngscht méi, notamment wat d’Operatiounen um Terrain ubelaangt, méi däitlech géif encadréieren.

Esou ass et net méi méiglech zënterhier datt déi "Instruktiounen" do sinn d’Geheimagenten, fir se emol esou ze nennen, nach Gutdünken aus hirer perséinlecher Appréciatiounsbreet eraus aktiv ginn. Dat muss alles, och déi eenzel Operatiounen, mam Accord vum Direkter geschéien, an et muss och iwwer all eenzel Operatioun ee Rapport gemaach ginn.

Mä déi 91 Säiten Instruktiounen déi musse mir wahrscheinlech public maachen, obschonn ech dat net ganz gutt fannen, datt een dat public mécht. Mä esou wéi d’Saache lafen, an deen enorme Wonsch no méi Transparenz, wéi wann de Geheimdéngscht dat Transparenst misst si wat et an engem Staat géif ginn, deem muss een an Deeler selbstverständlech nokommen, vu datt ech accuséiert ginn, dat huelen ech deelweis seriéis, net all Kontroll iwwer de Geheimdéngscht gehat ze hunn, muss een déi Aktioune weisen, déi een ënnerholl huet fir méi Kontroll ze kréien, ouni datt ee jeemools d’Prétentioun kann hunn, datt een alles kontrolléiert. Dat ass net wouer am Fall vum Geheimdéngscht.

Datt een net alles kontrolléiert, ass och an anere Verwaltungen, ech hat der scho vill a mengem Ministeschliewen, net ëmmer ginn. Mä dat musse mir alles kloerstellen.

Jean-Claude Franck: Dir sidd och deemools vum Här Mille gewuer ginn, datt während engem Weekend eng Écoute op en Ingenieur "M" geschalt gi wier. An hien huet behaapt, Dir hätt dat autoriséiert. Dir sot jo haut, dat hätt misse schrëftlech autoriséiert ginn [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech soen dat net haut, dat ass d’Regel.

Jean-Claude Franck: Dat ass net geschitt, hutt Dir jo och gesot. Also et war net schrëftlech autoriséiert. Firwat hutt Dir dem Marco Mille dat deemools am Gespréich net gesot? Dir hätt hie jo och kënnen dorop opmierksam maachen, datt hien do vläicht [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Dir gitt emol éischtens dovunner aus, datt ech mam Här Mille nëmmen ee Gespréich gefouert hätt, well Dir nëmmen ee Gespréich kennt. An dir fokaliséiert iech alleguer, d’Leit vun der Press, déi déi et um Radio kënne lauschteren, op dat eent Gespréich. Wat an anere Gespréicher gesot ginn ass, dat wësst Dir jo net, et geet Iech och näischt un.

Den Här Mille huet an deem Gespréich, wat jo - en extraordinaire Virgang fir de Rescht, a meng Perséinlechkeetsrechter zu déifst verletzend - op verschiddene Radiostatiounen ze lauschtere waren, mir net den Androck ginn, datt hie géif mengen, ech hätt dat autoriséiert. Well hien huet gesot an deem Gespréich, wat jo nogelauschtert ka ginn, wéi hie mir dat do explizéiert huet vum Här "M", déi Écoute, gesot, ech kommen dorop zeréck am weidere Verlaf vum Gespréich, wat hien och gemaach huet. An dunn huet hie mir dat presentéiert, dat kënnt Dir jo nolauschteren, wéi wann de Geheimdéngscht säin eegenen Handy opgeholl hätt. Wat fir mech net an de Beräich vun deem fält, wat hätt missen autoriséiert ginn. Dat hu mir och iwwerpréift mat deenen dofir zoustännegen Instanzen, an déi hunn dat och esou gesinn, vum Prinzip hier, datt ee sech selwer kann ophuelen, obschonn dat fir mech och schonn haarscharf laanscht segelt un deem wat eigentlech zoulässeg ass an deem Beräich, well ech jo awer dem Schutz vun de Libertéiten, an notamment vun den individuelle Libertéiten awer e gréissere Bedeitungsraum zouweisen.

Et geet jo och aus deem Gespréich, mä Dir hutt nëmmen ee Gespréich, däitlech datt ech dem Chef vum Geheimdéngscht nach eng Kéier rappeléiert hunn, wann ech dat an engem Wording kann zesummefaassen, deen ech deemools net gebraucht hunn, datt innepolitesch Spionage net zoulässeg ass, well et dofir keng Ursaach gëtt, sauf do wou et vun der Sécuritéitssituatioun vum Land hier noutwenneg ass.

An ech hunn och mäin Erstaunen zum Ausdrock bruecht, Gott sei Dank, well soss hätt Dir dat och wahrscheinlech vermësst, datt ech dat net gesot hätt, datt am Ufank vun hirer Entsteeungsgeschicht, wéi d’Geheimdéngschtler géinge soen, op deene Grénge geschafft ginn ass. Dofir ass et jo awer keng Ursaach ginn.

Mä Dir hutt, zu Recht, mir déi Fro gestallt, well et huet mir d’Geleeënheet ginn op zwee Aspekter vun deem Gespréich opmierksam ze maachen, wat Dir soss ni erwänt.

Jean-Claude Franck: Mä d’Justiz muss jo dann där Saach och eng Suite ginn, wann do eng Écoute op e Mann war, wat dann net schrëftlech vum Staatsminister autoriséiert war?

Jean-Claude Juncker: Selbstverständlech.

Jean-Claude Franck: An Dir sidd do och zur voller Verfügung. Dir hat selwer gesot, Dir waart an engem, eng Kéier no der Pressekonferenz den Dag war Dir jo bei d’Police jucidiaire fir gehéiert ze ginn. Sinn do weider Kontakter geplangt? Waren do schonn nach weider Kontakter?

Jean-Claude Juncker: Et muss ee vläicht heiansdo der lëtzebuerger Press an Erënnerung ruffen, datt et esou eppes wéi de Secret vun der Instruktioun gëtt.

Mä vu datt jo voll Transparenz gefrot ass, ech sinn net nach eng Kéier convoquéiert gi bei d’Police judiciaire. Mä ech hunn et awer ganz normal fonnt, datt déi Leit, déi mat där Enquête beoptraagt gi sinn, och mam Staatsminister, deem säi Gespréich opgeholl ginn ass - wat Iech manifestement net stéiert - datt och mat deem nach eng Kéier geschwat gëtt. Dat halen ech fir eng normal Virgangsaart a -weis.

Ech wonnere mech e bëssen driwwer, och Dir zwee, déi Dir jo e grousse Wäert drop leet, datt een a senger Privatsphär geschützt ass, woubäi ech net weess ob ech a menger Privatsphär si wann ech mam Chef vum Geheimdéngscht schwätzen, datt Dir dat ganz normal fannt, datt dat ofgedréckt gëtt, datt dat um Radio ka gelauschtert ginn. Ech wënschen Iech emol eng Kéier dat selwecht.

Jean-Claude Franck: Mä och deen, deen dat opgeholl huet, dee riskéiert jo och Suiten. Et ass jo net wéi wann deen dovu kéim?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä lauschtert emol, Dir verkennt déi verschidden Ebenen, ob deenen hei gehandelt gëtt. Dat ass eng Affär vum Parquet, dat ass net eng Affär vun deem mat deem ee Gespréich opgeholl ginn ass.

Mä Dir kënnt Iech jo emol d’Fro stellen, ob dat eigentlech zoulässeg ass, datt een dat um Radio kann nolauschteren. Nun dat weess ech awer net.

Jay Schiltz: Nodeems et virdrun an der geschriwwener Press ze liese war.

Jean-Claude Juncker: Doriwwer kann ee sech och eng Fro stellen. Déi Fro ze stellen, huet iwwerhaapt kee Sënn. Politiker gi behandelt wéi se ebe behandelt ginn hei am Land, an dat muss ee sech gefale loossen.

Jay Schiltz: Kënnt Dir Iech da virstellen, wou dat hierkomm ass, datt d’Lëtzebuerger Land dat iwwerhaapt konnt ofdrécken?

Jean-Claude Juncker: Ma ech hu jo zwar e Geheimdéngscht zu menger Dispositioun, mä vu datt deen awer net zoustänneg ass fir Enquête vun deem Typ ze maachen, esou wéi en och net zoustänneg war fir an der Saach Bommeleeër ze enquêtéieren, well dat eng Polizeiaffär war, hunn ech doriwwer weider keng Nofuerschunge maache gelooss. Dat hëlleft jo och näischt. Tatsaach ass, Tatsaache sinn Tatsaachen.

Ech ka mech elo wochelaang quäle fir erauszefanne wéini wat geschitt ass, a wéini wie mat wiem geschwat huet, a firwat datt dat dann op eemol public ginn ass, mä dat hëlleft mir jo näischt. Dat ännert jo näischt drun datt et public ginn ass.

Jay Schiltz: Mä Dir hutt Iech op der Pressekonferenz hutt Dir Iech jo awer zumindest erstaunt driwwer gewisen, datt dat grad elo zu dësem Zäitpunkt och public gouf.

A wann ech mech gutt erënneren, hutt Dir och Vermutunge gesot, déi Dir hätt, mä déi Dir net präziséiert hutt. Kënnt Dir dat vläicht, wat Dir domat gemengt hutt?

Jean-Claude Juncker: Ech si scheinbar deen Eenzegen am investigative Journalismus sech bewegende Mënsch, deen d’Fro stellt firwat dat dann elo op eemol an den ëffentleche Raum geréit. Doriwwer hunn ech Vermutungen, mä ech hunn awer keng einschlägeg Beweiser, ergo halen ech déi Vermutunge fir mech. Mä et wonnert mech datt kee sech mat där Fro méi intensiv beschäftegt.

Jay Schiltz: Dach mir beschäftegen eis och domat, mir fannen och keng Äntwert drop.

Jean-Claude Franck: Gesitt Dir dann do vläicht eng politesch Relatioun, oder vläicht eng Relatioun mam Prozess Bommeleeër, oder aner Relatiounen?

Jean-Claude Juncker: Jo mä ech mengen net datt et wënschenswäert wier, wann ech mech géif a Mutmaassungen där Zort ergoen.

Dat, ech stelle just d’Fro firwat datt dat elo op eemol esou geet wéi et amgaangen ass ze goen? An ech stellen déi Fro ëmmer erëm, bis ech duerch multipel Contributiounen, och vun der lëtzebuerger Press, déi jo ganz intensiv op deene Saache schafft, an och d’Akten alleguer kennt, wat net mäi Fall ass, ee Bild kréien, wat een dann eng Kéier ka molen. Mä ob ech dat jeemools gemoolt kréien, weess ech net. Dat hänkt vun Ären Talenter of.

Jean-Claude Franck: Ee vun den Aspekter fir de Radio 100,7 an där Affär ass och d’Fro, ob Membere vum Geheimdéngscht kënnen an d’Privatwirtschaft duerno wiesselen, an e grousst Wësse jo mathuelen och iwwer d’Sécherheet vum Staat.

Fannt Dir dat richteg haut am Nachhinein, datt do keng Regelungen do sinn, déi zum Beispill verbidden, datt e Member vum Geheimdéngscht während dräi Joer zum Beispill net dierf an d’Privatwirtschaft goen, an eng Sandstone grënnen, wou en och mat sensibelen Informatiounen handelt?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net wat Sandstone genee mécht. Dir wësst dat, ech weess et net.

Mir hu keng Texter driwwer, déi virschreift wat ee Geheimdéngschtagent kann, wann en aus dem Geheimdéngscht ausklëmmt, professionnel dierf maachen. Dat ass eng Fro mat där sech ze beschäftegen ass. Et ass gläichzäiteg eng Fro där hir Äntwert net innocent ass, net onschëlleg ass, well wann een d’Gefill huet eenzel Leit am Geheimdéngscht géifen net esou fonctionnéieren, wéi ee sech rechtsstaatlech virstellt, datt se missen, dann, an et verspäert een deenen de Wee an aner Aktivitéitsberäicher eran, jo da behält ee se.

Jay Schiltz: Gutt, vill Froe stinn also nach op. Dës Woch huet déi parlamentaresch [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Neen, et stinn net esou vill Froen op wéi Dir sot. Mä ech hat jo eng Pressekonferenz driwwer gemaach, wou wéineg Froe gestallt gi sinn, mat Ausnam vum Här Franck, deen natierlech sech zu Wuert gemellt huet, Dir hutt Iech net zu Wuert gemellt [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Ech koum net méi dozou.

Jean-Claude Juncker: Neen, neen, ech hu jo net brutal déi Pressekonferenz opgehalen.

Wann ee vu vireran d’Impressioun huet, et misst ee soen, et géife méi Froen opgeworf gi wéi Froe beäntwert ginn, da bréngt een deem wat gesot gëtt, wahrscheinlech net déi noutwenneg objektiv Betruechtungsweis zou.

Jean-Claude Franck: Mä d’Haaptfro déi ass jo eigentlech nach ëmmer net gekläert wat do iwwerhaapt geschitt ass? Dir hutt jo selwer virdru gesot, mir hunn nach keng Äntwert do drop. Dir hutt jo selwer, also do daucht e Mann op dee seet, ech hunn eng Opnam op där eppes drop ass, e Gespréich tëscht Iech an dem Grand-Duc. Mir schwätze vu méiglecher Erpressung. Hutt Dir do iergendwéi nach soss an anere Gespréicher iergendwéi nach weider Elementer kritt, wou Dir vun Erpressung vläicht och méi konkret eppes gewuer gi sidd, wéi dat wat elo an deem Gespréich war dat bis elo opgedaucht ass?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn an der Pressekonferenz meng Meenung zum Ausdrock bruecht datt ech géif mengen, datt ee Gespréich tëscht dem Staatschef an dem Regierungschef, dem Staatsminister opgeholl ginn ass, datt dat net stëmmt. Ech ka mir et einfach net virstellen. An dofir muss een alleguer déi Enquêten ofwaarden, déi lafen. Ech kann deenen net virgräifen.

Jean-Claude Franck: Grad wann esou ee kënnt mat eppes wat net stëmmt, da gi mir jo an d’Richtung vun engem Erpressungsversuch. Oder ass et ze fréi fir dat elo ze soen Ärer Meenung no?

Jean-Claude Juncker: Dir sidd jo an enger Redaktioun beschäftegt, an net um Parquet, och wann Dir Iech esou opféiert heiansdo.

Jean-Claude Franck: Mir kontrolléieren och.

Jean-Claude Juncker: Enfin. Dir beschëllegt. Äre Chefredakter seet op enger anerer Radiosstatioun, de Geheimdéngscht dee wier der CSV zu Déngschte gewiescht. Dat brauch een net ze beweisen, dat kann een einfach esou soen. Dir kontrolléiert, jo.

Jay Schiltz: Bein, et waren zanterhier CSV-Premierministeren déi responsabel fir de Geheimdéngscht waren, ausser dem Här Thorn.

Jean-Claude Juncker: Dat heescht jo net datt de Geheimdéngscht fir d’CSV geschafft hätt. Dat hutt Dir awer op enger Antenn vun engem, ech kann net soe Konkurrenzsender, mä engem anere lëtzebuerger Radiossender gesot.

Jay Schiltz: Ass dat da komplett falsch?

Jean-Claude Juncker: Ech géif mengen, well och [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Vum CSV-Staat, nennen net nëmmen ech.

Jean-Claude Juncker: Jo, jo, enfin, Dir sidd awer ee vun den Haaptprotagoniste vun där Begrëffsbildung do.

An ech hu keng Indicatiounen drop, jiddwerfalls sinn och keng Wënsch vu mir an déi Richtung ginn, datt dee Geheimdéngscht deen zoustänneg ass fir bestëmmte Sécherheetsfroen, déi sech hei am Land stellen, datt deen der CSV zu Déngschte soll sinn. Also jiddwerfalls ass mir nach ni eng wäertvoll Informatioun zougedroe ginn, déi der CSV vun instrumentalem Notze gewiescht wier.

Jay Schiltz: Da schafft e wierklech net richteg gutt.

Jean-Claude Juncker: Neen, e schafft wahrscheinlech net esou wéi Dir gären en duerstellt datt e géif schaffen, well eben Ärt Bild vun der CSV dat ass, wat Dir regelméisseg véhiculéiert.

Jay Schiltz: Bon, de President vun der Enquêtekommissioun, den Här Bodry, huet e Méindeg gefrot, wou de Règlement grand-ducal ass, deen déi heiteg Datebank vum Service de renseignements legaliséiert? Huet d’Regierung verpasst dee Règlement grand-ducal ze liwweren?

Jean-Claude Juncker: Dat ass eigentlech eng Niewefro, op déi mir och äntwerte wäerten. Et gëtt jo Méiglechkeeten déi den Déngscht huet, déi am Gesetz geschriwwe sinn, an da gëtt et eng Rei vun Ausféierungsbestëmmnungen, déi musse geholl ginn.

Déi Ausféierungsbestëmmungen, déi hu mir och probéiert ze huelen an deenen zoustännegen, déi selwecht Reglementer aviséierend Autoritéiten déi zougestallt. D’Polizei huet en ähnlech gelagerte Problem, a mir wollten u sech ofwaarde bis déi Reglementer approuvéiert ginn wieren, déi d’Polizeiaarbecht betreffen, an eis dann do drun hänken, well mir do keng extraordinaire erweidernd Kompetenz fir de Geheimdéngscht wollten hunn. A mir kënnen elo an deenen nächste Wochen dës juristesch héichkomplizéiert Fro klären.

Jay Schiltz: Bon, eng lescht Fro, da maache mir awer deen Dossier hei zou mat dem Geheimdéngscht. Wat bedeit dës ganz Affär awer elo fir d’Institutioune vum Land? Et geet vill Rieds vu Glaafwierdegkeet, vu Vertrauen an d’Institutiounen.

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, et kann ee jo net ofstreiden, datt déi Affär dozou bäigedroen huet, datt ee Vertrauensverloscht an d’staatlech Institutiounen konsequenterweis entstanen ass. Dat ass eppes wat mech am héije Mooss besuergt mécht, mä wat een awer net kann ofstreiden, datt dat déi normal, logesch Folleg dovun ass, emsou méi wou jo villes gesot gëtt, an heiansdo och egal wat gesot gëtt.

An ech menge wann déi Saache méi geuerdnet kënne presentéiert ginn, da kann een dee Vertrauensverloscht, dee regrettabel ass, vläicht erëm opfänken.

Mä datt en agetrueden ass, dat kann een ouni all Zweiwel feststellen, well och een a menger Positioun net alles ka soen. An dat ass d’Schwieregkeet. Iwwer mech kann een hei alles soen, mä esou laang déi Enquêtë lafen, an och nach duerno kann ech Mueneches net soen. Domat muss ech liewen.

Jean-Claude Franck: Schwätze mir iwwer eng aner Affär, déi dëst Joer och marquéiert huet. Et geet em d’Cargolux Affär. Eng Cargolux déi ganz wichteg ass fir d’lëtzebuerger Ekonomie.

Dir hutt Iech bis haut an deem ganzen Hin an Hier, och an deene Problemer mat Qatar Airways zeréckgehalen, Dir hutt Iech net ëffentlech dozou geäussert. Wéi kommentéiert Dir dann de Broch elo vun där Partnerschaft tëscht Qatar Airways a Cargolux?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech zu där Affär, wéi Dir dat nennt, e puermol geäussert, ënnert anerem an der Erklärung zur Lag vun der Natioun vu Mee, mengen ech war dat [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Do waren awer nach ganz aner Aspekter um Dësch wéi elo am Hierscht op den Dësch komm sinn.

Jean-Claude Juncker: Jo mä ech hu mech prinzipiell dozou geäussert, datt et richteg wier an engem Moment wou mir nei Exportmäert wëllen eis zouleeën, notamment a grad am arabesche Raum, an am Golfraum, datt ee sech net dierf verwonnert driwwer weisen, datt Investisseuren aus deene Regioune vun der Welt och probéieren Investissementer zu Lëtzebuerg ze maachen.

A wann een en Investisseur wéi Qatar Airways op Lëtzebuerg bréngt, dann ass dat keen ongewéinleche Virgang, mä gehéiert dorénavant zur Normalitéit vum internationale Wirtschaftsliewen.

Ech hunn dat gesot, well ech observéiert hunn an eenzelne Presserorganen, dat ass Iech wahrscheinlech och net entgaangen, datt et heiansdo Remarquë gi sinn, déi regelrechte rassistesche Charakter gedroen hunn. An dogéint wollt ech mech wieren, well dat enger internationaler Plaz wéi Lëtzebuerg net gutt zu Gesiicht steet.

Nun ass déi Kooperatioun mat Qatar Airways eng déi mat der Zäit gewisen huet, esou hunn ech dat jiddwerfalls beobacht, eng Net-Compatibilitéit tëscht ekonomeschen a soziale Reflexer tëscht deene katareschen Investisseuren an deenen Aktionären déi do waren, gewisen huet. An dann ass et eigentlech gutt datt ee sech zur Zäit trennt. Dat schwätzt net dogéint datt een dee Wee ee Moment gaangen ass.

Déi Problemer déi sech bei der Cargolux stellen, an déi enorm sinn, an iwwer déi eigentlech net geschwat gëtt, si Problemer déi sech gestallt hunn iert Qatar Airways bei der Cargolux geland ass, wann ech kann esou soen, an déi sech och haut nach stellen, onofhängeg vun der Identitéit vun engem neien Aktionär dee mir do kënne kréien, a mir brauche jo een, well mir dee Betrib net wëllen zu 100% verstaatlechen.

An déi Problemer déi sech do stellen, déi musse geléist ginn, och ouni Katar, an och mat Katar, an och mat engem Russ, an ouni e Russ, an och mat engem Chines, an ouni Chines. Alles dat muss an deenen nächste Woche geleescht ginn. An et ass fir déi Leit déi do schaffen, a fir déi, déi déi Décisiounen ze huelen hunn, keng einfach Geschicht.

Jean-Claude Franck: Mä d’Regierung hätt den Dossier awer misse vläicht anescht preparéieren, wéi déi Partnerschaft prinzipiell mat Doha ofgemaach ginn ass am Februar 2011? Dir hutt zum Beispill ni an engem Regierungsrot iwwer déi generell Relatioune mam Katar geschwat gehat.

Jean-Claude Juncker: Ma mir haten eng Visite vum Premierminister vu Katar hei.

Jean-Claude Franck: Dat war awer am Juni, dat war méi spéit.

Jean-Claude Juncker: Jo, ech weess net firwat datt Dir Iech eigentlech abild, datt Dir wéisst wouriwwer datt am Regierungsrot ëmmer geschwat gëtt.

Jean-Claude Franck: Dat hunn zwee Ministere vun der Regierung selwer an der Chamber gesot.

Jean-Claude Juncker: Dat heescht awer net datt d’Ministeren ënnerteneen net doriwwer geschwat hunn. Et ass jo nach eng Differenz ob eppes am Conseil de gouvernement évoquéiert gëtt, oder ob déi zoustänneg Ministeren ënnertenee schwätzen. Wa mir all Kéier musse waarde bis Freides de Conseil de gouvernement zesummekënnt, iert mir kënnen Décisiounen huelen, respektiv virbereeden, da geet et nach méi lues hei am Land, wéi et souwisou scho geet.

An esou Gespréicher hunn tëscht de Ministere stattfonnt, ausserdem war de Premierminister vum Katar hei, an ech hunn eng Pressekonferenz gehalen doriwwer, déi natierlech net jiddweree besicht huet, well dat war jo dunn nach net spannend genuch, an do hunn ech vun enger strategescher Partnerschaft tëscht dem Katar a Lëtzebuerg geschwat, well mir ganz einfach an deem Raum, deen een opstriewende Raum ass, an dee vill Problemer innerhalb vu sech selwer kennt, strategesch Partner brauchen. An vun deem Saz ass eigentlech näischt ewech ze huelen.

Jean-Claude Franck: Dir sidd vun, Dir hutt et elo gesot, Dir sidd vun enger strategescher Partnerschaft ausgaangen, an Ären Aussoe vun deemools no och vu Wuesstemsméiglechkeete fir d’Cargolux.

Elo ass eis bekannt aus Dokumenter, datt scho Kontakter virdru waren, wou de Katar awer Virschléi gemaach huet, déi net grad onbedéngt an d’Richtung vu Wuesstem gaange sinn, mä an de Contraire, vun Aarbechtsplazen déi vu Lëtzebuerg op Doha sollten ugesiddelt ginn, vu Flottenofbau.

Dat hätt der Regierung jo awer misse bekannt sinn, gewiescht sinn, wéi se dunn dee prinzipiellen Accord ofgemaach huet?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn Iech gesot, datt d’Cargolux Problemer kannt huet, déi bestanen hunn iert Qatar Airways am Aktionariat geland ass, an datt déi Problemer sech elo och nach stellen. Mir hunn an der méiglecher déiwer Zesummenaarbecht mat Qatar Airways eng Méiglechkeet gesi fir op d’mannst eng Stabiliséierung vun den Aktivitéite kënnen erbäizeféieren. Et si jo och supplementar Aktivitéiten op Lëtzebuerg komm aus dem Golfraum eraus. An dat ass et.

Jay Schiltz: Esou wäit da fir den éischten Deel vun eisem Gespréich zum Joresenn mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. No enger Paus si mir nees do.

[Noriichten]

Jay Schiltz: Zweeten Deel vun eisem Gespréich haut mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Réck- an Ausbléck op dat wat war an op dat wat kënnt. Här Staatsminister och Arcelor-Mittal huet de Kollektivvertrag gekënnegt. Dobäi kënnt, datt d'Wierker Rodange a Schëffleng bis op Weideres zou sinn an d'Haaptgebai an der Neier Avenue ass eidel. Muss d'Lëtzebuerger Regierung den Toun par rapport zum Här Mittal net héijen, ähnlech wéi Frankräich dat gemaach huet?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen net, datt Dir dobäi sidd wann ech mam Här Mittal schwätzen. Déi Gespréicher ginn am Regelfall och net opgeholl. Ech hu bei puer Geleeënheeten dem Här Mittal däitlech gemaach, datt ech bei allem Verständnis fir dee Konjunkturzyklus an deem d'Stolbranche sech befënnt, datt ech net frou sinn iwwert d'Aart a Weis wéi eenzel Décisiounen Lëtzebuerg betreffend geholl ginn, respektiv wéi si matgedeelt ginn. Zum Beispill, obschonns dat jo an der Gewerkschaftsszen och ëmstridden ass, ee Kollektivvertrag unilateral ze kënnegen, ouni wéi ech verstanen hunn, mä ech weess dat net, mat dem Sozialpartner, der Gewerkschaftssäit virdru sech ënnerhalen ze hunn, dat ass eng Aart a Weis déi mir zu Lëtzebuerg net gewinnt sinn. Et ass net illegal, et ass a ligne mat der einschlägeger Gesetzgebung, mä esou fuere mir normalerweis net mateneen an esou kann een och net matenee fueren.

Jay Schiltz: Dir hutt, dat kann ech mech erënneren, deemools an der Chamber wéi d'Iwwernam vu Mittal bekannt gouf, hutt Dir gesot, dat ass eppes wat mir net wëllen, well mir et net verstinn. Verstitt Dir et elo besser?

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech ouni groussen Applaus vum Publikum d'ailleurs laang gewiert géint déi onfrëndlech Übernahme déi Mittal geplangt huet, hunn och do mam franséische Staatspresident vill zesumme geschafft a mat der belscher Regierung, esouwuel der Zentralregierung, wéi och der wallounescher an der flämescher Regierung, fir ze probéieren, datt dat géif aner Formen unhuelen. Mir hunn an der Belsch d'ailleurs net all Ënnerstëtzung do fonnt, wat déi entretemps och bedaueren. An dunn huet den Här Mittal seng Offerte geännert par rapport zu sengen éischte méi brutalen Attacken, well ëm déi huet et sech gehandelt. An dunn ass dat Geschäft leschten Enns gemaach ginn, ouni, datt ech do a Begeeschterung ausgebrach wier.

Woubäi ech wëll hei dobäi soen, Mittal oder net Mittal, den europäesche Stolmaart huet déi Problemer déi en huet an egal ween dee Betrib féiert, och wann dat nach d'Arcelor alleng gewiescht wär, vun der ARBED alleng net ze schwätzen, well da géif et déi scho laang net méi ginn, sinn d'Problemer déi sech am Stolberäich stellen reell an ech si besuergt, féieren och Gespréicher doriwwer mat aneren europäesche Kollegen, datt mir elo d'Capacitéit, d'Stolcapacitéite vun Europa wierklech op ee Minimum eroffueren. Ech si mir mengen Zuelen net ganz sécher, mä wann d'Konjunktur normal leeft, dann hu mir ee Stolbedarf an Europa vun 200 Milliounen Tonnen. A wann een elo alleguerten déi Restrukturatiounsmoossname kuckt déi am gaange geholl ze ginn, mä ech hunn dat selwer net kënnen nokucken, da fuere mir u sech d'Produktiounscapacitéit op 140 Milliounen erof, gëtt mir gesot. Dat heescht, wann d'Konjunktur erëm eng Kéier normal fiert, da gi mir dee Stol anzwousch anescht sichen. Heiansdo mengen ech mir wiere vum Lämmes gebass.

Jean-Claude Franck: Ass de Problem vun deem Konzern net vläicht deen, datt en iwwerverschëlt ass an doduerch och net sech strategesch esou entwéckelt wéi en dat sollt? Wat dann och schlecht ka si fir ee Lëtzebuerger Standuert.

Jean-Claude Juncker: De Konzern deen huet erhieflech Schold an en huet der och gemaach am Moment wou Arcelor a Mittal zesumme komm sinn. An ech hunn ëmmer gemengt bei der Aart a Weis wéi e sech verschëlt géif een och der Tatsaach Rechnung droen, datt d'Konjunktur net onbedéngt op deem Niveau bleift wou si ass an deem Moment wou ee bestëmmte Fusioune mécht.

Jay Schiltz: D'Kollektivverträg ginn opgekënnegt, d'Fronte verhäerden sech, Gewerkschafte, Patronat. Wou ass de Lëtzebuerger Sozialmodell drun? Geet deen Bierg of? Ass deen iwwerhaapt nach existent?

Jean-Claude Juncker: Kuckt mol, dee Lëtzebuerger Sozialmodell, wat ass dat? A gëtt et deen op anere Plazen och nach? Wat ass de Lëtzebuerger Sozialmodell?

Dat ass een absolut Vertraue wat d'Partner, d'Gewerkschaften an Patronatsverbänn anenee mussen hunn. Dee Sozialmodell ass jo ni ouni Friktioune verlaf. Mä en huet awer Artikulatiounsweeër fonnt, wou déi eenzel Protagonisten sech leschten Enns konnten op ee gemeinsamen Nenner eenegen. Mir hu jo ee massiven Personalofbau an der Stolindustrie zanter Mëtt vun de 70er Joere musse maachen. Dat ass och net esou romantesch verlaf wéi mir dat an der Nobetruechtung haut wëlle soen. Mä ëmmerhi sinn Eenegunge fonnt ginn, och doduerch, datt déi verschidde Regierunge sech ëmmer aktiv an dee Stolprozess, Stoltripartite hu mir dat genannt an nenne mir dat nach ëmmer, abruecht hunn. Dat ass et an där Form néierens an Europa ginn. Wann Dir déi franséisch Diskussioun kuckt, déi jo och eng doulourese ass, da streiden déi elo driwwer ob si sollen eng Tripartite Florange betreffend maachen oder net. Dat si Froen déi sech och bis haut bei eis ni stellen. Wa Problemer vun deem Typ optauchen, da setze mir eis hei am Land zesummen.

Mä iwwert dee sektorielle Problem eraus, Aviatioun a Stol, huet de Modell jo awer trotzdem insofern eng Bronchite krut, datt wann d'Sozialpartner sech national sollen treffen, also lassgeléist vun de Betriber sollen treffen, si un d'Houschte kommen. An ech hat d'lescht Joer am Gespréich mat Iech mengen ech gesot, de Modell hätt d'Bronchite, mä ech géif awer net mengen, datt e géif stierwen. Ech stelle just fest, datt d'Bronchite nach ëmmer unhält an datt d'Sozialpartner, wat ech am héije Mooss bedaueren, eigentlech an enger Atmosphär vu kalem Krich sech géintiwwer stinn. An et ass net gutt wann d'Sozialpartner net méi deen een de Wee bei deen anere fënnt. Well dat obligéiert d'Regierung leschten Enns ouni Sozialpartner oder nëmme mat engem Sozialpartner Ofmaachungen ze treffen. Dofir hu mir jo schonn, dat mengen ech war am Joer 2010, d'Tripartite duerch Bipartite mussen ersetzen, wat zäitopwenneg ass a wat vill Energie kascht. Mat deem Wee si mir virukomm, mä dat war net deen normale konzertéierten, de Konsensléisung sichenden traditionelle Lëtzebuerger Wee. Ech bedaueren dat.

Jean-Claude Franck: Mä Iech als Premier an och der ganzer Regierung ass et net gelongen och do erëm deen Discours tëscht de Sozialpartner ze relancéieren. Musst Dir do net vläicht méi aktiv nach drun erugoen? Oder gesitt Dir do keng Chance méi, datt Dir do kënnt eppes bewierken?

Jean-Claude Juncker: Jo ech befanne mech ëmmer nach a Gespréicher mat deenen engen a mat deenen aneren. Mä et kann een den Iesel bis bei d'Waasser féieren, mä saufe muss e selwer, fir mol een aalt Sprachwuert ze gebrauchen. A wann d'Viraussetzunge sech net astellen, datt d'Leit sech erëm kënne am feste Wëllen och Léisungen ze fannen un en Dësch stellen, da kann d'Regierung se net forcéieren. Leschten Enns hunn am Joer 2010 d'Gewerkschafte refuséiert an déi lescht Sitzung vun der Tripartite ze kommen. Dat ass jo net un der Regierung gescheitert. Mä et kann een d'Leit net forcéieren sech aneneen ze verléiwen. Ech forcéiere jo och den Här Schiltz net fir sech an d'CSV ze verléiwen. Et muss ee jo wësse wat een engem kann zoumudden. Respektiv deem kann zoumudden an deen et gëllt sech ze verléiwen.

Jay Schiltz: Da kéime mir bei een aneren Thema, deen och fir vill Gespréich an Opreegung gesuergt huet, dat ass den Dossier Wickreng-Léiweng. Dir sot am Juni an der Chamber, Dir wiert bereet all politesch Conclusiounen aus där Affaire ze zéien. Duerno koum d'Summervakanz, weider gouf net méi driwwer geschwat. Aus Ärem Ëmfeld heescht et awer, Dir wéilt nach ëmmer eng Kéier op déi Affaire zeréckkommen. Ass dat esou?

Jean-Claude Juncker: Jo mä mir hu jo an der Chamber, vun der Chamber gefrot kritt, fir eng Rei vu Korrespondenzen ze publizéieren. Nun ass et esou, datt ee vun den implizéierten Acteuren net d'accord ass, datt seng Korrespondenz publizéiert gëtt. Also musse mir mat der Chamber nach eng Kéier doriwwer schwätze wéi mir dat uginn.

Jean-Claude Franck: Ëm wéi een Acteur handelt et sech dann?

Jean-Claude Juncker: Ech schwätze mat der Chamber doriwwer.

Jean-Claude Franck: Mir hunn op dësem Radio e puermol gesot, datt d'Affär Wickreng-Léiweng och een Ausdrock vun engem staarke Konkurrenzkampf tëscht Promoteure gewiescht wier. Rezent huet de Groupe Giorgetti de Wickrenger Projet integral vum Guy Rollinger iwwerholl. De Grupp Giorgetti huet um Enn vun der Affaire profitéiert, anerer si schlecht ewechkomm. Gesitt Dir dat och esou?

Jean-Claude Juncker: Dat geet mech näischt un.

Jean-Claude Franck: Ass dat dann awer och en, dee Konkurrenzkampf tëscht de Promoteuren, hutt Dir dat och als een Element an der Affaire gesinn? Oder hutt Dir [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech hu mech u sech net ëm d'Interessie vun de Promoteuren als Promoteuren ze bekëmmeren. Ech hu mech ee Moment drëm beméit, fir ze hëllefe Projeten ze entwéckelen déi séchergestallt hätten, datt d'Viabilitéit vun deenen Entreprisen ëm déi et gaangen ass géif assuréiert ginn. Datt dann herno Promoteure sech eens ginn oder net eens ginn, dat ass jo eng Saach déi mech net betrëfft. Ech hat verstanen et wier net richteg gewiescht, datt ech mech iwwerhaapt ëm déi Saach bekëmmert hätt. Da kënnt Dir net elo vu mir verlaangen, datt ech mech elo nach eng Kéier drëm bekëmmeren.

Jay Schiltz: Et heescht dacks, datt d'Promoteuren de Verwaltungen an den zoustännege Ministèren virschreiwe wou wat hei am Land gebaut gëtt. Ass dat richteg?

Jean-Claude Juncker: Dat ass net meng Erfahrung. Mä et gëtt ëmmer erëm Investisseuren, déi gäre bestëmmte Garantien hätten, wat d'Entwécklungsméiglechkeete vun hire Betriber ubelaangt, wat een novollzéibare Reflex ass. An dorëms huet d'Regierung sech ze bekëmmeren, ouni deen een ze avantagéieren, deen aneren ze désavantagéieren.

Jean-Claude Franck: Muss grad dofir net och eng Politik op lokalem wéi op nationalem Niveau net nees méi eng grouss Distanz zu Investisseuren oder Promoteure kréien? Wann de Wirtschaftsminister zum Beispill mat engem Promoteur op eng Foire flitt an déi aner dat gesinn ass et jo normal, datt déi da mengen de Minister wär elo méi no zu deem wéi zu hinnen. Grad wéinst deem Konkurrenzkampf muss eng Politik jo awer absolut neutral sinn oder net?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen, datt d'Politik hei am Land neutral ass an och wann de fréiere Wirtschaftsminister eng Kéier ee Vol genotzt huet aus Grënn déi en plausibel duergeluecht huet, heescht dat jo net, datt en deem Promoteur méi no géing stoe wéi engem aneren. Mä et ass eng Fro déi mech bal äiskal léisst. Well ech hu keng Proximitéit mat deene Kreeser do.

Jean-Claude Franck: Et gouf awer anere Membere vun der Regierung dat virgehäit an op mannst eng Perceptioun dovun ass entstane gewiescht.

Jean-Claude Juncker: Déi ass jo och geschuet ginn.

Jean-Claude Franck: Wat ass geschuet ginn?

Jean-Claude Juncker: Déi Perceptioun.

Jean-Claude Franck: Ah.

Jay Schiltz: Gutt, lues awer sécher leeft d'Zäit och an dësem Interview eis fort. Komme mir vläicht, een anere Sujet nach. Budget, Staatsfinanzen, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Jo dorëms geet et och an der Politik.

Jay Schiltz: Jo, ma ja. Dofir wëll ech jo da mat Iech doriwwer schwätzen. Zanter 3 4 Joer ass d'Viraussetzungen eigentlech ëmmer plus ou moins déiselwecht. Et ass net méi esou roseg wéi et bis elo war, et gouf vill hin an hir och iwwert de Budget 2013, esouguer de Parteipresident vun der CSV war vun der éischter Présentatioun vum Finanzminister enttäuscht. Duerno gouf amendéiert. Wat war dann do schiefgelaf?

Jean-Claude Juncker: Éischtens mol fannen ech et net anormal, och wann et bestëmmte Perceptioune vum Parlamentarismus brécht, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, datt d'Parlament sech an der Endronn vun de Budgetsdécisiounen nach eng Kéier massiv abréngt. Dat ware mir zu Lëtzebuerg net esou gewinnt. Dat ass awer den normalen Tarif an anere Länner, wéi an Däitschland zum Beispill, wou nuechtelaang an deeglaang Sitzungen tëscht Finanzminister an dem Finanzausschuss vum däitsche Parlament stattfannen, ier de Budget definitiv boucléiert ass an e gëtt dann och regelméisseg, wann och net enorm substantiell ofgeännert. Genau dat ass dës Kéier hei geschitt, well d'Deputéierte vun der Majoritéit d'Impressioun haten de Konsolidéierungseffort dee géif net wäit genuch goen. An och iwwerrascht driwwer waren, datt dee Budget 2012 bei senger Exekutioun net esou verlaf ass wéi et eigentlech ursprünglech geplangt war. Ech mengen dat war fir d'Parlament eng Bruttoinformatioun zu engem Moment deen ze spéit war. Well dat hätt een dem Parlament och kënne virdru soen.

Ech hu mech du mat deene Fraktiounen zesummegesat, stonnelaang, laang Stonnen, fir ee bessert Konsolidéierungsresultat ze erreechen, wat mir leschten Enns och ouni grouss Ausenanersetzungen an der Koalitioun fäerdeg bruecht hunn. Esou datt ech mat dem Verlaf vun der Entscheidungsfindung, wéi eis däitsch Nopere géife soen, net ganz zefridde sinn, mä mat der Entscheedung déi mir leschten Enns an enger gemeinsamer Ustrengung fonnt hunn, awer gutt ka liewen.

Jay Schiltz: De Budget huet, gouf awer vu ville Säite vill kritiséiert, virun allem, et geet jo ëmmer drëm ass e sozial gerecht, ass en net sozial gerecht. D'Regierung seet en ass sozial gerecht, d'Oppositioun seet de Géigendeel. Och vill Avisen soen dat. Haalt Dir déi Kritik berechtegt?

Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob déi ganz Oppositioun dat seet. Deeler vun der Oppositioun soen dat. Datt de Budget kritiséiert gëtt an deene verschiddenen Kompartimenter ass och näischt Ongewéinleches. Ech hunn am Juli 1984 mäin éischte Budget gemaach, wann ech dat mat engem exzessive Gebrauch vum Possessivpronomen däerf esou bezeechnen. An et war kee Joer wou de Budget sech ongedeelter Zoustëmmung hätt kënnen erfreeën.

An et war och fréier net esou, datt de Finanzminister een agréabelt Liewe gehat hätt. Well et ass eigentlech fir ee Finanzminister méi einfach "Nee" ze soen, wann d'Keese quasi eidel sinn, wéi et fir ee Finanzminister einfach gewiescht wier "Nee" ze soen, wéi d'Keesen nach méi voll waren. Ech hunn awer oft mussen "Nee" soen. A wa mir net esou dacks "Nee" gesot hätten, da wieren d'Keesen haut wiesentlech méi eidel wéi se et sinn.

Ech menge mir mussen eis einfach drop astellen, datt mir eng relativ grave Verengung vun de Staatsfinanzen hunn. Do gëtt et dann zwou Méiglechkeeten dorop ze reagéieren. Et kann een een extrem déifgräifenden Spuer- a Konsolidéierungskurs steieren. Oder et probéiert een ënnert Bäibehale vun der Konsoliédeirungsnoutwennegkeet Mëttel a Weeër ze fannen, déi net zu engem weidere Konjunkturaberoch féieren, wat eng schwiereg Fro an engem klenge Land ass, wat eng oppen Économie huet, wou d'Elastizitéitsfacteuren tëscht Spuer- a Konsolidéierungseffort hirer real wirtschaftspolitescher Wierkung ganz schwéier am Virfeld ze determinéiere sinn. Dir gesitt, datt Statec an Zentralbank sech domat méritoirement auserneesetzen, ouni datt een do Definitives kann ofliesen.

Mä ech sinn eben net der Meenung, anerer sinn där Meenung, datt een elo hei sollt den absoluten sozial an investive Kahlschlag maachen. Mir hunn d'Investitiounen op engem Niveau gehalen dee méi héich ass wéi dee schonn héijen Niveau aus dem Krisejoer 2009, wou mir antizyklesch Politik haaptsächlech iwwert ëffentlech Investitioune gemaach hunn, fir d'Abrieche vun der privater Nofro kënnen opzefänken, wat eis am Joer 2009 trotz engem grousse budgetären Effort en fait net gelongen ass, well mir haten eng Rezessioun vun iwwer 5%. Mä déi Tatsaach, datt mir méi Geld an d'Hand geholl hu fir d'Wirtschaft um lafen ze behalen, dat ass awer wéi ech fannen eng Politik déi sech rechtfertegt. An elo muss een ebe mam Bléck op d'Verschëldungscapacitéit vum Staat fir d'Joer 2014 weider Konsolidéierungsmoossnamen treffen, awer keng déi Liewenssituatioune géifen a Gefor bréngen oder déi d'gesamtwirtschaftlech Entwécklung géifen nach weider sech no ënnen entwéckelen loossen. Dat ass keng einfach Aufgabestellung an déi brauch och vill Méint vun intensiver Virbereedung.

Jean-Claude Franck: An deem hin an hir iwwert de Staatsbudget 2013 gouf et och Kritik vun de Fraktiounen vun CSV an LSAP wann ech dat richteg verstanen hunn, datt de Finanzminister a sengem Projet sech net un dat gehalen hätt wat dir zu Senneng e puer Woche méi fréi ofgeschwat hat. Gëtt et dann do och Kommunikatiounsschwieregkeeten tëscht Regierung a Fraktiounen oder wéi hutt Dir dat gesinn? Dir waart jo zu Senneng awer och dobäi.

Jean-Claude Juncker: Jo ech mengen ech hätt déi Sitzunge geleet, wa meng Erënnerung richteg ass. Ech mengen, et huet vläicht een atmosphärescht Mëssverständnis iwwert d'Etendu vum Konsolidéierungseffort ginn, deen d'Fraktiounen eigentlech gewënscht hunn. An dat ass awer eppes wat am Liewen öfters virkënnt.

Wichteg ass jo, datt um Enn vum Dag, dat heescht um Enn vum Joer, sech d'Koalitioun op ee Budgetsprojet konnt eenegen, trotz deene massive Kritiken déi aus allen Ecke komm sinn a vun deenen Dir zurecht ervirhieft - oder Dir maacht dat eng Kéier - datt se kontradiktoresch sinn an net op een Nenner ze brénge sinn. Ech hunn och dëser Deeg bei der Conféderation du Commerce eng Interventioun gemaach, déi sech och beklot hunn, datt de Reformwëlle vun der Regierung net géif wäit genuch goen. Eenzel prominent Acteuren an eiser Wirtschaftspolitik, déi kritiséieren och meng Persoun regelméisseg, fir ze soen, wann een esou populär ass wéi de Staatsminister, da misst een eigentlech méi duerchgräifend Moossnamen huelen. Jo si denken dobäi un déi Moossnamen déi si géifen huele wa si esou populär wiere wéi ech, mä si sinn net awer net.

Jay Schiltz: Ok. Nach een Thema dee mir mussen uspriechen, ass Europa, Här Staatsminister. Ass dat elo definitiv definitiv, datt Dir als Chef vum Eurogrupp ophaalt?

Jean-Claude Juncker: Jo et kann e jo net dauernd den Europäer ee Spektakel bidden deen dora besteet, datt een Typ dauernd seet, elo halen ech gären op an da gëtt deen erëm iwwerzeegt dovu virun ze maachen. Dat ass mir am Juli d'lescht Joer geschitt, wou ech eigentlech keen neit Mandat méi wollt unhuelen. Deemools hunn ech gesot, dat wier um Enn vum Joer eriwwer. An dofir hunn ech dat nach eng Kéier zur Iwwerraschung vu villen, gelungenerweis, an Erënnerung geruff. An et geet eben net méi fir déi Aarbecht ze maachen. Ech konnt se laang maachen, ouni datt dat mech dovun ofgehalen hätt zu Lëtzebuerg déi Aktivitéit ze hunn, déi ech misst hunn, quitte datt dat, datt ech manner Visibilitéit hat, well Freides mëttes wann normalerweis dee Briefing ass, dat sinn ëmmer spannend Momenter op de Finanzmäert, do muss ee sech prett halen, fir do déi richteg Message kënnen an déi verschidden Deeler vun der Welt ze schécken. Mä déi lescht 2 Méint, ass et awer op Käschte vu menger Aarbecht heiheem gaangen. Mä och wann et net op Käschte vu menger Aarbecht heiheem gaange wär, hätt ech awer opgehalen. Mä ech hat a 4 Woche 5 Sitzunge vum Eurogrupp ze presidéieren, 2 Telefonskonferenzen vum Eurogrupp. Dat si 7 Sitzungen, déi muss ee virbereeden, herno muss een tréischten, well do kritt jo net jiddwereen dat wat e gär gehat hätt an dat ass einfach esou. Dat huet sech esou zougespëtzt während der Griichelandkris, wéinst där ech hu musse bleiwen, menge Kollegen no, datt dat wierklech een Aarbechtsopwand gi war, deen ech einfach net méi konnt veräntwerten. An dofir ass et elo richteg fir opzehalen.

Jean-Claude Franck: An Dir sidd Iech um Bord vum EU-Sommet mat den anere Staats- a Regierungschefen vun der Eurozon informell eens ginn, datt den hollännesche Finanzminister Dijsselbloem soll Chef vun der Eurozon ginn?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn Ursaachen ze mengen, datt den hollännesche Finanzminister kënnt President vum Eurogrupp ginn. Mä et ass eng vun alle Medie widderhole Falschmeldung, datt sech informell ënner Regierungschefe vum Eurogrupp anlässlech vun dem leschte Sommet zu Bréissel op déi Personalie gëeenegt ginn ass. Dat ass einfach net richteg.

Jean-Claude Franck: D'Frankfurter Allgemeine Zeitung huet dat gemellt, dat heescht dat dementéiert Dir?

Jean-Claude Juncker: Et ass gemellt ginn an den ARD Noriichten an an der Tagesschau, an dunn an der vu mir héich geschätzter Frankfurter Allgemenger Zeitung, mir hätten eis als Regierungschefe vun der Eurozon op déi Personalie gëeenegt. Dat ass net wouer. Ech schléissen net aus, iwwerhaapt net aus, datt mäin hollännesche Kolleg déi Aarbecht iwwerhëlt, mä eng Eenegung doriwwer ass et net ginn an ee Gespréich zu 17 doriwwer ass et net ginn. Dat ass also eng Meldung déi net stëmmt.

Jean-Claude Franck: An am Januar am Eurogrupp fält dann awer eng Décisioun? Gitt Dir dovun aus [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Ech stinn a regelméissegem Kontakt mam Här Van Rompuy, deen och aner Regierungschefe wéi ech och an där Fro consultéiert an ech ginn dovun aus, no weidere Gespréicher mam Här Van Rompuy, datt ech Ufanks Januar meng Kollegen opfuerdere mir Kandidaturen ze schécken, iwwert déi mir dann ofstëmmen anlässlech vum Eurogrupp vum Januar. Ech ginn awer och dovun aus, datt mir net méi wéi eng Kandidatur kréien.

Jay Schiltz: Dir hutt an aneren Interviewen dat Joer 2012 fir Europa als ee gutt oder keen esou ee schlecht Joer bezeechent. Wat vermëttelt Iech déi optimistesch Aschätzung?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn op Froen hin d'Joer 2011 mam Joer 2012 verglach an du festgestallt, datt wann ech d'Densitéit vun den Décisiounen déi an der Eurozon geholl gi sinn am Joer 2012 vergläiche mat deem wat den Erwaardungshorizont am Ufank vum Joer 2012 war, dat ee Joer war, wat d'Somme an d'Densitéit vun den Décisiounen ubelaangt gutt war. Mir hunn et fäerdeg bruecht am Laf vun deem Joer eis op de Fiskalpakt ze eenegen. Mir hunn et fäerdeg bruecht déi Griichelandhëllef déi laang onerreechbar geschéngt huet, kënnen zum Gudde vu Griicheland an zur Stabilitéitsgesundung vun der Eurozon ze deblockéieren. Mir hunn den europäesche Stabilitéitsmechanismus an d'Welt gesat an op de Wee bruecht, dee säi Sëtz zu Lëtzebuerg huet. Woubäi ech hei just wëll umierken, datt domat déi gréisste Finanzorganisatioun vun der Welt hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet, mä dat fält zu Lëtzebuerg kengem op an et freet och kee, firwat kënnt dat grad op Lëtzebuerg. Dat ass just eng Niewebemierkung, déi ech mir erlaben.

Mir hunn also eng Rei vun Décisioune geholl, déi och notamment déi déi d'europäesch Zentralbank geholl huet, zu enger Berouegung op de Finanzmäert gefouert huet, déi net noutwennegerweis muss unhalen, wa mir net virufueren am Rhythmus am Ëmsetzungsrhythmus dee mir elo adoptéiert hunn. Insofern hält d'Joer 2012 besser op wéi d'Joer 2011 opgehalen huet. Et ass also ee gutt Joer gewiescht, mä et war awer keen exzellent Joer.

Jay Schiltz: Här Staatsminister, Dir sidd net nëmmen europawäit, mä ech mengen och soss op der Welt deen déngschteelsten demokratesch gewieltene Regierungschef. Dir sidd doriwwer eraus zanter 30 Joer elo ouni Ënnerbriechung an der Regierung. Dir sot mol eng Kéier vu Joren, wann ech mech gutt erënneren, an engem Interview bei de Kollege vun RTL, Dir wéilt net als Metusalem vun der Lëtzebuerger Politik endegen. Gutt esou al sidd Dir jo och nach net. Mä Dir hutt awer schonns Äre Wonsch ausgedréckt 2014 nach eng Kéier mat an d'Wahlen ze goen a virun allem Premier ze bleiwen. Confirméiert Dir déi Intentioun?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn op eng Fro op der däitscher Televisioun geäntwert, datt ech nach eng Kéier géing mat an d'Wahle goen, mat der Absicht och fir Regierungschef ze bleiwen. Déi Fro hat ni ee mir zu Lëtzebuerg gestallt. Ech war esouguer e bësse genéiert dat op enger däitscher Televisioun ze soen. Ech fannen dat e bëssen niewent dem Dill, datt een op enger auslännescher Télévisiounschaîne innepolitesch Absichtserklärungen ofgëtt. Jo Metusalem, hunn ech, sinn ech vläicht vum Déngschtalter hier, mä awer nach net vu mengem physeschen Alter hir, insofern gesinn ech mech net an der Kategorie vun de Metusalemen, vun den Dinosaurier a vun den absolute Veteranelandesmeeschter mech beweegen.

Jean-Claude Franck: D'Zäitschrëft Forum huet ee Bilan gezu vun ärer 30jähreger Regierungsaarbecht a koum zum Titel, Dir hätt vill Talent, mä Dir wäert ee Mann ouni vill Eegeschaften. Si kommen och zur Conclusioun, Dir hätt, et wär Iech ëmmer vill dru geleeën Muecht an der Partei an och an der Regierung ze behalen, op där anerer Säit hätt Dir elo wéineg politesch Prioritéiten duerchgesat. Wat sot Dir zu deem Bilan vun der Zäitschrëft Forum?

Jean-Claude Juncker: Also ech hunn dat, muss ech éierlech soen, nach net intensiv geliest. Ech maachen dat awer nach, well de Forum och gären een Interview géif maachen, insofern huet ee sech da mat deem ze beschäftege wat Är Kollegen do schreiwen. Meng diagonal Lecture vun deenen Einlassungen do weist mir, datt mir manifestement zu enger ënnerschiddlecher Bilanzéierung vu menger Tätegkeet kommen, de Forum an ech selwer. Fir festzestellen, ech mengen dat gëtt an deem Artikel festgestallt, datt ech net méi deeselwechte si wéi virun 30 Joer, schéngt mir jo eng relativ normal Evolutiounsprozess ze entspriechen. Oder hutt Dir den Androck de Forum hätt sech net an deene leschten 30 Joer geännert?

Jean-Claude Franck: Dat loosse mir hinnen dann och fir vläicht selwer dozou Stellung ze huelen.

Jean-Claude Juncker: Wann een 30 Joer bilanzéiert, wéi gesot hunn ech nach keng attentive Lecture vun deem Artikel kënne maachen, da muss een och déi 30 Joer besichen an net nëmmen déi lescht 6 oder 7 Méint. An ech, fir mech ass dat eng iwwerraschend Iwwerschrëft vu Leit déi manifestement d'däitsch Mammeliteratur gutt kennen, fir mech als Mann ouni Eegeschaften duerzestellen. Et gëtt eng rout an eng schwaarz Linn a mengem Liewen a vun där hunn ech mech nach ni ofgesat an dat ass insofern interessant, wat Är Kollegen do schreiwen, mä awer och insofern irrelevant, well ech sinn nach net op engem Stadium ukomm wou ech eng definitiv Bilanz géif wëllen zéien. Ech weess awer, datt der vill déi schreiwe, gären hätten, datt ech géif definitiv Bilanz weisen.

Jean-Claude Franck: Behaalt Dir europäesch Ambitiounen? Dir halt elo als Chef vun dem Eurogrupp op, kandidéiert 2014 erëm zu Lëtzebuerg, mee bon, de Posten vum EU President zum Beispill gëtt jo awer och nach eng kéier fräi. An Dir wart, selwer hutt Dir schonn a méi Interviewen gesot, net ofgeneigt deemols et ze maachen. Et ass eben just net gaangen.

Jean-Claude Juncker: Jo, mee mir kënnen eng kéier déi Geschicht och opschreiwen. Firwat datt ech net President vum europäeschen Conseil gi sinn. Et ass net nëmmen um Här Sarkozy gescheitert.

Jay Schiltz: ...[inaudible] hutt awer nach eng dohinn getässelt, wann ech dat richteg an Erënnerung hunn. Wou Der gesot hutt, datt deemols Leit, d’Politiker déi Décisioun géint Iech beaflosst hunn, vun deenen haut an Europa kee méi schwätzt.

Jean-Claude Juncker: Dat war eng onkorrekt Ausso, well den Här Berlusconi léist vu sech selwer schwätzen. Deen hat ech eigentlech am Viséier, wéi ech dat gesot hunn.

Jay Schiltz: Dann hat ech dat falsch interpretéiert.

Jean-Claude Juncker: Et ass, ech si méi subtil, wéi Dir heiansdo mengt datt ech et wier. Deenen Discussiounen iwwer d’Presidentschaft vum europäeschen Conseil sinn och vill inhaltlech Diskussiounen virgeschalt gewiescht. A meng décidéiert Opfassung war et, datt de President vum europäesche Conseil misst engstens mat dem President vun der europäescher Kommissioun zesumme schaffen. Sech net als Brems fir de Kommissiounspresident an d’Kommissioun dierft instrumentaliséieren loossen. An et waren e puer Länner, net där mannster, der Meenung, nee nee nee, de President vum Conseil, dat ass de Mann, den intergouvernementale Mann vun de Regierungen an vun de Regierungschefen. An doriwwer hate mir eng inhaltlech hefteg Diskussioun, wou mir eis net eens gi sinn. Do sinn also e puer Saachen zesumme komm. Well ech sinn der Meenung, datt de President vum europäesche Conseil 27 Aktionären huet, an net nëmmen eng kleng Zuel vun Aktionären därf hunn. Den Här Van Rompuy, deen deen Job d’ailleurs zu menger vollster Zefriddenheet an och an engster Ofstëmmung ëmmer mat mir gemaacht huet, et ass also keng Kritik un der Aart a Weis wéi den Här Van Rompuy säin, seng Aarbecht mecht. Mee et ass eng fundamental a Froo Stellung gewiescht, vun den Erwaardungen, déi eenzel Regierungschef-Kollegen op deem, mat der Aféierung vun deem neien Job, do verbonneen hunn.

Jean-Claude Franck: Ech hat just gefrot, ob Dir déi europäesch Ambitiounen weider behalt. Ech mengen, do hutt Dir elo nach weider keng Äntwert drop ginn.

Jean-Claude Juncker: Jo, meng, dat ass eng glungen Fro. Well wéi ech 2004 refuséiert hunn, wat ech jo mühelos hätt kënnen ginn, President vun der Kommissioun ze ginn, do hunn d’lëtzebuerger Zeitungen geschriwwen, elo wier et eriwwer mam Juncker an Europa. 4 Méint dono war ech President vum Eurogrupp. Elo sinn ech 8 Joer, mengen ech, President vum Eurogrupp, zanter 2005, jo, 2013 gëtt dat dann 8 Joer, an dat geet duer. A wann een Premier vun engem Land ass, mat engem gewëssenen europäeschen Parcours och derbäi, dann ass et jo net esou wéi wann een vun haut op muar aus der Europapolitik kënnt ausklammen. Ech soen elo net datt ech do op eng dramatesch existentiell Aart a Weis fir d’Europäesch Unioun gebraucht ginn. Mee ech zéie mech net aus der europäescher Landschaft zeréck. An am Spektrum vu mengem Ambitiounen läit et och net fir Nofolger vum Här Van Rompuy ze ginn, aus Grënn, déi ech gemengt hat Iech relativ schlëssech duergeluecht ze hunn.

Jay Schiltz: Da loosse mir dat als Ärt Schlusswuert stoen. Här Staatsminister, Merci datt Dir och dëst Joer Zäit fir eis hat. Dat war et fir de leschten "Riicht eraus" um Radio 100,7 fir dëst Joer. E neie Rendezvous gi mir Iech ugangs Januar. Bis dohinn, schéin Feierdeeg an e gudde Rutsch an 2013.

Jean-Claude Juncker: Ech wënschen Iech 2 schéin Feierdeeg, an deene Leit, déi esou gentil waren dësem streckeweis dach awer interessante Gespréich nozelauschteren, all Guddes fir dat Joer wat kënnt.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact