Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > Décembre 2012 > Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker

Interview
Interview de fin d'année du Premier ministre Jean-Claude Juncker
"Eldoradio" du 27-12-2012

Vers le niveau supérieur

Eldoradio: Am Joers-Interview mat Eldoradio huet de Premier mat Eldoradio zesummen e Bléck zeréck op 2012 geheit an och schonn e Bléck no vir gewot, op 2013...

Als Premierminister ass een dacks eleng..., dat ass eng vun de Schlussfolgerungen, déi de Jean-Claude Juncker aus der SREL-Affär kann zéien, déi jo elo Enn dës Joers innepolitesch fir vill Gedeessems gesuergt hat. An esou Momenter ass ee frou, wann ee mat richtegen Kollegen kann iwwert alles schwätzen. Esou Frënn huet een och als Premier:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Wann ee Premier ass, ass een ganz oft eleng. Dat ass dat désagréabelt un deem Handwierk. Besonnesch an enger Affaire wéi déi iwwer déi mir elo schwätzen, ass ee während all deene Joeren eleng. An da bemol ass een net méi eleng, well d’ganzt Land jo nolauschtert, engem awer och net hëlleft. Jo, jo, ech hu Frënn an ech hu Kollegen an déi mir och d’Saachen soen, net nëmmen wann ech si froen. Och wann se d’Gefill hunn et wier elo mol gutt wann ech awer eng kéier géif héieren wat d’Leit esou soen. Ech schwätzen awer och selwer mat de Leit. Mee ech sinn awer net ëmmer sécher op d’Leit mir riicht an d’Gesiicht dat soen wat se denken.

Eldoradio: 30 Joer laang ass de Jean-Claude Juncker elo schonns an der Lëtzebuerger Regierung. Déngschteelste Regierungschef an Europa, a wann een demokratesch gewielte Regierungen kuckt, wahrscheinlech och weltwäit...D’Décisioun Politik ze maachen huet de Premier ni bereit. De Fait, ni eppes aneschtes gemaach ze hunn awer schonn:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hunn et schonn e puer mol gesot, datt ech, wann ech op déi 30 Joer kucken, bedaueren, datt ech ze fréi an d’Regierung komm sinn, mat 28 Joer. Et wier méi richteg gewiescht wann ech ee normaalt Beruffsliewen virdru gehat hätt.

Eldoradio: Esou dass hien och déi aner Säit vun der Medail kennen geléiert hätt.

Fir de Premier war 2012 an deem Sënn awer e Joer an deem eng Zort Broch mat der Atmosphär vun der Sozialpartnerschaft am Land gemeet gouf. Grouss Entreprisen wéi d’Cargolux, ArcelorMittal oder d’Luxguard hunn Kollektivverträg gekënnegt, dat op deels louche Manéieren...

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Wat déi Virgäng ubelaangt, stellen ech awer een Broch mat der, mam atmosphäreschen Deel vun der Sozialpartnerschaft fest. Fréier hu mir dat zu Lëtzebuerg op Lëtzebuergesch gemaach, dat heescht jiddwereen huet jiddwerengem gesot wat seng Absichte wieren, an dann ass, sinn déi Prozeduren an d’Wee geleet ginn. Hei gëtt driwwer diskutéiert ob d’Gewerkschaften informéiert gi sinn, virdrun, datt de Kollektivvertrag géif gekënnegt ginn oder net. Do ginn d’Meenungen auserneen, ech wëll mech do net amëschen. Mee ech hunn déi Atmosphär vu Kalem Krich, déi sech do installéiert tëscht de Gewerkschaften an de Patronatsorganisatiounen, net ganz gär. Well dat féiert eis néierens. Mir sinn net zu genuch hei am Land fir dauernd mateneen ze streiden.

Eldoradio: Gestridden gëtt jo och Enn des Joers net ze knapp bannent der ADR. D’Oppositiounspartei ass amgaang sech quasi selwer opzeléisen. Wat hält de Jean-Claude Juncker vun där Entwécklung, bei der, wéi een selwer seet, eenzeg richteger Alternativ?!

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Also, éierlech gesot hunn ech genuch mam Regierungsgeschäft ze dinn a mat de Problemer vum Land a mat aner Saachen mat deenen ech mech ofzeginn hunn fir mech elo intensiv iwwer dee Misère do vum ADR ze freeën.

Eldoradio: Freeën kann een sech och den Ament net wat de nationalen Aarbechtsmarché ugeet...De Jugendchômage läit de Chifferen vun Eurostat no bei 17% bei de Jonken ënner 25 Joer. Och wann d’Zuelen dem Premier no ënnerschiddlech kënnen interpretéiert ginn muss eppes geschéien an dat giff och ugepaakt ginn, seet de Jean-Claude Juncker:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Wa mir déi Politik géife maachen wéi Holland, dann hätte mir e manner héijen Taux vu Jugendaarbechtslosegkeet. Well do ginn déi Jonk ganz oft gezwong, bestëmmte Beschäftegungen unzehuelen. A wann se déi net unhuelen, da gi se aus der Statistik ausgesondert. Dat maache mir hei am Land net. Den Aarbechtsminister ass amgaang dat gesamt Jugendaarbechtslosegkeets-bekäpfungsinstrumentarium z’iwwerpréiwen. Mir hunn och e Projet an der Chamber zougeleet. Deen wäert am Ufank vum nächste Joer, esou denken ech, gestëmmt ginn. A wichteg ass déi Moossnam op déi mir eis gëeenegt hunn, mee dat hu mir awer schonn méi laang am Tube, datt all Jonken, dee keng Aarbecht huet, innerhalb vu 4 Méint muss entweder eng Aarbecht ugebueden kréien, ee Stage ugebueden kréien, eng Beschäftegungsméiglechkeet ugebuede kréien oder eng supplementar Formatiounsméiglechkeet ugebuede kréien. Aus der Iwwerleeung eraus, datt een déi Jonk muss fit maachen fir den Aarbechtsmaart.

Eldoradio: Derbäi kënnt awer och dass déi Jonk sech selwer musse mat der Nues huelen...

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Dat huet, ka mat falsch Orientéierung ze dinn hunn, mee wann een aus der Schoul kënnt ouni iergend een Ofschloss an ouni iergendeng Qualifikatioun, dann huet dat heiansdo awer och mat engem selwer ze dinn. An ech fannen, wann ee keng Qualifikatioun huet muss ee probéieren eng Qualifikatioun ze kréien. Dat heescht sech also neie Formatiounsweeër, déi ugebuede ginn, net ze verschléissen. Dat heescht och, esou Leed wéi mir dat deet, datt een heiansdo muss eng Aarbecht vorübergehend unhuelen, déi net eng ass, déi engem gefält. Mee déi engem awer erlaabt iwwerhaapt Fouss um Aarbechtsmaart ze faassen.

Eldoradio: An de leschte Joeren ass eis vun Eldoradio och opgefall, dass ëmmer méi nationalistesch an auslännerfeindlech Tendenzen bei de Jonken opkommen. Dës drécken sech ganz dacks op Facebook oder aneren soziale Netzwierker aus, respektiv do wou een um Internet anonym e Commentaire kann ofginn. Des Tendenz ass eppes wat de Premier bedauert an him och Suerge mécht. Virun allem well een hei zu Lëtzebuerg muss zesummeliewen. Eppes aneschtes léisst d’Gréisst vun eisem Land guer net zou:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech mierken et a menger Korrespondenz, ech mierken an deem wat d’Leit mir op der Strooss soen, heiansdo zouruffen, wann net zoublären, dass et eng Ofleenung gëtt vun enger Liewensfassong mat där ech mäin Fridde fonnt hunn. A mäin Fridde besteet doranner datt mir hei am Land, déi mir existenziell op Apporten aus dem Ausland ugewise sinn, net nëmmen dierfen a mussen mat den Auslänner cohabitéieren, mee mir mussen liewen, richteg zesumme liewen. Net niefteneen liewen. An dofir muss een sech all deenen Tendenzen an de Wee stellen.

Eldoradio: Ganz interaktiv ass de Staatsminister iwweregens net...Hien huet weder e Facebook- nach en Twitter-Account, och wann et esou Profiler ginn...

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Et ass elo e Buch iwwer Lëtzebuerg eraus komm, “Was Sie über Luxemburg wissen müssen oder können�?, an dunn hunn ech doran gebliedert, an do mierken ech dann, op Facebook, ech hätt nëmmen 3608 Follower. Dat sinn der vill fir een dee keen Site huet.

Eldoradio: De Premier wënscht dann och perséinlech fir 2013 alles Gutts, an zwar am Toun, net via sozial Netzwierker...:

Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech soen Iech Merci an ech wënschen Iech an Äre Leit, déi nolauschteren, all Guddes. Et ass besser ech soen dat wéi wann ech dat géif twitteren. Et klengt méi echt, mengen ech. All Guddes!



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact