|
E schéine gudden Owend fir e Réck- an Ausbléck mam Staatsminister. Här Juncker gudden Owend.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
Caroline Mart: Geet et Iech gutt?
Jean-Claude Juncker: Jo.
Caroline Mart: Da loosst eis emol d’Joer Revue passéieren.
Jean-Claude Juncker: Hoffentlech geet et mir dann och nach gutt.
Reportage:
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Doduerch feiere mir och eis selwer. Ech weess, net jiddwereen heiheem gesäit dat esou. Mä wann d’Geschicht vum Land ee wichtege Schrëtt weider mécht, da muss een dee Schrëtt wierdeg begleeden, well anerer kucken eis no.
Caroline Mart: D’Image no baussen ass wichteg, och fir e Land hautdesdaags. Hëlleft et fir eemol dreemen ze doen amplaz Fongen ze verkafen?
Jean-Claude Juncker: D’Aktivitéit vum Land reduzéiert sech net dodrop fir Fongen ze verkafen. An déi Hochzäit, wou mir elo d’Biller nach eng Kéier gesinn hunn, dat war dann awer ee Moment vu Stallhalen, vun e bëssen nodenken iwwer dat wat ass, iwwer dat wat war, iwwer dat wat kënnt. Ausserdeem huet et Freed gemaach, wann ech dat kann e bëssen esou ausdrécken, dat jonkt Gléck do ze gesinn. Dat war e gudden Dag fir Lëtzebuerg.
Caroline Mart: War et réckbléckend dee beschten Dag, dee schéinste Moment an engem soss schwéiere Joer?
Jean-Claude Juncker: Neen, esou géif ech dat net gesinn. Dat war virun allem e schéinen Dag fir déi zwee déi bestuet gi sinn, a mir hu jo eigentlech nëmmen nogekuckt. Mä et sinn awer aner wichteg Evenementer am Joer ginn.
Caroline Mart: Einfach war d’Joer net. Wéi schätzt Dir 2013 an, méi einfach?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn d’lescht Joer, um Enn vum Joer 2011 gesot, d’Joer 2012 géif net méi einfach gi wéi d’Joer 2011. An ech hunn eigentlech keng direkt Ursaach ze menge firwat datt Joer 2013 géif besser gi wéi d’Joer 2012. Et bleift ustrengend fir jiddwereen hei am Land.
Caroline Mart: D’Auslänner sinn e groussen Deel vu Lëtzebuerg. Lëtzebuerger ass een awer just mam richtege Pass, och als Prinzessin.
Reportage:
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Si passt och bei eis, well hiert onkomplizéiert Wiesen, hiren natierleche Charme, hir grouss Intelligenz an hir zolitt Bildung aus hir eng Ierfgroussherzogin maache wäerten, déi mir eis net méi schéin hätte kënnte molen.
Lucien Weiler (O-Toun): Och wann eis Verfassung hir kee Rôle institutionnel reservéiert, da wäert se awer de facto an där Roll déi se kritt appeléiert si fir un der Säit vun hirem Mann eist Land no baussen ze representéieren.
Serge Urbany (O-Toun):Wa mir hei dat Gesetz stëmmen, diskreditéiere mir eis als Chamber selwer, a grad an deem Moment wou d’Regierung versicht d’Verfassungskommissioun ze bremsen, déi dem Haff säi Recht wollt ofschafen als Matgesetzgeber opzetrieden. Wat en awer hei an eegener Saach op eng onverschimmten Aart a Weis mécht.
Caroline Mart: Datt et esou expeditiv goung mam Gesetz, dat huet fir vill Kritik gesuergt, nom Motto: Fir muenecher ee geet et ebe méi séier. Mä ofgesinn emol vun der ganzer Polemik, gouf et iwwerhaapt iergendeng Urgence?
Jean-Claude Juncker: Neen, ech mengen et ass keng Urgence ginn. Mä et ass eng lëtzebuerger Aart fir datt déi, déi de Staatschef bestueden, Lëtzebuerger ginn. Dat war fréier méi einfach, well d’Gesetzgebung anescht war. Dës Kéier war et e bësse méi komplizéiert, mä dat huet mir awer keng Nuechten ouni Schlof bruecht, dat do.
Caroline Mart: An der ganzer Diskussioun wat Lëtzebuerg ass, hätt ee jo awer och kënne soen: Lëtzebuerg ass grad eben och deen héijen Undeel un Auslänner, ass multikulturell, an d’Relatioune mat der Belsch, déi huet den Haff jo awer scho ganz laang?
Jean-Claude Juncker: Jo, ech hätt och kënnen domat liewen, mä et ass anescht gemaach ginn.
Caroline Mart: D’ASTI mécht am Moment eng Campagne, Making Luxembourg. Et ass jo och eng Fro, wat mécht eis Identitéit aus? Kéint Dir an engem Saz resüméiere wat et fir Iech bedeit Lëtzebuerger ze sinn?
Jean-Claude Juncker: Dat bedeit an der Zuchloft vun zwee Kulturaflëss ze stoen, deen däitschsproochegen, dee franséischsproochegen. Mä dat mécht d’lëtzebuerger Identitéit net aus, d’Intersektioun tëschent deenen zwee. Mir setzen do nach e Stéck drop. Mir setzen ee Stéck Buedemstännegkeet drop, ee Stéck Seriositéit, ee Stéck sech net séier blende loossen.
Caroline Mart: Tjo. Seriositéit, dat ass ee Stéchwuert. 2012 war awer och definitiv d’Joer vu Skandaler an Affären. D’Leit hunn en Deel Vertrauen an d’Institutioune verluer, an déi berühmte Geheimdéngschtaffär huet ferm dozou bäigedroen.
Reportage iwwer d’Geheimdéngschtaffär:
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Ech beschreiwen Iech dee Virgang net, dee Virgang stëmmt awer, datt den Direkter vum Geheimdéngscht ee Gespréich mat mir op mengem Büro opgeholl huet. Dat halen ech fir inakzeptabel.
François Bausch (O-Toun):Mir loossen eis net zum Spillball maache vun hei, ech weess elo net, mir wëssen eigentlech net esou richteg vu wiem.
Jean-Claude Juncker (O-Toun):An déi Leit déi behaapten einfach esou, well heiansdo iwwer dat wat ee seet, net nogeduecht gëtt, de Verdacht géif bestoen, datt de Grand-Duc mam englesche Geheimdéngscht géif zesummeschaffen, déi accuséiere jo eigentlech de Grand-Duc Héichverrot ze begoen.
François Bausch (O-Toun):Mir hunn eigentlech ganz kloer Piècen kritt, déi beleeën datt op engem Weekend eng Écoute gemaach ginn ass op eng Persoun vu baussen, déi weder vum Premierminister nach vu Riichteren autoriséiert war.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech si Victime.
Alex Bodry (O-Toun):Et war e Wonsch dee sech elo aus der Diskussioun eraus ginn huet, fir d’éischt déi dräi Direkteren ze héieren, an da mengen ech awer direkt duerno, iert mir aner Zeien héieren, sollte mir dann, dat heescht, déi politesch Responsabel héieren, dat heescht de Jacques Santer an de Jean-Claude Juncker.
Caroline Mart: Dir sot, Dir sidd Victime. D’Majoritéit vun de Sondéierten engem Journal Sondage no seet, Dir sidd politesch responsabel. D’Enquêtekommissioun déi mécht elo emol hiren Job, deem gräife mir sécher net vir. Mä kënnt Dir de Bierger awer garantéieren, datt jiddwer Concernéierten Abléck kritt, kompletten Abléck kritt a seng Fichen?
Jean-Claude Juncker: Ech hätt gären datt dat géif esou goen, mä ech sinn net zoustänneg fir deen Abléck ze ginn. Do gëtt et eng Rei vun Ariichtungen, vu Kommissiounen, vu Gremien déi doriwwer befannen. Mä ech sinn der Meenung datt jiddwereen d’Recht soll kréien, falls en iergendwou opdaucht an deenen Archiven, vun deene mir wossten datt et se géif ginn, datt deen dat och ka consultéiere goen, jo.
Caroline Mart: A wann ech dat elo guer net weess, wéi, dat heescht, jiddweree mécht elo emol, dee mengt hie kéint dra sinn, mécht da präventiv eng Ufro?
Jean-Claude Juncker: Jiddweree soll sech emol net abilden, datt hien esou wichteg wier, datt en do dra wier. Dat ass dat éischt.
Dat zweet, ech weess jo net wien alles do dran ass, ech weess wéivill Fichen et ongeféier gëtt, dat ass mir gesot ginn. An déi Kommissiounen, déi dofir zoustänneg sinn, déi schaffen dat elo op, an da muss ee kucke wéi dat virugeet.
Caroline Mart: Et kann ee jo soen, datt déi ganz Affären Geheimdéngscht a Bommeleeër ideal si fir déi wëllste Spekulatiounen, an och Verschwörungsgerüchter. Et gëtt jo eenzel James Bond Ingredienzen. Mä Phantasie a Verschwörungstheorie ass och eise Journaliste virgeheit ginn, wéi se ugefaangen hunn an der Bommeleeëraffär ze enquêtéieren. Elo kënnt et awer zum Prozess.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech hätt mech och gewonnert wann et net zum Prozess komm wier. Dat ass jo eng Affär, déi bis haut net opgekläert ass, trotz alle Beméiungen vu villen. An elo kënnt et zu engem Prozess, an et ass Saach vun deenen, déi ze riichten hunn, fir d’Wouerecht ze soen.
Caroline Mart: An et muss grëndlech opgedeckt gi fir datt d’Leit erëm Vertrauen hunn?
Jean-Claude Juncker: Jo, dat ass net den Objet vum Prozess. Den Objet vum Prozess ass net fir datt d’Leit erëm Vertrauen kréien, well d’Vertrauen an d’Institutiounen huet jo ënnert där Bommeleeëraffär gelidden. Objet vum Prozess ass et fir erauszefanne wien et war.
Caroline Mart: Et huet ee gemierkt, Dir waart zimlech ongehalen iwwer eng ganz Partie vu Gerüchter déi dorëmmer zirkuléieren. Mä verstitt Dir, datt ebe bei de Leit déi Confiance méi kleng ass nom Motto: Et ass jo awer net näischt?
Jean-Claude Juncker: Ech verstinn datt d’Leit Vertrauen an d’Institutioune verléieren, wann d’Institutiounen net déi Resultater produzéieren, fir déi se eigentlech erfonnt gi sinn. Dat ass awer nach keng Ursaach fir egal wat fir Gerüchter an d’Welt ze setzen, a fir sech mat deene Gerüchter op eng Aart a Weis ze beschäftegen, déi mir heiansdo ganz ferm op de Wecker geet.
Caroline Mart: Et war net déi eenzeg Affär dëst Joer, et gouf eng aner, déi fir ganz hëtzeg Debatten a Reaktioune gesuergt huet.
Reportage iwwer d’Affär Wickreng-Léiweng.
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Wann d’Membere vun der liberaler Fraktioun, d’Membere vun der grénger Fraktioun, d’Membere vun aner Fraktiounen, voire dat ganzt Haus, der Meenung ass, datt dëst Land vun engem korrupte Staatsminister dirigéiert gëtt, a vun engem Staatsminister deen decke géif datt d’Ministere Privatleit erpressen, dann hätt ech gären, datt dir meng Démissioun frot.
Jean-Marie Halsdorf (O-Toun):Et war ee ganz kuerzt Gespréich wou ech just d’Fro gestallt hunn, den Här Rollinger seet mir, säin Taux wier ze héich, ass dat esou? De Spuerkeesendirekter sot, dat ass en normalen Taux. Merci a fäerdeg.
Claude Meisch (O-Toun):Sécherlech datt et gelungen ass, datt et eng gewësse Proximitéit hei gëtt tëschent Akteuren an der politescher Säit, awer Akteuren och bei eenzelne Promoteuren. Do ass deen ee mat deem anere geflunn, deen een ass mat deem aneren op de Fussball gaangen, oder Formel 1 kucke gaangen. Gläichzäiteg ginn dann awer wichteg Décisioune geholl, datt dann zum Beispill e Projet wéi Wickreng net soll gemaach ginn, an e Projet wéi Léiweng onbedéngt sollt gemaach ginn. Do ass op d’mannst emol e faule Nogeschmaach dee wäert bleiwen.
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Ech schwätze mat kengem Promoteur méi ouni Zeien, fir datt dat glaskloer ass, vun haut un ni méi, ni méi!
Caroline Mart: Jo, do sidd Dir richteg aus der Këscht gesprongen. Et mierkt een, Dir waart an Ärer Éier getraff. Ouni nach eng Kéier an den Detail vun der Affär ze goen, kéint een esou Saachen net mat engem ganz kloeren Code de déontologie an Zukunft verhënneren?
Jean-Claude Juncker: Ech brauch kee Code fir Deontologie ze hunn, mir kréien awer elo [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Et geet jo net nëmmen em Iech.
Jean-Claude Juncker: Jo, jo, och aner Ministere brauchen u sech keen deontologesche Leitfaden fir ze wësse wat se kënne maachen a wat se net dierfen. An dat selwecht applizéiert sech op d’Parlamentarier, deelweis och op d’Journalisten. Mä mir kréien awer elo ee Code de déontologie fir d’Regierung, mä dee wäert net verhënneren, falls ee sech net wëllt richteg behuelen, datt e sech awer falsch behëlt. Mä déi Affär Léiweng-Wickreng, déi mir e puer Wochen Aarbecht gemaach huet, ouni datt ech iergendeppes hätt kënne schaffe während där Zäit, wou ech mech domat hu misse beschäftegen, d’Geheimdéngschtaffär idem, huet jo dra gegipfelt, datt Korruptiouns- an Erpressungsvirwërf géint Membere vun der Regierung geäussert gi sinn. Wat ass dann dovun iwwereg bliwwen?
Caroline Mart: Op där anerer Säit wann ee kuckt wat no allen Diskussiounen iwwereg bliwwen ass, d’Diskussioun ëm e Shopping-Center am groussen neie Stadion, do ass um Enn och näischt bliwwen.
Jean-Claude Juncker: Majo, do si jo awer elo Décisioune geholl ginn, notamment wat de Stadion ubelaangt, wat mengen ech eng raisonnabel Décisioun ass. Mä alleguer déi Virwërf déi u meng Adress gemaach gi sinn, an un aner Ministeschadressen, dovun ass näischt iwwereg bliwwen. Ech hunn awer och net héieren, datt ee festgestallt huet, et wier näischt iwwereg bliwwen.
Caroline Mart: Dir hutt elo just geschwat, raisonnabel de Stadion, et muss ebe gespuert ginn. Dat hu mir 2012 ganz dacks héiere bei ville Geleeënheeten, vu ville Säiten, just dat ass bekanntlech méi liicht gesot wéi gemaach. Ass och keen Thema dat fir Konsens suergt?
Reportage iwwer de Budget 2013:
Lucien Lux (O-Toun):Mir hunn eis an deem Budgetsprojet dee virgeluegt ginn ass Ufank Oktober net erëmfonnt an deem wat mir de 4. September zu Senneng diskutéiert haten.
Claude Meisch (O-Toun):Ech mengen do misste dee Finanzminister op d’mannst d’Vertrauensfro stellen, ob hien dat Vertraue vun de Kollegen an der Regierung, awer och an der Chamber nach huet.
Marc Spautz (O-Toun):Ech sinn net där Meenung datt d’Majoritéitsfraktiounen dem Här Frieden an de Réck falen.
Michel Wolter (O-Toun):Ech hoffen, datt déi eng an déi aner hir Léier och draus zéien, datt et wichteg ass och mat den eegenen Truppen am Virfeld ze schwätzen, wann een an eng gewësse Richtung wëllt goen.
François Bausch (O-Toun):Ech muss jo soen, mir si jo an engem du jamais vu. Mir diskutéieren op enger ëffentlecher Stee eigentlech de Budgetsprojet fir 2013. Ech hunn esou eppes nach net erlieft.
Caroline Mart: Dir hutt schonn erkläert gehat, datt net vill, am Géigesaz zu Iech, net vill vun de Politiker hautdesdaags Krisen-erprouft sinn. Zum Krisemanagement gehéiert jo och d’Kommunikatioun. Do schéngt et jo awer bei deenen Debatten e bëssen dru gehappert ze hunn, also dat Bild datt et chaotesch war, dat ass jo awer zeréckbliwwen.
Jean-Claude Juncker: Leit déi soss keng Suergen hu wéi sech mat der Kommunikatioun ze beschäftegen, hu Recht wa se d’Kommunikatioun bemängelen. Déi déi sech mat Inhalter beschäftegen hu manner Zäit fir gelonge Kommunikatioun. Déi Kommunikatioun ronderëm de Budget, déi war net gelongen, mä si war awer och net, vun der Substanz hier, als ee Virgang anzestufen, deen ee misst an der Rubrik vun dem Aussergewéinlechen ënnerbréngen.
Ech wonnere mech datt eenzel Deputéiert sech driwwer wonneren, datt d’Chamber dierf matschwätzen, a mat décidéieren, a mat gestalte wann et em de Budget geet. Dat wichtegst Gesetz vum Joer, dat soll ausgerechent dat sinn, wou d’Chamber sech net dierft abréngen. Déi wéinegst Gesetzer déi relevant sinn, gi jo esou aus der Chamber eraus, wéi se an der Chamber déposéiert gi sinn. An dës Kéier ass dat beim Budget esou gaangen, wat een absolut normale Virgang ass an den Nopeschparlamenter.
An déi Leit, déi sech doriwwer wonneren, ech schwätze vun de Politiker, déi hu keng Erënnerungen un d’Joer 1979, 1980, 1981, 1982, 1983, 1984, 1985 an 1986. Do sinn nämlech och hefteg Diskussiounen am Regierungslager virgeschalt gewiescht, iert et zu engem Ofschloss vum Budget komm ass. Do huet d’Parlament och intensiv mat diskutéiert. An datt d’Parlament mat der Regierung zesummen, niewebäi bemierkt, de Konsolidéierungspak e bësse méi breet opgesat huet, wéi en ursprünglech vun der Regierung abruecht ginn ass, halen ech fir keen déplorabele Virgang, mä fir e séier nëtzlechen. D’Regierung léiert do doraus, an anerer och.
Caroline Mart: Dat heescht och deemools sinn edel Iddien gefrot ginn als Zeeche vu méi Demokratie?
Jean-Claude Juncker: Déi edel Iddien déi ech gefrot hunn, déi nobel Iddien, mengen ech hat ech mech ausgedréckt, deen edele Wettbewerb vun nobelen Iddien, wat quasi e Pleonasmus ass, deen hat ech iwwerhaapt net un d’Leit alleguer geriicht, deen hat ech un d’Chamber geriicht. An d’Chamber huet dat jo och gemaach. Ech hat, mengen ech, eppes 30 Stonne Sëtzunge mat de Majoritéitsfraktiounen, tëschent dem Dépôt vum Budget, an dem Dépôt vun den Amendementen, an déi Gespréicher sinn eigentlech, esouwäit wéi et harmonesch Budgetsgespréicher ka ginn, harmonesch an och konsensuell verlaf.
Caroline Mart: Esou ganz harmonesch a konsensuell war awer net alles, och net CSV-intern. Mir hu just den Här Wolter héieren, dee gemengt huet, et wier besser et géif ee sech am Virfeld och mat sengen Truppe genee ofschwätzen. Nei ass et natierlech net, datt an enger Partei bestëmmte Richtungsstreidereie gëtt, et ass méi nei fir d’CSV datt dat méi ëffentlech gëtt. Läit dat och dorunner datt Dir ganz vill beschäftegt waart dëst Joer, och mat dem Euro, an datt wann de Kueder net do ass d’Mais dann danzen?
Jean-Claude Juncker: O, ech weess net ob déi aner frou si wann Dir déi als Mais bezeechent, dat géife se wahrscheinlech anescht gesinn, an esou eng richteg Kueder [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Dir hutt jo gären eng bildhaft Sprooch.
Jean-Claude Juncker: Jo, mä am Kueder fillen ech mech awer och net, schwarzer Kater fillen ech mech awer och net richteg beschriwwen [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Wann ech Iech elo eng Kaz genannt hätt, hätt et Iech och net gefall.
Jean-Claude Juncker: Dat ass wouer, ech si méi Kueder wéi Kaz, dat ass richteg. Mä déi Tatsaach, wann den Här Wolter seet, et muss ee mat sengen eegenen Truppe virdru schwätzen, dann huet hie jo do Recht wou e Recht huet. Déi aner Leit missten zur Kenntnis huelen, datt d’Majoritéitsdeputéierte keng Kopfnicker sinn, als déi se während Joere beschriwwe ginn, obscho se et ni waren. An dofir halen ech dat, wéi gesot, net fir en déplorabele Feeler, mä fir ee salutairen. An datt et an eenzelne Parteie Richtunge gëtt, dat ass jo net ofzestreiden. D’Parteie refletéiere jo och en Deel vun der nationaler Realitéit, an deen demokratesche Sträit, de gesonde Sträit fënnt och an de Parteie statt.
Mä wann ech d’Zeitunge richteg liesen, an d’Televisioun heiansdo richteg kucken, da mengen ech awer datt déi Ausernanersetzung an der CSV esou wieren, datt d’CSV déi Partei wier mat deem wéinegsten Dissens de Moment.
Caroline Mart: D’Fro, wann een de Routstëft usetzt, ass jo ëmmer wou? Intelligent spueren, dat ass kee comptablen Exercice, dat soll jo awer och eng politesch Linn weisen. A wann een e bësselche kuckt, dann ass an eenzelne Punkten awer ferm séier de Réckgang ageluegt ginn. Et ass nach net esou laang hier, datt Dir vu gratis Kannerbetreiung geschwat hutt. De Koalitiounspartner hat emol eng Kéier vu gratis Transport geschwat. Grad op deene Punkte kommen awer prozentual zimlech héich Haussen elo op d’Leit duer. Dat versti vläicht vill Bierger net.
Jean-Claude Juncker: Jo, et muss een hinnen et awer erklären, fir datt se d’Méiglechkeet kréien et iwwerhaapt ze verstoen. Déi Zilsetzung, datt een d’Kannerbetreiung à terme soll gratis maachen, war jo eng längerfristeg gezunnen. D’Verengung vun de Staatsfinanze léisst d’Ëmsetzung vun där Iddi, wat keng generéis Iddi ass, mä eng iwwerluegte Kombinatioun vu Beruffsliewen a vun Familljeliewe soll méiglech maachen, fir de Moment als net machbar erschéngen.
Déi Tatsaach datt den ëffentlechen Transport eng Erhéijung kennt wat de Präis vun den Ticketen ubelaangt, ass och net ongewéinlech an deem Mooss wou mir jo iwwer laang Joeren esou Erhéijungen net gemaach hunn. An den Undeel vun de Recetten um ëffentlechen Transport nëmmen ee ganz klengen Deel vum Gesamtkäschtepunkt vum ëffentlechen Transport ausmécht, bréngt mat sech, datt een do heiansdo muss d’Präisser unhiewen.
Ausserdem hat ech jo proposéiert, dat ass vläicht an Erënnerung ze ruffen, fir an engem Moment wou ee géif, dat war an der Tripartite 2010, notamment d’Pëtrolsprodukter aus dem Indexwuerekuerf eraushuelen, datt een am Géigenzuch dozou, am Géigenzuch zum gedeckelten Index an zum Eraushuele vun de Pëtrolsprodukter aus dem Indexwuerekuerf, den ëffentlechen Transport géif gratis maachen. D’Gewerkschaften hunn dee Moment verpasst fir dat duerchzesetzen, an anerer déi déi Iddi net matgedroen hunn, och.
Caroline Mart: Elo sidd Dir ausféierlech nach eng Kéier op déi zwee Punkten agaangen. Mä allgemeng, sinn net Versprieche gemaach ginn, oder Saachen an Aussiicht gestallt ginn an engem wirtschaftlech gudde Kontext, ouni drun ze denken, datt deen eng Kéier kéint däitlech méi schlecht ginn?
Jean-Claude Juncker: Mä ech stelle mech eigentlech där legèrer Interpretatioun vun de Wahlkampfaussoe vun 2009 radikal an de Wee. Déi vill Dausende Leit déi bei där Übung dobäi waren, déi sech Juncker on tour nennt, wou iwwer Inhalter vun der Politik geschwat ginn ass, déi wësse ganz genee, datt ech ëmmer erëm gesot hunn, de Finanzminister Frieden, deen deemools nach net Finanzminister war, mä Budgetsminister och, datt mir géifen op eng Legislaturperiod zougoen wou extremste Schwieregkeeten ze erwaarde sinn no där Kris, déi eis 2008, 2009 erreecht huet, och hei zu Lëtzebuerg erreecht huet. Wou mir drop opmierksam gemaach hunn, datt d’Verschëldung géif relativ fir eis Verhältnisser substantiell uklammen, och well mir Milliarden hu missen an d’Hand huelen 2008 fir Banken zu Lëtzebuerg ze retten.
Et wier dofir gutt och wann eenzel Patronatsorganisatioune géifen déi strukturell Zesummesetzung, de Kompartimentage vun der ëffentlecher Schold sech emol géifen ukucken.
De Wahlprogramm vun der CSV huet een Einführungskapitel, wou schéin drop opmierksam gemaach gëtt, datt wann d’Finanzsituatioun sech weider géif verengen, datt dann eenzel Saachen net kënnte gemaach ginn. Dee selwechte Finanzéierungsvirbehalt steet an der Regierungserklärung.
Fir ze soen, et wier virun de Wahle gelunn ginn, dat ass eenzeg an alleng op ee Mangel u politeschem Interesse zeréckzeféiere vun deenen déi net Wahlprogrammer liesen, d’Debatten an der Chamber net verfollegen, an net op Wahlversammlunge kommen.
Caroline Mart: Dir hutt de Finanzéirungsvirbehalt scho genannt, et ass e Wuert wat a Krisenzäite Konjunktur huet. Do notzt muenechereen vläicht d’Geleeënheet och Projeten déi glaskloer geschéngt hunn, nees a Fro ze stellen?
Reportage iwwer den Tram:
Marc Spautz: Ech hu gesot, et muss een hannerfroen, ob den Tram noutwenneg ass oder net...
François Bausch (O-Toun):Also huet et näischt mam Finanzement ze dinn, also huet et eppes domat ze dinn, datt dir den Tram a Fro stellt.
Marc Spautz:Haaptpunkt ass de Finanzement Här Bausch.
Caroline Mart: Kënnt den Tram dann elo, oder net?
Jean-Claude Juncker: Entgéint deem Androck, deen Dir heiansdo probéiert waakreg ze ruffen, décidéieren ech net alleng, net Dir perséinlech, entgéint deem Androck dee geschürt gëtt, wéi wann ech hei am Land géif alleng décidéieren, ass dat net esou.
Vun Ufank u wou mir deen Tram diskutéieren, ass dat en Thema wat an de Kontroversen ënnergeet. Dat huet 1992 ugefaangen, dat ass net gëschter Owend gewiescht, Lux-Traffic huet déi Étude geheescht, dunn ass de BTB komm An elo ass den Tram komm an där Versioun wéi mir en elo kennen.
Ech ka mech un alleguer déi erënneren déi dogéint waren, ech war ëmmer dofir, well ech der Meenung sinn, datt mir esou ee Verkéiersinstrument regelrecht brauchen, fir deene Problemer Meeschter ze ginn déi do sinn, an déi op eis zoukommen. An dofir sinn ech der Meenung datt et zum Tram keng Alternativ gëtt. Wéi een e finanzéiert, ass eng aner Saach. Do mussen déi sech driwwer ënnerhalen, déi dofir zoustänneg sinn. Datt den Tram kënnt, muss kommen, ass fir mech eng ausgemaache Saach zënter 1992. Et sinn haut Parteie fir den Tram, déi hunn alles gemaach fir de BTB ze verhënneren.
Caroline Mart: Dir hutt d’Patronat schonn ugeschwat gehat. Wa mir vun de Finanze schwätzen, da gëtt et jo de berühmtene Saz: Ech traue just Zuelen déi ech selwer gefälscht hunn, oder Zuele si gedëlleg. Mä wat opfält, dat ass datt Interpretatiounsdivergenzen zimlech grouss si wat déi Zuele betrëfft. Wann een elo kuckt Prokappakommes, PIB ass Lëtzebuerg absolute Musterschüler. D’Gewerkschafte soen dann och, iwwerhaapt kee Problem, d’Kris ass esou gutt wéi eriwwer, et war just konjunkturell. D’Patronat moolt dann e Rezessiounsdäiwel un d’Mauer. Wien huet dann elo Recht, allebéid kënnen et jo net sinn?
Jean-Claude Juncker: Neen, dat ass jo d’Schwieregkeet déi mir hu fir d’Sozialpartner op eng gemeinsam Analys zouzebewegen. Et ass schwéier wann d’Standpunkten esou wäit ausernee leien, fir dann nach eng Gespréichsatmosphär ze crééieren, wou ee kann zesumme probéieren d’Problemer déi d’Land huet, onverkennbar jo huet, fir déi kënnen ze léisen. An et ass eben net esou datt d’Kris Lëtzebuerg net erreecht huet. Déi meeschte Leit spiere just näischt dovun, well déi meeschte Leit déi keng Aarbecht hunn, sinn Auslänner déi zu Lëtzebuerg wunnen, net d’Lëtzebuerger selwer sinn an engem grousse Mooss vum Chômage betraff, deen Eenzelne schonn, mä als Grupp net esou staark.
An d’Kris zu Lëtzebuerg dat ass wéi de Reen am Bësch, dee kënnt méi spéit, e kënnt ofgeschwächt un, an et gëtt ee manner naass, wéi wann een ausserhalb vum Bësch um fräie Feld duerch de Reen trëppelt. Mä et muss een awer wëssen, datt de Reen do ass, an de Bësch ass net onendlech.
Caroline Mart: Also ass d’Kris sérieux?
Jean-Claude Juncker: Ech si vun 2008, 2009 un der Meenung datt mir et mat enger fundamentaler Kris ze dinn hunn, enger Poly-Kris, déi sech aus méi Elementer zesummesetzt, déi och gläichzäiteg, dat heescht am selwechte Moment iwwerall op der Welt ukomm ass, an all Secteure vun der Ekonomie erfaasst huet.
Wéi mir d’Banque Générale hu misse retten, well mir hu se gerett, och wann Eenzelner dat haut schonn erëm vergiess hunn, dunn hunn ech an der Chamber gesot, déi Kris an déi mir elo géifen, op déi mir géifen zousteieren, déi géif méi schlëmm gi wéi déi Stolkris déi mir haten. Doriwwer hunn Eenzelner sech nawell gäre lëschteg gemaach, mä d’Laachen ass hinnen entretemps vergaangen. Well déi Kris mat där mir et ze dinn hunn, ass seriéis, si ass déifgräifend, also musse mir eis och mat hir beschäftegen.
Caroline Mart: An Dir gitt mir mäin nächst Stéchwuert beim Dossier, deen Iech, wéi Dir sot, vun Ärer Biographie ganz no ass, d’Kris am Stolsecteur.
Reportage iwwer Arcelor-Mittal:
Jean-Claude Bernardini:Si hunn eis de Bréif geschéckt an deem offiziell de Kollektivvertrag dénoncéiert gëtt. Wéi gesot, u sech ass et kee Problem, ausser datt een domat 100 Joer Geschicht a Fro stellt, an datt een den Accord Lux-2016 och mat a Fro stellt, an deem een dat dénoncéiert.
Nico Reuter (O-Toun):Mir wëlle virun allem méi eng nei a méi eng modern Conventioun ausschaffen. Do natierlech d’Kënnegung ass eng Methode fir eis hei och zäitlech ënner Drock ze setzen.
Charel Hennico (O-Toun):Wann een dat géif bildlech duerstellen, géif ee soen, ech kënnegen elo de Kollektivvertrag, ech soen dir elo meng Konditiounen, ech halen de Revolver un de Kapp, an du hues 12 Méint fir ze ënnerschreiwen. An dat ass eng Aart a Weis, op déi Aart a Weis, dat kënne mir net akzeptéieren, wäerten net akzeptéieren.
Caroline Mart: Musse se awer vläicht akzeptéieren?
Jean-Claude Juncker: Déi Tatsaach datt ee Kollektivvertrag gekënnegt gëtt viru sengem normale Liewensenn, ass mat der Gesetzesgebung konform, ass awer net déi fein Methode. Wéi dat elo am Eenzelfall gaangen ass bei Arcelor, weess ech net, well déi eng soe mir, d’Gewerkschafte wiere virdrun iwwer dee Schrëtt informéiert ginn, déi aner soe mir, dat wier net geschitt. Mä der lëtzebuerger Traditioun entsprécht dat net am vollen Ëmfang, wéi esou Mueneches an der Stolindustrie net der lëtzebuerger Traditioun am vollen Ëmfang entsprécht.
Caroline Mart: Wann ee Kräfteverhältnis seet, a Muechtkampf, dann ass et jo och eng Fro, wéivill Kraaft ass op där enger an op där anerer Säit? Wéivill Muskelen hunn dann d’lëtzebuerger Stolaarbechter nach an deem Kampf ze weisen?
Jean-Claude Juncker: D’lëtzebuerger Stolaarbechter stellen eng Zort vu besonnesche Mënschen duer. Si komme vu wäit hier, a si hu villes erlieft. A si hänken och un hire Schmelzen, an un hirem Aarbechtsinstrument, an un hirer Géigend, an un deem wat déi Géigend ausmécht. Ech mengen net datt déi déi de Wëlle vun de Stolbelegschaften ënnerschätzen, dofir ze suergen, datt d’Stolproduktioun zu Lëtzebuerg och an Zukunft stattfënnt, iergendeng Ahnung vun de Stolaarbechter an de Stolbeamten hirer Mentalitéit hunn. Dat si Leit aus Stol an Eisen, déi hunn et a sech.
Caroline Mart: Dir kënnt Iech keng Zukunft virstellen ouni Stolindustrie, dat hutt Dir dacks genuch gesot, wéi verbonnen Dir mat hir sidd, dat wësse mir och. Mä den Här Mittal deen ass anescht gestréckt wéi Dir, dee kuckt just seng plakeg Zuelen. A Frankräich, net wäit ewech vun hei, zu Florange hat den Här Montebourg esouguer mat Verstaatlechung vum Site gedreet. Ass dat de leschten Joker oder Verzweiwelungsdot, ass dat realistesch?
Jean-Claude Juncker: Ech si kee groussen Unhänger vu Verstaatlechung vu Betriber, obschonn ech op Grond vun, jo, deen Deel Sozialdoktrin op dat ech mech bezéien, keng ideologesch Schwieregkeeten hu fir ze verstaatlechen. Och an den 1980er Joeren ass zu Lëtzebuerg d’Fuerderung erhuewe ginn d’Stolindustrie ze verstaatlechen. Den Här Werner huet eng Kéier an der Chamber gesot, hie wier domat d’accord, well dat jo mam Denke vu senger Partei duerchaus kompatibel ass, an dorunner huet sech näischt geännert.
D’Fro ass just, wann een dat mécht, ob een dann deene Leit, déi do schaffen, an deem Secteur vun eiser Industrie wierklech een Déngscht leescht? Mir ware jo laang Zäit een décken, staarken Aktionnär an der Stolindustrie. A meng Erfahrung aus där Zäit ass datt mir als Ministeren, och als héich Beamten en fait näischt vun deem Geschäft genuch, datt mir vun deem Geschäft net genuch verstinn, fir eis mat deenen anere Krokodilen do am Waasser erëmzefannen. Ech kann dëst an dat am Liewe gutt, mä et gëtt awer och Saachen, déi een net kann.
An ee grousse Stolbetrib dee weltwäit täteg ass, ënnert verstaatlecher Form politesch ze leeden, halen ech fir ee Vertrauensbeweis an d’Politik dee se eigentlech op deem Punkt sécherlech net verdéngt.
Caroline Mart: Net just bei ArcelorMittal, och bei der Cargolux bléist e raue Wand a gëtt deels zu de selwechte Methode gegraff.
Reportage iwwer d’Cargolux:
Fernand Etgen (O-Toun):De Finanzminister hat ganz alleng d’Sue virun de Aen, an d’Ofsécherung vun den Aarbechtsplazen hat hien dobäi ganz vergiess.
Luc Frieden (O-Toun):A besonnesch rose sinn ech iwwer dee Punkt wa gesot gëtt, hei ass e Minister an e Land gaangen, an deen huet géint d’Intérêten vum lëtzebuerger Land geschafft. Dee Saz, Dir Dammen an Dir Hären, loossen ech net stoen. Ech deen all Dag, esou wéi viller heibannen, mech asetzen, mech asetze fir ze kucken, datt dat Land hei virukënnt.
Albert Wildgen (O-Toun):Leider muss d’Salariat vill Konzessioune maachen, soss kënne mir net weider fueren.
Lucien Lux (O-Toun):Et ass bei der Cargolux, fäerten ech, eng Minutt op 12.
Claude Wiseler (O-Toun):Et ass esou datt selbstverständlech déi chinesesch Grupp considéréiert gëtt wéi all aner Interessenten, fir ze kucke wat sënnvoll, wat richteg fir d’Cargolux, a wat dee beschte strategesche Partner an Zukunft soll sinn.
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Lëtzebuerg war jo ëmmer schonn op auslännescht Kapital ugewisen. Haut kënnt dat Kapital och aus Asien, aus Russland, aus de Golfstaaten. Mir dreiwen, esou si mir, nawell gären Handel mat dësen neien Akteuren, mir verdéngen nawell gäre Geld, vill Geld doduerch datt mir an déi Regiounen exportéieren, mä wéi et schéngt, hu mer awer ganz dacks prinzipiell Bedenke wa Betriber a Kapital aus deenen Deeler vun der Welt bei eis kommen. Dëse Provinzialismus am Kapp kënne mir eis net méi leeschten.
Albert Wildgen (O-Toun):De Fait ass datt mir an der Cargolux all Mount zënter 1. Januar rise Perte maachen.
Etienne Schneider (O-Toun):Kann een der Luxair zoumudden, datt déi muss esou eng Kapitalerhéijung matmaachen, wa se selwer Problemer huet an hirem Geschäft? Dat ass eng Fro déi d’Regierung muss klären.
Caroline Mart: Et riskéiert eng haart Landung. Ueschtert d’Parteigrenzen ewech ass gesot ginn, mir mussen aus der Vergaangenheet léieren elo fir d’zukünfteg Strategie. Wat war dann de gréisste Feeler bis elo an der Affär Cargolux?
Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt muss een emol zur Kenntnis huelen, datt d’Welt sech geschielt huet, an eng aner Hautfaarf kritt.
Dir hutt elo grad een Auszuch aus der Erklärung zur Lag vun der Natioun, mengen ech, agespillt, wou ech dofir plädéieren, datt mir eis mussen opmaache fir Investisseuren aus aneren Deeler vun der Welt, déi bis elo keng Deeler vun der Welt waren aus deenen Investisseuren no Lëtzebuerg geschéckt gi sinn. Dat muss een einfach maachen.
Katar ass eng éischt Adress ginn vu bal jiddwerengem an Europa, vun den europäesche Premierë waren der op d’mannst 10 d’lescht Joer am Katar. De belschen Ausseminister hält sech zur Zäit mat enger Wirtschaftsdelegatioun am Katar op. Fir ze mengen dat wier esou een Ausdrock vu besonnesch verierter Luxemburgensia, ass ee falschen Androck. All Mënsch probéiert mat deem Land de Moment a Geschäftsverbindung ze trieden.
Tatsaach ass, datt mat oder ouni Katar a Qatar Airlines, d’Cargolux viru grousse Problemer stoung, viru grousse Problemer steet, a virun extrem grousse Problemer stoe wäert. Onofhängeg vun der Identitéit, a vum Fändel, a vun der Provenienz vun zukünftegen Investisseuren, muss eng déifgeeënd Restrukturéierung bei der Cargolux stattfannen. Dat mussen och d’Gewerkschaften zur Kenntnis huelen, dat mussen och d’Leit, déi deen Dossier interesséiert nokucken, och zur Kenntnis huelen.
Caroline Mart: Firwat huet et da mat de Katarien net geklappt? Dir hutt eis jo elo just erkläert, datt se iwwerall gefrot sinn, jiddweree mat hinnen Handel bedreift. Wa sech der zwee bestueden, da kucke se och ob se zesumme passen, net just op finanziellem Plang. An déi hei zwee hu sech jo awer scho kannt. Ech mengen d’Verhandlunge si jo net eréischt dëst Joer ugaangen.
Jean-Claude Juncker: Jo, ech weess u sech net wéi gutt datt déi sech kannt hunn. Mä et weess ee jo aus där Bestuederei, déi Dir, op déi Dir Referenz gemaach hutt, datt een heiansdo un deem aneren eppes mierkt, wat ee virdru wéi ee sech bestuet huet, net gemierkt huet. An ech mengen, esou ass et hei gaangen, well de Modus mat deem d’Vertrieder vu Qatar Airways sech sozial beweegt hunn an deem Betrib, ass net déi lëtzebuergesch Aart. An dann ass et besser et trennt ee sech zur Zäit, wéi datt ee sech ze spéit trennt.
Caroline Mart: Beim Bestueden ass et esou, datt een hautdesdaags keen anere méi froe muss. Bei esou enger Saach ass et natierlech anescht. Hat den Här Frieden e kloert Mandat och vun Iech fir déi Verhandlungen esou ze féieren?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn den Här Frieden encouragéiert, wéi och aner Ministere virun dem Här Frieden, aner Transportministeren, den Här Frieden ass jo net Transportminister, fir eng Participatioun vu Qatar Airways an der Cargolux ze sichen, well d’zukünfteg Aktionären hu sech dee Moment net em d’Cargolux gerass. Et räisst och elo kee sech em d’Cargolux, well dee Betrib sérieux Problemer huet fir an der Loft ze bleiwen. An dofir wier ech och ganz dankbar dofir datt mir géife mat där neier lëtzebuerger Onaart ophalen, fir strategesch Diskussiounen, déi dee Betrib, an aner Betriber betreffen, an der Chamber an ëffentlecher Debatt ze erörteren. Ech kann d’Deputéiert net drun hënneren dat ze maachen, mä wa mir menge mir wieren dichteg wa mir dat maachen, solle mir am Kapp hunn, datt déi aner déi Cargoaktivitéiten an der Welt hunn, ganz genee nolauschtere wat da bei hirem Haaptkonkurrent, der Cargolux, geschitt. Mir schéissen eis pausenlos, ouni Rücksiicht, just fir de Leit ze gefalen, an d’eege Féiss, a maachen déi Gesellschaft futti wa mir esou virufueren.
Caroline Mart: D’Cargolux, egal wéi, brauch en neie Partner. Et gëtt nach näischt iwwer d’Verhandlunge gesot. Dir sot, och dat muss diskret sinn, dat versteet jiddwereen. Et weess ee just, et gëtt mat Chineesen, oder mat Russen diskutéiert. Et weess een och, hautdesdaags kann ee sech kee molen, se stinn net schlaang. Awer wann een d’Chineesen, oder d’Russe kuckt, oder d’Katarien, dat sinn alles elo keng lupereng Demokratien, déi net onbedéngt déi selwecht Gewunnechten hunn och wat d’Aarbechtsrecht betrëfft. Wann een elo kuckt wat a Moud kënnt, net nëmme Kënnegung vu Kollektivverträg, do geet och Rieds vu méi flexibelt Aarbechtsrecht an esou weider. Wat ass wann dat als eng vun de Fuederungen ass fir den zukünftegen neie Partner?
Jean-Claude Juncker: Also ech mengen, et muss ee sech vun enger gewëssener naiver Vue op d’Welt befreien. Déi Investisseuren, déi aus aneren Deeler vun der Welt kommen, déi hunn aner Usiichten, dat weess ech.
Mä an Däitschland, an der Belsch, am Frankräich gi permanent, permanent, deeglech Kollektivverträg gekënnegt. An Däitschland ass d’Aarbechtsrecht maximal flexibiliséiert ginn, zu Lëtzebuerg ass dat net geschitt. An der Belsch ass d’Aarbechtsrecht staark flexibiliséiert ginn, an Holland ass et total flexibiliséiert ginn. Dat sinn Hollänner, dat si Belsch, dat sinn Däitscher, dat si Fransousen, dat si keng Leit aus der Wüst déi dat gemaach hunn. Mir hunn eis zu Lëtzebuerg dogéint gewiert. [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Kënne mir eis an Zukunft dogéint wieren?
Jean-Claude Juncker: Ech wëll mech dogéint wieren, well ech der Meenung sinn, an dat ass bei mir eng staark, och gewuessen Iwwerzeegung, datt déi Theorie déi doranner besteet, datt wann een deene Leit déi schaffe ginn, den Arbeitnehmer, wann Dir esou wëllt, méiglechst vill Rechter ewech hëlt, si an Zäitverträg aweist, statt en een onbefristet Aarbechtsverhältnis ze loossen, datt een ëmmer méi Réckgrëff op d’Leiharbeit hëlt - déi zu Lëtzebuerg iwweregens esou geregelt ass, datt een dee Leiharbeiter ass genee déi selwecht Pei kritt wéi säin Noper deen am Betrib schafft, do schloe se sech an Däitschland an an der Belsch de Kapp an dowéinst - sinn ech der Meenung datt déi radikal Flexibiliséierung vun den Aarbechtsverhältnisser näischt bréngt. Dat dréit zur Précariséierung bäi, dat hëlt de Leit Liewenssécherheet ewech, dat hëlt de Leit d’Planhoheit iwwer hiert eegent Liewen ewech. An dofir soll een, esou wäit wéi et nëmme geet, Ofstand huele vun enger Flexibiliséierung ouni Borne an ouni Gène, well et ass kee Beispill do dat weist, datt dat géif eppes bréngen, sauf an Däitschland, mat dem Resultat allerdéngs datt Milliounen däitsch Aarbechter fir manner wéi 700 Euro de Mount schaffe ginn. Wëlle mir dat? Ech wëll dat net.
Caroline Mart: D’Cargolux, sot Dir, ass a seriéise Schwieregkeeten, et kéint ee se futti maachen, et geet Rieds bis zu enger Milliard déi néideg wier bis 2016 fir d’Gesellschaft ze retten. Mä wann d’Cargolux sérieux Schwieregkeete kritt, éischtens emol ass d’Fro wouhier kommen d’Suen? Mä et ass och en Dominoeffet. Den Etienne Schneider huet schonn d’Luxair ugeschwat, déi selwer Schwieregkeeten huet, dorunner hänkt de Flughafen, hänkt de ganze Logistikbetrib, deen neien Hub, dat heescht e Secteur dee mir just ausbaue wollten. Et steet jo awer vill um Spill?
Jean-Claude Juncker: Allerdéngs, an dofir soll een net strategesch Gespréicher an der Chamber féieren, an iwweregens och net op der Televisioun.
Caroline Mart: D’Beschäftegt mussen Affer bréngen, dat sot den Albert Wildgen. Bei der Luxguard war ee Moment Rieds vun 30% manner an der Pei fir d’Firma ze retten. Um Enn war dat awer net esou grav. Mä trotzdem wäert och dat Beispill Schoul maachen, datt ëmmer méi dorop zeréckgegraff gëtt?
Jean-Claude Juncker: Mä dat wier jo keng Première hei am Land. An den 1980er Joeren, wéi mir mat där schlëmmer Stolkris eis auserneenzesetzen haten, do ass och zu relativ drastesche Lounkierzungen an der Stolindustrie komm. Tëscht 6% a 16% hunn d’Leit déi op de Schmelze geschafft hunn, mussen op Loun verzichten. Dat ass also näischt absolut Ongewéinleches.
Haut bretze mir eis jo alleguer zesummen ëmmer datt mir d’Stolkris esou gutt gepackt hunn. Mä déi déi dee gréisste Bäitrag geleescht hunn, dat waren déi Leit selwer déi op de Schmelze geschafft hunn, deenen ass näischt geschenkt ginn an där Zäit.
An esou kann et och an anere Secteure kommen, woubäi ech keen Unhänger sinn, mä dat ass eng Fro, déi eis näischt ugeet als Regierung, well mir eis net an d’Tarifhoheit vun de Sozialpartner anzemëschen hunn. Ech si kee groussen Unhänger vun enger Politik, déi doranner besteet fir d’éischt emol d’Léin ze kierzen, iert een d’strukturell Problemer vun de Betriber kuckt.
Mä wann zur Behiewung vun de strukturelle Problemer et och gehéiert datt een eng gewësse Lounmässegung entweder am Uklammen, oder am temporäre Bezéie muss a Kaaf huelen, oder d’Firma muss zoumaachen an d’Leit hu keng Aarbecht, da muss ee bereet sinn no Verhandlungen dee Wee ze goen.
Wat net ka sinn, ass datt d’Leit déi an engem Betrib schaffen, deem et net gutt geet, gesot kréien, sidd net mat Lounkierzungen d’accord. Et ass méi einfach dir gitt an de Chômage, do kritt dir während 18 Méint oder zwee Joer méi wéi dir elo ënnert Form vu reduzéierter Pei kritt. Esou maache mir eis Industrielandschaft méi aarm.
Caroline Mart: 2012 huet net just Problemer bruecht, eenzel Dossiere konnten esouguer ofgeschloss ginn, wéi d’Pensiounsreform.
Reportage iwwer d’Pensiounsreform:
Serge Urbany (O-Toun):Et ass e schwaarzen Dag an der lëtzebuerger Sozialgeschicht, well et ass fir d’éischt no engem kontinuierleche Fortschrëtt wou Verschlechterungen op laang Weil regelrecht ageplangt ginn.
Jean-Claude Reding (O-Toun):Mir wieren eis géint dee geplangte Renteklau, den Ajustement ass geschëlt. Merci.
Robert Weber (O-Toun): Dat ass keng selektiv Sozialpolitik, dat ass en europäescht Diktat.
Alexandre Krieps (O-Toun):Eis stéiert datt fundamental keng Reform op laang Siicht gemaach gëtt.
Felix Braz (O-Toun):Ech mengen den Här Di Bartolomeo léisst ab 2014 sengem Nofolger nach ganz vill Aarbecht.
Mars Di Bartolomeo (O-Toun): Dir déi eng ass et e massiven Ofbau, fir déi aner ass et eng Reförmchen. A mir hu probéiert e gudden Équiliber ze fannen, e gudde Mix.
Caroline Mart: E richtege Mix, oder Kompromëss à la luxembourgeoise dee kengem direkt wéideet?
Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt emol ass dat hei eng Regierung, déi eng, als éischt zënter ville Joerzéngten, eng Pensiounsreform virleet, wou d’Pensiounsleeschtungen net gesteigert ginn. Dat hei ass fir d’éischt eng Regierung, déi eng Pensiounsreform virleet, an där d’Instrumenter enthale sinn, déi ee ka a Bewegung setzen, falls d’Finanzéierung vun den Alterssécherungssystemer net méi garantéiert ass. Dat sinn emol zwee Virgäng, déi an där Form an anere Regierungen an deenen ech war, net méiglech waren. Dofir bewonneren ech ëmmer erëm déi spéit Usiichten an Asiichten déi eenzelner kréien, wa se erëm an der Oppositioun sinn.
Ech soen net datt d’Regierung richteg läit, well déi eng an déi aner net zefridde sinn. Esou einfach geet dat jo och net fir ëmmer ze soen, wa keen zefridden ass, dann heescht datt mir eis an der Mëtt bewegen. Mir bewegen eis an deem Raum deen huet misse betruede ginn, fir däitlech ze maachen, datt falls et eng Kéier an de Pensiounssystemer finanziell net méi opgeet, datt ee laang virdru muss kënne bestëmmten Instrumenter un d’spille bréngen.
An déi Tatsaach datt et keen Ajustment gëtt elo op den 1. Januar 2013, muss ee jo och emol vläicht erklären.
Mir hunn de Lounaccord mat der ëffentlecher Fonctioun - dës ass déi éischt Legislaturperiod zënter Joerzéngte wou d’ëffentlech Fonctioun keng Punktwäerterhéijung kritt - ausgesat bis op d’Joer 2015, 2016, 2017, jee nodeem wéi dat geet, an dat huet zur Konsequenz datt déi aktiv Staatsbeamten näischt an der Pei bäikréien. A wa mir den Ajustement accordéiert hätten, dann hätten déi pensionéiert Staatsbeamten eppes an der Pei bäikritt, an déi aktiv net.
A vu datt et och an der Privatindustrie ganz dacks esou ass, datt eng grouss Lounmoderatioun bei den Tarifofschlëss stattfënnt, hätten och vill Leit déi am Privatsecteur zum gläiche Loun schaffe wéi am Joer virdrun, et missten erliewen, datt déi Pensionéiert, d’Rentner eppes bäikritt hätten, während déi Aktiv näischt bäikritt hätten.
Dofir op kuerz Froe brauch een heiansdo laang Äntwerten, a si war nach net komplett.
Caroline Mart: Dir hutt selwer laang genuch virun der Rentemauer gewarnt, krut Dir jo oft genuch gesot, dee berühmte 700.000 Awunnerstaat. Ech wëll net op d’Diskussioun agoen, déi jo am Virfeld vun der Pensiounsreform war, fir ze soen, ze séier agegraff, net séier genuch, worst case/best case Szenarien, wéi een ass realistesch. Ech géing léiwer d’Fro ëmdréinen. Egal a wéi engem Fall, worst case Szenario, datt et do net opgeet, dat ass evident, wa mir net de Wuesstem hunn deen et brauch. Mä esouguer am best case Szenario, dat heescht, wa weider d’Beschäftegung ëmmer esou klëmmt, da komme mir jo awer an engem klenge Land iergendwéini op e Punkt, wou mir, Mëtt vum Joerhonnert si mir dann op wat, enger Millioun, 1,5 Millioun Beschäftegter. Dat packt e klengt Land jo net. Ass do net de Feeler am System?
Jean-Claude Juncker: Madame Mart, hunn ech net e puermol d’Geleeënheet gehat a mengem klenge Liewen, genee déi do Problemer am Gespréich mat Iech, an am Parlament ze beschreiwen? Dir sot, ech hätt dat Wuert Rentemauer an de Mond geholl, an et wier vill driwwer geschwat ginn, ech hu vill Stréch dowéinst kritt. Haut seet jiddweree problemlos Rentemauer.
Wéi ech vum 700.000 Awunnerstaat geschwat hunn, do sinn ech bal iwwer d’Landesgrenze gedriwwe ginn. Haut weess jiddwereen datt mir op deem Wee sinn. A firwat hunn ech dat deemools gesot, a firwat kann ech dat haut vläicht besser wéi anerer widderhuelen?
Ma mir mussen bevëlkerungsméisseg wuessen, an aarbechtsmaartméisseg enorm wuessen, fir datt mir den aktuelle Renten- a Pensiounsniveau an deenen nächste Joerzéngte kënnen halen. An dat huet als Konsequenz, datt d’Befriddegung vun de Konsequenze vum Wuesstem finanziell ganz deier gëtt. Mir brauche méi Schoulen, mir brauche méi Stroossen, mir brauche méi ëffentlechen Transport, mir brauche villes méi wéi wa mir méi ee méi moderat Wirtschaftswuesstem hätten, wat sech d’ailleurs amgaangen ass vum selwen anzestellen, obschon vun Oktober 2011 bis Oktober 2012 erëm eng Kéier 8.000 Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg bäikomm sinn, wat iwweregens weist, datt eis Wirtschaft, obscho se u Kompetitivitéit ofgeholl huet, dat streiden ech jo net of, awer net dee mannsten attraktive Wirtschaftsraum an Europa, an doriwwer eraus ass.
Mä och wann alles gutt geet, dat war Är Fro, da geet et awer nach net esou gutt datt mir net déi Instrumenter wäerte mussen notzen, déi elo an der Pensiounsreform zeréckbehale gi sinn, fir finanziell kënne géigenzesteieren, wann d’Zuelen ufänke sech drastesch ze verschlechteren.
Caroline Mart: Mir hu jo ee vun deene generéisten Systemer deen et iwwerhaapt gëtt, mat ganz nidderege Cotisatiounen... [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Net ee vun deene generéisten, dee generéisten.
Caroline Mart:... dee generéisten, mat ganz nidderege Cotisatiounen, enorm héije Leeschtungen. Dat heescht, Dir sot am Kloertext, dat do kann op d’Dauer net op deem héijen Niveau gehale ginn.
Jean-Claude Juncker: Wann d’Situatioun, déi finanziell Situatioun sech andréift, an dat wäert se an deenen nächsten 10, 15 Joer maachen, da mussen déi Instrumenter a Bewegung gesat ginn, déi den Här Di Bartolomeo a seng Pensiounsreform afléisse gelooss huet.
Mir hu jo extrem héich, mam Bléck vun bausse gekuckt, Pensiounsleeschtungen. Déi hu mir och, well de Staat sech an engem aussergewéinlech staarke Mooss un der Finanzéierung vun dem Pensiounssystem bedeelegt. Wat eis erëm erlaabt, datt mir mat déi nidderegst Cotisatiounen an Europa hunn, wat eis et och erlaabt, datt mir eisen Aarbechtsmaart kënnen heiansdo an iwwerdriwwenem Mooss expandéiere loossen. Mä dee muss awer expandéieren, fir datt mir erëm d’Rente bezuelt kréien.
Caroline Mart: Et ass gewosst datt de Gros vum Wuesstem ass vum Finanzsecteur. Do si se awer elo ganz pessimistesch wat d’Zukunft betrëfft. Et gëtt zwar daper no neien Nische gesicht, dee berühmte Familiy office, dat heescht d’Gestioun vun de ganz grousse Fortunen ass eppes dovunner, mä dat bréngt manner Geld wéi dat wat do an der Vergaangenheet war. Musse mir eis definitiv drop astellen, datt d’Mëllechkou manner Mëllech wäert liwweren?
Jean-Claude Juncker: Och do soe mir zënter laange Joere schonn datt mir deen Monolitismus vun eiser Wirtschaftsstruktur mussen duerchbriechen andeem mir a Richtung Diversifizéierung, an Entdecke vun neien Aktivitéitsfelder eis resolut bewegen.
An dee Finanzsecteur deen ass jo éischtens ze grouss fir de PIB vun eisem Land. Dee Finanzsecteur ass ufälleg, net well déi Leit déi do schaffen, oder déi dee Secteur dirigéieren, net an Topform wieren, mä ganz einfach well no der Wirtschafts- a Finanzkris sech eng Rei vu Iwwerpréiwungen ukënnegen, déi natierlech de Finanzsecteur zu Lëtzebuerg deelweis negativ wäerte beaflossen, mä awer och deelweis positiv. Well wann anerer sech u streng Regele mussen halen, da gewënnt an der Regel deen, wann dee sech och muss un déi streng Regelen halen, deen d’Geschäft am beschte versteet.
A vu datt jo vill Banquieren zu Lëtzebuerg zu Recht soen, si wiere mat där Beschter, sinn ech net der Meenung, datt dee Finanzsecteur elo einfach vun haut op muer géif zesummebriechen, mä e stellt ni méi déi Plaz an eiser Wirtschaftsstruktur duer, déi en an deene leschte Joerzéngten duergestallt huet, wou e monolitesch d’Stolindustrie remplacéiert huet.
Wéi ech virun 30 Joer an d’Regierung komm sinn, huet d’Stolindustrie een duebelen Undeel um Bruttoinlandprodukt gehat wéi haut, d’Industrie pardon, net nëmmen d’Stolindustrie.
Caroline Mart: Dir hutt d’Kris an Dir hutt Europa ugeschwat, et ass jo awer esou datt Lëtzebuerg och ëmmer méi isoléiert ass an den europäesche Verhandlungen, datt et ëmmer méi schwéier gëtt nach fir bestëmmten Nischen ze verteidegen?
Jean-Claude Juncker: Och dat ass näischt Neies. Ech war 20 Joer Finanzminister, ech hunn dat 20 Joer laang erlieft. Mä wann ee seng Dossieren offensiv plädéiert, a se och aus europäeschem Geescht eraus développéiert, da fënnt ee ganz dacks Zoustëmmung vun aneren, déi déi Saachen net esou ënnert der Lupp kucke wéi mir se kucken.
All Kéier wann an Europa Fortschrëtter komm sinn a Saache Steierharmoniséierung, war dat ënnert lëtzebuergescher Presidentschaft. Dat war 1991 esou mat der Harmoniséierung vun der TVA an den Accisen, dat war 1997 esou mat der prinzipieller Bereetschaft vun alle Länner zu enger harmoniséierter Zënsbesteierung ze kommen, an ee Kampf géint en onfaire Steierwettbewerb anzetrieden. Et ass net esou wéi wa Lëtzebuerg ëmmer géif deenen aneren nolafen. Op deene genannte Punkten ass Lëtzebuerg virgang, dofir sinn ech och net iwwerdriwwen pessimistesch. Mir hätten einfach gären datt mir net méi schlecht behandelt gi wéi déi aner.
Kuckt emol, wann een Däitschen an Däitschland seng Spuereinlage verzënst, da bezilt hien dorop Quellesteier. Mir hätte gären déi selwecht Regelung zu Lëtzebuerg, dat ass net oneuropäesch, dat ass buedemstänneg a seriéis.
Caroline Mart: Bei eng anerer Reform déi op d’mannst esou komplizéiert ass wéi d’Pensiounsreform, wou esou vill Leit matschwätzen, datt de gudde Mix, spréch Kompromëss allzäit am Moment zimlech onwahrscheinlech wierkt.
Reportage iwwer d’Schoulreform:
Manifestant (O-Toun):A well esou wéi d’Reform de Moment geplangt ass d’Schüler herno vill manner Chancen hu wa se wëllen op eng Uni goen.
Daniel Reding (O-Toun)A wann et net anescht geet, da gëtt et nach just ee Wee, de Generalstreik am Enseignement.
Mady Delvaux-Stehres (O-Toun):Eng Mise à plat ass net zeréckzéien, eng Mise à plat ass, datt een all Mesure op den Dësch leet, an doriwwer diskutéiert. An do sinn ech bereet dat ze maachen.
Magda Orlander (O-Toun):Mir begréissen datt iwwerhaapt emol eng Reform gemaach gëtt, well mir, och wa mir net onbedéngt ganz onzefridde si mam System wéi en haut ass, schonn awer gesinn, datt et op Villem happert.
Enseignant (O-Toun)Fir eis ass et wichteg datt et niewent de Kompetenzen awer och erëm méi de Savoir gekuckt gëtt.
Patrick Arendt (O-Toun):Mir erwaarden eis och datt d’Eltere sech informéieren, datt se och gesi wat mir de Moment fir e Chaos an der Schoul hunn, an datt do op eng onverantwortlech Aart a Weis mat der Zukunft vun de Kanner gespillt gëtt.
Caroline Mart: Zëjoert hat Dir den Tounfall beklot bei de ganzen Diskussiounen. Et gesäit een elo e Joer drop datt d’Fronten ëmmer méi verhäert schéngen. Op der Neijoeschrezeptioun d’lescht Joer hat Dir gesot, et muss een d’Box erofloosse wann een eng Reform wëllt. Heescht dat, déi Reform gëtt duerchgezunn egal wéi, och wann d’Enseignantë streiken, och géint hire massive Widderstand?
Jean-Claude Juncker: Mir brauchen eng Schoul- an eng Bildungsreform. Ech wëll elo net nach eng Kéier am Detail hei ausféiere firwat. Mä d’Resultater vun eiser Schoul sinn net esou gutt datt mir eis kéinten domat zefridde ginn. An de Liewenswee vu ville Kanner gëtt net esou virbereet, datt ee kéint soen, datt d’lëtzebuerger Schoul hire Maximum dozou bäigedroen huet, fir datt de Liewenswee eenegermoosse riicht verleeft.
Also brauche mir eng Bildungsreform ënnert anerem och wéinst deenen enorme soziologesche Wiessel, déi sech an de leschten 30 Joer gemaach hunn, enorm soziologesch Wiessel, déi een awer muss zur Kenntnis huelen. Et kann een net Schoul halen am Joer 2017 wéi ee Schoul gehalen huet am Joer 1977. Dat geet net, dat geet einfach net. An dofir muss eng Schoulreform kommen. Ech hoffen datt een do Konsenselementer genuch fënnt fir déi Reform esou ze maachen, datt se méi breet Zoustëmmung fënnt. Mä si kënnt jiddwerfalls. An ech wëll och soen, Streik ass d’Äntwert vun engem Moment. Mä mir sollen un d’Kanner denken, déi solle Bénéficiaire si vun där Schoulreform. Et kann een d’Zukunft net bestreiken.
Caroline Mart: Wann Dir vun de Kanner schwätzt, vun de Jonke schwätzt, ee Grond fir d’Schoulreform dat ass jo déi héich Zuel un Échecen. A wann een elo kuckt eppes wat zu Lëtzebuerg klëmmt, dat ass de Chômage, apaart de Jugendchômage. Dat ass eppes wat Iech jo awer sécher vill Suerge mécht?
Jean-Claude Juncker: Dat ass well eis Schoul esou gutt ass.
Caroline Mart: 2012 ass och e Jubiläums, pardon, Joeresdagsjoer, et seet sech esou gutt. 30 Joer Jean-Claude Juncker an der Regierung. Mir hunn op e Réckbléck mat ale Biller verzicht, well och wann et scho rekordverdächteg ass, et ass jo net eriwwer.
Reportage iwwer d’Émissioun Leute der Woche.
Frank Elstner (O-Toun):Die nächsten Wahlen in Luxemburg sind, glaube ich, in zwei Jahren?
Jean-Claude Juncker (O-Toun):2014 ja.
Frank Elstner (O-Toun): Und wollen Sie dann wieder antreten?
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Ja.
Frank Elstner (O-Toun):Das ist doch aber immerhin eine Botschaft, die habe ich noch nicht oft gehört. [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker (O-Toun):Ich habe eben zu meinen Mitarbeitern gesagt, er tut immer so als ob er jemanden nicht zum Reden bringen könnte, und wenn man dann rausgeht, hat er es trotzdem wieder geschafft.
Caroline Mart: Tja, Dir waart gäre gesinnene Gaascht bei eisen däitsche Kollegen an ongezieltenen Talk-shows dobäi. Et wäert an Zukunft awer wahrscheinlech e bësselche manner sinn, wann Dir net méi Mister Euro sidd?
Jean-Claude Juncker: Dat ass falsch. Ech hunn an Zukunft erëm Zäit fir dat ze maachen.
Caroline Mart: A Loscht?
Jean-Claude Juncker: Net ëmmer, well déi meeschten Talk-showen, dat hunn ech och schonn ëffentlech gesot, sinn eigentlech Bläerronne wou net matenee geschwat gëtt. Mä ech hu ganz, ganz wéineg Talk-showen am däitsche Fernseh gemaach. Wann eng Talk-show dra besteet, datt e puer Leit mateneen diskutéieren, hunn ech scho joerelaang keng méi gemaach. Mä d’Erënnerung u meng Optrëtt do ass scheinbar esou staark, datt Dir mengt, ech wier dauernd an der däitscher Televisioun, wat awer einfach net de Fall ass. Ech diskutéiere gäre wéi haut mat engem Journalist als ee Gespréich, an net an enger Ronn wou een deen anere probéiert ze iwwertrompen.
Caroline Mart: Et muss ee schonn Uganks de 1970er Joere gebuer si fir bewosst en anere Staatsminister wéi Iech am Kapp ze hunn. Bein jo, et brauch ee jo eng Zäitche bis ee politescht Bewosstsënn do ass. Mat 5 Joer weess een net onbedéngt wien de Staatsminister ass. 30 Joer dat ass eng laang Zäit, dat ass méi wéi eng Generatioun, déi Generatioun Juncker ass.
Och wann Dir gären dem Pierre Werner säi Rot zitéiert, datt Dir Iech moies beim Raséiere sollt drun erënneren, datt Dir owes net méi kéint Minister sinn. Et zweiwelt jo awer keen, weder dobaussen nach heiheem, drun, datt dee Moment wou Dir eng Kandidatur stellt, datt dat och ëmgesat wäert ginn, datt Dir weider Staatsminister bleift. Et zweiwelt keen drun, mä et verzweiwelt vläicht muenecher een och an der eegener Partei dodrunner?
Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt wëll ech emol soen, datt ech dem Här Werner säi Saz méi dacks de Moment denke wéi dat fréier de Fall war.
Dat zweet ass, et gëtt een net Staatsminister ernannt. Et kann ee sech och net op Dauer, iwwerhaapt net an eisem System, dohinner putschen. Et brauch een d’Vertraue vun de Leit, dat ass, an dat deet mir wéi, de Moment erschüttert duerch notamment déi Geheimdéngschtaffär, mä et muss ee gewielt ginn, déi eege Partei muss gewielt ginn.
Caroline Mart: Zweiwelt Dir dann drun, datt Dir 2014 erëm gewielt gitt?
Jean-Claude Juncker: D’Deputéierte ginn ech ëmmer. Ob ech nach eng Kéier Staatsminister ginn, do wëll ech net d’Prognosenarroganz esou wäit dreiwen, datt ech mengen, wann ech zu enger Wahl untrieden, da géif ech automatesch Staatsminister ginn. Esou ass dat net. D’Leit si jo Meeschter iwwer hire Stëmmziedel, d’Leit kucke mech, wéi ech weess, mat kriteschen Aen, vläicht mat méi kriteschen Ae wéi dat soss de Fall war. Also et ass net esou datt ech untrieden, an da bleiwen ech a mengem Büro sëtzen. Esou ass dat net. Ech muss scho kämpfe fir dat ze bleiwe wat ech sinn. An dat wäert ech och maachen, iwweregens zesumme mat de Leit a menger Partei, vun deenen ech bis elo nach net gemierkt hätt, datt se drop aus wieren d’Spëtzepersonal dréngend ze wiesselen, well mat mir si se eigentlech gutt gefuer, an ech och mat hinnen.
Caroline Mart: Jo, mä et waren der awer vläicht e puer déi sech scho waarmgelaf haten, et war jo ee Moment am Gespréich Dir hätt kënnen an d’Geschicht agoen als den éischte permanente President vun Europa. Dir hat jo och Interesse dorunner. Do ka jo awer en dacks genannten Dauphin wéi den Här Frieden sech um Enn wéi de Prënz Charles fillen?
Jean-Claude Juncker: Ech sinn net seng Fra.
Caroline Mart: Wéi laang kënnt Dir Iech da virstellen dat Ganzt nach ze maachen? Nach 10 Joer drop dann hutt Dir 40 Joer an der Regierung. Anescht gefrot, wat kéint Iech dozou bréngen opzehalen, also fräiwëlleg?
Jean-Claude Juncker: Also éischtens kënnen d’Leit décidéieren datt et elo [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Ech soe jo elo fräiwëlleg, Dir vun Iech aus.
Jean-Claude Juncker: Ech vu mir aus liewen awer nach ëmmer an der Werner-Logik datt een all Dag muss kënnen ophalen, an dat muss een och kënnen, well soss ass ee kee fräie Mënsch méi. Et dierf een net un deem Sessel kliewen. A wann Dir 30 Joer an der Regierung waart, dann, ech soen dat nach eng Kéier, da verléiert dat seng erotesch Wierkung, da sidd Dir gewielt, an dann hutt Dir, an Dir sidd ernannt gi well Dir gutt gewielt gi sidd, an dann hutt Dir Är Aarbecht ze maache fir Land a Leit, well dorëms geet et jo leschten Enns, och wa vill Leit dat vläicht net gleewen.
Ech ka fräiwëlleg ophale wann ech ee ganz graffe Feeler gemaach hunn, dee mir zu Recht virgehale gëtt, an deen een aneren, wann en a menger Plaz wier, net gemaach hätt. An ech kann ophalen, wann ech d’Flemm kréien, well ech mierken, datt d’Leit d’Flemm mat mir hunn.
Caroline Mart: Mä wat ass dann de Reiz, well d’Politik ass net, fir ee Wuert vun Iech ze zitéieren, net vergnügungssteuerflichteg, et ass awer och keng Cure de jeunesse, et muss een nëmmen den Här Obama kucken no 4 Joer?
Jean-Claude Juncker: Et ass gentil datt Dir hien nennt an net mech nennt. Ech sinn Iech dankbar dofir.
Caroline Mart: Also et gëtt e berühmtent Buch vun enger Fotographin “Spuren der Macht�?, do gesäit een datt et effektiv e ganz ustrengenden Job ass. Wat mécht dann, datt een dat alles mat a Kaf hëlt? Wéineg Privatliewen, wéineg verdéngen, datt een en Deel vu senger Gesondheet drop mécht, ass et awer d’Muecht hun?
Jean-Claude Juncker: Wann een an der Regierung ass, verdéngt een net wéineg, mä et verdéngt een net esou vill, wéi wann een eppes anescht géif maachen. Et geet jo och net dorëms. Et ass déi Begeeschterung eigentlech, déi muss een all Dag nei ufänke fir zesumme mat aneren, well kee mécht jo eppes alleng, Saache fir e Land a fir e Kontinent, bei mir gëtt et déi zwou Dimensiounen, a fortschrëttlech, dauerhaft Bewegung ze bréngen.
Et ass och, jo, ech soen dat net gären, et ass och well ee mengt, et géife vill Leit engem vertrauen, an da wa se dann dat zum Ausdrock bréngen, esou dacks an och bei Wahlen ëmmer erëm, dann ass dat schonn eppes wat een an der Saach a fir d’Saach verflicht. An datt dat op d’Käschte vu Privatliewe geet, besonnesch op menger Fra hiert Privatliewen, well déi ass de grousse Verléierer bei mengem Carrière, dat ass dann eben esou.
Wat mech verdrësslech mécht, dat ass datt dann awer trotzdem relativ vill Leit d’Politiker fir korrupt halen, fir liddereg halen, fir Leit halen déi just an hir eegen Täsch schaffen. Dat sinn och scho Grënn, déi wa se ëmmer erëm genannt ginn, a verbreet ginn, een duerchaus dozou kënne bréngen, net ze soen, maacht ären Dreck alleng, well d’Saach vun eisem Land ass keen Dreck, mä fir ze soen, da soll een aneren dat maachen. Mä ech sinn net op deem Punkt ukomm. Keng fréizäiteg Hoffnungen.
Caroline Mart: Wéi géing Dir an engem Saz Äre Politikstyl definéieren?
Jean-Claude Juncker: Et ass scho schwiereg fir seng eege Psychologie ze maachen. Ech menge mäi Styl wier dee vun engem dee mengt, datt dat wat am Private richteg ass, am Politeschen net falsch ka sinn. Da muss een och heiansdo verzeie kënnen, dat maache mir jo och an eisem Privatliewen, mir muss besonnesch dacks verzieë ginn. An ech mengen, ech wier een deen, jo, deen d’Saachen eigentlech esou seet, wéi hie se gesäit.
Caroline Mart: Ech weess Dir haalt net vill vu Sondagen, braucht Dir jo och net, Dir hutt nach ëmmer Dramquoten. Mä d’Kris déi léisst awer esou lues hir Spueren, et gesäit een datt muenchereen an der Regierung, oder och soss Politiker béis d’Plomme léisst, ausser den neie Biesem, den Étienne Schneider, oder natierlech den neie Choux-choux vun de Lëtzebuerg, de Stater Buergermeeschter, den Xavier Bettel. Elo ass et kloer datt dat en Job ass deen a Krisenzäiten e bësselche manner onpopulär ass, wéi wann een zum Beispill Finanzminister ass. Dir hutt scho gesot, den Här Bettel ass e capabelen, e fäine Politiker, mä wann deen op Dauer op der éischter Träppchen op eemol steet, da kann Iech dat dach net gefalen?
Jean-Claude Juncker: Also esou sinn ech net gestréckt.
Caroline Mart: Wier dat Iech egal?
Jean-Claude Juncker: Sondagen, vun deenen ech jo schonn dacks gesot hunn wat ech dovun halen, mä elo wou den Här Bettel populär gëtt, gëtt mir méi Froen iwwer d’Sondage gestallt wéi jee virdrun.
Ech sinn net esou gestréckt datt ech net gären hätt datt aner Politiker, och aus anere Parteien Uklang bei de Lëtzebuerger fannen. Dat halen ech éischter fir positiv. Just den Ënnerscheed mam Här Bettel, deen ech ganz gären hunn, ass datt ech 30 Joer an der Regierung sinn, a 17, oder, jo 17 Joer, 17, 18 Joer geschwënn, Staatsminister sinn, dat ass eppes anescht, biographesch betruecht, an [inaudible] betruecht wéi dat wat den Här Bettel an der Politik gemaach a bewierkt huet.
Mä ech maache jo net Politik fir populär ze ginn, oder ze sinn, ech maache Politik fir d’Saache virunzebréngen, den Här Bettel iwweregens och. A mir geet et duer wann d’Leit mech respektéieren, si musse mech net gären hunn. Ausserdem ass de Politikstyl vum Här Bettel jo erkennbar een anere wéi mäin. Hie ka mech net nomaachen, ech hien och net.
Caroline Mart: Ganz ënne bei all Politsondage sinn d’Vertrieder vun der ADR, déi Partei déi Dir eng Kéier ofschafe wollt. Wat Dir net fäerdegbruecht huet, hu se elo ganz alleng gemaach. Sidd Dir zefridden?
Jean-Claude Juncker: Och do handelt et sech em ee Virgang vun deem ech mengen, datt en esou wier, datt dat antrëtt wat den ADR deenen anere Parteien ëmmer virgeworf huet, nämlech datt d’Leit ee gelungent Bild iwwer d’Politik kréien, an och iwwer de Sproochgebrauch scheinbar, deen an där Partei Ëmgangssprooch ginn ass. Ech amüséiere mech a sech net iwwer de Misère vun anere Parteien. Et ass mir net egal, mä et wier jo einfach elo ze soen, gesitt Dir. D’Leit gesi jo.
Caroline Mart: Mä mécht dat Iech awer ze denken, datt eenzel Memberen an där Partei, wat jo zum ganze Sträit gefouert huet, sech extrem riets vun der CSV positionéieren, datt ee Biller gesinn huet, déi een esou heiheem net gewinnt war, Demonstratioune mat Kannersärg zum Beispill virun der Chamber?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn ëmmer behaapt datt riets vun der CSV vill Plaz ass, an déi Plaz déi gëtt opgefëllt, an heiansdo mat Expressiouns-Aart a -Weisen déi mech, jo, écoeuréieren ass kee lëtzebuergescht Wuert, déi mech entsetzen an och nodenklech maachen.
De Respekt an der Gesellschaft vun där enger Iwwerzeegung par rapport zu där anerer Iwwerzeegung muss esou sinn, datt den Tounfall ni beleidegend gëtt, an dierf ni esou sinn, datt een den Androck gëtt, deen een hätt 100% Recht an deen aneren hätt zu kengem Prozentsaz Recht. D’Liewen an d’Mënsche sinn ze komplizéiert fir mat einfache Sloganen a simple Säz resüméiert ze ginn.
Caroline Mart: D’lescht Joer hate mir mam Euro ugefaangen, dëst Joer hale mir mam Euro op, well och Dir ophaalt als Mister Euro. Gitt Dir mam Saz: Mission accomplie?
Jean-Claude Juncker: Neen, dat kann een an deem Zesummenhang net soen. [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Awer mat guddem Gewëssen?
Jean-Claude Juncker: Mat engem, jo gudde Gewëssen am Sënn datt ech dat probéiert hunn ze maache wat een dezenterweis konnt vu mir verlaangen. Och do sinn ech net alleng gewiescht, do gëtt et 16 anerer, en fait 17, well ech vertriede jo net d’lëtzebuerger Regierung do, mä just mech selwer. Dat hat ech schonn am Juli vun dësem Joer ugekënnegt, vum Joer 2012, datt ech dat héchstens 6 Méint géif maachen, an dorunner wëll ech mech halen, besonnesch och, mä och wann dat net gewiescht wier, wier meng Décisioun déi bliwwen, déi ech virun e puer Méint gesot hunn, well déi lescht zwee Méint wierklech esou waren datt ech bal soss näischt konnt maachen. 5 Sëtzunge vum Eurogrupp a 4 Wochen, an zwou Telefonskonferenze. Et ass franchement niewent der Geheimdéngschtaffär, wat jo wichteg war, keng Zäit méi bliwwe fir ze regéieren, an [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Jo, mä d’Kris ass jo zënter 2008, an eréischt déi lescht zwee Méint war et net méi ze packen?
Jean-Claude Juncker: Jo, jo, dat war virdrun ze maachen, well ech och op menger Dagesaarbechtszäit mir ëmmer dräi, véier Stonnen hu mussen huele fir dat ze maachen, ouni datt dat op d’Käschte vun deem gaange wier wat ech heiheem ze maachen hat. Mä déi lescht zwee Méint ass et op d’Käschte vu menger Aarbecht heiheem gaangen, well et esou intensiv gi war a Saache Griicheland, an och esou brandgeféierlech och fir d’Leit heiheem, datt een do huet wierklech musse vollen Asaz fueren. Mä och wann dat net geschitt wier, hätt ech opgehalen. Mä déi lescht zwee Méint hat ech e schlecht Gewësse wat Lëtzebuerg ubelaangt huet.
Caroline Mart: Zënter 2008 gëtt dovunner geschwat d’Finanzmäert ze zähmen. Déi nei Bankenopsiicht, déi europäesch, geet déi wäit genuch?
Jean-Claude Juncker: Déi geet, wéi ech fannen, wäit genuch, well dat jo een aussergewéinleche Virgang per se ass, datt mir déi nationale Bankenopsiichten deelweis vun hiren Aufgabe befreien, an dat an enger zentraler europäescher Bankenopsiicht zesummebréngen, woubäi et fir eis wichteg war, datt déi national Bankenopsiichten och nach een zolitt Stéck Kompetenze behalen. Ech mengen, dat war ee Schrëtt dee muss gemaach ginn.
Deen nächste Schrëtt deen elo muss kommen, dorunner schaffe mir, mä dat wäert net méi eng Saach sinn, déi ech zum Ofschloss bréngen, ech hunn elo genuch mat Zypern ze di fir de Moment, dat ass datt mir ee gemeinsame Bankenofwécklungsfong, e Resolution Fund crééieren, an datt mir weider driwwer nodenke wéi mir d’Dépôtgarantien an Europa kënnen esou zesummeleeën, an esou organiséieren, datt genuch Ofwiermass zur Verfügung steet, ouni datt ee fir d’Feeler vun deenen aneren, aus Onvirsiicht begaangen, muss haften.
Caroline Mart: Zoustänneg fir déi nei Bankenopsiicht ass jo den Här Mersch a senger neier Fonctioun bei der Europäescher Zentralbank. Seng Nominatioun war, fir et kuerz ze soen, en zimleche Kramp. War den Här Mersch do just Affer vun der Fraequot, oder huet et och mat dozou bäigedroen, datt en ebe Kandidat vun engem klenge Land war, hätt een dat mat engem Groussen esou gemaach?
Jean-Claude Juncker: Ech hu jo déi Fro vum Eurogrupp an déi Fro vun der Ernennung vum Här Mersch op eng Aart a Weis, déi mir selwer eigentlech net esou ganz gutt gefall huet, zesummegestréckt. A beim weidere Verlaf vun den Ernennungsprozeduren, nodeem bei de Finanzministeren, a bei de Regierungschefen d’Kompetenze vum Här Mersch ongedeelt unerkannt sinn, ass dann dee Critère vun der Fraequot mat dra komm.
Dat ass u sech eppes wat ech fundamental net ofleenen als Gedankegang, well et ass net normal datt an der Europäescher Zentralbank keng Fra an enger führender Stellung ass, wéi et och net normal ass, datt bei deene meeschten nationalen Zentralbanken keng Fra sech a führende Positioune befënnt.
Ech hu just fonnt, datt well an dem Joer 2012 schonn zwou aner Nominatioune gemaach gi waren, ee belsche Mann, an een däitsche Mann, a kuerz virdrun ee franséische Mann, do ass kengem deenen hir prononcéiert Männlechkeet opgefall. An dofir, bei aller Berechtegung vum Insistéieren op eng gewësse Präsenz vu Fraen, oder eng paritéitesch Präsenz vu Fraen an deene Leedungsgremien, hunn ech fonnt, datt se dës Kéier e bëssen iwwerdriwwen hunn.
Caroline Mart: Bis elo ware mir jo iwwerproportional an der EU, iwwerproportional zur Gréisst vun eisem Land, vertruede mat Spëtzeposten, nach ëmmer net schlecht fir eng Hallef Millioun, mir hunn den Här Mersch, mir hu jo och nach d’Madame Reding an der Kommissioun. Dir hutt perséinlech awer natierlech déi gréisste Mériter fir Europa, mä och fir Lëtzebuerg an Europa, fir eis Visibilitéit. Sti mir an Zukunft méi schlecht do?
Jean-Claude Juncker: Ech weess net ob mir méi schlecht do stinn, mä mir hunn awer jiddwerfalls e gutt Stéck manner Visibilitéit, an e gutt Stéck manner intern Duerchsetzungsméiglechkeeten. Dat ass zwangsleefeg esou.
Et si jo ganz vill Lëtzebuerger ginn, dat hunn ech gemierkt, déi genervt waren, datt ech mech em... [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Ni heiheem.
Jean-Claude Juncker:... den Euro bekëmmeren, a gemengt hunn ech wier dauernd fort. Wat net stëmmt, ech sinn am Prinzip een Dag d’Woch fort gewiescht, a Samschdes a Sonndes kann ee jo och schaffen.
Mä natierlech verléiert eist Land un Afloss, mä dat ass zwangsleefeg de Fall, well ech net méi am instrumentalen Dagesgeschäft dra sinn. Mä ech bleiwe jo awer, wann ech dat dierf esou ausdrécken, Europa erhalen als lëtzebuerger Regierungschef, an als dee wäert ech mech och ëmmer erëm zu Wuert mellen, an ech kann dat mat vill méi Fräiheet maache wéi als President vum Eurogrupp, well do ass all Wuert wat ech gesot hunn, och vun de Finanzmäert, vun den Analysten op d’Wo geluegt ginn. Ech kann elo méi fräi schwätzen, an och meng Meenung erëm méi dacks iwwer europäesch Saache soen.
Caroline Mart: Et war jo heiansdo e Spagat deen net evident war, well d’Interesse vun engem Eurogruppechef an d’Interesse vun engem lëtzebuerger Staatsminister, deen zum Beispill seng Finanzplaz verteidege muss ass jo forcément net ëmmer déi selwecht.
Jean-Claude Juncker: Also ech hunn dat net esou als grousse Widdersproch erkannt, mat mir selwer erlieft, wéi däitsch, franséisch, an englesch, virun allem englesch Zeitungen dat heiansdo beschreiwen, well den Eurogrupp ass u sech net direkt zoustänneg fir steierlech Aspekter. En ass zoustänneg ginn, zesumme mat deenen aneren 11 europäesche Finanzministere fir prudentiell - an Iwwerwaachungsaarbechten a reglementéierend Kreesser unzeleeën.
Ech hunn, déi lëtzebuergesch Extraen, déi si guer net esou extra, déi et do gëtt, an ech hunn déi ëmmer net am Eurogrupp, mä als lëtzebuerger Premier offensiv vertrueden.
Wësst Dir, et gëtt eng Method an Europa, eigentlech soll een, et ass wéi mat der Cargolux, et soll ee keng Strategien erklären. Mä ech erklären Iech dat dann elo awer eng Kéier.
Caroline Mart: Mir lauschtere gutt no.
Jean-Claude Juncker: Jo. Als Finanzminister hunn ech Steierreformen zu Lëtzebuerg gemaach. Ech hunn déi ëmmer gemaach nodeem ech genee studéiert hat wat déi aner gemaach hunn.
Ech kann net dofir datt anerer eenzel Saachen iwwersinn hunn, déi se eis nogemaach hunn, wa se bis gesinn hunn, datt mir amgaange waren se ze maachen, a se mat Erfolleg duerchgefouert haten.
An an der europäescher Diskussioun, wa se iwwer Lëtzebuerg heiansdo hierfalen, heiansdo konstruktiv mat eis diskutéieren, ass et ëmmer gutt ze wësse wat et dann an deenen anere Steiergesetzgebungen esou vu besonnesche Regele gëtt. Et ass eng Zäit a mengem Liewe ginn, do hunn et dat däitscht, dat franséischt, dat hollännescht an dat belscht Steiergesetz besser kannt wéi dat lëtzebuergescht, an dat lëtzebuergescht hunn ech ëmmer gutt kannt.
An d’Leit waren ëmmer verwonnert wa se Saachen an hirem Gesetz entdeckt hunn, vun deene se gemaach hu wéi wa se net gewosst hätten, datt dat géif dra stoen.
An der Politik geet näischt iwwer sech informéieren, a seng Dossiere kennen.
Caroline Mart: D’EU krut an engem guer net friddleche Joer den Nobelpräis. D’Häre Barroso, Schultz a Van Rompuy hunn dee Präis entgéint geholl. Dir sidd sécher deen Europäer deen am meeschten europäesch Auszeechnunge krut. Huet Iech de Bauch do net awer e bësselche wéigedoen, datt Dir net konnt dee Präis mat entgéint huelen, Dir hätt jo kënnen?
Jean-Claude Juncker: Also dat wier emol vläicht eng Kéier e Präis gewiescht, wou d’Lëtzebuerger net de Geck mat mir gemaach hätten datt ech e kritt hunn.
Neen, ech war stolz, houfreg eigentlech fir d’Unerkennung vu bausse fir europäesch Leeschtungen. An ech sinn zur Trauregkeet vu menge Kollegen net d’Méiglechkeet gehat fir op Oslo ze fléien, well besonnesch déi 6 Grënnungsstaate mat hire Regierungschefe vertruede waren. Mä ech hu mech déi Zäit mat enger Affär zu Lëtzebuerg misse beschäftegen.
Caroline Mart: A réckbléckend deet et Iech net Leed dem Här Van Rompuy säi Posten, den Här Barroso, Kommissiounspresident hat Dir jo och ugebuede kritt, deet et Iech net Leed, keng Regreten?
Jean-Claude Juncker: Ech hätt jo, wéi Dir zu Recht an Erënnerung rufft, kënne problemlos Kommissiounspresident ginn, mä do hat ech jo de Problem datt ech am Wahlkampf 2004 de Lëtzebuerger versprach hat, ech géif bleiwe wann ech gewielt géif. [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Mä keng Regreten?
Jean-Claude Juncker: An dat ass kee Regret, wann ee vun de Leit gewielt gëtt fir ze bleiwen, datt ass eppes wat engem Freed mécht.
An 2009 ass jo bekannt datt et do ënnerschiddlech Vuen iwwer d’Ausféierung vun deem Amt selwer gi sinn, an och Resistenze vun net ganz wäit ewech vun hei. An och doriwwer hunn ech kee Regret, am Géigendeel, ech sinn esouguer e bëssen erliichtert, well ech jo dach awer vill méi Sträit mat de grousse Länner kritt hätt wéi den Här Van Rompuy Sträit kritt huet. Ech hunn dat ëmmer gespuert, a si och.
Caroline Mart: War et dat dann elo mat Europa?
Jean-Claude Juncker: Jo, mä all Kéier wa gesot gëtt, elo ass et eriwwer mam Juncker an Europa, da fänkt erëm eng nei Geschicht un. Wéi ech net Kommissiounspresident gi sinn, hu lëtzebuerger Dageszeitunge geschriwwen, dat ass ee Feeler, en hätt sollen d’Leit beléien, an dat awer maachen, dat war wichteg fir Lëtzebuerg, elo kritt hie keng Roll méi. 4 Méint duerno war ech fir 8 Joer President vum Eurogrupp. A wann een dat 8 Joer gemaach huet, da fannen ech huet een och säi ganz perséinlecht egoistescht Recht fir dat net méi ze maachen.
Ech hu keng Regreten, weder fir dat wat ech net gemaach hunn, heiansdo soen ech mir, wann hei Zodi ass mat leschten Enns Saachen déi lästeg sinn, et wier awer méi agréabel gewiescht du géifs elo zu Bréissel sëtzen [gëtt ënnerbrach]
Caroline Mart: Och keng Angscht fir Entzuchserscheinungen ze kréien?
Jean-Claude Juncker: Iert ech dee Gedanke fäerdeg gemaach hunn, ass e scho fort.
Caroline Mart: Keng Angscht Entzuchserscheinungen ze kréien? Dir waart mat deene Grousse vun dëser Welt per Du, elo Lëtzebuerg...
Jean-Claude Juncker: Also ech hoffen datt déi elo net ufänke mech ze dierzen.
Caroline Mart: Dir gesitt se awer manner dacks.
Jean-Claude Juncker: Wahrscheinlech gesinn ech eenzelner manner dacks, an et vermësst ee jo och net jiddwereen.
Caroline Mart: Wat gëtt déi gréissten Erausfuerderungen, mir sinn um Enn ukomm, fir 2013 Här Staatsminister?
Jean-Claude Juncker: Ech mengen déi gréissten Erausfuerderung, doriwwer hu mir net geschwat hei an eiser Émissioun, gëtt awer d’Weiderféierung vun der Konsolidéierungspolitik am Budgets- a Finanzberäich. An do wëll ech mech abrénge fir een Discours zum Ëmsetzen ze bréngen, deen doranner besteet fir d’Leit heiheem dovun ze iwwerzeegen, datt mir net kënnen esou virufuere wéi bis elo, well mir einfach zevill Schold mussen ophuele Joer fir Joer, an dat erkläert sech, et ass och net falsch fir Scholden ze maachen, mä et dierf een der net zevill maachen, fir de Leit dat ze erklären, déi jo ëmmer d’Gefill hunn, et wier alles gutt. Déi kréien dat jo och vun eenzelne Gewerkschaften, vun eenzelnen Dageszeitungen regelrecht eingerötet de Moment.
A fir deene Leit déi agesinn, datt mir musse konsolidéieren, gutt ze erklären, datt een net, fir déi Formel nach eng Kéier ze gebrauchen, blann a wëll ka konsolidéieren, well een awer Rücksiicht muss huelen op d’konjunkturell Entwécklung, well een awer Rücksiicht muss huelen op d’Liewensëmstänn vu ville Leit zu Lëtzebuerg.
De Lëtzebuerger geet et, ech soen dat och wa se da rose ginn, am Prinzip gutt, mä et gëtt awer och vill Leit, déi ganz vill Problemer hunn um Enn vum Mount hiert Auskommes ze fannen. An et gëtt Stéit a Leit fir déi sinn 30 Euro de Mount méi oder manner ee reelle Problem. Et gëtt Leit déi schwätze just iwwer dee Problem, an et gëtt Leit déi hunn déi Problemer.
A wann ee mat de Realitéite vum Land ze dinn huet, da muss ee sech mat de Problemer beschäftegen déi et gëtt. An déi do gëtt et och.
Caroline Mart: Dir beklot jo oft datt d’Télé e bësselchen zevill kuerzfaasst. Mir haten elo laang Zäit. Ech soen Iech villmools Merci fir d’Gespréich, wënschen Iech ganz vill Kraaft fir dat Joer wat kënnt, wou Dir sot datt et keen einfacht gëtt.
Jean-Claude Juncker: Mä ech soen Iech och Merci fir een leschten Enns agréabelt Gespréich, a géif gären de Leit am Land all Guddes wënschen. A vu datt et e gudde Brauch ass hei am Land och dem Grand-Duc a senger Famill all Guddes wënsche fir dat Joer dat kënnt.
Et à tous ceux qui me font la gentillesse de m’écouter, même ceux habitant au-delà des frontières, je voudrais dire qu’ensemble nous réussirons, mais ce sera dur.
|