|
Frank Kuffer: Mir maachen dat natierlech net alleng a loossen eis Auditeuren och net mat hire Froen alleng. Mir hunn d'Educatiounsministerin an de Studio invitéiert an et ass jo gewosst, datt déi Reform net nëmme Frënn huet bei Enseignanten, Schüler an Elteren. Dir wäert also net nëmme gelueft ginn déi nächst hallef Stonn. Dofir een duebele Merci, datt Dir komm sidd a gudde Mëtteg Mady Delvaux.
Mady Delvaux: Gudde Mëtteg,
Frank Kuffer: Reformen an der Schoul sinn net einfach duerchzesetzen, dat war jo keng Iwwerraschung fir Iech, mä hätt Dir mat esouvill Oppositioun gerechent? D'Léierpersonal ass jo nach ëmmer net esou frou an och vun den Elteren héiert een awer eng Partie Kritiken. Hat Dir awer domatter gerechent?
Mady Delvaux: Also ech wëll awer soen, datt nodeems ech d'Rapporte geliest hunn déi mir haut virgestallt hunn, datt ech ganz positiv agestallt sinn, well ech feststellen, datt de Prinzip vun der Reform, déi grouss Linnen, datt déi approuvéiert ginn, déi ginn gedeelt. Déi zwee Rapporte kommen zur selwechter Conclusioun. A mir hu Problemer op verschiddene Punkten an der Ëmsetzung. Domatter hat ech gerechent a mir mussen elo kucke wéi mir déi kënne behiewen an dofir brauch een natierlech Vertrauen an Zesummenaarbecht vu jiddwerengem an ech fir mäin Deel si jiddefalls bereet alles ze maachen, fir datt mir déi Ëmsetzungsschwieregkeeten, datt mir déi aus der Welt kréien.
Frank Kuffer: Nach eng Fro an da sinn d'Nolauschterer awer drun: wann Dir elo selwer eppes kéint änneren - Dir kënnt et jo och änneren, wie wann Dir net? – mä wat ass dat wou Dir Iech géift soen, dat do war elo net esou gutt?
Mady Delvaux: Ma ech hu 5 Saachen identifizéiert, déi ech elo direkt wëll änneren, awer ëmmer an der Concertatioun, am Gespréich mat alle Partner. Dat ass d'Bilane vereinfachen, ech mengen datt mir do iwwert d'Zil geschoss hunn, datt mir dat zevill gutt wollte maachen. Et ass zevill komplizéiert, et ass ze komplex an d'Lisibilitéit gëtt net méi grouss doduercher. Dat ass eppes wat mir musse maachen. Dann, dat zweet ass d'Relatioune Maison relais a Schoul, déi mussen nach verbessert ginn. D’Équipe multiprofessionnelle hätt ech léiwer déi wäre méi an de Schoulen, dat heescht natierlech och datt mir misste méi Leit hunn, fir dat ze maachen. Dann e Plan d'études ass ganz sécher eppes ganz Komplizéiertes, et steet onheemlech vill dran, och do e bëssen de Lien maachen zwësche wat muss ee wëssen, wat muss ee léieren fir Soclen ze erreechen, datt mir, dat maache mir méi kloer. A bon, ech kréien ëmmer erëm gesot dat mat där administrativer Aarbecht, an ech probéieren ëmmer ze identifizéiere wat kënne mir dann do méi einfach maachen, wahrscheinlech ware mir zevill pingeleg am Ufank. Also ech hätt mir gewënscht, datt mir vläicht e bësse méi flexibel a méi roueg un déi Saach erugaange wären. Dat huet awer mengen ech och domat ze dinn, datt jiddwereen dat wollt immens gutt maachen. D'Verwaltung wollt dat immens gutt maachen an an der Schoul wëllt jiddwereen dat immens gutt maachen. An ech sinn awer ganz, ech muss soen fir mech ass haut éischter ee gudden Dag.
Frank Kuffer: Ok. Op all déi Saachen do wäerte mir elo dann am Detail bestëmmt och zeréck kommen mat Äre Froen, Dir kënnt eis uruffen op den 1330 an de Leo Carlucci vu Wolwen huet dat gemaach. Gudde Mëtteg Här Carlucci
Nolauschterer: Jo gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Dir hutt de Verglach e bësse mat enger anerer Schoul deen Dir wëllt maachen?
Nolauschterer: Jo genee, de Verglach ass mat der Europaschoul. An do hate mir ganz einfach ee kulturelle Problem hannert eis well effektiv déi Europaschoul déi fonctionnéiert jo nawell gutt.
Frank Kuffer: Wat huet déi da wat mir net hunn, wat ee kéint iwwerhuelen?
Nolauschterer: Ma jo et ass ganz einfach. Déi Leit déi vum Ausland komme kënnen hir Sprooch wielen an dat heescht déi kënnen dann hir Coursen halen an hirer Sprooch prinzipiell. An dann als zweet Sprooch kann ee wielen an do kéint een am Fong Lëtzebuergesch dohinner maachen.
Frank Kuffer: Madame Minister, ass et dat eng duebel Alphabetiséierung oder?
Mady Delvaux: Dat do ass elo, d'Europaschoul ass wierklech ee ganz flotte Modell an et muss een och soen, datt d'Europaschoul sech jo ganz vill inspiréiert huet vun dem Lëtzebuerger Schoulmodell. Dat ass sécher ee flotte Modell an Dir weist elo genau op dee Problem hin dee sech ëmmer bei eis an de Schouldiskussioune stellt, dat ass dee vun de Sproochen. An der Europaschoul gëtt et eng Zilsprooch, dat ass d'Haaptsprooch an da léiert een derniewent nach eng, wat si nennen, zweet Sprooch. A mir hunn direkt 2 Zilsproochen, wann net 3. Dat heescht mir hätte gären, datt jiddweree Lëtzebuergesch léiert, däitsch a franséisch an dat ass natierlech eng riseg Erausfuerderung vun der Schoul. Do huet d'Reform och bis elo nach keng Äntwert bruecht a mir sinn ëmmer nach an der Diskussioun wéivill Däitsch, wéivill Franséisch muss een da kënne fir zu Lëtzebuerg zu engem Diplom ze kommen an dat bleift [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Dir hutt do keng Äntwert nach drop?
Mady Delvaux: Do diskutéieren ech elo schonn, ech géif soe 6 Joer laang.
Frank Kuffer: Wie gëtt d'Äntwert dann?
Mady Delvaux: Ma jo d'Politik muss d'Äntwert ginn. Et ass jo ganz kloer .
Frank Kuffer: Dir sidd d'Politik.
Mady Delvaux: Ech hunn eng ganz festgefuere Meenung, ech mengen, datt ee sollt eng Zilsprooch maachen an déi zweet derniewent léieren, ouni datt een een héijen Niveau huet, mä dat ass kee Konsens an der politescher Landschaft.
Frank Kuffer: U wiem läit dat dann?
Mady Delvaux: An och net wëlle ech soen an der Schoul.
Frank Kuffer: An der politescher Landschaft u wiem läit dat dann?
Mady Delvaux: Jo mä dat geet queesch duerch d'Parteien. Well mir eng Traditioun hunn an eng Traditioun schaaft een net esou séier of, datt jiddwereen Däitsch a Franséisch a Lëtzebuergesch an Englesch kann a mir hunn awer eng Schoulpopulatioun déi ëmmer méi Sprooche mat an d'Land bréngt an ech sinn der Meenung, datt eise Schoulsystem dat net méi packt fir all de Kanner den héijen Niveau an alle Sproochen ofzeverlaangen. An do si mir elo, ech denken, datt mir elo an der Diskussioun ëm de Lycée do ee Stéck weiderkommen, mä déi Echoen déi ech kréien, dat ass ëmmer erëm vun allen, vun Enseignanten, vun den Elteren, vun de Chamberen, vun den eenzelne Leit an de politesche Parteien, déi soen jo mä dat ass awer eng Traditioun, datt ee muss gutt Däitsch a Franséisch kënnen. A wa mir, ech soen och et muss een Däitsch a Franséisch kënnen. Mä et muss een net vu jiddwerengem deeselwechten Niveau verlaangen.
Frank Kuffer: Jiddwereen no sengem Rhythmus sot Dir och ëmmer an awer esouvill wéi méiglech héich qualifizéieren, d'Diane Koos vu Berbuerg, gudde Mëtteg, Dir sidd der Meenung d'Kanner ginn zur Lidderegkeet erzunn?
Nolauschterin: Gudde Mëtteg, jo also ech kann nëmme meng Onzefriddenheet iwwert deen neie Schoulsystem do ausdrécken, well ech ebe fannen si ginn zur Lidderegkeet erzunn. Well ob do dee Smiley ganz laacht oder nëmmen hallef oder wéi, d'Kanner huelen dat net ëmmer esou eescht. An herno wa si do sti fir eng Aarbecht ze kréien an et stinn der 10 Stéck do fir déi eng Aarbecht, da si si vu klengem un net gewinnt op Lëtzebuergesch gesot d'Aaschbaken zesummen ze drécken a sech duerchzesetzen. An ech hunn och ee Kand am Cycle 4.2, also d'aalt 6. Schouljoer an do hat d'Ministesch och gesot, si géifen extra encadréiert ginn d'Elteren an d'Kanner, well déi jo elo, well do jo elo keng Punkte méi sinn. An ech hunn awer nach näischt bemierkt. Also zu deem System kann ech just soen, aarm Kanner déi drënner falen.
Frank Kuffer: Madame Minister? Ass dat esou, déi aarm Kanner? A respektiv gëtt et do eppes am 6. Schouljoer?
Mady Delvaux: Mir hu gesot, datt mir géifen eng grouss Attentioun, eng grouss Opmierksamkeet wann de Passage, wann déi Kanner déi elo am 2.4. sinn, wa si op 7e kommen [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et sinn déi éischt elo.
Mady Delvaux: Dat sinn déi éischt déi ouni Punkten op 7e kommen. Dofir hate mir, ech hunn net gesot, datt si géifen am 6. Schouljoer encadréiert ginn, mä méi hu gesot mir wëlle si op 7e gutt encadréieren. Mir haten Aarbechtsgruppen, Reuniounen mat den Direkteren a mat den Inspekteren. D'Direkteren identifizéieren déi Proffen déi op 7e an den Haaptfächer Franséisch, Däitsch an esou weider Schoul halen, datt déi mat de Schoulmeeschteren zesummekommen. Et gëtt och nach extra Brochurë gemaach an ee Programm virgestallt, wéi dann d'Kanner wa si op 7e kommen, begleet ginn. Do muss een natierlech soen, datt et ëmmer ee groussen Ënnerscheed ass, elo och, also am ale System wann een aus enger relativ klenger Primärschoul, wou een dann deen eelste war, wann een dann op eemol an ee risege Lycée kënnt, wou een dee jéngsten ass, wou een net méi esou geschount gëtt wéi an der Grondschoul, dat war jo nach ëmmer esou. Dat heescht dee Passage ass ëmmer schwéier, mä d'Schoule sinn, verschiddener hu scho formidabel Programmer opgestallt a mir hätte gären, datt dat soll generaliséiert ginn. An ech muss soen, an de Gespréicher mat de Professionellen, mat de Schoulmeeschteren, mat de Proffen, mat den Inspekteren, do héieren ech awer ganz vill soen se, dat do, dat wäerte mir scho packen. [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Fäert Dir awer net, datt et eng grouss Ëmstellung gëtt fir déi Kanner, wann déi elo op 7e kommen?
Mady Delvaux: Also [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Nach méi eng grouss wéi et souwisou eng ass?
Mady Delvaux: Et gëtt sécher eng grouss Ëmstellung. Mä et ass schonn eng grouss Ëmstellung an ech, d'leschte Kéier huet nach een, eng Persoun mir gesot, mä fir déi Kanner, déi Bescht gi jo an de Lycée, an de klassesche Lycée, et si jo déi éischt aus de Klassen déi an de klassesche Lycée ginn. Et gi jo nëmme ronn 36% vun de Schüler ginn an de Classique orientéiert, déi aner déi ginn an den Technique an déi ware jo alleguer gewinnt immens gutt Punkten ze hunn. An da komme si op eemol op 7e an da kréie si ganz schlecht Punkten. Dat ass fir déi Kanner och eng richteg Demotivatioun an da gi si immens demotivéiert. Dat heescht, och do war et schonn eng grouss Ëmstellung.
Ech wollt awer ee Wuert zur Lidderegkeet soen. Also ech, wann de Message erausgeet, datt d'Kanner zur Lidderegkeet gezillt ginn, dat ass awer nu wierklech de Contraire vun deem wat beabsichtegt ass. Au Contraire hätte mir gär, datt d'Kanner méi motivéiert sinn, datt si sech selwer Ziler setzen, datt si sech Ziler setzen, déi si och kënnen erreechen. Fir Schrëtt fir Schrëtt weiderzekommen. An d'Äntwert déi de System vun der Grondschoul déi wëlle mir jo net generaliséieren, duerch de ganze System, mä ech fannen et wichteg bei deene klenge Kanner, datt si lues a lues geléiert ginn ze léieren, datt si sech weider kënnen entwéckelen. Well mir stellen oft fest, datt schonn am 2. Schouljoer d’Décisioun gefall ass wou si herno landen an dat fannen ech wierklech net gutt. Si hunn duerno nach, si ginn 13 Joer an d'Schoul a si hunn an deene leschte 7 Joer gutt Zäit fir sech un de Stress an dorunner ze gewinnen.
Frank Kuffer: Mir hunn elo mat den Eltere geschwat, da kommt mir ginn elo mol an d'Schoul op den Terrain, bei d'Madame Schmitz vun Helsem. Dir sidd, Dir schafft selwer am Enseignement?
Nolauschterin: Jo richteg. Bonjour Madame Delvaux. Ech si selwer Enseignant an ech hunn ee Kand am Cycle 4.2 an och ee Kand am Cycle 3.2 an ech maache mir e bësse Gedanke wéi déi virdru gesot huet, effektiv déi Schüler déi duerno an de Classique kommen: wann Dir zum Beispill de Bilan kuckt vum Cycle 4.2 do ass Geographie, Geschicht a Biologie ass an engem Socle, an enger Kompetenz zesummegefaasst an do ass et natierlech och net immens motivant, och net fir d'Enseignanten, fir do dann 3 Prüfungen ze maache mat verschiddenen Kompetenzen. An da komme si zum Beispill an de klassesche Lycée, wou si dann eng Kéier am Trimester eng Prüfung hunn a wou si da musse mat Kompetenzen zwar scho schaffen. An ech froe mech effektiv, wéi Dir et elo ugeschwat huet, ob dee Passage elo net nach méi schwiereg gëtt fir d'Schüler vum Primaire an de Secondaire. Am Secondaire technique mengen ech, do schaffe mir scho laang mat de Kompetenzen, do kréiche mir dat relativ gutt hin, awer et ass wéi Dir sot, et ass jo net Zil an Zweck fir d'Kanner am éischten Trimester op 7e esou ze demotivéieren, zemools elo déi nei, datt se duerno keng Loscht méi hu fir weiderzemaachen. Wéi kéinte mir dat an de Grëff kréien?
Frank Kuffer: Madame Delvaux, gëtt do net op 7e séier aus dem Smiley een dee kräischt?
Mady Delvaux: Jo also ech hu scho vill Kanner gesinn op 7e kräischen. Ech mengen awer wierklech, datt mir de Moment am Gaang sinn eng Sensibilisatioun bei den Enseignanten, bei den Direktiounen an am Lycée ze maachen, datt och gekuckt gëtt wat gëtt verlaangt vun engem Schüler am Cycle 4.2, also am 6. Schouljoer, op wat kënne mir eis astellen an datt wierklech do een Échange geschitt zwëschen der Grondschoul an der 7e. Esou datt ech awer, ech verstinn d'Angscht, ech wëll dat mol ganz kloer soen, ech verstinn dat schrecklech gutt. Ech sinn awer zouversiichtlech, datt mir dat am géigesäitege Gespréich zwëschen deem engen Ordre d'Enseignement an deem aneren, datt mir dat geléist kréien. Et ass natierlech vill verlaangt, wann ech elo soen, dat wäert scho gutt goen. Ech kann dat net beweisen elo. Mä ech maachen alles a mir setzen d'Acteuren zesummen, fir datt dee Passage gutt geet.
Frank Kuffer: Elo eng konkret Fro dann zu dem Bilan, deen Dir de Moie gemaach hutt, iwwert déi 3 Joer Reform. Do hu mir de Jeannot Kayser vu Schëffleng um Apparat. Gudde Mëtteg.
Nolauschterer: Gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: An den Här Kayser, Dir interesséiert Iech e bësse fir déi Zifferen déi do genannt gi sinn?
Nolauschterer: Ma jo dat huet mech iergendwéi e bëssen irritéiert. Wann ech dann do héieren, datt op déi Ëmfro da 17 Komma souvill Prozent vum Léierpersonal geäntwert huet, par rapport zu 34% vun den Elteren. Da schéngt et jo awer esou ze sinn, datt d'Eltere sech méi dofir interesséiere wéi d'Léierpersonal? Dat irritéiert mech insofern nach vill méi, datt wou et ëm d'Gehälterrevisioun bei hinne gaangen ass, do waren et awer wiesentlech méi wéi 17,8%. An ech fannen dat e bëssen allerhand.
Frank Kuffer: Madame Minister sinn déi 17%, huet dat Iech awer och enttäuscht? Well et héiert ee jo awer vill Kritiken an da si just 17% déi matmaachen. Sinn déi aner all zefridden?
Mady Delvaux: Ma déi Fro ass jo haut schonn oft gestallt ginn. Et ginn zwou méiglech Interpretatiounen, dat eent ass, et äntwert een net, well ee seet et huet jo souwisou kee wäert datt ech äntweren an déi aner Theorie ass, datt een eigentlech d'Belaaschtung an de Stress deen een erlieft net esou grouss ass, datt een eigentlech relativ zefridden ass an dofir net äntwert. Ech kann Iech dat net, ech weess et net, mä ech hätt awer elo net gär wann do géif d'Impressioun kommen d'Schoulmeeschteren an d'Léierinne géife sech net fir déi Saach interesséieren, well ech kréien nämlech ganz vill Korrespondenz an Echoen an ech weess och aus ville Reuniounen, datt si sech Gedanke maachen, datt si Modellen ausschaffen, datt si sech iwwerleeë wat kënne mir besser maachen. An ech wëll och zesumme mat de Gewerkschaften, mä awer och mat de Leit vun de Schoulen, wëlle mir jo Léisunge siche fir dat wat belaascht a wat eigentlech onnéidege Stress provozéiert, fir dat ze verbesseren.
Frank Kuffer: Mir hunn nach ganz vill Leit an der Leitung. Bleift just wann ech gelift ee Moment drun. Mir kucken eng Kéier ganz kuerz op d'SMSen, well mir hunn zanter gëschter och vill SMSen erakritt an do si vill SMSen dobäi wou et ëm d'Bilane geet, Dany Rasqué:
Dany Rasqué: Deemno dierften och vill Leit frou sinn, wann déi elo vereinfacht ginn. Mä an den SMSen gëtt zum Beispill gefrot, wéini datt endlech Bilane kommen, déi jidderee versteet an déi ausdrécke wat d'Kanner wierklech kënnen respektiv net kënnen. Dann heescht et d'Schoulpersonal géif déi Bilanen vu Schoul zu Schoul a vu Klass zu Klass aneschters ausfëllen. D'Léierpersonal wier net domatter zefridden. D'Eltere wéissten um Enn net wéi gutt oder schlecht hiert Kand ass, d'Kanner kéinte selwer näischt mat hirer Bewäertung ufänken an et géif vill ze vill Zäit kaschte fir déi Bilanen z'explizéieren. Ee Papp schreift dann, dat eenzegt gutt un der Reform wieren déi regelméisseg Entrevuen mat den Enseignanten.
An enger anerer SMS steet, d'Ministesch hätt d'Schoul just ëmbenannt an eng aner Bewäertung agefouert. Ma wierklech besser gi wier näischt. D'Energie vum Léierpersonal géif verheizt gi fir Formsaachen, am Plaz datt déi Zäit der Educatioun vun de Kanner géif zegutt kommen. Vill Schüler hunn, wéi et schéngt, a mir hunn net och elo schonn héieren, ee grousse Problem wa si aus der Grondschoul an de Lycée kommen. Do gëtt jo dann erëm mat Punkte geschafft an eng Partie Nolauschterer froe sech firwat de System dann erëm op eng Kéier ännert. Am Lycée hätten d'Schüler nämlech keng Ahnung méi wéi si sech op een Test respektiv op eng Prüfung solle virbereeden.
An engem Enseignant dee, wéi e schreift schonn 20 Joer am Secondaire Schoul hält, ass opgefall, datt d'Kanner déi haut aus dem Fondamental kommen ëmmer manner wëssen a kënnen obscho si jo awer an der Grondschoul eppes schaffen. Dësen Enseignant freet sech dann ob de Wee deen d'Ministesch ageschloen huet net muss iwwerduecht ginn. De System géif d'Kanner net motivéieren, just de Contraire wier de Fall. Deen ale System wier vill besser gewiescht.
Um Enn gëtt dann nach an enger SMS gefrot ob d'Ministesch ee Beispill kann nennen vun engem Kand dat Schwieregkeeten an der Schoul huet an deem et elo no der Reform besser ka gehollef gi wéi virdrun.
Frank Kuffer: Merci Dany. Vläicht op dee leschte Punkt, do, gëtt et do Beispiller schonn? Mä de Bilan deen Dir de Moie gemaach hutt, dee geet am Fong geholl net dorëm fir elo ze kucke wéi gutt dat de Kanner gedoen huet an der Schoul.
Mady Delvaux: Et gëtt vun alle Wëssenschaftler, Experte gesot, datt een d'Effete vun enger Reform eréischt no 10 wann net méi Jore ka moossen. D'Reform ass 3 Joer am gaangen an ech mengen de Bilan huet jo och gewisen, datt d'Praxis an de Schoulen net esou geännert huet, datt do alles anescht wär. Dat ass mol dat éischt.
Zweetens, hutt Dir elo lauter negativ Stëmmen hei iwwert SMS erakritt an dat ass jo dee Phenomen deen ech ëmmer feststellen, déi Leit déi net zefridde sinn, déi manifestéiere sech éischter wéi déi déi zefridde sinn. Ech kréien och Besuch, ech kréie Bréiwer vun Elteren a vun Enseignanten déi fannen, datt dat hei elo wierklech vill besser ass. Mir sinn de Moment nach an enger Situatioun vun där Reform wou een nach net weess wéi et ausgeet. An dofir musse mir nach wierklech vill konsolidéieren, weiderschaffen an da wollt ech ee Wuert soen, säit ech d'Geschicht vun der Erziehung kucken, hunn ëmmer d'Leit gesot, fréier konnten d'Kanner méi, haut kënne si näischt méi. Dat ass een allgemenge Phenomen. Ech wëll awer elo soen, wann déi déi elo am Lycée sinn manner kënne wéi déi virun 20 Joer, déi déi elo am Lycée sinn déi sinn nach net duerch d'Grondschoulreform gaangen, dat kann also net de Problem sinn. Et muss een einfach soen, datt eis Gesellschaft ännert, datt d'Schwéierpunkten, den Intérêt ännert an datt eis Schoulpopulatioun immens am gaangen ass ze änneren an et ass jo dofir wou mir eis mussen opstelle fir weiderzekommen. Also ech wëll, ech hunn net d'Prétentioun definitiv elo eng Wäertschätzung, eng Aschätzung ze maachen ob alles besser ginn ass, ech soe just mir sinn um richtege Wee fir weiderzekommen.
Frank Kuffer: Besser oder méi schlecht no der Reform, also d'Madame Kessler vun Hoe seet, et hätt net vill geännert, gudde Mëtteg.
Nolauschterin: Jo Moien, jo ech hunn, wollt am Fong soen, duerch d'Reform, d'Zil dovunner ass jo fir aus jiddwer Schüler dat Bescht erauszehuelen an ëm déi bescht Méiglechkeeten ze ginn. A wéi wäit dat elo ëmgesat gëtt an der Schoul duerch d'Differenzéierung kann ech net soen, well ech net dobäi sinn, ob elo déi gutt Schüler ebe vill méi ugebuede kréien oder méi mat hinne gemaach gëtt. Mä eppes wat mir opfält ass bei der Bewäertung. Also si maachen Tester an ech mengen wann een differenzéierten Unterrecht hält, da misst et jo och méiglech sinn dann dee Moment verschidden Tester ze maachen an dat ass guer net de Fall. Jiddweree mécht deeselwechten Test a jiddwereen deen 10 Feeler huet oder manner, kritt très bien an dat fannen ech net motivant fir gutt Schüler. Well ech menge fir ee schlechte Schüler kann 10 Feeler supergutt sinn a woubäi et fir een aneren eben net esou gutt ass. A firwat kënne mir do net soen, ma da kucke mir no deenen eenzelne Kanner a mir probéiere se ze motivéieren fir hiert Bescht ze ginn an net einfach esou wéi fréier, wéi ëmmer, jiddwereen iwwert d'selwecht, jiddwereen d'selwecht ze bewäerten.
Frank Kuffer: Merci Madame Kessler fir dës interessant Remarque. Jo dat ass ëmmer gesot ginn, déi Gutt méi fuerderen. Geet dat dann um Terrain gutt?
Mady Delvaux: Dat do, ech mengen d'Madame Kessler huet elo de Punkt, ee Punkt opgeworf, wou mir an de Bilane feststellen, datt d'Differenzéierung eigentlech a ganz wéinege Schoule fonctionnéiert, a wéinege Klassen, datt - an dat ass sécher ee Punkt un deem mir nach musse schaffen, wou mir och eng Recommandatioun kréie fir vläicht méi kloer Beispiller ze ginn an Uweisunge wéi ee kann differenzéieren - ech mengen d'Madame huet genau de Fanger op de wonne Punkt gesat. Wann een differenzéiert kann een och net déiselwecht Prüfunge maachen. Natierlech muss een herno um Enn vum Cycle soen, du muss d'Lat erreecht hunn oder net, mä et geet jo hei drëm fir déi gutt Schüler ze fuerderen, datt si nach besser ginn an deene schwaachen awer ze hëllefen an net déiselwecht Uspréch u jiddwereen ze stellen. Dat ass, wëll ech awer soen an der Traditioun, an der Mentalitéit vun der Schoul natierlech ganz schwéier ëmsetzen. Well dat ass och an en Diskussioune mat de Schoulmeeschteren, mat de Léierinnen och mat de Proffen ëmmer esou: ma jo hunn ech dann deen ee favoriséiert wann ech deem méi eng liicht Prüfung ginn? An dofir, do wou et Punkte ginn ass dat natierlech schwéier ze praktizéieren an dat ass jo eng vun den Ursaache firwat mir keng Punkten an der Grondschoul hunn, fir ebe just déi Differenzéierung do méiglech ze maachen. An do si mir nach net wäit genuch. Do musse mir nach dru schaffen.
Frank Kuffer: Ass dat eng Zort Échec? Also ech mengen [gëtt ënnerbrach]
Mady Delvaux: Ma nee, dat ass een Défi, et ass eng Erausfuerderung fir dat do hinzekréien.
Frank Kuffer: Mir ginn da bei d'Madame Pettinger op Mamer, gudde Mëtteg.
Nolauschterin: Gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Dir hutt eng Kritik un der Madame Minister?
Nolauschterin: Ech géing d'Madame Minister froen, firwat datt si net méi op déi Leit um Terrain d’Enseignanten lauschtert. Si seet, ech si fir den Dialog, si seet, ech hätt gär gutt nei Virschléi, mä op all Reuniounen déi ech well nogekuckt hunn – ech hu keng Kanner méi an der Schoul – do kann een da mengen, dat géinge mir esou mengen déi ganz Reuniounen an da schwätzt d'Madame Minister ganz laang a ganz breet, mä net iwwert déi Fro déi gestallt ginn ass an de Fin mot war bis elo nach ëmmer: an et gëtt gemaach wéi ech soen. Esou wéi si och elo seet, an ech gi mech net. Déi Leit hu Léierin, Schoulmeeschter geléiert fir d'Kanner ze léieren, ze erzéien an elo ass därmoossen administrativ Saachen datt zwee Drëttel vun der Zäit bal drop gi wat net fir d'Kanner ass mä wat iergendwéi Bürosaarbechten esou.
Frank Kuffer: Schafft Dir selwer am Enseignement?
Nolauschterin: Nee, mä dat huet mech nach ëmmer ganz interesséiert.
Frank Kuffer: Nee et war just fir ze wëssen. Madame Minister ass et awer esou, datt Dir net heiansdo net genuch op d'Enseignanten lauschtert?
Mady Delvaux: Ech kréien dat jo oft genuch reprochéiert. Ech wëll awer soen, datt dat och ee Reproche ass dee mir eigentlech wéi deet, well ech immens vill Zäit a Reunioune verbréngen an um Terrain.
Frank Kuffer: Lauschtert Dir dann no?
Mady Delvaux: Ech lauschteren no a mir hunn, an dat wëll ech hei soen, mir hunn elo décidéiert, ech hunn schonn d'lescht Joer décidéiert, mir géifen d'Bilans intermédiaires, wou jo gesot gëtt dat wär esou opwenneg, mir wëllten déi vereinfachen. Dat hu mir een Ulaf geholl, deen ass net gutt ausgaangen. Ech wëll awer soen, ech war an deene Reuniounen net dobäi an ech hunn elo d'Uni Lëtzebuerg gefrot, datt si mat all de Partner zesummen identifizéiert, wat kënne mir da vereinfachen. A si hunn deen Optrag ugeholl, well ech soen, jo wann d'Enseignante soen ech géif hinnen net nolauschteren, da sichen ech elo mol een deen hinnen dann nolauschtert an dee vläicht do ee Schrëtt weiderkënnt. Mir hu wat dat Administratiivt ugeet, dat soen awer alleguerten d'Comitéen an d'Presidenten an deene Reuniounen, well ech ginn all Joer mat de Presidenten kommen ech zesummen: si soen alleguer, Dir hutt scho vill vereinfacht, mä et geet nach net duer, Dir musst nach weider vereinfachen. Mir hunn elo wat de Plan de réussite scolaire, do ass jo gesot ginn dat wär zevill formalistesch, do hu mir gesot elo fänke mir déi zweet Generatioun gëtt vill méi einfach gemaach, Dir braucht nëmme méi een Objektiv. Et ass natierlech all Schrëtt deen ech maachen wär ech awer och frou, wann dee géif zur Kenntnis geholl ginn. Mä da wëll ech awer, an d'Madame Pettinger huet elo just gesot, si seet, ech maache wat ech wëll, ech hunn awer verschidde Prinzipien, déi am Gesetz stinn an un déi ech mech och wëll halen. An natierlech hunn ech och Iwwerzeegunge fir déi ech mech asetzen. Mä ech si wierklech bereet mat all deenen déi wëlle matschaffen déi Saachen déi d'Leit bedrécken am Alldag, d’Vereinfachen, net méi esouvill opschreiwen, ech soen och ee Rapport brauch keng 10 Säiten ze hunn. Et geet jo duer wann een iwwert eng Reunioun ee Rapport mécht, datt een déi Punkten oplëscht déi diskutéiert sinn an déi Décisiounen déi festgehale ginn, well soss weess an der nächster Reunioun kee méi wat décidéiert ginn ass. Dat sinn esou Saache wou ech soen, dat muss awer respektéiert ginn, mä ech si bereet iwwert alles wat onnéideg ass doriwwer ze diskutéieren an och anzelenken,
Frank Kuffer: Op Elleng gi mir da bei den Tom Bichler, gudde Mëtteg.
Nolauschterer: Gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Dir schafft am Enseignement?
Nolauschterer: Ech schaffen am Enseignement, hunn elo 10 Joer am Cycle 4 geschafft, sinn elo awer am Cycle 3. Ech hunn 2 Saachen déi ech mol gäre géing der Madame Delvaux op dëse Wee matdeelen. Déi éischt Saach ass, wéi den Här virdru gesot huet, dat ass déi Saach mat de Punkten. Ech fannen, datt iwwert déi 10 Joer d'Punkten d'Kanner trotz allem méi motivéiert hunn sech op eng Aufgab spezifesch virzebereeden. Elo mécht een dat mat Tester déi deelweis guer net ugekënnegt sinn an d'Kanner hunn effektiv ganz oft Tendenz dat e bëssen à la légère ze huelen. An déi zweet Saach déi ech wollt soen, dat ass dat mat de Kompetenzen. Dat ass, mir hunn am Cycle 4.2 hu mir an engem Team geschafft an ech hu mech do ëm de franséischen Deel gekëmmert a mir hunn do verschidde Kompetenzen dunn erschafft an dat ass och elo net nëmmen op der schrëftlecher Basis gewiescht. Da kommen d'Kanner awer op 7e, dat heescht mir hu mat hinne vill Textverständnis gemaach, Hörverständnis, hei an do an da gesinn ech awer och Feedback vun de Kanner deen ech elo kréien, datt dann awer op eemol ugefaange gëtt mat Diktater, mat Verben ze kucken op wéi engem Niveau d'Kanner stinn an dat ass dat wat mech einfach als Enseignant do e bëssen traureg mécht, datt mir dann awer op där enger Säit an der Primärschoul probéieren elo wierklech een anere Wee ze goen an datt mir herno dann awer nees op den ale klassesche Wee zeréckfalen. An do ass eben da meng Fro, wéi kéint een dat dann och iergendwéi organiséieren, fir datt do méi ee Suivi géif komme vun engem Cyle 4.2 op eng 7e?
Frank Kuffer: Dat hate mir och schonn e bëssen ugeschwat virdrun, de Passage an et ass d'Fro och vun den Tester dann.
Mady Delvaux: Also de Passage op 7e do hu mir wierklech gefrot, datt all Direktioun d’Équipen vun de Leit déi op 7e enseignéieren, datt déi zesummegesat gi mat den Enseignanten aus dem 6. Schouljoer, dat do ass jo ee Reproche deen ech oft héieren an ech fannen et och effektiv Schued, obschonns et och op 7e soll sinn, datt schreiwen, schwätzen, héieren, verstoe soll getest ginn, datt awer ee groussen Akzent um Schreiwe läit. Bon do si mir am gaangen drun ze schaffen an ech géif gären eppes richteg stellen. Et gëtt oft gesot, elo gi keng Prüfunge méi gemaach. Also an all Instruktioun déi vum Ministère erausginn ass, ass awer och gesot ginn, datt selbstverständlech d'Kanner nach eppes musse léieren. An et ass absolut erlaabt ee Pensum doheem ze gi fir ze léieren an datt dat ofgefrot gëtt an enger Prüfung. Natierlech ass dat net d’Moossen vun enger Kompetenz. Mä mir hunn d'Kompetenz jo esou definéiert, datt et Wëssen ass. Et muss een eppes kënnen, et muss een eppes léieren, well soss kann ee keng Kompetenz beweisen. An ech wëll hei nach eng Kéier den Appell maachen, selbstverständlech ass de Message un d'Kanner, datt si musse léieren doheem an de Schoulmeeschter, d'Léierin däerf absolut opfroen, bewäerten ob een eppes geléiert huet oder net.
Frank Kuffer: Voilà, si mir beim Sujet Hausaufgaben, dee verfollegt Iech och scho joerelaang. Gi mir bei d'Mimm op Elwen. Gudde Mëtteg,
Nolauschterin: Gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Ma ja d'Hausaufgaben, sinn et der zevill? Heiansdo ass gesot ginn, kritiséiert ginn, datt et keng ginn. Sinn et der elo zevill oder wéi gesitt Dir et?
Nolauschterin: Jo also ech sinn zwar elo nach net am Fall, well mäin ass nach net am Cycle 2. Mä wann ech dann awer vu Frëndinne gesot kréien wou d'Kanner am Cycle 2.1 also fréiert éischt Schouljoer sinn, datt déi zäiteweis do sëtze mat 9 Säiten Hausaufgaben, ech fannen dat awer e bëssen iwwerdriwwen.
Mady Delvaux: Ech och.
Frank Kuffer: Madame Delvaux, also ech kennen ee Fall wou et bal keng ginn, zweemol d’Woch Hausaufgaben. Wat ass dann elo dat Richtegt?
Mady Delvaux: Also eis Instruktioun vum Ministère ass fir ze soen, am 1. an am 2. Schouljoer soll een d'Kanner mol fir d'éischt an der Schoul léieren, datt si selbstänneg ginn an datt si hir Aufgabe kënnen alleng maachen. An et soll een hinne keng geschriwwen Hausaufgabe ginn. Datt si solle liesen a Saachen mémoriséieren, dat ass absolut legitim, mä et soll ee keng geschriwwe ginn. Ech hu mir wéi ech déi Instruktioun, duerno ass dann d'Instruktioun fir ze soen, et soll een haaptsächlech déi Deeg wou mëttes keng Schoul ass do kënnt een eng Aufgab ginn, mä esou datt d'Kanner dat Geschriwwent kënnen an enger halwer Stonn bis héchstens eng Stonn fäerdeg kréien. Ech hu mir wéi ech déi Instruktioun geschriwwen hu keng Illusioune gemaach, datt géife guer keng Hausaufgabe méi ginn, mä d'Iddi war awer fir se ze begrenzen an datt d'Kanner eppes mat heem kréien als Hausaufgab wat si packen a wou si kënne alleng domatter eens ginn. Well d'Hausaufgab ass jo net fir d'Mammen oder fir d'Bomen oder fir d'Personal an der Maison relais, d'Hausaufgaben ass, datt d'Kand soll sech üben autonom ze schaffen an ech si ganz verdrësslech wann ech héieren, datt esouvill Hausaufgabe gemaach ginn. Och bei den Hausaufgabe wëll ech soen, datt ee kann differenzéieren. Deem engen, dee soll gefuerdert ginn, méi eppes Komplizéiertes ze ginn oder méi eppes Laanges an deenen aneren déi méi Schwieregkeeten hunn mol eppes ze maache wat si och packen, well ech gesinn net den Zweck fir datt d'Kanner an d'Elteren herno am Kräischen do sëtzen well si d'Hausaufgaben net gepackt hunn. Ech mengen och net, datt dovunner vill hänke bleift.
Frank Kuffer: De Sujet schéngt eis Nolauschterer ganz vill ze interesséieren. Et sinn der nach ganz vill an der Leitung, ee packe mir awer just nach. Huele mir nach d'Madame Diderich vu Stengefort. Et ass nach eng Kéier eng Remarque zum 6. Schouljoer, Dir mengt do géif ze fréi de Bilan gemaach ginn. Gudde Mëtteg.
Nolauschterin: Gudde Mëtteg. Ma jo ech fannen et eigentlech ee Skandal, datt d'Kanner am 6. Schouljoer ëm Ouschteren ee Bilan de Fin de Cycle kréien an domatter ass d'Saach da gelaf. Dat heescht déi Orientatioun ass da fäerdeg. Firwat réckele mir dat net endlech méi no hannen vum 6. Schouljoer?
Frank Kuffer: Tjo Madame Delvaux, no Ouschteren ass souzesoen alles gelaf am 6. Schouljoer, da kënne si bal an d'Vakanz goen.
Mady Delvaux: Also mir hunn een organisatoresche Problem. Wann ee wëllt eng Orientatioun ausschwätzen op Basis vun engem Dokument da muss et jo ee Recours dogéint ginn, dat heescht et muss een, wann een net d'accord ass, muss ee kënnen dat akloen, da musse mir een Examen organiséieren an d'Schoule musse kënnen organiséieren hir Klassen, mir mussen d'Schüler verdeelen, dat muss alles fir de 15. Juli fäerdeg sinn. Dofir hu mir ee Problem. Ech fannen et éierlech gesot och ze fréi. Dat einfachst iwwer natierlech mir géife guer keng Orientatioun maachen nom 6. Schouljoer, mir géifen den Elteren d'Méiglechkeet loossen hir Kanner do anzeschreiwe wou si wëllen, da bräichte mir dee ganze Prozedere net.
Frank Kuffer: Ass dat eng Méiglechkeet?
Mady Delvaux: Et si Länner déi dat esou maachen.
Frank Kuffer: Géift Dir dat dann och wëlle maachen?
Mady Delvaux: Zu Lëtzebuerg ass dat no allen Echoen, ech sinn do jo och scho laang am gaang driwwer ze diskutéieren, zu Lëtzebuerg ass dat de Moment ondenkbar, datt een [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Fir Iech och? Géift Dir dat wëllen?
Mady Delvaux: Ech ka mir et virstellen, mä ech ka mir net virstellen, datt mir et elo maachen. Mä da bräichten mir déi ganz Prozedur do net ze maachen. Elo geet awer, ech wëll awer soen, wann een da weess d'Kanner ginn an de Classique oder si ginn an den EST, dann heescht dat jo awer net, datt ee vun Ouschteren un näischt méi mécht. Dann huet ee just Geleeënheet fir se doropper virzebereeden, datt si dee Passage wa si op 7e komme méiglechst gutt packen, da weess ee jo och [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Jo jiddwerengem fält e bëssen ee Stee vum Häerz, dem Schüler, den Elteren, den Enseignanten och.
Mady Delvaux: Mä ech hunn awer elo de ganzen Zäit hei Echoe kritt, datt dat esou ee Stree wär wann d'Kanner géifen op 7e kommen. Da misst een also déi Zäit zwëschen Ouschteren an der grousser Vakanz benotzen fir deene Kanner déi an ES orientéiert sinn, fir deenen ee Bagage matzeginn an se opzebauen datt si gutt bestinn op 7e an déi déi an den EST ginn datselwecht. Da kann ee jo wierklech do differenzéieren. Dat ass also eng Chance vun där ech awer gär hätt, datt si an der Schoul soll genotzt ginn. Well wann ee vun Ouschtere bis September näischt mécht, da muss ee sech, dat ass natierlech eng Katastrof. Dat däerf net de Message sinn deen duerch d'Schoule geet.
Frank Kuffer: Merci villmools Madame Delvaux, datt Dir Iech de Froe vun eisen Nolauschterer gestallt hutt. Vläicht konnt Dir e puer Leit iwwerzeegen, si Iech vläicht och. Nach eng Fro, sidd Dir nom Summer 2014 och nach Schoulministerin?
Mady Delvaux: Normalerweis si jo Wahlen awer nach am Juni 2014 an ech kann net fir de Wieler schwätzen. Ech sinn net amtsmidd. Ech maachen dat hei nach ëmmer ganz gär a mat vill Engagement.
Frank Kuffer: Merci Mady Delvaux nach eng Kéier, datt Dir de Mëtte bei eis komm sidd.
Mady Delvaux: Merci och.
|