|
Monique Faber: Gudden Owend bei Chamber Aktuell. Europa steet am Mëttelpunkt vun der Émissioun vun haut, an Invité ass een dee grad seng europäesch Fonctiounen als Eurogruppe-Chef verlooss huet, fir sech elo erëm exklusiv national an Europa anzebréngen.
Gudden Owend Jean-Claude Juncker.
Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.
Monique Faber: Meng éischte Fro wier am Fong déi, Dir sidd elo just nach, wann een esou soe kann, Staatsminister a Minister vum Trésor. Sidd Dir am Fong geholl op Entzuch?
Jean-Claude Juncker: Iwwerhaapt net. Och wann ee Staatsminister ass, Premier also, ass ee jo Member vum europäesche Rot, vun der Sëtzung vun de Staats- a Regierungschefen, do huet ee vill ze dinn.
Et behält ee jo seng Kontakter an Europa, déi ee muss fleege wéinst der Aussenduerstellung vun eisem Land, an och wéinst der Verdeedegung vun eisen Interessen, an deem sech abréngen fir europäesch Interesse virunzebewegen. Ech hu jo nach vill Kontakter, ech ginn nach vill gefrot, et ass also net datt ech op Entzuch sinn. Ech hu de Stress vum Alldag net méi.
Monique Faber: An och e Conseil jo dës Woch. Mä wat huet elo vläicht am normalen Dagesoflaf geännert? Sinn et vläicht manner Tëlefonen déi Dir musst an Ärer virëschter Fonctioun maachen, oder?
Jean-Claude Juncker: Neen, bis elo hunn ech nach net gemierkt, datt manner géif tëlefonéiert ginn. An ech hunn och een Nofolger, den hollännesche Finanzminister, mir schwätzen also mateneen iwwer d’Saachen. Ech hunn och nach eng Rei Engagementer zu Bréissel wouerzehuelen, a Verlängerung vun deem wat ech bis elo gemaach hunn. Mä mat der Zäit léisst den Drock awer no. Den akuten Drock fir direkt eppes musse selwer ze maachen, well soss keen et géif maachen, deen ass awer elo scho fort. Et ass elo méi mentalen Zäitgewënn wéi physeschen Zäitgewënn.
Monique Faber: Merci fir elo. Nationales iwweregens mam Nationalitéitegesetz méi spéit an dëser Émissioun.
Mir hunn eis d’lescht Woch a Saachen Europa elo mat Deputéierten op de Wee an eng Konferenz zu Bréissel gemaach, an där et drëm goung den nationalen Deputéierten d’Méiglechkeet ze gi sech mat hire Kollegen aus den aneren EU-Staaten zesummenzesetzen, dat fir sech par rapport zu den neie Budgetsprozeduren an der EU ofzeschwätzen.
[Reportage]
Invité am Studio ass de Staatsminister Jean-Claude Juncker. Här Juncker, Äre Parteikolleg Frank Engel sot, wier hien nationalen Deputéierten, géif hie sech net gefale loossen, datt budgetär Pouvoiren ofgeholl ginn op Bréissel, esou wéi dat elo geschitt. Ginn et net zevill Pouvoiren an Organer déi am Fong net gewielt sinn?
Jean-Claude Juncker: Ech weess net wou d’Pouvoirë géifen higoen vun engem dee gewielt wier hin op Leit déi net gewielt wieren. Wann ech zu Bréissel sëtzen, oder meng Kollegen aus der Regierung, dat si jo keng Putschisten, dat sinn am Regelfall gewielte Leit, heiansdo esouguer ganz gutt gewielte Leit [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: D’Exekutiv.
Jean-Claude Juncker: Et ass d’Exekutiv, an déi berout op engem Vertrauensvotum vun engem nationale Parlament.
Fir also - well een de Leit d’Saache wëllt méi einfach duerstelle wéi se sinn - se esou duerzestelle wéi wann hei an Europa lues a lues e schläichenden Demokratieofbau géif stattfannen, fannen ech net ganz korrekt.
Ech sinn elo jo scho méi laang an Europa täteg. Et gëtt ëmmer méi, während dat am Ufank iwwerhaapt net de Fall war, vun den nationale Parlamenter geschwat. Déi harmonesch Veranstaltung déi do gewise gëtt, Europaparlament an national Parlamenter ginn Hand an Hand géint d’Regierunge vir, wann ech dat e bësse vereinfachend duerstellen, ass jo keng harmonesch Veranstaltung, well d’Differenzen, d’Divergenzen an d’Oppositioun, d’Konflikter tëschent dem Europaparlament an den nationalen Parlamenter, déi si ganz grouss. Et ass iwwerhaapt keng eenheetlech Vue déi sech do expriméiert, dat kléngt just esou wann op der Télévisioun doriwwer geschwat gëtt.
Et ass Saach vun den nationale Parlamenter, déi Rechter, déi d’Verträg hinne ginn, ze notzen. Et ass d’Saach vun den nationale Parlamenter hirer Regierung ze soe bis wouhinner datt se dierf goen, a bis wouhinner datt se net dierf goen. Kee Minister ka jo refuséieren a säin nationalt Parlament ze goen, wann en da geruff gëtt fir iwwer europäesch Froen ze diskutéieren. Dat misst iwweregens a vill méi engem grousse Mooss geschéien. Et geet net duer fir ze soen, mir hunn näischt méi ze soen. Dat wat een ze soen huet, dat muss een och zum Ausdrock bréngen.
An ech hätt gären datt mir méi eng lieweg europapolitesch Debatt zu Lëtzebuerg kréien, an déi wäert däitlech maachen, datt d’Parlamenter selbstverständlech an hirem éischte Recht, an hirem Hoheitsrecht, wéi d’däitsch Verfassungsrechtler soen, datt ass d’Budgetsrecht, net geschmälert ginn. D’Regierungen engagéiere sech op Grond vun de Verträg zu bestëmmte Limiten.
Eist Parlament huet jo akzeptéiert, doduerch datt et de Maastrichter Vertrag gestëmmt huet, datt mir net méi - fir bei deem einfache Beispill ze bleiwe wat awer vill Nuancen huet - net méi wéi 3% Defizit dierfe maachen, an net méi wéi 60% Staatsschold sollen hunn. Dat ass een internationalt rechtsverbindlecht budgetsnormativt Instrument un dat sech ze halen ass. Mir hunn eng gemeinsam Währung, do muss et gemeinsam Regele ginn.
Monique Faber: Dat si Regelen, mä do gouf jo och elo, ass jo de Fiskalpakt um Wee, am Frankräich Pacte budgétaire genannt. Do ass jo virgesinn, datt de strukturellen Defizit nach soll maximum en halwe Prozent, bis op verschiddenen Ausnamen, leien. Wann en iwwer 3% ass, ginn et awer gewëssen Automatisme fir e Sanktiounsmechanismus. Do hëlt ee jo awer e Sputt ewech fir an d’Parlament [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Dat ass net richteg. Am Maastrichter Vertrag sinn d’Basisregele festgeluegt. Dunn hu mir ee Stabilitéitspakt gemaach, 1997, an du hu mir deen 2005, ënnert lëtzebuerger Presidentschaft niewebäi bemierkt, verännert an erliichtert, gelabbert wéi déi Däitsch och zu Onrecht soen. A wann do bestëmmte Grenzen iwwerschratt ginn, dat ass haut schonn de Fall, dann [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: Mä haut muss eng Majoritéit dofir sinn, an herno ass et just wann eng Majoritéit keng Sanctiounen wëllt.
Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovunner datt ech mengen, datt kaum een deen eis nolauschtert déi Nuance versteet, ass et awer eng wichteg Nuance.
Déi Regelen déi mir haut hunn, oder bis elo haten, dat si Regelen, déi déi grouss Staaten avantagéieren. Doduerch datt mir d’Regel ëmdréinen, kommen déi kleng Staaten an de Virzoch. Déi kleng Staate sinn am Regelfall déi, déi budgetär méi sérieux si wéi déi grouss Staaten. An dofir hu mir déi Regel geännert. Mä doduerch ginn d’Sanctiounen nach net automatesch automatesch. Mir brauchen nach ëmmer ee Votum vum Conseil vun de Finanzministeren. Mä stabilitéitsorientéiert Politik, fir déi och d’lëtzebuerger Regierung steet, déi huet et méi liicht an deem neie Regelwierk wéi an deem Regelwierk wat mir virdrun haten.
Monique Faber: Wat wichteg ass, Dir hutt et selwer gesot, d’Leit dobaussen, et ass schwéier nokommen, dee Semestre européen, eng Prozedur wou d’europäesch Kommissioun, d’Parlamenter, de Conseil intervenéiert, de breede Public gesäit net méi wien décidéiert wat, wie setzt d’Jalonen. Brauch eng Demokratie net vläicht méi einfach Spillregelen, oder ass et an Europa einfach net méiglech?
Jean-Claude Juncker: Finanzpolitik ass eng schwiereg Saach. Wann ee Finanzpolitik zu 27, respektiv zu 17 an der Eurozon mécht, da kritt dat ee Regelpak mat op de Wee, dee villen Iwwerleeunge muss Rechnung droen.
Ech gesinn datt eenzelner vun eisen Deputéierte soen, dat geet net datt d’Chamber e bësse manner, vill manner ass et net, ze soen huet. Aner Parlamenter, d’däitscht Parlament beispillsweis, sinn der Meenung datt ënnert Bäibehalung vum Hoheitsrecht vun de Parlamenter d’Budgeten ze stëmmen, déi Fräiheeten déi d’national Politik huet, mussen am Interesse vum grousse Ganzen, vum grousse Ganzen Euroganzen ageschränkt ginn. Déi Regele sinn net wiesentlech ze vereinfachen.
D’Leit bekloe sech driwwer, ech verstinn dat, datt se net richteg gesi wien an Europa wat décidéiert. Et sinn ëmmer Parlamenter, et sinn ëmmer Regierungen, heiansdo gëtt et Grozonen, déi muss een opschaffen. Mä wëssen d’Leit da ganz genee wéi an hirem eegenen Nationalstaat d’Décisioune falen? Wëssen d’Leit den Ënnerscheed ze maachen tëscht dem Pouvoir vum Staatsrot zu Lëtzebuerg, éischt Lecture, zweet Lecture?
Monique Faber: Et ass vläicht awer méi einfach wéi elo eng Prozedur tëschent méierlee Institutiounen am [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Frot emol eng Kéier wéi einfach datt déi einfach Regelen ze verstoe sinn. Och déi einfach Regele si komplizéiert, well och d’Beschlossphas an engem Nationalstaat muss bestëmmte Gesetzesméiglechkeeten, déi aus der Geschicht eraus erwuessen, Rechnung droen. An Europa kommen dann ebe 27, an der Eurozon 17 parlamentaresch, politesch, historesch gewuesse Kulturen zesummen. Een dee behaapt, Europa wier eng einfach Saach, dee vergësst datt mir e komplizéierte Kontinent sinn.
Monique Faber: Fir vun de Prozeduren, vum Mechanismus emol ewech ze kommen, komme mir zu der eigentlecher Politik. Do seet de liberalen Europadeputéierte Charles Goerens, d’Finanzen an Europa ginn ze séier an ze massiv sanéiert. Wann dëst Joer an der Wirtschafts- a Währungsunioun 130 Milliarden Defizit géingen ofgebaut ginn, da géif zevill Pouvoir d’achat zerstéiert, an et géif an den Investissementer zevill gestrach ginn. Gëtt een elo net esou vill Medikament géint d’Kris, datt de Patien riskéiert ze stierwen?
Jean-Claude Juncker: Onofhängeg dovun datt ee sech sollt beméien den europäeschen Diskurs iwwer d’Sanéierung an den nationalen Diskurs iwwer d’Haushaltskonsolidéierung mateneen an Aklang ze bréngen, en ass op deem Punkt net mateneen an Aklang ze bréngen, wat den Här Goerens fir Europa seet, a wat seng Partei fir Lëtzebuerg seet, ass et esou datt et zu der Haushaltskonsolidéierung, zum Ofbau vun ëffentleche Scholden an Europa keng valabel Alternativ gëtt. D’Scholden déi ze héich sinn an Europa, bekämpft een net doduerch datt ee méi Scholde mécht, an Defizitter déi ze grouss sinn, bekämpft een net doduerch datt ee se méi breet mécht.
Monique Faber: Et ass d’Vitesse, déi de Charles Goerens am Fong kritiséiert vun der Aktioun.
Jean-Claude Juncker: Wann een net séier genuch ofbaut, vergréissert een d’Verschëldung.
Ech sinn iwwerhaapt keen Unhänger vun der Theorie datt ee Radikalkuren an Europa oder zu Lëtzebuerg muss maachen. Ech si schonn der Meenung datt een op d’Wuesstemsaspekter muss Rücksiicht huelen. Et dierf een net op der falscher Plaz esou séier spueren, datt een éischt Erhuelungsliichtblécker déi et am europäesche Konjunkturzyklus gëtt, erëm verdäischtert, an d’Konjunktur zum Aknécke bréngt.
Mä de Kurs muss kloer sinn, datt et a Richtung Ofbau vun den Defizitter muss goen, well dat belaascht ganz einfach déi nächst Generatiounen, a mécht och de Scholdendéngscht vu Joer zu Joer an den nationale Budgete méi grouss. Jee méi Schold een huet, emsou méi Zënse muss ee bezuelen. Dat huet also en direkten Ausgabeneffekt op déi lafend Budgete vun den nächste Joeren, mä et muss een [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: Dat heescht, Dir deelt net esou déi Appréciatioun?
Jean-Claude Juncker: Bein, den Här Goerens huet dat wahrscheinlech net esou simpel, salopp formuléiert wéi Dir et elo resüméiert hutt [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: Ech hunn et zwar genee esou opgeschriwwen, wéi hie sot.
Jean-Claude Juncker: Mä well ech e kennen, weess ech datt hien och Verständnis dofir huet, datt ee muss d’Scholden ofbauen, mä datt ee muss oppasse wou een et mécht. Dat ass wouer an Europa, dat ass och wouer an eisem klenge lëtzebuerger Budget,. Do besteet manifestement nach Debattennohuelbedarf an eenzelne Parteien.
Monique Faber: Elo e puer Deeg virum Conseil, mir hunn elo just scho vun der Opinion publique geschwat, abee de President vum Europaparlament, de Martin Schulz sot elo, Europa ass an déitlecher Gefor, wann d’Mënsche sech vun engem Projet, vun enger Iddi ofwenden, da geet et iergend ee Mol op en Enn. Wéi kéint een do agéieren, méi positiv Impulser ginn? Ass dat zum Beispill, wéi den Alex Bodry da seet, iwwer eng Sozialcharta, wéi kritt een d’Leit erëm méi mat an dee Projet Europa?
Jean-Claude Juncker: Ech plädéiere vun un datt ech denke ka fir ee weidert Miwweléiere vun der sozialer Dimensioun vun der europäescher Konstruktioun, déi ech fir ënnerbesat an Iddien, an an Inhalter fannen. Ech trieden zënter laange, laange Joeren a fir e Mindestsockel un Arbeitnehmerrechter, déi néierens no ënnen dierfe dépasséiert ginn, ënnerlaf ginn, well ech an engem Moment, wou een an Europa ee Bannemaart gemaach huet, wou mir all Handelshemmnisser quasi ofgeschaaft hunn, all kommerziell Entraven, wéi dat am Traité heescht, ofgeschaaft hunn, wou mir eng gemeinsam Währung op dee Bannemaart gesat hunn, déi zwar net jiddwereen huet, mä déi awer jidderee kann hu wann e wëllt, fannen ech et net normal datt een dat soziaalt Feld ongegruewe léisst. Mä do muss een och ganz gutt oppassen.
Ass den Här Bodry an eis Chamber mat d’accord datt an Europa driwwer décidéiert gëtt wéi héich datt de lëtzebuerger Mindestloun ass, wéi héich datt d’lëtzebuerger Rente sinn, wéi eise Kënnegungsschutz am Detail ausgesäit? Et muss een also oppassen iwwer déi genee Dimensioun vun deene Wënsch, déi een äussert.
Wann elo sech driwwer beklot gëtt datt d’national Parlamenter am Budget, an hiren nationale Budgeten, bestëmmten europäesch Rücksiichten mussen huelen, da muss een och wëssen, datt wa mir d’Sozialunioun am vollen Ëmfang vum Wuert, esou wéi mir elo Fiskal- a Budgetsunioun maachen, muss een och wëssen datt mir dann och do musse Kompetenzen ofginn.
A wa mir wëllen Europa funktiounsfäeg halen, da kann dat net mat Eestëmmegkeet gemaach ginn, an net mat lëtzebuergesche Vetoe wou et géint eis Sozialinteresse geet. Dofir muss déi Debatt do e bësse méi breet geseet gi wéi se heiansdo kléngt.
Monique Faber: Eng lescht Fro nach an deem europäesche Volet. Dir sidd scho ganz laang dobäi. Wann een elo d’Zukunft kuckt, och wann een net kann am Kaffissaz liesen, wéi gesäit déi europäesch Zukunft aus, ass et eng mat de Briten oder ouni?
Jean-Claude Juncker: Ech menge fir d’éischt emol resultéiert aus der Aart a Weis wéi mir geléiert hunn d’lescht Joer mat der Wirtschafts- a Finanzkris ëmzegoen, d’Erkenntnis datt Europa no dëser Kris méi staark do steet wéi virdrun, well mir eis Instrumenter un d’Hand ginn hunn, vun deenen ee sech virun 18 Méint nach iwwerhaapt net konnt virstellen, datt mir fäeg wieren eis déi un d’Hand ze ginn.
Da kënnt eng nei britesch Debattendimensioun dobäi, well de britesche Premier, den Här Cameron eigentlech de Wonsch huet, datt een eenzel Kompetenzen déi an Europa sinn, erëm zeréckverlagert un d’Nationalstaaten, wougéint ech net sinn, wann ee sech driwwer verstännegt wat dat ass, mä e knëppt dat un d’Erwaardung datt déi britesch Virstellunge vun allen aneren ugeholl ginn. An da géif hie gären, den Här Cameron, ee Referendum an England doriwwer maachen.
Wann déi aner dann awer elo net averstane si mat all deem wat Groussbritannien wëllt rapatriéieren, wat schléit hie sengem Vollek da vir?
Wéi ech d’Logik verstinn, an hien och verstinn, wann ech net kréie wat ech gären hätt, a wann dir mir net gitt wat ech gären hätt, da schloen ech den Englänner vir, mat engem Referendum deen ech ustrengen, neen ze soen.
WA 27 Premieren op Bréissel kommen a soen, wann ech net kréie wat ech gären hätt, da schloen ech menge Leit doheem vir - mir hate jo e Referendum, d’Englänner net, si schwätze vu Referendum, mir haten een - wann ech net kréien als lëtzebuerger Premier wat ech gären hätt, da maache mir e Referendum an da gi mir eraus. An d’Englänner ginn eraus, an d’Fransouse ginn eraus, an déi Däitsch ginn eraus, an d’Slowake ginn eraus, wat ass dat da fir een Tapis, dee mir do an d’Zukunft leeën? Dat ass keen Tapis deen an d’Zukunft féiert, dat ass ee schwäizer Kéis, an deem ee mat de Féiss hänke bleift.
Monique Faber: Mengt Dir et kënnt bis zu där Kraaftprouf?
Jean-Claude Juncker: Ech hu mech dru gewinnt an Europa no dem Prinzip ze liewen datt d’Zopp net esou waarm giess gëtt wéi se gekacht gëtt. Mä ech halen et net fir gutt wann een d’Leit opreegt doduerch datt een eng waarm Zopp virun d’Nues setzt, déi se net kënnen iessen.
Monique Faber: Esouwäit Europa, dann elo d’Aktualitéit vum Krautmaart. Dräi an eng hallef Stonne laang huet d’Chamber de leschten [gëtt ënnerbrach]
[Reportage]
Dat lescht Nationalitéitegesetz, Här Juncker, ass vun 2008. Dee Gréngen Deputéierte Felix Braz kritiséiert elo d’CSV, si géif regelméisseg bremsen, méi spéit op den Zuch sprangen, an da wiere wäertvoll Joere verluer. Heescht dat am Fong, Är Partei misst sech aner Prozedure ginn, am Sënn vun der Efficacitéit?
Jean-Claude Juncker: Also Madame Faber, et ass üblech op alle lëtzebuerger Tëlevisiounsprogrammer datt vun enger Debatt vun dräi an eng hallef Stonn déi zwee Säz erausgeholl ginn, déi géint d’CSV geriicht sinn.
Monique Faber: Mir hunn och d’ganz Debatt diffuséiert.
Jean-Claude Juncker: Jo, jo, d’accord. Mä elo spillt Dir mir den Här Braz vir.
Monique Faber: Richteg, jo richteg.
Jean-Claude Juncker: Ech wëll d’Chamber TV net utiliséiere fir Parteipolitik ze maachen.
Mir hunn ee Gesetz 2008 gestëmmt, an du hu mir gesot, no e puer Joer Experienz géife mir kucke wéi dat Gesetz sech ausgewierkt huet. An elo komme mir an engem breede parlamentaresche Konsens zur gemeinsamer Beschlussfassung, an da weess ech net wat et der Geschicht bréngt - Geschicht fënnt och an der Zukunft statt, net nëmmen an der Vergaangenheet - fir dann elo ënnert Parteie sech doriwwer ze zerstreide wann een enger Meenung ass.
Ech kann och d’Virdiskussiounen déi zum Gesetz vun 2008 gefouert hunn, nach eng Kéier kritesch kucken. An da kann ech och soen, elo ass jiddweree mat der Importenzzouweisung vun der lëtzebuerger Sprooch d’accord. Dat war net ëmmer esou. Also huet jiddwereen an dëser Debatt bäigeléiert. An datt d’CSV kann ënnert Beweis stellen datt se bäiléiert, schwätzt net onbedéngt géint se.
Monique Faber: D’Changementer a Saachen Nationalitéit kënnege sech jo un, an effektiv soll Ouschteren en Text virleien. Eng Fro nach e bëssen doriwwer eraus.
Ee grousse Prinzip an der Politikgeschicht kënnt aus den USA. Deemools gouf gesot, wie Steiere bezilt, muss och politesch vertruede sinn.
De Wirtschaftsminister Etienne Schneider, an de Vizepremier Jean Asselborn hunn elo plädéiert, si kéinte sech virstellen, e Wahlrecht an de Chamberwahlen och fir Auslänner. Wéi stitt Dir do dozou?
Jean-Claude Juncker: Fir d’éischt emol zum amerikanesche Verfassungsprinzip, dee jo seng historesch Bedeitung huet. Wann zu Lëtzebuerg nëmmen déi Leit géife stëmmen, déi Steiere bezuelen, da kënnte der vill déi haut d’Stëmmrecht hunn, d’Stëmmrecht net méi ausüben, well et gëtt vill Leit déi keng Steiere bezuelen. Also muss ee mat der moderner Iwwersetzung vun deem Prinzip, deem amerikanesche Verfassungsprinzip, no taxation without representation, wien also keng Steieren [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: No taxation without representation, dee schléisst net déi aner aus.
Jean-Claude Juncker: Et muss een oppasse wat ee seet. Een dee keng Steiere bezilt, deen dierf net matbestëmmen. Dat heescht de Prinzip am Ëmkehrschluss och. Wougéint ech mech géif wieren, well een deen hei am Land keng Steiere bezilt, mécht dat op Grond vun engem Gesetz wat vun deene gestëmmt ginn ass, déi kënne representéieren, well se taxéiert ginn.
Ech stinn där Debatt relativ oppen op, well mir méi en oppent Land si wéi eis Noperen. Ech denken datt d’Leit hei am Land jo och e bëssen déi franséisch Debatt suivéieren, wou et drëm geet, d’kommunal Wahlrecht, d’Gemengewahlrecht den Net-EU Bierger, mä allen Auslänner am Frankräich ze ginn. Doriwwer kënnt keng Majoritéit zestanen, a fannen hefteg Ausernanersetzunge statt.
Mir hunn dat Gesetz virun e puer Joer gemaach. Et ass emol iwwerhaapt net debattéiert ginn hei am Land, esou selbstverständlech huet dat eis geschéngt. Huet dat der Integratioun wierklech ee Schub bruecht, datt all Auslänner déi zu Lëtzebuerg eng bestëmmten Zäit vu Joere wunnen, kënne bei de Gemengewahle matgoen? Ech hunn do grouss Zweiwelen, ob d’Stëmmrecht automatesch eng integratiounsverdéiwend Wierkung huet.
Ech sinn awer net dogéint, well fir 2014 ass dat jo souwisou ze spéit, wa mir dann eist Parlament wiele ginn, datt een eng breet Debatt iwwer déi Fro féiert. Eng Debatt déi eigentlech vum Patronat zu Lëtzebuerg ugestouss ginn ass, an net vun deenen Hären, déi Dir elo grad genannt hutt. Et muss ee sech jo froen, firwat hätten d’lëtzebuerger Patronatsverbänn da gären datt d’Net-Lëtzebuerger och d’Wahlrecht kréien? Ech weess dat net, mä ech hätt gären datt mir déi Debatt féieren. An ech [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: Wéi wier Är Meenung vläicht zu deem wat [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Ech als Mënsch, ech als Mënsch sinn do dofir, mä ech als Staatsminister weess, datt een op bestëmmten Temperaturen am Land muss ganz gutt Rücksiicht huelen, well et kann een heiansdo ee groussen Integratiounsschrëtt wëlle maachen, dee sech duerchaus, falls net richteg erkläert, falls vun der Majoritéit, vun enger breeder Majoritéit net matgedroen, als desintegréierend kann auswierken. Dofir brauch een eng Debatt, déi sech iwwer e puer Joer erstreckt.
Monique Faber: En aneren Thema. D’lescht Woch e Freideg huet den Éierestaatsminister Jacques Santer als Zeie vun der Enquêtekommissioun iwwer de Geheimdéngscht, de SREL, ausgesot. De Geheimdéngscht ënnerstoung dem Jacques Santer déi Joere wou hie Premier war, vun 1984 bis Uganks 1995.
[Reportage]
Monique Faber: Jean-Claude Juncker, Dir sidd och vun der Enquêtekommissioun gehéiert ginn. Dir hat op enger Pressekonferenz gesot, Dir hätt präziséiert wéi Dir Ärt Amt ugetrueden hat, Innepolitik dierft kee Motiv si fir Aktivitéite vum Geheimdéngscht. Elo wonnere sech eng Rei Kommentatoren datt vun de Virgänger am Geheimdéngscht de Premier Santer, keen eppes gewosst hätt vun innepolitesche Motiver. Wonnert dat Iech och?
Jean-Claude Juncker: Iwwerhaapt net. Den Här Santer huet och keng innepolitesch Spionage bedreiwe gelooss.
Monique Faber: Wat huet Iech motivéiert déi Ausso trotzdem ze maache fir keng Innepolitik?
Jean-Claude Juncker: Meng Geschicht, wann Dir esou wëllt. Ech si grouss ginn, wéi ech kleng war, wéi ech 16, 17, 18, 19 Joer hat, an enger Atmosphär wou dauernd behaapt ginn ass, de Geheimdéngscht, de Spëtzeldéngscht wéi d’Lëtzebuerger soen, dee géif Spionage géint Parteien, géint Gewerkschaften, géint Organisatioune maachen, an ech wollt einfach séchergoen datt dat net géif geschéien. Dat kann ee mir jo nu wierklech net zum Virworf maachen, datt ech däitlech drop higewisen hunn, datt ech dat net wëllt, an datt och keen et sollt probéieren. Ech wonnere mech datt doriwwer iwwerhaapt eng Diskussioun stattfënnt.
Monique Faber: An datt et Fichiere goufen zum Beispill vun Deputéierten, dat erstaunt wahrscheinlech, oder erstaunt dat net?
Jean-Claude Juncker: Ech wosst ëmmer datt et Fichiere géif ginn, awer net, esou wéi den Här Santer dat och gesot huet, am Sënn datt ech doranner stöbere gaange wier.
Et huet jo ugefaangen, déi Diskussioun, dat wëll ech hei net auswalzen, datt gemengt ginn ass op Grond vun enger net korrekter Ausso vun engem fréiere Geheimdéngschtler, datt mir 300.000 Fichen hätten, do ass gesot ginn, et wieren 300.000 Leit ofgelauschtert ginn. Alles dat ass jo net méi do.
Et ass gesot ginn, de Grand-Duc hätt Kontakter mam englesche Geheimdéngscht. De Kommissiounspresident, den Här Bodry, huet no enger Sëtzung mam fréiere Geheimdéngschtchef, gesot, datt dat net wouer wier.
Alles dat spillt keng ganz grouss Roll, wéi esou villes keng Roll spillt wat entretemps gesot ginn ass. Mä et gëtt ëmmer gesot, no all Auditioun, et wieren nach Froen op, an déi déi nach Froen hunn, déi stelle se net wann een do sëtzt, ech souz 4 Stonnen do, 4 Stonnen, do kann ee vill Froe stellen.
Monique Faber: Wann elo iwwerhaapt Saache schifgelaf wieren. D’Fro no der Responsabilitéit ass déi alleng am Staat an a senger Hierarchie ze sichen, d’SREL-Chefen oder de Minister? Oder misst een och no Défaillancen zum Beispill vun enger Kontrollkommissioun an der Chamber kucken?
Jean-Claude Juncker: De Conseil d’État huet a sengem Avis zum Gesetz vun 2004, wat d’parlamentaresch Kontrollkommissioun op mäi Wonsch hin agefouert huet, gesot, de Geheimdéngscht géif, wat seng Surveillance ubelaangt, esouwuel vum Staatsminister ofhänke wéi vun der parlamentarescher Kontrollkommissioun. Elo ass et net u mir fir ze soen, datt déi Kontrollkommissioun sech selwer soll Froe stellen, oder hir Froen ze stellen. Et ass [gëtt ënnerbrach]
Monique Faber: Da misste jo déi selwecht Leit iwwer déi selwecht Leit [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: A jiddweree muss sech froen, wéini a wéi laang en an der richteger Kommissioun duebel ka sëtzen, mä dat ass eng Affär déi d’Chamber muss traitéieren. Ech fannen et net gutt wann ech mech elo géif hei mat der Fro beschäftege wat d’Kontrollkommissioun richteg oder falsch gemaach hätt. Mä wann ech Member vun der Kontrollkommissioun oder Deputéierte wier, da géif ech mir déi Fro duerchaus stellen.
Monique Faber: Mä huet déi Kontrollkommissioun net och schwéier sech ze erklären, vläicht esouguer nach méi wéi Dir, an deem Sënn datt se engem Secret ënnerläit, deen esouguer kéint Prisongsstrofe mat sech brénge wann ee géing plaudere wat een dann do gemaach huet?
Jean-Claude Juncker: Ech ënnerleien deem selwechte Secret Madame, an ech mengen datt vu mir net vill an d’Press komm wier vun deene Secreten déi ech soll hunn, kann hunn, an déi ech le cas échéant muss fir mech behalen.
Jiddweree soll sech froen ob hie mat deenen Informatiounen déi e kennt, dee selwechte confidentiellen Ëmgang bis elo gefleegt huet, wéi deen deen ech gefleegt hunn. Wat mat sech bréngt datt ech op villes emol guer net kann agoe wat an der Zeitung steet, a wat net aus der Loft gegraff ass, mä aus Dokumenter kënnt, déi falsch geliest gi sinn. Mä ech hu kengem déi Dokumenter ginn. Ech weess net wie se, wie kann da soss déi Dokumenter erausginn hunn? Ech weess et net. Et ass alles geheim net nëmmen am Geheimdéngscht.
Monique Faber: D’Auditioune ginn och nach weider. Dës Woch huet d’Enquêtëkommissioun zwou Sëtzunge. Muer Dënschdeg kënnt se fir en Échange de vue mam Procureur général Robert Biever zesummen, a fir e Freideg huet si e weideren Zeien, e fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht, convoquéiert.
[Reportage]
Monique Faber: Den éischte Rendezvous hei zu Lëtzebuerg hat de Sergueï Naryshkine [President vun der russescher Duma] iwweregens net an der Chamber mä am Staatsministère, wou, Här Juncker, Dir en ëmfaangen hutt. Kann een eppes vläicht zu Äre Gespréicher mam russesche Gaascht soen?
Jean-Claude Juncker: Déi Gespréicher mam Duma-President waren u sech d’Fortsetzung, d’Verlängerung vun deene Gespréicher déi ech mam russesche President, dem Här Putin, a mam russesche Premier, dem Här Medvedev am Hierscht gefouert hunn. Mir hu gecheckt wou déi eenzel Projeten, Absiichten, Initiativen dru sinn, déi mir ofgemaach hunn.
Ech hu mat Zerfriddenheet festgestallt, datt d’Duma d’Duebelbesteierungsofkommes gestëmmt huet, an eis Chamber net. Nodeem ech a Russland mech driwwer geiergert hat, datt d’Duma dat net gestëmmt hätt, war dat e bësse penibel, dat huet awer Ursaachen.
Mir haten ofgemaach am Hierscht datt d’Cargolux-Piloten net méi géifen ënnert déi burokratesch, monsterhaft Prozedure fale fir Visaen ze kréien. Dat ass amgaangen optimal geregelt ze ginn, woubäi d’Schwieregkeet déi ass, datt mir net nëmme lëtzebuergesch Pilote bei der Cargolux hunn, mä och vill aner Nationalitéiten. Déi ginn, ech vereinfachen dat elo, alleguer behandelt wéi wa se Lëtzebuerger wieren. Den accord aérien ass op engem gudde Wee. D’wirtschaftlech Zësummenaarbecht gëtt ëmmer besser, an den Dialog iwwer d’Mënscherechter, d’Mënscherechter iwwer déi ech haut och mam President vun der Duma geschwat hunn, déi geet virun. Dat ass net een Thema wat ee géif ausspueren, dat ass een Thema wat kloer ugeschwat gëtt.
Monique Faber: War d’Zukunft vun der Cargolux eventuell een Thema?
Jean-Claude Juncker: Mam President vun der russescher Chamber net, well d’Parlamenter si fir déi Fro net zoustänneg.
Monique Faber: Merci Jean-Claude Juncker fir de Besuch haut am Studio, an domat wiere mir um Schluss vun der Émissioun.
Jean-Claude Juncker: Merci och.
|