Interview vum Fernand Etgen an "GUDD"

"D'Lëtzebuerger Landwirtschaft produzéiert héichwäerteg Liewensmëttel“

Interview – Publié le

Interview: Gudd

Gudd: Här Minister, wéivill verschidde Labele ginn et zu Lëtzebuerg, a wat bedeite se? 

Fernand Etgen: Et gi méi wéi 20 Labele fir Lëtzebuerger Produkter aus der Landwirtschaft, dem Gaardebau a Wäibau. Dës Labele sollen et erméiglechen, verschidden Eegenaarte vun de labelliséierten Produkter méi einfach z'erkkennen, wéi d'Qualitéit, d'Herkunft, d'sanitär Aspekter oder och nach sozial an ekologesch Bedéngungen ënnert deenen se produzéiert ginn. De Primärsekteur hei zu Lëtzebuerg souwéi och de nogelagerten Beräich garantéieren am allgemengen héichwäerteg Produkter, déi streng Normen a Standarde respektéieren. 

Gudd: Wéi sinn déi Labelen opgestallt? 

Fernand Etgen: D'Labele baséieren op enger Rëtsch Kritären, déi an engem Laschtenheft definéiert sinn, an déi, déi verschidde Produktiounsetappen nom Prinzip "vum Stall op den Dësch" ofdecken. All Bauer oder aner Akteur deen an der Laag ass d'Bestëmmunge vum Laschtenheft anzehalen , ka sech dem Label uschléissen. D`Labelteilnehmer gi regelméisseg kontrolléiert. No de Regele vun der neier Agrémentsdémarche muss des Kontroll vun enger neutraler, akkreditéierter Kontrollinstanz duerchgefouert ginn. Vill Labelen, déi et de Moment ginn, halen elo schonn dës Bestëmmungen an. 

Gudd: Firwat wëll äre Ministère d'Labele méi siichtbar maachen? 

Fernand Etgen: Doriwwer denke mir scho méi laang no. D'Laschtenhefter enthalen, jee no Label, méi oder manner héich Ufuerderungen. Et ass duerfir dacks schwéier fir als Konsument sech do erëm ze fannen, besonnesch well et eng Abberzuel vu Labele gëtt. De Verbraucher huet oft eng Preferenz fir regional, qualitativ héichwäerteg Produkter, déi nohalteg ausgerlicht sinn. D'Petitioun Nr. 668 iwwert d'Promotioun vun de landwirtschaftlechen Produkter an de Cuisines collectives— ass duerfir e kloere Beweis. Mir hunn décidéiert eng offiziell Prozedur fir den Agrément vu Labelen auszeschaffen; döst ass u sech eng offiziell Unerkennung vu Lëtzebuerger Labelen. Dëst erméiglecht de Qualitéitsprodukter aus regionaler Herkunft eng besser Visibilitéit: d'Labelen, déi vum Staat unerkannt sinn, kréien en offizielle Logo, deen als Garantie fir déi ugewannte Kritären steet. Dësen offizielle Logo bidd dem Verbraucher an dem Bedreiwer vun de Kantinnen eng Akaafshëllef bei der Auswiel vu Produkter. 

Gudd: Wéi fonctionnéiert d`Agrémentsprozedur a wat bréngt dös Démarche dem Endverbraucher? 

Fernand Etgen: Des nei Agrémentsdémarche bewert d'Labelen op eng objektiv Aart a Weis unhand vun technesche Critèren, déi kloer a novollzéibar sinn, a vu mengem Ministère aus-geschafft goufen. Hiert Ziel ass eng global Kohärenz bei der Labelbewertung ze garantéieren, dëst mat der néideger Transparenz, fir dem Konsument sai Vertrauen ze gewannen. Den offizielle Logo, deen op d'Verpackunge vun de labelliséierten Produkter kennt, erméiglecht dem Verbraucher, Qualitéitsprodukter méi einfach zerkennen.
De Logo steet och fir d'Anhalen vun gewèssen Nohaltegkeetsparameteren . Den zukünftege Logo certifiéiert, datt de betreffende Label Gewiicht op een oder méi Critèrë leet, déi mat der Qualitéit an dem Goût vun de Produkter, dem regionalen Ubau a faire Produktiounsbedéngungen zesummenhänken, wéi och mam Respekt vun der Emwelt an dem Déiereschutz. Eis Verwaltungen iwwerpréiwen d'Ufuerderungen, déi am Laschtenheft vum Label stinn. Wéi wäit gi regional Produktiounsmëttel (wéi zum Beispill Déierefudder) agesat? Gëtt op kuerz Produktiounsweeër zréckgegraff? 
Garantéiert de Label dem Produzent e faire Präis? Wat fir zousätzlech Ufuerderunge stellt de Label un d`Déierewuel, déi iwwert déi gesetzlech Bestëmmungen rausginn? Wat fir Ëmweltaspekter respektéiert de Label? Dest sinn d'Critèren, déi während der Agrémentsdémarche vum Label op de Leesch geholl ginn. Den offiziellen Agrément vun engem Label sträicht also déi Wäerter ervir, déi eis Bauere souwisou scho laang behäerzegen. 

Gudd: Wéi ass et mat de Cuisines collectives? Ginn et deemnächst méi regional Produkter op den Telleren an der Kantin? 

Fernand Etgen: Tatsächlech ass d'Agrémentsdémarche vum Label eng wesentlech Viraussetzung, fir eng gréisser Valorisatioun vun de regionale Produkter an de Cuisines collectives z'erreechen. Dat neit Gesetz iwwert ëffentlech Ausschreiwunge erlaabt et ze fuerderen, datt landwirtschaftlech Produkter/Liewensmëttel enger Rei Ufuerderungen a punkto Qualitéit an Nohaltegkeet entspriechen. Labelen déi sech agrééieren loossen hunn soumadder ee Virsprong par rapport zu hiren auslänneschen Konkurrenzprodukter bei den éffentlechen Ausschreiwungen. 

Gudd: Wéini trëtt déi nei Agrémentsprozedur a Kraaft? 

Fernand Etgen: Am Juli 2017 hunn ech eng Rei Mesuren an der Chamber déposéiert (de sougenannte Paquet "Qualité"). Dëst si Gesetzesvirschléi. Dés Initiativ muss elo den normalen administrative Wee goen, dat heescht d'Analys an d'Approbatioun vum Statsrot, vun der Chamber an de Beruffskummeren. Et ass schwéier ze soe wéi laang dat genau dauert.