Eng kohärent Approche fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch

Article – Publié le

De 16. November 2017 hunn de Minister fir Education, Kanner a Jugend, Claude Meisch, an de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, de Gesetzprojet iwwer d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch virgestallt. Dëse gouf de 15. November vum Regierungsrot ugeholl.

Mam Gesetzprojet ënnersträicht d’Regierung nach eemol hiren Engagement, fir d’Roll vum Lëtzebuergeschen an der Gesellschaft ze stäerken an d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch a Kultur nohalteg ze sécheren.

Ressourcen bündelen an Acteuren zesummeféieren

„Den Interessi un der Lëtzebuerger Sprooch ass esou grouss wéi nach ni“ huet de Minister Claude Meisch betount. D’Lëtzebuerger wëssen, wéi wichteg déi national Sprooch fir hir Identitéit ass, an d’Net-Lëtzebuerger wëssen, datt si zu eisem Land gehéiert, an domadder och en Deel vun der Zukunft vun alle Bierger ass.

Fir der Demande vun enger méi staarker Präsenz vun der Lëtzebuerger Sprooch nozekommen, ass et wichteg, Ressourcen ze bündelen an Acteuren zesummenzeféieren. Um Regierungsniveau soll duerch eng efficace Koordinatioun tëschent de Ministèren a Verwaltungen eng kohärent Approche fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch erreecht ginn.

E Gesetz fir d’Lëtzebuerger Sprooch ze stäerken

De Staatssekretär Guy Arendt huet d‘Mesurë vum Gesetzprojet presentéiert, déi d’Regierung (niewent villen aneren Mesuren) am Mäerz 2017 an der Strategie fir d’Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch festgehalen hat. En Novum ass dobäi, datt den Exposé des motifs vum Gesetzprojet op Lëtzebuergesch geschriwwen ass.

De Gesetzprojet definéiert 4 grouss Ziler vun der Politik iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch : 1. d’Wichtegkeet vun der Lëtzebuerger Sprooch stäerken; 2. de Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch an d’Recherche iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch ënnerstëtzen; 3. d’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch a vun der Lëtzebuerger Kultur fërderen; a 4. d’Kultur an der Lëtzebuerger Sprooch virundreiwen.

Fir dat ze erreechen sinn ënner anerem virgesinn:

  • en 20-Joresplang fir d’Lëtzebuerger Sprooch, an deem déi grouss Linne vun der Ëmsetzung vun der Politik iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch festgeluecht ginn;
  • e Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen zoustänneg ass fir den 20-Joresplang auszeschaffen an d’Ëmsetzung ze koordinéieren. Hie suergt fir eng national Plattform ronderëm d’Lëtzebuergscht a kuckt, datt d’Offer u Coursë fir Lëtzebuergesch ze léiere grouss genuch ass.
  • en interministerielle Comité, an deem all Ministèrë vertrueden sinn an deen de Kommissär a senger Aarbecht ënnerstëtzt ;
  • en Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen zur Realisatioun vun der Politik iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch bäidréit an dee sech ëm d’Promotioun vum Lëtzebuergeschen op nationalem an internationalem Niveau këmmert.
  • de Conseil fir d’Lëtzebuerger Sprooch, deen zanter 1998 besteet, an deen als berodend Organ vun der Regierung säin Avis iwwer d’Reegele vun der Schreifweis, der Grammatik, der Phonetik an de gudde Gebrauch vun der Lëtzebuerger Sprooch gëtt;
  • en Nationale Präis fir d’Verdéngschter ronderëm d’Lëtzebuerger Sprooch, deen d’Regierung ka verginn, fir Intitiativen a Leit, déi nohalteg zur Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch an dem Sproochbewosstsinn bäidroen, ze encouragéieren an ze valoriséieren.

D’Zivilgesellschaft abannen: Biergerforen am Februar - Mäerz 2018

Eng Sprooch promouvéiere geet net eleng per Gesetz. Et geet nëmmen, wa méiglechst vill Leit sech dofir engagéieren. Dofir organiséiert d’Regierung tëschent Fuesent an Ouschteren 2018 e breede Konsultatiounsprozess fir den 20-Joresplang iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch. Et gi regional Biergerforen ofgehal an och eng Online-Plattform geschaf, fir jiddwerengem ze erméiglechen, sech un der Diskussioun ze bedeelegen, a konstruktiv Virschléi a Suggestiounen anzebréngen.

D’Resultater a Konklusioune vun deem partizipative Prozess ginn an engem Biergerrapport festgehal. Dee Rapport kritt de Kommissär fir d’Lëtzebuerger Sprooch, fir e mat an den 20-Joresplang iwwer d’Lëtzebuerger Sprooch afléissen ze loossen.