Discours de Lydia Mutsch à l'occasion de la Journée mondiale du SIDA - Soirée de solidarité HIVBerodung

Discours – Publié le

(Seul le discours prononcé fait foi)

Dir Dammen an Dir Hären,

Léif Frënn vun der HIVBerodung a vu Paticka,

Léif Gäscht,

Et ass mir eng grouss Freed, fir haut mat iech op dëser Soirée zesummen ze sinn, fir eis Solidaritéit mat deene Mënschen auszedrécken déi séropositiv sinn.

Haut, um 1. Dezember, dem Welt-Aids-Dag, ass déi international Gemeinschaft op en Neits dozou opgeruff, fir sech aktiv derfir anzesetzen, dass sech den HIV net ka weider ausbreeden.

Der Aids-Epidemie en Enn setzen ass méi wéi eng historesch Aufgab, fir un déi Leit z'erënneren déi un dëser Krankheet gestuerwe sinn. Et ass och eng eemoleg Geleeënheet fir d'Fundamenter ze leeë fir méi eng gesond, méi fair a méi gerecht Welt fir déi nächst Generatiounen ze schafen: wa mer et fäerdeg bréngen, Aids z'eradikéieren, beweise mer domat wat duerch weltwäit Solidaritéit méiglech ass, wat duerch gemeinschaftlech Aktiounen a multisektoriell Partnerschafte kann erreecht ginn!

Vun un datt déi éischt Fäll vun Aids entdeckt gi sinn, virun iwwer 35 Joer, hu sech 78 Millioune Mënsche mam HIV infizéiert; 35 Millioune sinn u Krankheeten am Zesummenhank mat Aids gestuerwen.

Ma et gëtt och eng positiv Entwécklung:

  • Zënter 2010 sinn d'Infektioune mam HIV bei den Erwuessenen ëm ronn 11% zeréck gaangen: vun 1,9 op 1,7 Milliounen d'lescht Joer.
  • 2016 sinn 1 Millioun Mënschen un de Suitte vu Krankheeten am Zesummenhank mat Aids gestuerwen, géintiwwer nach 1,9 Milliounen (also bal duebel esouvill) 2005; an 1,5 Milliounen 2010.

Jo, et ass zënterhier villes geschitt, ma mir dierfen net an eise Beméiungen noloossen!

Wéi der wësst leet d'lëtzebuerger Gesondheetspolitik e staarken Akzent op d'Präventioun vun AIDS, Hepatitten a sexuell iwwerdrobare Krankheeten an op eng maximal Reduzéierung vu Risikoverhalen.

Nawell sinn déi rezent Statistike méi wéi beonrouegend:

2016 huet d'Zuel vun den HIV-nei-Infektiounen en neien traurege Rekord erreecht: mat 98 neie Patienten, dovunner 73 Männer a 25 Fraen.

Déi meescht Leit hu sech duerch heterosexuell Rapporten ugestach; duerno kommen homo- oder bisexuell Rapporten; direkt un drëtter Plaz stinn Drogekonsumenten déi hir Droge sprëtzen, a sech esou mam HIV ustiechen.

Dëst geet aus dem Aktivitéitsrapport 2016 vum Comité de surveillance du SIDA, des hépatites infectieuses et des maladies sexuellement transmissibles ervir.

An och wa fir dëst Joer bis dato d'Zuele liicht zeréckginn, stelle mir awer zënter 2014 eng sensibel Hausse vun nei-Infektiounen, virun allem bei Mënschen déi Drogen injektéiere fest.

An dat obwuel mir eng breet gefächert Offer u Präventiouns-, Hëllefs- a risikoreduzéierende Strukturen hunn!

Mir gehéiere mëttlerweil zu deene Länner an der EU mat den Offeren déi am villfältegste sinn am Beräich Risikoreduzéierung.

Nieft den Aktioune fir den Depistage an den Informatiounscampagnen, hu mir am Kader vun eisem neien Nationalen Aids Aktiounsplang (dee mir haut am Regierungsrot virgestallt hunn) weider nei komplementar Mesuren, och am Beräich Präventioun, ausgeschafft déi notamment Drogekonsumente viséieren, Mënsche mat erhéichtem Risiko – well dacks dréit déi précaire a verzweiwelt Situatioun an där sech déi Betraffe befannen nach derzou bäi, dass d'Vermeide vun Ustiechungen a Krankheet u Prioritéit verléiert.

Momentan schaffe mer mat den Acteure vum Terrain dru fir e mobillen Dispositiv ze schafen deen et erlaabt, notamment déi Konsumenten déi ech elo ugeschwat hunn, ze erreechen do wou se sech ophalen, fir de Kontakt aktiv ze sichen an erëm hierzestellen, hinnen Depistagen an Hëllef ze offréiere fir se erëm mam Hëllefssystem ze connectéieren an hinnen eng Behandlung unzebidden, falls noutwenneg.

Den neien Nationalen Aktiounsplang géint Aids leet deemno verstäerkt den Akzent op Drogekonsumenten déi sech sprëtzen, well si dacks de Wee bis an eng Hëllefsstruktur oder Distributiounsstell vu propperem Sprëtzematerial net fannen.

An deem Kontext ginn am Moment och Iwwerleeungengemaach iwwer d'Opportunitéit an d'Machbarkeet vun enger PrEP Offer fir Drogekonsumente mat erhéichtem Risiko ënnert bestëmmte Konditiounen.

Et handelt sech ëm eng Prophylaxie pré-exposition déi et enger séronégativer Persoun déi engem HIV-Infektiounsrisiko ausgesat ass erlaabt, dëse Risiko ze reduzéieren andeem si antirétroviral Medikamenter hëllt virum Riskoverhalen.

Ech well hei ënnersträichen, dass dës Approche onofhängeg vun der Zilgrupp, als cibléiert a komplementar Mesure ze gesinn ass déi kengesfalls aner Safer-Use Mesuren ze ersetzen huet!

An dësem Kontext huet de Gesondheetsministère zesumme mat der Sécurité sociale e Pilotprojet lancéiert, deen zënter dem 1. Abrëll vun dësem Joer am Service national des maladies infectieuses leeft, an iwwert deen de PrEP rembourséiert gëtt.

Lëtzebuerg ass domat dat 3. europäescht Land – no Frankräich an Norwegen – dat den Zougank zu dësem Präventiounsinstrument erméiglecht.

Mir ginn dervun aus, dass hei am Land ongeféier 1.065 Leit liewen déi mam HIV infizéiert sinn.   

Allerdéngs gëtt geschat, dass ronn 13% dovunner dat net wëssen! Si wëssen et net, well si sech net teste loossen.

Den Depistage ass awer déi eenzeg Méiglechkeet fir säin HIV-Status ze kennen. Eréischt dann huet een och Accès zu den néidegen Traitementer déi engem hëllefen dëse Virus ze kontrolléieren an ze verhënneren dass aner opportunistesch Krankheeten (wéi z.B. Tuberkulos) ausbriechen.

Fir eis – d'Santé mat hire Partner, notamment der HIVBerodung vum Roude Kräiz – ass et duerfir essentiell fir och weiderhin Aktiounen an Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagnen ze lancéieren, déi sech virun allem un déi Leit riichten, déi um Bord vun eiser Gesellschaft liewen: un d'Drogekonsumenten an un d'Prostituéiert, awer och un déi breet Ëffentlechkeet, mam klore Message: Schützt iech loosst iech depistéieren!

Esou wéi et dëst Joer op en Neits d'Creatioune vum Concours "Preventive Art – demistify condoms" beweisen, bei deem et drëm geet ze demystifiéieren an de Préservativ ze enttabuiséieren:

Et ass dee beschten Outil dee mer hu fir géint eng Ustiechung mam HIV virzegoen!

Mir bleift nach fir iech all ze felicitéiere fir d'Organisatioun vun dëser Soirée, awer och fir d'Opklärungsaarbecht déi dir hei de ganzen Dag iwwer op eng interaktiv a flott Manéier mat Schüler aus dem Enseignement secondaire geleescht hutt.

Ech sinn iwwerzeegt, dass dës Workshoppe fir jidderee wäertvoll waren, an déi Jonk nach méi fir dëse wichtege Sujet sensibiliséiert konnte ginn.

E grousse Merci notamment dem Service HIVBerodung vum lëtzebuerger Roude Kräiz, der Divisioun vun der Médecine préventive vun der Santés-Direktioun, der Unitéit vun de Maladies infectieuses vum Centre hospitalier, dem Luxembourg Institute of Health, Stop Aids Now-Acces a Paticka.

E grousse Merci och all den aneren Associatiounen déi sech onermiddlech am Kampf géint den Aids engagéieren, fir hir vill Aktivitéiten iwwert all déi lescht Joren.