Deklaratioun vum Romain Schneider iwwert d’Lëtzebuerger Entwécklungspolitik

Et zielt dat geschwatent Wuert
Discours – Publié le

"Här President,

Dir Dammen an dir Hären Deputéierten,

Mesdames et Messieurs les Représentants des Missions diplomatiques,

Dir Dammen an dir Hären,

Virun 2 Joer hunn d‘Vereenten Natiounen zu New York déi 17 nohalteg Entwécklungszieler festgehal, an zu Addis Abeba gouf sech engagéiert fir déi néideg Moyenen dofir ze mobiliséieren. Et ass also un der Zäit fir en éischten Tëschebilan ze maachen, wou mir haut dru sinn mat deenen Engagementer, op nationalem an internationalem Niveau.

Et gëtt vill dozou ze soen, ma meng dräi Haaptmessagen, déi ech iech haut wëll mat op de Wee ginn, sinn déi hei:

  • Jo, Lëtzebuerg huet seng Engagementer respektéiert, an ass en zouverlässegen an innovativen Partner, deem seng Influenz wäit iwwert d‘Gréisst vum Land geet. Dat soen net ech, mee dat ass de Constat vum "Examen par les pairs" vum Comité d’aide au Développement (CAD) vun der OCDE, deen am Oktober publizéiert gouf.
  • Kënne mir ons dofir op onse Lorbeeren ausrouen? Nee! Et gëtt nach ganz vill ze dinn, an déi Welt an där mir haut liewen ass net onbedéngt besser ginn. Méi wei 800 Millioune Leit liewen nach ëmmer an der Aarmut a leiden un Honger! Tendenz steigend, wéinst Fragilitéit, Konflikter a Klimawandel. Ons Welt ass och net méi einfach ginn. Ongläichheete steigen, och an den entwéckelte Länner, an de Populismus mécht sech breet, och an Europa. Op där anerer Säit ginn d’Vulnerabilitéiten ëmmer méi komplex: Rekurrent Krisen, Korruptioun, violenten Extremismus, intern Konflikter a Kontexter vun héijer Aarmut beweisen ons déi néideg Zesummenhäng tëscht Sécherheet, Fridden, gudder Gouvernance an Developpement. Flüchtlingskrisen gehéieren ewell zum Alldag, mat aktuell méi wei 65 Milliounen deplacéierte Leit op der Welt. Och hei Tendenz steigend!

  • All dës Défien riskéieren déi positiv Entwécklung vun de leschten Joerzéngten an deenen Länner ze zerstéieren. Wat awer net heescht, dass mir d‘Bengelen bei Tromm solle geheien, ganz au contraire! Den Immobilismus ass keng Solutioun! Fir déi Défien vun haut ze meeschteren, an dëser méi komplexer an interconnectéierter Welt, musse mir anescht schaffen an all um selwechte Strang zéien. Mir musse Synergien schafen am Kader vun neien Partenariater mat allen Acteuren, aus dem ëffentlechen an dem private Secteur, mat der Zivilgesellschaft, mat den internationalen Organisatiounen a mat den Universitéiten an den Recherche-Instituter. Mir musse méi kohärent Politiken hunn fir eng nohalteg Entwécklung. Mir musse méi effikass, méi koordinéiert a méi inklusiv schaffen. Mir mussen holistesch Solutioune fannen, an dofir brauche mir ënnert anerem och besser Informatiounen, Statistiken an Daten. All dëst wäerte mir d’nächst Joer an enger neier Stratégie générale vun onser Entwécklungszesummenaarbecht festhalen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

An all dësen Domainen huet Lëtzebuerg vill ze bidden! Fir op méin éischte Punkt zeréckzekommen: Lëtzebuerg als fiabelen, innovativen a previsibele Partner an der Entwécklungszesummenaarbecht, wei de CAD vun der OCDE ons beschreift, kann een mengen ech behaapten, dass dës Regierung déi richteg Entscheedungen am Beräich vun der Kooperatioun getraff huet an trëfft. Ech wëll awer och direkt soen, dass mer op zolitten Basen konnte schaffen, an der Kontinuitéit vun engem Engagement, dat onst Land a seng Leit iwwert Joerzéngten opgebaut huet. Wann ech ons Aarbecht an deene leschte Joren misst a 4 Stéchwierder resüméieren, géing ech soen, mir hunn consolidéiert, mir hunn ons weider konzentréiert, mir hunn vereinfacht a mir hunn innovéiert!

D‘OCDE lueft eis dofir, dass mir all Joer 1% vun eisem RNB an d’Entwécklungshëllef an an d‘humanitär Hëllef investéieren, an dass dës Fongen an e puer gezielten Länner a Secteuren fléissen. Dës Konzentratioun erlaabt et eis, fir eisen Impakt, eis Visibilitéit an eisen Afloss als Bailleur ze vergréisseren.

Nieft onse Mesuren fir eis Entwécklungshëllef méi effikass ze maachen ass d’OCDE och impressionnéiert vun der Additionalitéit vun de Klimafongen, déi mir praktizéieren, an dass mir an der ëffentlecher Entwécklungshëllef keng Dépensen fir den Accueil vu Réfugiéën hei zu Lëtzebuerg urechnen. Dëse politesche Choix ass nëmme méiglech duerch dee breede Konsens, dee mir hei zu Lëtzebuerg iwwert d’Kooperatioun hunn. Dat gëtt eis eng grouss international Credibilitéit a mécht eis zu engem wichtegen Acteur fir d’Reussite vum Agenda 2030 iwwert déi nohalteg Entwécklungszieler.

D’OCDE formuléiert och eng 13 Recommandatiounen, déi mir an deenen nächste Joren ëmsetze sollen. Et geet virun allem dorëms, fir eis Entwécklungspolitik nach ze perfektionéieren andeems mer verschidde Strategien finaliséieren a méi gezielt Evaluatiounen maachen, fir ons Erfarungen nach besser ze valoriséieren. Zum Beispill recommandéiert d’OCDE, dass Lëtzebuerg nach méi vum Knowhow vun der Finanzplaz profitéiert, fir innovativ Partnerschaften anzegoen an zousätzlech Finanzementer ze mobiliséieren.

Ee wichtegen Aspekt deen ech nach wëll ervirhiewen un dësem Exercice ass, dass net nëmmen mäi Service un dëser Revue deelgeholl huet, mee och Beamten aus dem Finanzministère an aus dem MDDI, d’Personal vu Lux-Development, souwéi de Cercle des ONGD. D’Examinateuren waren och an der zoustänneger Chamberkommissioun, hunn d‘Acteuren vun der Mikrofinanz hei zu Lëtzebuerg begéint a waren an de Senegal kucken, wei mer ons Politik um Terrain ëmsetzen. Mat dëser inklusiver a partnerschaftlecher Approche hu mir bewisen, dass mir d’Ëmsetzung vum Agenda 2030 eescht huelen, dass all déi concernéiert Ministèren un engem Strang zéien an dass mir och d’Zivilgesellschaft matabezéien.

Am Resumé kann een also soen dass, obwuel mir e puer Hausaufgaben mat op de Wee kritt hunn, den Exercice vum Examen par les pairs kloer dozou bäigedroen huet fir den Image de marque vu Lëtzebuerg ze promovéieren.

Dësen Exercice huet och confirméiert, dass mir um beschte Wee sinn, fir d’Ëmsetzung vum Regierungsprogramm vun 2013 am Beräich vun der Entwécklunsgshëllefpolitik ëmzesetzen. Loosst mech dat un Hand vun e puer Zuelen a konkrete Beispiller illustréieren:

D’Konzentratioun vun der Lëtzebuerger Aktioun an Afrika ass tëscht 2013 a 2015 vun 52 op 59% vun der bilateraler APD geklommen. Dës Konzentratioun op Afrika spigelt sech och an der Lëscht vun de fënnef Haaptempfänger vun der bilateraler Lëtzebuerger Entwécklungshëllef, vun deenen der 4 aus Afrika sinn. Dat selwecht gëllt fir d'Konzentratioun op déi am mannsten entwéckelte Länner, déi am Joer 2012 bei 52% vun der bilateraler APD louch, an 2015 op 61% erhéicht gouf.

Nom progressiven Réckzuch vun onser traditioneller Kooperatioun aus dem Vietnam an dem Salvador (2 Pays à revenu moyen), hu mer am Moment 7 privilegiéiert Partnerlänner, mat deene mir pluriannuel PICen (Programmes Indicatifs de Coopération) hunn. Mir wäerten weiderhin un onser geographescher Konzentratioun festhalen, och wa mer am Moment am Gaang sinn ze analyséieren, a wéi engen néien Länner mer kennen méi aktiv ginn.

Evaluatiounen goufe gemaach am Nepal, an der RCA (République Centre-Africaine) an am Myanmar. Dat war virun der onmënschlecher Situatioun vun den Rohingyaen an deem Land, op déi ech nach zeréckkommen. Mee och de Maghreb gëtt an d’A gefaasst (z.B. Tunesien, Maroc) oder Länner a Westafrika, déi nieft onsen aktuellen Partnerlänner leien (z.B. Benin, Togo). En neit Partnerland sichen heescht virun allem kucken, wou ons Lëtzebuerger Entwécklungszesummenaarbecht déi gréisste Valeur ajoutée an dee gréissten Impakt huet, wou déi gréissten Besoinen an Demanden sinn, a wou mer déi effikassten Partenariater opbaue kënnen, am Kader vu kohärente Programmen.

Här President,

Ons bilateral Kooperatioun gëtt gréisstendeels vun der LuxDev ëmgesat. De Regierungsprogramm vun 2013 huet virgesinn, de Rôle an de Fonctionnement vun der LuxDev ënnert d’Lupp ze huelen. Dëst ass geschitt éischtens am Kader vun enger externer Evaluatioun, an zweetens vun engem Rapport vun der Cour des Comptes iwwert d’LuxDev. A béide Fäll gouf et och hei eng gutt Zensur, mat natierlech och e puer Recommandatiounen. Ech si frou haut kënne matzedeelen, dass eng ganz Partie Reformen a Reorientatiounen gemaach goufen, déi ons Agence nach méi effikass gemaach hunn. Si ass haut méi dezentraliséiert a besser strukturéiert, fir deem neien internationale Kontext Rechnung ze droen. Si huet evoluéiert a kann och fir aner Mandataire schaffen, wei z.B d‘Europäesch Kommissioun oder Länner wei Dänemark oder d’Schwäiz, déi net zécken, hir Projeten iwwert ons Agence ofwéckelen ze loossen. Och dëst ass e Gage vu Qualitéit! Fir all dat ze erméiglechen gouf eng nei Konventioun tëscht dem Staat a senger Agence ausgeschafft, déi d‘lescht Woch am Regierungsrot approuvéiert gouf an d‘nächst Woch, am Conseil d’Administratioun vun der Agence, adoptéiert gëtt.

Di nei Konventioun mécht et der LuxDev och méi einfach fir aner Ministèren ze schaffen. Ganz konkret Beispiller vun enger Konzentratioun op ons Partnerlänner an enger Komplementaritéit tëscht der Lëtzebuerger Klimaaktioun an der Entwécklungshëllef ginn et zum Beispill am Vietnam, am Senegal, an och am Nicaragua. Innovativ Finanzmechanismen sinn entstan, wéi den Forestry and Climate Change Fund vun LMDF, duerch eng initial technesch Berodung vun der LuxDev a spéideren Finanzementer vum Fonds Climat et Energie.

Loosst mech hei ënnersträichen, dass säit dem Agenda 2030 d’Zesummenaarbecht tëscht mengem Ministère an dem MDDI sech extrem verstäerkt huet. Am Juli hunn ech, zesummen mat der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg, um High Level Political Forum zu New York de Lëtzebuerger nohaltegen Entwécklungsplang virgestallt. An deem Kontext wëll ech nach emol rappelléieren, dass de Klimaschutz en Deel vun eisen horizontalen Thematiken ass a bleift, déi mir transversal duerch eis Projeten fuerderen.

Am Cabo Verde konnte mir z.B. d’Formulatioun vum Programm iwwert Erneierbar Energien ofschléissen an den Accord mat der kapverdianescher Regierung op der Commission de Partenariat dëst Joer ënnerschreiwen. Mir schaffen de Moment och un enger Kooperatioun zwëschen dem CERMI (dem Centre d’Energies Renouvelables et de Maintenance Industrielle) am Cabo Verde an dem Centre de Compétences vu Lëtzebuerg, fir d‘Formatioun vun de jonke Kapverdianer am Domaine vun den erneierbaren Energien ze verbesseren. Et geet hei dorëms, Kompetenzen an deem Beräich fir d‘Zukunft ze schafen a Brécken tëscht den Acteuren an deem Beräich an onsen zwee Länner opzebauen.

Brécken an néi Relatiounen ginn och mat Asien a Latäinamerika opgebaut. Virun dräi Wochen sinn ech an den Vietnam gereest, fir en neien generellen Accord mat deem Land ze ënnerschreiwen. Dëst huet sech als noutwenneg erwisen, well de Vietnam, wei gesot, als Pays à revenu moyen keng laangjäreg Kooperatiounsprogrammer méi mat Lëtzebuerg huet. Eis Strategie mat dësem neien Accord baséiert op enger Diversifikatioun vun onse Relatiounen, an zwar an ënnerschiddlechen Secteuren wei der Recherche, den erneierbaren Energien, dem Kampf géint de Klimawandel, an och am Finanzsecteur. Ganz konkret ginn zum Beispill schonn zwee nei Projeten virbereet, mam MDDI. Am Vietnam gëtt och eis laangjäreg Relatioun mat der Finanzopsiicht an eis Formatiounsoffer am Finanzberäich iwwert d‘House of Training (mat der ATTF) esou verankert, dass mir wäit iwwert d’Entwécklungszesummenaarbecht eraus bilateral Partner bleiwen.

Och am Salvador hu mir keen laangjärege indicative Programm méi, mee ënnerstëtzen dat Land an séngem Echange vun Experienzen mat anere Länner aus der Regioun, wéi z.B. Mexiko, fir d' Rad net all Kéier nei ze erfannen. An dëser Süd-Süd-Kooperatioun, déi op der Konferenz vun Addis ervir gestrach gouf, kënne mir mat vill manner Mëttele genau esou behëlleflech sinn. Dëst ass fir mech de Modell, wéi ëffentlech Entwécklungshëllef méi effikass a mat Eegemëttele vum Partnerland d’Differenz ka maachen.

Am Salvador fuere mir iwwregens och nach weider, déi lokal ONGen ze stäerken, wëll mir gleewen, dass eng Stäerkung vun der Zivilgesellschaft am Opbau vun enger Demokratie absolut noutwenneg ass. A genau do wëlle mir och nach weider hëllefen. Och am Kosovo hu mer e Projet lancéiert, dee gezielt op d‘Acteuren vun der lokaler Zivilgesellschaft ausgeriicht ass. Si kréien gehollef hier Aktivitéiten ze stäerken, notamment a Beräicher wéi sozialer Inclusioun, Rechter vun de Fraen, Radikalitéitsbekämpfung oder journalistescher Ethik.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Mënscherechter, eng gutt Gouvernance an eng gutt Educatioun sinn dräi fundamental Komponenten, déi fir eng nohalteg Entwécklung gebraucht ginn, notamment a Westafrika, onser Haaptkonzentratiounsgéigend. Ob am Mali, am Senegal, am Niger oder am Burkina Faso, iwwerall ënnerstétze mir hei systematesch d’Gesondheet, d’Nutritioun, d‘Educatioun an d’sozial Versécherung, grad wei transversal Rechter an d’Stäerkung vun de Fraen. Ech wëll de Rôle vun de Fraen hei nach emol besonnesch ervirhiewen: Nëmmen wann d’Fraen Accès zu Proprietéit, finanzielle Mëttelen an dezenter Aarbecht hunn, kenne mer d’Fondatioune leeën fir eng nohalteg Entwécklung an d’ODDen erreechen!

Fir ons Partnerlänner an dësen Beräicher ze stäerken, gräife mer ëmmer méi op hir eegen national Prozeduren an Instrumenter zeréck. Am Niger zum Beispill sti mer den Autoritéiten zur Säit fir d’Opstellen an d’Benotzen vun nationale Fongen, wou och aner Bailleuren kënnen mat eran bezuelen, an esou op eng koordinéiert Manéier déi verschidde Secteuren ze ënnerstëtzen. LuxDev gëtt parallel technesch Assistenz, fir déi national Gestiounscapacitéiten an de legale Kader auszebauen. An deem Sënn maache mer am Senegal weider Aide budgétisée, an am Cabo Verde Aide budgétaire sectorielle.

Här President,

Nieft onser bilateraler Aktioun ass natierlech déi vun de Lëtzebuerger ONGen eng Spezifizitéit vun onser Kooperatioun. Och si ass am Regierungsprogramm festgehalen, an och si ass weider verstäerkt, administrativ vereinfacht a méi kohärent organiséiert ginn. Net manner wéi 93 ONGen hunn en Agrément beim Ausseministère a setzen ronn 16% vun onser APD ëm (56,8 MEUR am Joer 2016). ONGen ginn et vu verschidden Zorten a vun verschidde Gréissten, a si schaffen op verschidde Manéieren. Déi eng mat Hëllef vu Benevolat, déi aner mat permanentem Personal. Mee all hunn se eppes gemeinsam: si schaffen mat groussem Engagement a sinn no bei den Beneficiairen um Terrain.

D‘Efficacitéit steet och bei den ONGen um Programm. Zesummen mam Cercle de Coopération huet de Ministère déi lescht Joren konstant drop hi geschafft, fir d‘Projeten vun den ONGen quantitativ ze ënnerstétzen a qualitativ ze verbesseren. Ech sinn d’ailleurs frou, dass mir, zesummen mat der Stad Lëtzebuerg, et fäerdeg bruecht hunn fir dem Daachverband vun den ONGen e permanenten Daach iwwert dem Kapp ze fannen. De Cercle huet elo seng "Maison des ONG de développement" am Gronn, an der rue St. Ulric. Hei kënnen Evenementer, Reuniounen a Formatiounen organiséiert ginn, an esou d‘Zesummenaarbecht a Synergien tëscht de villen ONGen gefërdert ginn.

Fir d‘Effikassitéit vun de Projeten, déi de Staat ënnerstëtzt, ze verstäerken, goufen d‘Konditiounen vun de Kofinanzementer iwwerschafft an hir Prozentsätz harmoniséiert an un den Entwécklungsniveau vun den concernéierten Länner ugepasst. Dëst war e laangen awer participativen Prozess, deen net einfach fir verschidden ONGen war. Mir gesinn awer elo schonns déi éischt positiv Konsequenzen a Punkto Qualitéit vun de Projeten, déi mir am Ministère erakréien.

De leschte Schratt vun dëse Reformen kenne mer haut ofschléissen, andeems mer d‘Ännerung vum Gesetz guttheeschen. Ab dem 1. Januar ginn et dann just nach zwee Kofinanzementstauxen: 60% an 80%, egal ob eng ONG ënner Accord-Cadre schafft oder en eenzelen Projet erareecht. Am Januar d‘nächst Joer kënnen dann och schonn déi éischt 6 Accords-Cadres ënnert deenen neie Konditiounen ënnerschriwwe ginn.

Eis ONGen maachen awer och nach eng aner ganz wichteg Aarbecht bei eis heiheem. Si sinn den Haaptvecteur fir d’Sensibilisatiounsaktiounen an d’Education au développement an eiser Gesellschaft. Och hei huet de Ministère vill mat den ONGen zesummegeschafft, am Kader vun engem Groupe de travail, fir besser Qualitéitscritèren auszeschaffen. Och hei huet de Ministère, sou wéi am Regierungsprogramm virgesinn, déi finanziell Mëttelen lues awer sécher an d’Luucht gesat. Och hei gouf harmoniséiert an d‘Konditiounen adaptéiert. Ufanks d’nächst Joer wäert ech dann och an dësem Domaine net manner wei 14 Accords-Cadres an ee Mandat ënnerschreiwen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Den drëtte Volet, fir deen sech d’ONGen hei am Land staark maachen, ass d’Kohärenz vun der Politik. Haut de Mëtten, ier mir eis hei versammelt hunn, kruute mer den Fair Politics Barometer vum Cercle des ONG iwwerreecht. Dëse Rapport analyséiert d’Kohärenz vun der Politik vun eiser Regierung an d’Influenz déi si op d’Entwécklungslänner huet. Déi 5 Themen, déi hei ugeschwat ginn, sinn d’Klimapolitik, d’Kultur, d’Ekonomie, d’Agrikultur an d’Finanz. De Choix vun den Themen gouf vun de jeeweilegen Auteuren vun den Kapitelen getraff, déi hei ganz kloer hiren eegenen Point de vue duerstellen a konkret Recommandatiounen formuléieren.

 

Mir begréissen dës aktiv Participatioun vun der Lëtzebuerger Zivilgesellschaft am Asaz fir de Kampf géint d’Aarmut a fir méi Gerechtegkeet, a mir wäerten och weiderhin d’Promotioun vun enger méi kohärenter Politik am Sënn vun den Entwécklungslänner ze fërderen. Dëse Rôle gëtt ënnert anerem vum Comité Interministériel pour le Développement iwwerholl, mee ech géif och gären heimat d’Chamber weiderhin encouragéieren, d’Effeten vun den nationale Gesetzer op déi Äermsten systematesch a Betruecht ze zéien. Ech erlabe mer awer och de Cercle selwer ze encouragéieren, weider un der Kohärenz vun den Aktiounen vun sengen Memberen ze schaffen. An dëser Saach huet jiddereen seng Responsabilitéiten.

Wéi am Regierungsprogramm virgesinn, huet de Comité Interministeriel pour le Développement sech nei Prozeduren ginn, an de Cercle de Coopération ass op all Sëtzung invitéiert, wou iwwert Kohärenz vun der Politik geschwat gëtt. An deem Kader gëtt e konstruktiven Dialog gefouert, an ech begréissen, dass de Cercle dëst Joer eng éischt Versioun vum Fair Politics schonn am Oktober, en avant-première esou ze soen, dem Comité virgestallt huet. Deen nächsten Rendezvous mam Comité Interminitériel ass den 8ten Dezember, wou den “Commitment to Development Index” virgestallt gëtt, vun engem internationalen Thinktank, deen analyséiert, inwéifern d’Politiken vun deenen räiche Länner positiv oder negativ Effekter op d‘Entwécklungslänner hunn.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Ons Politiken sinn natierlech staark un déi vun der Europäescher Unioun gebonnen. Den neien europäesche Konsens fir d‘Entwécklung ass den 19. Mee 2017 am Conseil Développement ugeholl ginn, an den 7. Juni op den europäeschen Entwécklungsdeeg ënnerschriwwe ginn. Während de Verhandlungen iwwert deen Text huet Lëtzebuerg sech, leider ouni vill Erfolleg, verschidden Deeler widdersat. Mir hu missen feststellen, dass den finale Konsens e Réckgang par rapport zum deem vun 2005 ass, deen ënner Lëtzebuerger Presidence adoptéiert gouf.

Lëtzebuerg wäert sech awer weider zu Bréissel staark maachen fir eng konsequent europäesch Entwécklungspolitik. Den nächste Méindeg huelen ech um Conseil Affaires étrangères deel, wou fir d‘éischt d‘Ausseministeren an d‘Entwécklungsministeren iwwert d’Zukunft vun den Relatiounen tëschent Europa an Afrika zesummen diskutéiere wäerten.

Duerno wäerten d’Entwécklungsministeren Konklusiounen iwwert Commerce an Entwécklung adoptéieren. Hëllef fir de Commerce ass eent vun den Instrumenter, fir d’Ziler vum 2030-Agenda iwwert d‘nohalteg Entwécklung ze realiséieren. D’Europäesch Union an hir Memberstaaten wäerten d’Hëllef fir de Commerce erhéijen, fir duerzou bäizedroen d’Aarmut an de manner entwéckelte Länner ze bekämpfen. Handel an Investitiounen solle gefërdert ginn fir nohalteg Entwécklung an dezent Aarbechtsplazen ze schafen a regional Integratioun ze fërderen.

D‘Lëtzebuerger Kooperatioun setzt sech an deem Kontext fir e fairen Handel an, notamment iwwert e Mandat u Caritas a Fairtrade Lëtzebuerg, deen fair Präisser an Aarbechtskonditiounen an der Textilbranche ënnerstëtzt. Mir beméien eis och weiderhin, de Privatsecteur, deen oft eng gutt Expertise huet, vun där d’Entwécklungslänner profitéiere kënnen, méi an eis Aarbecht mat anzebannen. Mir probéieren, d‘Investissementer vum Privatsecteur an d’Richtung vun nohaltegen Projeten ze orientéieren, déi op laang Dauer d’Liewenskonditiounen vun der Populatioun kënne verbesseren, ouni dobäi en negativen Impakt op d’Ëmwelt ze hunn.

Ons Business Partnership Facility ass dëst Joer an hier zweet Ronn gaangen, duerch si sinn bis elo 8 Projeten a Betriber ënnerstëtzt ginn. Och hei konzentréieren mir eise Kofinanzement op Secteuren, an deene Lëtzebuerg senge Partnerlänner eppes ze bidden huet. Mir konzentréieren eis op d’Beräicher vum ICT, Fintech, Biohealth an Eco-innovation. Eventuell wäerte mir dës Beräicher d’nächst Joer op d’Logistik ausweiden.

Loosst mech awer nach emol widderhuelen, dass eist éischt Ziel an der Kooperatioun net ass fir de Lëtzebuerger Privatsecteur ze stäerken, mee fir en effektiv mat anzebannen am Kampf géint d’Aarmut a fir nohalteg Entwécklung. Mir hale weiderhin um Prinzip vun der „Aide non liée“ fest, wei et am Programm vun dëser Regierung virgesinn ass.

Dëst verhënnert awer net, dass spezifeschen Knowhow vu Lëtzebuerger Acteuren och hei mat afléisst, an direkt Kollaboratiounen oder Public Private Partnerships bestinn, mat Entreprisen an Institutiounen a Secteuren wei Telekommunikatioun, Gesondheet, Educatioun a Recherche, Transport, souwéi natierlech mat finanziellen Acteuren an der Mikrofinanz.

An deem besonnesche Secteur spillt Lëtzebuerg eng Virreiderroll. Eis Kooperatioun huet säit méi ewéi 20 Joer an dëse wichtegen Domaine investéiert, a Lëtzebuerg huet sech mëttlerweil zu engem Zentrum fir Mikrofinanz-Investitiounsinstrumenter entwéckelt. En Drëttel vun all den Investment-Vehikelen an der Mikrofinanz weltwäit sinn zu Lëtzebuerg domiciliéiert a representéieren d’Halschent vun allen „Actifs sous gestion“ weltwäit. Dat bedeit responsabel Investissementer, déi besonnesch Wäert op den sozialen Impakt leeën, an Héichten vu méi wéi honnert mol onser jäerlecher Entwécklungszesummenaarbecht. Dat bedeit awer och e formidabelen Effet de levier vu Staatsmëttelen an en plus eng Promotioun vu Lëtzebuerg als responsabel Finanzplaz. Dës zolidd Basis huet et Lëtzebuerg och erméiglecht, sech esou séier als nohalteg Finanzplaz ze positionéieren an deenen leschte Joren.

Och op internationalem Plang ass de Lëtzebuerger inklusive Finanzsecteur bekannt. Am Oktober war d’Semaine Africaine de la Microfinance (SAM) zu Addis Abeba. Eng 700 Participanten hunn hei deelgeholl, e Rekord fir déi lëtzebuergesch ONG Aide au Développement Autonome (ADA), déi ënnert Mandat vu mengem Ministère schafft an déi d’SAM organiséiert. De 4ten Januar wäert dëst Mandat d’ailleurs erneiert ginn, fir eng Period vu 4 Joer.

Här President,

D’lescht Woch hate mer de Pleséier d’Mikrofinanzwelt hei zu Lëtzebuerg op Besuch ze hunn, während der Semaine Européenne de la Microfinance, déi vun der europäescher Microfinanzplattform zesummen mat InFiNe, dem nationale Réseau fir inklusiv Finanz, organiséiert gouf. E leschten Donneschden huet ons Grande-Duchesse an onsen Grand-Duc héritier deen mat 100.000 Euro dotéierten Prix Européen de la Microfinance iwwerreecht op der BEI, der europäescher Investmentbank. De Präis ass un eng kleng mexikanesch Mikrofinanzinstitutioun gaangen, déi an aarmen an entleeënen Géigenden a Wunnraum investéiert, op Basis vu Solidaritéit tëscht den Awunner aus klengen Dierfer. “La mano vuelta” nennen se dat dohannen, an dat heescht esou vill wei “eng Hand hëlleft där aner”. Iergendwéi méi flott wei onsen Ausdrock “eng Hand wäscht déi aner”, oder net?

Ech wëll vun dëser Geleeënheet profitéieren, fir dem President vun der BEI, dem Werner Hoyer, Merci ze soen fir déi exzellent Kollaboratioun, déi ons Regierung säit Joren mat där Bank huet, an der Mikrofinanz a weit doriwwer eraus. Ech well och hei dem Werner Hoyer d‘Ënnerstëtzung vu Lëtzebuerg confirméieren an senge Pläng fir d’BEI ze restrukturéieren. Eng modern BEI, méi effikass a méi effizient, soll zukünfteg och méi zu der europäescher Entwécklungszesummenaarbecht bäidroen, an enker Zesummenaarbecht an Aarbechtsdeelung mat der Europäescher Kommissioun.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Wéi dir wësst, ass Lëtzebuerg en engagéierten a ferventen Verfechter vum Multilateralismus. Och an der Entwécklungshëllef schaffe mer vill mat der UNO an mat de multilateralen Agencen zesummen. Och hei ass a bleift de Grand-Duché en zouverlässege Partner. Ongeféier een Drëttel vun eiser APD geet nämlech u multilateral Organisatiounen. Ech begréissen hei ganz kloer dem neien UNO-Generalsekretär, onsem Frënd dem Antonio Guterres, seng Reformpläng fir d’UNO “fit for purpose” ze maachen fir eng beschtméiglech Ëmsetzung vun der Agenda 2030.

An eisem Regierungsprogramm vun 2013 hate mer festgehalen, dass ons multilateral Aarbecht besser op ons sektoriell an thematesch Prioritéiten zougeschnidden soll ginn. Dëst hu mer gemaach: am Kader vun de Accords de partenariat stratégiques mat verschiddenen UNO-Agencen fokusséiert sech Lëtzebuerg elo ganz staark op verschidden Thematiken. Hei e puer Beispiller:

Mat der UNICEF sinn dat Basiseducatioun, Gläichberechtegung tëscht de Geschlechter an d‘Iwwerliewen an d’Entwécklung vun de Kanner. Matt UNAIDS schaffe mer um Programm “90-90-90”, fir deen de Marc Angel Ambassadeur ass an deem ech heimat e grousse Merci soen fir säin onermiddlechen Engagement an deem Thema. Sensibilisatioun a Präventioun sinn hei kruzial – och zu Lëtzebuerg, wéi mer leschte Freiden um Welt-Aids-Dag konnten héieren.

Mam BIT, dem Bureau international du travail, hu mer am Oktober en neien Accord ënnerschriwwen fir eisen Sécurité Sociale-Projet, dee mer säit 2012 am Laos ënnerstëtzt hunn an deen e groussen Succès an deem Land hat, op déi ganz Regioun ze erweideren. Als Minister vun der Sécurité Sociale freet mech dat natierlech besonnesch.

Mam FIDA, dem Fonds international pour le développement agricole, a mat der Europäescher Kommissioun si mer am Gaang en innovativen Investment-Fong opzestellen, deen a kleng a mëttel Betriber an der Agriculture investéiert. Sou kenne mer d’Expertise vun onser Finanzplaz utilement mat där vun der Entwécklungshëllef kombinéieren, an esou Synergien schafen a privat Gelder mobiliséieren.

Stabil Finanzsystemer a makroekonomesch Stabilitéit sinn extrem wichteg fir eng nohalteg Entwécklung, a genau hei investéiert onsen Finanzministère ronn 10% vun onser APD, a Programmen vun den Internationalen Finanzinstitutiounen wei d’Weltbank, dem FMI, der asiatescher an der afrikanescher Entwécklungsbank. Och hei ass d‘Kollaboratioun an d‘Koordinatioun tëscht mengen an dem Pierre Gramegna senge Leit an de leschte Joren effikass gestäerkt ginn.

Här President,

Fir op den 2ten Punkt vu menger Introduktioun zeréckzekommen, nämlech ons Welt, déi net onbedéngt besser ginn ass, muss ech leider soen, dass de Bilan am humanitären Beräich ee mitigéierten bléift.

D‘Besoinen sinn net méi kleng ginn, ganz am Contraire! Op der UNO-Skala vun der Gravitéit vun den humanitären Krisen hu mir der am Moment véier vum Niveau 3 - deen allerhéchsten Niveau vun Urgence. Dat sinn: Syrien, Irak, Yemen an RDC (République démocratique du Congo).

Mir haten och dëst Joer schlëmm Hongersnéit a Somalien, Süd-Sudan, Nigeria an zemools och am Yemen. D‘mënschlecht Leed a sougenannten “vergiessenen Krisen” wéi an der Regioun vum Lac Tchad an an der Zentralafrikanescher Republik hëllt och net of. Lëtzebuerg ass sech sengen internationalen Responsabilitéiten hei bewosst an huet an all dëse Situatiounen seng Solidaritéit bewisen. Confrontéiert mat der dramatescher Situatioun am Yemen, hunn ech gëschter nach eng zousätzlech Hëllef vun 1 Millioun Euro gutt geheescht.

Doriwwer eraus erliewen mer grad eng immens schlëmm Kris vun der Rohingya-Populatioun am Myanmar an am Bangladesch. Méi wei 500.000 Leit sinn hei innerhalb kierzester Zéit an de Bangladesch geflücht. Déi, déi et iwwert d’Grenz gepackt hunn, erzielen vu Mord an Doudschlag, an deenen grujelegsten Doten, déi Männer, Fraen a Kanner ugedoe ginn! 500.000 Leit am Bangladesch, e Land wat selwer mat der Aarmut kämpft. An dach ginn déi ongeheier vill Flüchtlingen do mat den “Moyens du bord” ugeholl a versuergt.

Dat muss ee sech emol virstellen, par rapport zu den Flüchtlingszuelen hei an Europa. Iwwerhaapt sief nach emol gesot, dass weltwäit 80% vun den Flüchtlingen an den Entwécklungslänner bleiwen. Entwécklungshëllef ass also batter néideg a muss do massiv agesat ginn. Bis elo klappt et nach am Bangladesch, mat vill Hëllef vu Baussen, och vu Lëtzebuerg (1,3 MEUR bis elo). Mee wat geschitt wann d’Zuel vun de Flüchtlingen ëmmer méi grouss gëtt? A wat geschitt an den Campen, wann am Abrëll d’nächst Joer de Reen an d‘Iwwerschwemmunge kommen? Onsen 1% Beitrag ass do keen zevill.

Weltwäit goufen et dëst Joer schwéier Naturkatastrophen, sief et Hurrikanen oder Äerdbiewen, déi bannent Stonnen esou eng Zerstéierung kënnen uriichten, dass se Länner a Populatiounen rëm Joren an hirer Entwécklung no hannen geheien. An dann erliewen mer och nach an eise Partnerlänner, am Mali an am Niger, wéi extern Facteuren vun Instabilitéit, wéi Konflikter, terroristesch Gruppementer an allgemeng prekär Sécherheet, humanitär Krisen bewierken, déi des Länner nach méi fragiliséieren an domatter Acquisen am Développementsberäich futti maachen. Mir erliewen hei nees Liewensmëttelnout, Absencë vun elementaren Servicer, deplacéiert Persounen, a.s.w...

Esou Revirementer hunn en negativen Impakt op d‘generell Sécherheetssituatioun an deene Länner. Dëst betrefft och ons Leit sur place, an et ass net méi sou einfach do ze schaffen wéi et emol war. Mir hunn am ganzen Sahel staark investéiert an Sécuritéitsmesuren: Audit sécuritaire, Formatiounen, néi Prozeduren a Cellules de crises goufen opgebaut, an et ass a méi sécher Infrastruktur investéiert ginn. Et däerf een hei net panikéieren, mee déi Saach ganz sachlech ugoen an all méiglech Precautiounen huelen. Mir schaffen do och vill mat onsen Nopeschlänner a mat der EU zesummen.

Här President,

Wann ech éinescht gesot hunn, dass de Bilan am humanitären Beräich een mitigéierten ass, wéinst dem groussen mënschlechen Leed wat uechtert d’Welt besteet, dann gesinn ech awer och konkret Usätz a Bestriewungen, déi eis Grond zur Hoffnung ginn.

Ech hunn d‘Éier fir d’politesch Responsabilitéit fir souwuel Entwécklungszesummenaarbecht wéi d’humanitär Hëllef ze hunn. Am Sënn vun der Cohérence des politiques an notamment der aktueller Bestriewung fir eng besser Transitioun tëschent deenen 2 Voleten ze schafen, huet dës Approche vum Nexus sech besonnesch an deenen leschten Joren bewisen an d’Resilienz vu vulnerabelen Populatiounsgruppen nohalteg gestäerkt.

A Syrien zum Beispill ass Lëtzebuerg mat der UNICEF engagéiert, mat konsequenten finanziellen Mëttelen, déi souwuel en humanitären wéi och en entwécklungstechneschen Aspekt hunn. Mir ënnerstëtzen do déi “No Lost Generation” Initiativ, déi de Kanner an der Jugend Ënnerstëtzung gëtt duerch Educatioun a psychologeschen Appui, an hinnen nei Perspektiven ubitt.

Matt ronn 15% vun eiser APD fir humanitär Hëllef ass de Lëtzebuerger Apport substantiell. Net nëmmen quantitativ, mee och qualitativ huet sech eis aktuell Ausriichtung valoriséiert. Dëst weist sech zum Beispill an eisem Projet emergency.lu, wou mer op Lëtzebuerger Expertise aus dem Privatsecteur an op ee Pool vu forméierten Fräiwëllegen zréckgräifen, an deen dëst Joer am Madagaskar, am Niger an an der Karibik an den Asaz komm ass. Eng qualitativ Approche bei eisen professionellen ONGen an dem Lëtzebuerger Roude Kräiz bréngen och ee konkreten Impakt um Terrain a féieren zu der Verbesserung vun de Liewenskonditiounen vun de Mënschen an Nout.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Fir mat der Qualitéit vun onser Aarbecht ofzeschléissen wëll ech nach e Wuert zu Transparenz, Kommunikatioun an Evaluatioun soen.

Ons Projeten a Programmer gi reegelméisseg evaluéiert fir sécher ze goen, dass déi gewënschte Resultater och realiséiert ginn, an dat op déi effizientsten a käschtegënschtegst Aart a Weis. 2017 hu mir eng Rei gréisser Evaluatiounen mat gudde Resultater ofgeschloss. Zum Beispill eise Programm am Senegal, wou mir fir d‘éischte Kéier eng Revue conjointe mat der LuxDev gemaach hunn. Dat heescht d’Programmer goufen op hier Resultater an hiren Impakt ausgewäert an zur gläicher Zäit hu mir de PIC op engem strategesche Niveau evaluéiert. Dat war sou e positiven Exercice, dass mir decidéiert hunn, déi Approche elo a méi Länner unzewennen, wéi z.B. am Cabo Verde an am Mali, Ufank 2018.

Eng aner interessant Evaluatioun, déi mir 2016-17 gemaach hunn, war eis éischt thematesch Evaluatioun iwwert eis Aktivitéiten am Beräich vum Renforcement des capacités. Mir sinn elo am gaangen e Plang ze maachen wéi mir d‘Recommandatiounen heivu kënnen ëmsetzen an eis Aktivitéiten nach méi effizient kënne maachen, mat engem maximalen Impakt.

E ganz innovativen Exercice, deen am Moment am Gaang ass, ass eng Revue par les pairs vum regionale Programm Frontières et vulnérabilités - FEVE - dee mir mat der afrikanescher ONG ENDA-Santé a 9 Länner a Westafrika ëmsetzen. Hei evaluéieren am Fong d’Acteuren aus de verschiddene Länner sech géigesäiteg a léieren ee vun deem aneren. De Lancement war elo just dëse Weekend zu Abidjan.

Här President,

Mir hunn och weider un eiser Kommunikatioun geschafft fir Transparenz an Disponibilitéit vun den Donnéeën dem Grand public nach besser zur Verfügung ze stellen. Mir hunn ënnert anerem eis Brochüren iwwert d’Kooperatioun mat de Partnerlänner weider ausgebaut a weiderhin op e puer Sproochen iwwersat wei z.B. Portugisesch oder Spuenesch. Fir d’nächst Joer wäerte mer och nach un enger neier Identité visuelle schaffen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

Ech hat am Ufank vu menger Ried vun enger neier Strategie générale vun der Kooperatioun geschwat, an ech wëll och domat ophalen. Déi intern Reflexiounen zu deem Sujet sinn ofgeschloss. D‘Recommandatiounen vun der Peer Review ginn lo nach agebaut an da wäert ech Uganks d‘nächst Joer dës néi Richtlinnen mat de concernéierten Acteuren diskutéieren (ONGen, Ministèren, privat Acteuren, etc.), op engem partizipativen Atelier, fir dann ons Strategie générale an de Plan d’Action fir d’Effikassitéit ze finaliséieren.

Här President,

Dir gesitt, et ass vill geschitt an deene leschte Joren, an et bleift nach vill ze dinn. All déi Aktiounen, all déi positiv Resultater an all déi Innovatiounen wären net méiglech gewiescht ouni den enormen Asaz vu mengen Mataarbechter an deem vun allen Acteuren vun onser Entwécklungszesummenaarbecht. Déi Bénévole an déi Professionell, déi sech Dag fir Dag, heiheem an um Terrain, asetzen fir ons Kooperatioun a fir eng besser a méi nohalteg Welt. Hinnen all wëll ech zum Ofschloss vu menger Ried e ganz grousse Merci soen. Ären Engagement, ären Fläiss an ären Asaz sinn onbezuelbar. Villmools Merci!"