Departements-iwwergräifend Formatioun iwwert den Affichage vun de Präisser

Formatioun bei der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA).

Fir eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht ze garantéiere brauch et eng zolidd an iwwergräifend Zesummenaarbecht vun alle Bedeelegten an eng grëndlech Formatioun vun den Agenten déi op den Terrain kontrolléiere ginn. Dofir organiséiert d‘Direktioun fir Konsumenteschutz reegelméisseg Formatiounen iwwert déi verschiddenst Themen.

An deem Kader gouf de 29. Abrëll eng Formatioun ofgehal iwwert den Affichage vun de Präisser fir d’Inspektere vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) a vun der Douane.

  1. ©DPC

    Formatioun bei der ALVA

    Formatioun bei der ALVA

    (v. l. n. r.) Simone Vitali (DPC), Steven Gomes (DPC), Alessia Vallone (Studentin am Stage bei der DPC)
  2. ©DPC

    Formatioun bei der ALVA

    Formatioun bei der ALVA

    Simone Vitali (DPC)
  3. ©DPC

    Formatioun bei der ALVA

    Formatioun bei der ALVA

    Gruppefoto

Aktualiséiert