Biographie

De Gilles Roth ass den 1. Mäerz 1967 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No senger Premiere am Athénée de Luxembourg am Joer 1986, studéiert de Gilles Roth Droit um Centre universitaire de Luxembourg, bevir hien duerno op der Université catholique de Louvain (UCL) an der Belsch mat enger Licence en droit ofschléisst. 1991 completéiert de Gilles Roth säi Parcours mat engem Diplôme en matière d'administration et de gestion d'entreprises vum Institut d'Administration et de Gestion vun der UCL.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Gilles Roth de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Finanzminister ernannt.

Aner politesch Funktiounen

De Gilles Roth gëtt 1993 als Gemengerot gewielt. Am Joer 2000 gëtt hie Buergermeeschter vun der Gemeng Mamer.

Enn Abrëll 2007 kënnt de Gilles Roth als Deputéierten an d'Chamber. 2013 gëtt hie President vun der CSV-Fraktioun. Als Deputéierten ëmmer zeréckgewielt, gëtt hie Co-President vu senger Fraktioun am Joer 2021 an dat bis zu senger Nominatioun an d'Regierung.

Beruffstätegkeet

Vun 1991 bis 1994 ass de Gilles Roth als Affekot an duerno als Avocat à la Cour um Barreau vu Lëtzebuerg täteg.

1995 gëtt hie Regierungsattaché am Finanzministère. Duerno gëtt hien op d'Cour des comptes vu Lëtzebuerg an op d'Représentation permanente vu Lëtzebuerg bei der Europäescher Unioun zu Bréissel detachéiert.

1998 kënnt hien zeréck an de Finanzministère, wou hie Conseiller an duerno éischte Regierungsconseiller gëtt. Doriwwer eraus ass hie bis 2007 Delegéierte vun der Regierung bei den administrative Juridictiounen.

Aktualiséiert