Neiegkeeten
D'Kapazitéite fir d'Educateurs-Formatioun eropsetzen: nei Perspektive fir en attraktive Beruff
Vun der Rentrée 2024/2025 u gëtt d'Educateurs-Formatioun am Enseignement secondaire général (Sektioun GED) och am Süde vum Land ugebueden, méi genee am Lycée Bel-Val (LBV).
"Respekt... esou einfach wéi Bonjour!" – 2. nationalen Dag vum Respekt am ëffentlechen Transport
D'Vertrieder vum ëffentlechen Transport hunn sech haut fir eng symbolesch Foto beim Funiculaire vun der Statioun Pafendall-Kierchbierg versammelt, fir op de Kärmessage vum nationalen Dag vum Respekt am ëffentlechen Transport opmierksam ze maachen: "Respekt... esou einfach wéi Bonjour!".
Departements-iwwergräifend Formatioun iwwert den Affichage vun de Präisser
D'Direktioun fir Konsumenteschutz huet eng Formatioun fir d’Inspektere vun der Lëtzebuerger Veterinär- a Liewensmëttelverwaltung (ALVA) a vun der Douane organiséiert.
Weltimpfwoch: ons kollektiv Gesondheet duerch Impfunge schützen
Vum 24. bis den 30. Abrëll fënnt d'Weltimpfwoch statt. Dëst ass d'Geleeënheet dorun ze erënneren, datt d'Entdeckung vun den Impfstoffer et der Mënschheet erméiglecht huet, datt verschidde Krankheeten, déi fréier déidlech waren, manner virulent goufen oder esouguer ganz ausgerott goufen.
Temporär Reouverture vun der Wanteraktioun
Wéinst der aktueller Wiederlag, hunn de Ministère fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil a säi Partner Dräieck ASBL decidéiert den Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun bis den 28. Abrëll 2024 nees opzemaachen.
De Gilles Roth huet déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Mäerz virgestallt
Den 22. Abrëll 2024 huet de Finanzminister Gilles Roth de Membere vun der Finanzkommissioun a vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Mäerz virgestallt.
Agenda vun der Regierung
Keen Evenement fir haut matgedeelt.