Biographie

De Georges Mischo ass den 18. September 1974 zu Esch-Uelzecht gebuer. 

Studium an Ausbildung

No sengem Ofschloss am Lycée Hubert Clément zu Esch-Uelzecht studéiert de Georges Mischo Sport zu Saarbrécken. Säi pedagogesche Stage mécht hien am Lycée Aline Mayrisch, éiert hie Proff am Lycée technique pour professionns éducatives et sociales (LTPES) gëtt. Dono gëtt hien am Lycée Bel-Val Sportsunterrecht, bis zu senger Vereedegung als Escher Buergermeeschter am Joer 2017. 

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt de Goerges Mischo de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zum Sportsminister an Aarbechtsminister ernannt.

Aner politesch Funktiounen

2011 stellt hien sech fir d'éischt fir d'Gemengewalen op. 2014 gëtt hien da Gemengeconseiller, ier hien am Oktober 2017 zum Buergermeeschter gewielt gëtt. No de Chamberwalen zitt de Georges Mischo am Oktober 2018 als Deputéierten an d'Chamber.

Aktualiséiert