-
Visitt vum Pilotprojet "Lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" zu Berbuerg
Den 28. Mäerz 2024, hunn de Premierminister Luc Frieden an de Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max Hahn de Pilotprojet "Lieu de vie pour personnes en précarité vieillissantes" besicht. Haaptzil vum Projet ass et, Persounen, déi obdachlos waren, am Alter en appropriéierten Ënnerdaach ze proposéieren.
-
Nationale Commemoratiounsdag 2023
Den Nationale Commemoratiounsdag huet säin Ursprong an der Personenstandsaufnahme vum 10. Oktober 1941.
-
Nationalfeierdag 2023
Am Kader vun der ëffentlecher Feier fir de Gebuertsdag vum Grand-Duc, huelen d'Membere vun der groussherzoglecher Famill a vun der Regierung den 22. an den 23. Juni 2023 un de Festivitéiten deel, déi zu Gréiwemaacher, Esch-Uelzecht an der Stad Lëtzebuerg organiséiert ginn.
-
Regierungsëmbildung
De Premier- a Staatsminister Xavier Bettel informéiert, datt S.K.A. de Grand-Duc haut, de 15. Juni 2023, d'Corinne Cahen, Ministesch fir Famill an Integratioun, Ministesch fir d'Groussregioun, op hiren eegene Wonsch hin, éierenhaft entléisst.
-
Amtsiwwergab vum Carinne Cahen un de Max Hahn - Famill, Integratioun a Groussregioun
No senger Vereedegung duerch S.K.A. de Grand-Duc, huet de 15. Juni 2023 eng offiziell Zeremonie vun der Amtsiwwergab stattfonnt, wou déi ministeriell Kompetenze fir Famill, Integratioun an d'Groussregioun vum Corinne Cahen op de Max Hahn iwwerdroe goufen, deen zum Minister fir Famill an Integratioun an zum Minister fir d'Groussregioun ernannt ginn ass.