Biographie

D'Elisabeth Margue ass de 7. Abrëll 1990 zu Lëtzebuerg gebuer.

Studium an Ausbildung

No hirer Première am Stater Jongelycée (Lycée de Garçons de Luxembourg), féiert d'Elisabeth Margue hir Studien zu Paräis weider. Si huet e Master 1 am Privatrecht vun der Université Panthéon-Sorbonne (Paris I) an e Master 2 an der Propriété industrielle vun der Université Panthéon-Assas (Paris II). 2015 schléisst si e Master of Laws (LL.M.) op der London School of Economics (LSE) of.

Regierungsfunktiounen

No de Chamberwale vum 8. Oktober 2023, gëtt d'Elisabeth Margue de 17. November 2023 an der Koalitiounsregierung tëscht der Chrëschtlech-Sozialer Vollekspartei (CSV) an der Demokratescher Partei (DP) zur Justizministesch, zur delegéierter Ministesch beim Premierminister fir Medien a Konnektivitéit an zur delegéierter Ministesch beim Premierminister fir d'Relatioune mam Parlament ernannt.

Aner politesch Funktiounen

Säit 2007 ass d'Elisabeth Margue Member vun der CSV. Vun 2016 bis 2018 ass si Presidentin vun der Chrëschtlech-Sozialer Jugend (CSJ). Vun 2019 bis 2021 iwwerhëlt si d'Funktioun vu Vizepresidentin un der Spëtzt vun der CSV, éier si vun 2022 bis 2023 zesumme mam Claude Wiseler d'Copresidentschaft iwwerhëlt. Säit Dezember 2023 ass si Presidentin vun der CSV.

Op lokalem Niveau ass d'Elisabeth Margue vun 2017 bis 2023 Member vum Stater Gemengerot. Vun Oktober 2022 bis zu hirem Regierungsbäitrëtt de 17. November 2023, ass si als Deputéiert an der Chamber täteg.

Beruffstätegkeet

D'Elisabeth Margue ass säit 2016 um Barreau vu Lëtzebuerg agedroen. Si huet als Senior Associate am Affekotebüro Arendt et Medernach geschafft.

Aktualiséiert